Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Gorillapod (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1933)


Geschrieben von VeloBen am 14.11.2012 um 20:25:

  Gorillapod

Salut !

Bei Reesen an méi langen Touren hun ech net emmer Loscht mein vollwertigt Stativ matzeschleefen.

Als Alternativ ass mer den Gorillapod oppgefall.

Foe un iech :
- Ass daat eppes waat dir oft benotzt?
- Wann jo waat sin aer Erfahrungen?
- Waat fier eng Modeller sin do ze recommandéieren ?

Merci am fieraus fier aer Hëllef!



Geschrieben von Metalbambi am 14.11.2012 um 22:04:

 

Also ech hunn en GorillaPod SLR, also wou 3kg hält (mengen ech...^^) an mier2 sinn onzertrennlech!!!
Ech ginn oft Wanderen, do ass en normalt Stativ einfach ze schwéier, an den GorillaPod ass einfach eng super alternativ. Benotzen en mittlerweil och am normalen oft als Alternativ zum Stativ, ausser wann ech weess dat ech vill dermat schaffen. Déi Denger sinn och super wanns de mat Blëtzer schaffs, kanns se wierklech iwwerall hinn hänken. Se sinn effektiv och stabil genuch vir d'Kamera op déi komeschst Platzen ze hänken, ech sécheren se mittlerweil mol net méi (och keng ganz gescheit, I know).
Wat ech awer direkt derbäi géif kafen ass en klengen Kugelkapp, soss muss de dech ultra krepéieren vir d'Kamera an déi richteg Positioun ze bréngen AN dat ganzt un d'halen ze kréien. Do geet wierklech eppes klenges duer, soll awer min. 2kg halen. Ech hunn den Cullmann CB5, 20€.



Geschrieben von VeloBen am 15.11.2012 um 22:47:

 

Merci Metalbambi !

Daat hëlleft mer firun.

Hun mol och e bessi gegoogelt. Vill Lait soen déi vun Jobi als Marke wieren gutt an et soll een och mat Kugelkapp kaafen.



Geschrieben von Metalbambi am 15.11.2012 um 23:17:

 

Jup, dat ass jo och d'Original. Weess net wéi gutt déi vun aneren Marken mëttlerweil sinn, mee ech sinn bei sou Reproduktiounen éischter kritesch.



Geschrieben von BigVood am 16.11.2012 um 07:03:

 

Salut, ech hunn och sou e Gorillapod, een "Pro" mengen ech. Ass eng fein Saach: hat deen a Plaz vu mengem grousse an schwéire Stativ am März 2011 matt , wéi ech zu Hamburg war. Owes an der "Speicherstadt" Foto gemeet, wou ech de Gorilla un e Gelänner geklemmt hun, eng Serie vun ennerschiddlech beliichte Foto gemaach an déi heiheem zu engem Bild verschaft. Hut eigentlech gutt geklappt: e puer waren verwackelt an onschaarf, awer dat luch un der Bréck déi gewackelt huet, wéi d'9eit driwwer gaang sinn.



Geschrieben von Schlimpitz am 17.11.2012 um 13:30:

 

Ech haat mol eng keier een op en Drumkit monteiert inkl dslr fir den drummer während dem concert ze fotografeiren.

daat ding hällt. ech konnt domat den ganzen drum kit an luucht hiewen ouni das en las gang ass.

also robust sinn se



Geschrieben von gloda am 17.11.2012 um 17:22:

 

Ech hunn den DSLR Modell. D'Modeller drënner hunn en "Hals". D.h. déi puer Gelenker ganz uwen droen d'Gewiicht eleng amplaz dass et op dräi Been verdeelt ass. Fir eng DSLR géif ech also dee Modell empfehlen. Si hunn och nach een driwwer fir Filmkameraen, mä dat ass warscheinlech méi wéi s de brauchs.
Fir der eng Iddi ze ginn: Ech hunn den Gorillapod scho mol mat der 5D mat Batteriegrëff an 70-200 2.8 un e klengen Bam geklemmt. Kee Problem. Ech hunn der Mëttlerweil 3, wéi de MetalBambi seet fir d'Blëtzer.

Alles wat ähnlech ausgesäit mä net vun Joby ass sinn onlizenzéiert Kopien. Bei eppes wou ech mäi Fotoapparat drunhänken spueren ech net gär um falschen Enn.



Geschrieben von gogo am 18.11.2012 um 15:43:

 

Wi schon erwähnt, huel der d'original ech hun eng kopie op ebay bei china kaaf, daat beit sech direkt duerch. Ech sin och op der sich no engem richtegen gorillapod lo smile



Geschrieben von VeloBen am 26.11.2012 um 19:32:

 

Majo Merci un iech all fier aer Tipps ! Daat huet mer wierklech gehollef. Hun dann elo den Joy SLR Zoom kaaft. Deen soll bis zu 3 kg aushaalen.
Ass awer nach ganz handlech, liicht an stabil. Genau daat waat ech gesiicht hun.
Bon, een super groussen Tele waert ech zwar net drun haenken, mee au cas fier esou als Reessstativ ass en bestemmt 1A. Ech huelen souwiesou keng schwéier Zoomen mat opp Reesen. Standard 18-50, een Weitwenkel oder eng Festbrennweit 35mm dann hun ech alles un Objektiver.

Et wier nach den Modell Joby Focus gin. Deen packt bis 5kg. Mee ass dann awer schon méi grouss an net méi esou handlech.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH