Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Méi grouss Thumbs (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1932)


Geschrieben von Metalbambi am 06.11.2012 um 14:12:

  Méi grouss Thumbs

Salut,
ech hunn schonn oft vun Leit héieren dat eng Foto iwwersinn gouf well se am Thumb net wierkt oder net opfält. Déi sinn jo och effektiv zimlech kleng, an wollt mol virschloen vir se méi grouss ze maachen. Am Moment ass d'ganz Säit jo op 4:3 Ecranen ausgeluecht, géif soen dat mittlerweil awer bal jiddereen en 16:9er huet, kéint een d'Säit also am groussen ganzen adaptéieren an dann hätt een och méi Plaz vir d'Fotoen. Alternativ, an vill manner Aarbecht, kéint een d'Fotoen mol sou breet maachen wéi déi gro Këschtchen wou se am Moment dran stinn, dat géif och schonn vill änneren.
Geet jo awer ëm d'Fotoen hei um Site, an géif et gutt fannen wann een dann och direkt erkennt wat drop ass, an se net sou kleng wieren.



Geschrieben von Johny am 06.11.2012 um 14:23:

 

Ech weess scho laang dass d'Thumbs méi grouss sollte sinn (wollt et suguer schonn 2008 maachen, wou se op anere Säiten och nach relativ kleng waren mee meng deemoleg teamkollegen hunn et net gutt fonnt großes Grinsen ), allerdings misst, fir richteg ze sinn, de ganzen design mol ugepasst ginn, well och allgemeng sollt e méi breet sinn, an dat ass lo naischt wat ee sou séier mol an 2 Sekonne gemaach huet (thumb-gréisst och net).

An Aktuell sws: 0 Zäit, just dringendes gëtt gemaach unglücklich

Mee trotzdem hues de eigentlech Recht, absolut.



Geschrieben von Metalbambi am 06.11.2012 um 14:28:

 

Dann lehnen mer eis alt zréck an wäerden... Zunge raus



Geschrieben von Johny am 06.11.2012 um 14:54:

 

Yes, dat wär et mol Augenzwinkern



Geschrieben von Gaga am 07.11.2012 um 08:34:

 

Gut Bob dats du daat uschwätz smile
Ofgesin vun der Gréisst (zanter 2008 sin eis Bildschiermer vun 17'' Standart jo och op 21''-27'' Standart gewuess lol), fannen ech dat et der och mei keinnten sin !
Dei ganz Breet keinnt genotzt gin (bis bei t'Pub)
D'Linken zu den News an Foren keinnten och ennen parallel zu den làschten Kommentarer stoen fannen ech.

Well mer jo all Pictographen sin a keng Litterairen, kucken mer sws eichter Thumbs wei Texter ze liesen, oder ? Augenzwinkern



Geschrieben von Gaga am 07.11.2012 um 08:35:

 

Zitat:
Original von Johny
Ech weess scho laang dass d'Thumbs méi grouss sollte sinn (wollt et suguer schonn 2008 maachen, wou se op anere Säiten och nach relativ kleng waren mee meng deemoleg teamkollegen hunn et net gutt fonnt großes Grinsen ), allerdings misst, fir richteg ze sinn, de ganzen design mol ugepasst ginn, well och allgemeng sollt e méi breet sinn, an dat ass lo naischt wat ee sou séier mol an 2 Sekonne gemaach huet (thumb-gréisst och net).

An Aktuell sws: 0 Zäit, just dringendes gëtt gemaach unglücklich

Mee trotzdem hues de eigentlech Recht, absolut.


Johny, Zeit as Geld , d.h. .
Et schwätzt een net derfun, et huet een et ! großes Grinsen



Geschrieben von MarcGerard am 07.11.2012 um 11:27:

 

ech giff et méi cool fanne wann d'thumbs mat standard thumbnail zoomer kompatibel wieren.... oder as dat éiere komplizéiert?

edit: ech soen dat einfach esou. ech hun de recht hei net wierklech gelies, dofir sorry wann ech elo an de raum platzen! mee bon



Geschrieben von Johny am 07.11.2012 um 13:56:

 

Schonn 2008 waren se net méi 17" Standard Augenzwinkern Mee hey, Demokratie olé Augenzwinkern

Allgemeng misst eben den Design nei gemaach ginn fir d'Plaz besser ze notzen, dat wësse mer.

@Gaga, zum Deel mat Zäit/Geld: Ech hunn näischt vu béidem großes Grinsen

@Marc: Ech wees net genee wat s de mengs mat standard thumbnail zoomer? großes Grinsen Besser wéi ze beschreiwen wir et wanns de einfach e Bsp géifs ginn, da wësse mer sécher wat gemengt ass smile (Ech sinn, wat déi Saachen ugeet wéi ëmmer op fir all Virschléi!)



Geschrieben von MarcGerard am 07.11.2012 um 16:00:

 

ech mengen esou eppes: https://addons.mozilla.org/en-US/firefox/addon/thumbnail-zoom-plus/

dat as ee plugin deenwann een dee plugin huet, an et hovert een iwwer d'foto, da fënnt heen automatesch d'source vun der foto, a weist déi am groussen un!

ech fannen déi dénger immens. se schéngen all op engem logesche prinzip ze funktionnéieren, dee bei deenen allermeeschte fotosäiten funzt! wann dat dann bei "all" säit geet (flickr, facebook, tumblr a suguer deng-mam-am-string.lu) dann as dat emmer iergerlech dass et bei photogen NET geet. (a bei photoshoot.lu och net, mpff!)

also ech weess zwar dass ech net emmer eng referenz sin, mee fläit geet et anere leit jo selwecht: wann ech op enger säit sin déi "hover-kompatibel" as, da kucken ech méi!

natiirlech kanns de dat man, ech gleewen un dech. mee fläit seess de mer jo elo coh dass du dat souwisou an de site eranintegréiers. dat get et neemlech och. an dat as cool...



Geschrieben von Johny am 07.11.2012 um 16:27:

 

Hu mer et mol ugekuckt, an fir säite wéi Facebook ass et relativ einfach ze erklären wéi en et fënnt: Den eigentleche Link op d'grousst Bild ass direkt um Thumbnail selwer, mä bei eis wann een drop klickt kënnt een op detail säit z.B. ... an fir aner Säiten kann heen et spezifesch upassen, en erklärt allerdings néirens wéi genee et funktionéiert an wat ee misst maachen dass et erkannt gëtt op engem sengem Site :/



Geschrieben von Aiello am 08.11.2012 um 12:38:

 

Bei mir ass den Site haut irgendwei am layout ned wei en soll...bastel der drun oder wat?
Hat och eng PM geschriwen, mat der Fro ob ech kann hellefen, me keng Antwert zereck krut..hmmm



Geschrieben von Johny am 08.11.2012 um 16:49:

 

Nee ech bastelen net drun, wat ass dann net sou wéi et soll?

Eng Äntwert op deng PN krus du 7 Stonnen duerno (also selwechten Dat just +- 9 Auer Moies) smile



Geschrieben von Aiello am 08.11.2012 um 17:33:

 

Pardon...hat ned gemiekt, dass PM am Forum ned dei selwescht ass wei um Site selwer Augenzwinkern Mein Fehler ^^

Majo bei mir ass am moment den Site en bessen verschoss am Layout

http://www.betaconcept.lu/images/photogen1.jpg



Geschrieben von Johny am 08.11.2012 um 17:34:

 

Hm, browser? OS?



Geschrieben von Aiello am 08.11.2012 um 17:46:

 

Nach mol getest...hun den problem just am chrome..Firefox IExplorer an den Opera hun den Fehler ned...ob desser Maschine left Win7 64



Geschrieben von Johny am 02.12.2012 um 23:27:

 

Ech hu grad bëssen getest wat aktuell (also ouni den Haaptdesign direkt ze änneren) méiglech ass:

http://d.pr/i/AxuF

D'Thumbs sinn lo do bësse schlecht Qualitéit well ech déi aktuell just méi grouss uweisen, wann et géif online kommen dann géifen déi natierlech all nei generéiert ginn soudass d'Qualitéit och géif stëmmen smile

Är Meenungen?



Geschrieben von Metalbambi am 03.12.2012 um 01:26:

 

Huet Potential, gefält mer op Allefall besser wéi den aktuellen Layout!



Geschrieben von TomEwert am 03.12.2012 um 14:16:

 

gefaellt mir och immens gudd. déi verschidden fotoen kommen esou besser zur geltung.



Geschrieben von Johny am 05.12.2012 um 13:44:

 

Ok, gëtt nach vläicht ganz liicht geännert de Weekend an dann kucken ech dat emzesetzen, allerdings muss mer nach genee ukucken duerno wat ech alles upasse muss, an dann mussen d'Thumbs och all nei generéiert ginn smile Mee maachen dat awer.



Geschrieben von Metalbambi am 05.12.2012 um 16:06:

 

thumbs up! Hues meng mental Ënnerstëtzung! Zunge raus


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH