Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1889)


Geschrieben von Johny am 12.08.2012 um 12:52:

 

Also dat mam Knäppchen funktionéiert zwar genee wéi ech et sot, hun et grad iwwerpréift. Mee hunn et dann emgebaut dass och nodréiglech et nach Wierkung huet, also an der Wochen-ofstëmmung z.B. gëtt doduerch lo op manst eng Foto vum schluck dann net gewisen zum Voting smile



Geschrieben von Schluck am 13.08.2012 um 12:18:

 

Huet geklappt, woar keng dran :-) Merci Johny !



Geschrieben von Dafty am 31.08.2012 um 14:29:

 

Johny,

mier fällt graat op dat bei all foto wou een nach kann an t'Wochenofstemmung setzen, den Link do as, soubaal een awer en Kommentar schreift, verschwend en !?!
Wann een dann op dei nächst Foto geht an erem zereck, as de link erem do ?!?

pour info !



Geschrieben von Johny am 31.08.2012 um 18:50:

 

Recht has de, hun dat verbessert! Merci smile



Geschrieben von marischen am 09.09.2012 um 20:29:

 

Ech weess net ob dat vläicht schon thematiséiert gouf, mee ech froe mech firwat et net méiglech ass Sonndes eng Foto an d'Wochenofstëmmung ze setzen?



Geschrieben von Gaga am 10.09.2012 um 20:41:

 

Well Sonndes schon t'Ostemmung leeft an et weder Senn mecht, nach logesch as wärend enger Ofstemmung nach an e Concours eran ze kommen ? nee ?

Augenzwinkern

Obwuel Sonndes jo den eichten Daag vun der Woch as an en se dohier jo keinnt an dei nächt Ofstemmung wielen. *Mais den Johny brengt daat informatesch net färdeg, hien as keen sou gudden Programmeierer.*

*steppel aus*



Geschrieben von gogo am 10.09.2012 um 21:25:

 

Sonndes soll een nët schaffen also och näischt roplueden, nemmen an d'Kierch goen a voten :-p



Geschrieben von Gaga am 10.09.2012 um 22:06:

 

Amen !



Geschrieben von marischen am 10.09.2012 um 22:22:

 

Dass ee Sonndes keng Foto kann an d'Wochenofstëmmung ginn well schon eng Ofstëmmung leeft fannen ech net immens logesch an och iergendwéi net fair. Ëmmerhin ginn déi Fotoen déi Sonndes ropgeluede goufen dann jo iergendwéi "vergiess"? Oder ieren ech mech? Augen rollen



Geschrieben von Gaga am 10.09.2012 um 22:42:

 

nee, du hues 100% recht, dofier meng 2t erklärung ...
As eichter eng teschnesch Sach mengen ech, daat as awer och schon diskuteiert gin !



Geschrieben von JADE am 11.09.2012 um 01:59:

 

@ marischen:

- déi Fotoen déi Sonndes eropgelueden gin, kënnen effektiv net méi an d'Oofstëmmung vun deem Daag (dh vun daer Woch) proposéiert gin, well soss wier ët jo awer bessi komplizéiert ... well deenjéinegen deen schon Moies vote, villäicht Mëttes fir eng aaner Foto géing voten déi dann eréicht just nach derbäikomm ass

- déi Fotoen déi Sonndes eropgelueden gin sin ab Méindes 0h01 erem "fräigeschallt" fir als Wochefoto proposéiert ze gin



Geschrieben von marischen am 11.09.2012 um 13:06:

 

@Jade

Also dat verstinn ech natierlech. Wat ech gemengt hunn war dass ee Sonndes jo kéint fir déi kommend Woch Fotoen an d'Ofstëmmung setzen. En plus ass Sonndes jo (wéi de Gaga scho soot) den éischten Dag vun der Woch... Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH