Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Foto vun der Woch (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1894)


Geschrieben von jekyll am 26.06.2012 um 08:40:

  Foto vun der Woch

Moien,

wier et denkbar dat d'Fotoen déi als "Foto vun der Woch" Sonndes zur Auswiel stin, ouni Numm an ouni Kommentaren gewisen gin?

Dest géing menger Meenung no d'Wiel alleng vun der Qualitéit vun der Foto oofhängeg maachen.

Just sou e Gedanken...



Geschrieben von Johny am 26.06.2012 um 08:43:

 

Dat ergëtt kee Sënn, vu dass déi meescht Leit an der Woch sws d'Fotoen kucken, an dann wësse vu wem se sinn Augenzwinkern



Geschrieben von jekyll am 26.06.2012 um 15:30:

 

Zitat:
Original von Johny
Dat ergëtt kee Sënn, vu dass déi meescht Leit an der Woch sws d'Fotoen kucken, an dann wësse vu wem se sinn Augenzwinkern


Daat ergëtt kee Sënn? Et gin also keng Memberen déi just sporadesch op den Site kommen an awer ab und an un der Sonndesoofstemmung deelhuelen? Wow...dann ass d'Gemeinschaft méi kleng wéi ech geduecht hätt.



Geschrieben von gloda am 26.06.2012 um 16:21:

 

D'Fotoe ginn aus dem "Pool" vun deenen déi iwwert d'Woch net-anonym eropgeluede goufen nominéiert. Et ass net méiglech réckwierkend d'Leit vergiessen ze loosse ween se gemaach huet, respektiv spontan Visiteuren dovun ofzehalen et ënner "Neist Fotoe kucken" erauszefannen wann se wéilten. Dee System hu mer jo och, mä fir d'Concoursen, wou d'Biller dann awer am viraus net anerwäerts um Site gewise ginn.



Geschrieben von Johny am 26.06.2012 um 16:25:

 

Et geet guer net drëm wéi grouss d'Gemeinschaft ass oder wéivill Leit Deel huelen un der Ofstëmmung, mee wéi de gloda sot, déi eng déi regelméisseg Fotoen kucken déi wëssen et, déi aner ginn net ofgehalen fir et kucken ze goen. Dat ass einfach well et keen normale Concours ass, just Leit sollen belount gi fir gutt Aarbecht mat hieren "normale" Fotoen déi regelméisseg eropgeluede ginn.

Beim Concours do ass den Deel anonym, do steet och an de Regelen drann dass ee säin numm ent däerf mat op d'Foto schreiwen z.B. smile



Geschrieben von Zodiac am 27.06.2012 um 13:31:

 

Also ech stemmen regelmeisseg mat of fir d'Foto vun der Woch, an mär ass et am fong egal wen d'Foto gemach huet. Ech wielen dei wou mer am beschten gefällt. Dei meescht wou hei um Site sin, sin keng Juroren fir Fotosconcouren an wielen einfach dei wou hinen am beschten gefällt. Ech mengen, Useren kennen jo och all Foto wou an der Woch erop gelueden get virschloen fir d'Wochenofstemmung. Bal all Foto, well jo op Wonsch vun Verschiddenen Useren Méiglechkeet beigesat gouf fir seng Fotoen erauszehuelen aus der Wochenofstemmung.
Ech fannen den System wei en elo ass ganz gudd.



Geschrieben von gogo am 27.06.2012 um 16:10:

 

Nei Iddien sin emmer gudd, mais an desem Fall mescht et iwwerhaapt kee Senn.

Ausser mier hätten sou e Blitzdings wei am "Men in Black" :-)

Eenzeg Meiglechkeet wier evtl di heiten:
Jiddereen lued se anonym erop, an reischt no enger Woch koennt den Numm bei d`Foto stoen an den User daerf dann réischt op d'Kommentarer äntweren. Mais daat werft alles op d'Kopp brengt rem mei Nodeeer mat sech.

Dofir sollen d'Läit ganz einfach neutral, jiddereen fir sech di beschte Foto rauswielen.
Des Woch do war et relativ schweier fir mech do ware puer ganz staarker derbäi smile



Geschrieben von jekyll am 27.06.2012 um 17:01:

  RE: Foto vun der Woch

OKokok...verstaanen mecht kee Sënn.

Ech hun wahrscheinlech Foto vun der Woch mat engem Concours verwiesselt, obwuel daat net den Zweck dovunner sollt sin. Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH