Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Daterettung ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1973)


Geschrieben von Cypress am 05.08.2013 um 18:20:

  Daterettung ?

Salut,

Huet een eng gutt Adress vun enger Firma fir Daterettung (Fotoen) hei zu Lëtzebuerg? Mäin externen Harddisk (Buffalo, 2 Terra, mat Netzstecker) réagéiert net méi.

Hun 2 Linken hei am Land fond: www.stellar.lu an www.microshop.lu, mä bei deenen 2 schéint et net esou ze sinn, dass een selwer do optauche soll, mä et soll een einfach den Harddisk per Post eraschëcken.

Huet een Erfahrung matt enger vun deene Firmaen oder matt enger aanerer?

Merci vir all Feedback.

PS: Jo, ech wees, et soll een alles duebbel ofsëcheren, mä ween denkt schon ëmmer dodrun?



Geschrieben von Loki am 05.08.2013 um 18:39:

  RE: Daterettung ?

Waat mengs de mat reageiert net mei? leeft en guer net mi un? klackert en? erkennt de computer en net méi? mat e besse chance ass dain harddisk komplett intakt an et ass eppes ganz aanescht. Demno waat et ass kann ech der do hellefen.



Geschrieben von Cypress am 06.08.2013 um 18:18:

  RE: Daterettung ?

Salut,

Ma genau esou wéi's Du soos. Virun e puer Wochen nach ganz normal Fotoen ofgespäichert, duerno ofgeschloss, USB-an Netzstecker eraus, dat Ganzt stëps- a schockfräi verstaut.

Déi Kéier drop: näischt méi! Keng Liichtchen déi méi ugeet, gee Geräisch, dass de Motor uleeft, an natirlech och keng Meldung um PC, dass en externen USB ugeschloss gin ass.

Hun a tëschent schon eemol den Netzstecker getosch, och eng aaner Stëckdous probéiert, an esouguer den PC géint de Mac ersaat. Mä den Harddisc gët nach ëmmer kee "Pieps" vu sëch!



Geschrieben von Cypress am 06.08.2013 um 18:22:

  RE: Daterettung ?

*Update*

Hun an tëschent mat engem Kolleg geschwat, den Informatiker ass an esou extern Harddisken schon e puer mol "gerett" huet. Seng Meenung: an deene meeschte Fäll ass et e Problem mam Motor, an deen ass meeschtens mol nët futti, mä hänkt an engem "Loop" fest, deen verhënnert, dass dat Ganzt start. Heen probéiert en elo aanescht ze starten wéi iwert den Netzstecker.

Wann daat allerdings näischt dingt, soot heen, ass nët méi vill ze maachen, well d'Motoren neierdings "bannen" am Harddisk ënner Vakuum agebaut ginn. A fir esou een ze ersetzen, misst een d'Këscht opmachen, de Vakuum ass fort, an de geringste Stëpskär geet dann duer, fir dass d'Donneeën futsch sinn.

Ass dat och Deng Erfahrung?

Ech soll him den Harddisk mol d'nächst Woch mattbrëngen, fir dass heen op d'mannst probéiere kann, den Motor extern nei ze starten...



Geschrieben von Loki am 06.08.2013 um 20:40:

  RE: Daterettung ?

Ui also mat e besse Chance ass de Problem vill vill manner schlemm, leng Panik. Ech haat dat doten och schon. Wanns de Gleck hues ass just d'extern Këscht vum Harddisk (déi wou Buffalo dropsteet Augenzwinkern ) hinüber. Den Netzstecker gett jo an déi gestöpselt, an do ass eng Platine dran déi en ganz normalen SATA Harddisk op USB souzesoen iwwersetzt. Gemengkerhand sin bei 3,5" Harddisks am externen Format sténknormal Harddisken einfach an esou eng këscht agebaut gin (98% vun de Fäll) an eben iwwert eng Kontroller Platine mat SATA Stecker fier den Harddisk an USB Uschloss fier de Kabel verbonnen.

Waats de kanns gefahrlos (!) maachen ass di Késcht vun Buffalo auserneen huelen. Um Internet fënns de doudsecher Tutorials dofier, op YouTube oder Fotostrecken, falls de dech net selwer traus ze probéieren d'Schrauwen ze fannen Augenzwinkern Z.b. deen heiten, kann op dai Modell passen, muss awer net: https://www.youtube.com/watch?v=3KbFUwFwBTE
Ech selwer hun och mol eng Kéier sou eng Buffalo Këscht auserneen geholl, do briechen dann eventuell sou kleng Plastiksschnallen oof an du kriss se net mi zesummen, mee dem Harddisk deed daat naischt, deen huet mat der Këscht naischt ze din.

Also, waat ech der urooden ass daat hei: Huel d'Buffalo Këscht auserneen, disconnect den Harddisk vun der Sata/USB Contoller Platine an schléiss en dono einfach intern mat engem Sata Kabel an engem passenden Stroumkabel an dain Computer un. (Ech wees net wéi gudds du dech mat sou Saachen auskenns, dofier soen ech daat lo just aus Komplettheetsgrenn: De Comp muss ganz aus sin dobai Augenzwinkern ). Wanns de e besse Chance hues, ass dain Harddisk absolut ok (Klackeren fier schlecht gewierscht, kee Geraich méi positiv). De Fakt dass Windows/OSX och keen fehlerhaft Gerät erkennen (daat wier d'Platine déi sech ging um System umellen, net den Harddisk) schwätzt dofier dass just d'Platine hops ass an dain Harddisk höchstwahrscheinlech absolut ok ass. Wann et nämlech effektiv sou en HDD-Moto Problem wier, dann ging dain Windows/OSX d'Platine erkennen déi sech per USB umellt an dann meckeren dass den Harddisk net geet. Vu dass awer guer naischt geschitt, ass wahrscheinlech just d'Platine tot.

Beim neistarten vum Computer misst dain Harddisk usprangen an wie gehabt funktionéieren.

Du riskéiers absolut naischt dobai ausser deng Buffalo Garantie...mee bon.... Augenzwinkern


Haal mech um Laafenden wanns de wells, ech wees wi grausam sou Saache sin, mee meeschtens ass et kee Grond zur Panik.



Geschrieben von Loki am 06.08.2013 um 20:44:

  RE: Daterettung ?

Addendum: Schrauw just net um Harddisk selwer ronderem, deen huet och selwer eng Platine ennendrenner, mee et ass zimlech offensichtlech wanns de en bis gesais waat zur Buffalo Këscht gehéiert an zum Harddisk. Et kann sin dass de muss dain Harddisk mat e puer Schrauwen vun ennen léisen ierts de en kanns vun der Kontrollerplatine am Buffalo zéihen, daat ass ok. Dem Harddisk seng eegen Platine léiss de awer besser drun Augenzwinkern



Geschrieben von Miau am 07.08.2013 um 14:50:

  RE: Daterettung ?

Microshop an der Stadt huet meng Daten no een externen Harddiskcrash rekupereiert, net ganz bëlleg mais bei een 1/2 TB Biller derwaert...



Geschrieben von Loki am 07.08.2013 um 15:14:

  RE: Daterettung ?

An déi hun wahrscheinlech naischt anescht gemach wéi dat waat ech uewen beschriwwen hun. 15min Arbescht Augenzwinkern En richtegen Harddisk Crash ass eigentlech en Headcrash, déi erzeugen emmer en ganz grausegt Klackeren/Kraazen wann de Schreiw/Lieskapp lusteg iwwert d'Disks kraazt. Dono hëlleft just nach e Labo, an daat geet Richtung dausenden Euro. Also à moins dass du e puer Dausend Euro op den Dësch geluet hues, hun déi dat gemach wat uewe steet Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 07.08.2013 um 18:15:

 

Ech kann hei just bestätege wat de Loki schreift, déi meescht Hard Disk "Crashs" sinn verhältnisméisseg einfach ze flécken. Wann den Harddisk sech sou unhéiert wéiwann guer näischt geschitt, ass dat fir mech e gutt Zeechen well et eben dann net de Kapp um Harddisk dee futti ass Augenzwinkern

Gréisstendeels ass trotzdem déi einfachst Léisung: Virum crash Backups halen. Leit wéi mir (Informatiker) nerven vläicht mat sou Aussoen wat backup'en ugeet, awer oft genuch gëtt een eben dann och bestätegt smile Do ginn et och an Tëschenzäit genuch Léisunge fir dat automatesch ze maachen ouni dass ee selwer drun denke muss.



Geschrieben von gogo am 07.08.2013 um 21:44:

 

Ech wees net op der daat hëlleft, mais hei mol meng Erfahrung:

Ech hat mol de Stecker vum Laptop an mein Externen Harddisc dranner gestach, an domadder di Platine dei um Harddisc selwer ass gebroden.

Do muss wuel een Widderstand oÄ als Schutz virun iwwerspannung etc.. direkt ahnnert der Stroumversuergung duerchgebrannt sin, op jiddferfall, hat den HDD och keen Mucks mei gemeet.

Léisung war "relativ" simpel ech haat missten en Harddisc mat enger Identescher Platine missten besuergen (am internet gekuckt op wei eng Nummeren an Datumen en muss oppassen), ech hat den Dag einfach Chance, well et hat een op eBay genau daat verkaaf waat ech gesicht hat.
(et wier evtl. duergaangen den transistor/widderstand whatever ze tauschen, mais daat ass iwwert meng Kompetenzen erausgaangen)

3,2,1, mäin, dann platinen getosch an huet wonnerbar geklappt.

Lo hun ech dann 300GB Fotoen (déi ech scho gebackupt hat) an Dateien déi ech net vermësst hun recuperéiert.



Geschrieben von Cypress am 24.08.2013 um 15:12:

  RE: Daterettung ?

Salut Loki,

Huet e wéineg gedauert, bis ech äntwerte konnt, well ech deen IDE/SATA-Kabel mol als éischt hu missen am Ausland bestellen, an daat huet schon eng gutt 10 Deeg gedauert, an dann muss een och nach Zäit fannen, fir déi Saach do unzegoën. ;o)

Fir et direkt mol kuerz so maachen: ET HUET GEKLAPPT, an ech sinn doudglëcklëch doriwer!! *juhuu*

VILLMOLS MERCI, LOKI! :oD

An hei elo den Detail:

D'Ofschrauwe vun der Platine wuar wierklech kee Problem, an esouguer déi Plastikskëscht ronderem hun ech matt 2 Tournevissen auserneenkritt, ouni dass eppes opgebrach ass. ;o)

D'Uschléisse vum IDE/SATA Kabel wuar och onproblematësch, och wann d'Beschreiwungsheft, wat derbäi läit, absolut minimal ass (op den S/W Fotoen, déi dran ofgedruckt sinn, ass wierklech net vill ze erkennen). Fir déi, déi och eng Kéier an de Fall kommen: den Kabel wuar vun DIGITUS an huet mech 15 EUR kascht. (Einfach bei Amazon ënnert "Digitus USB 2.0 IDE und SATA Festplattenadapter" sichen.)

Ech hat den PC zwar ganz zougemeet an frësch démarréiert, wéi's Du soos, mä et ass näischt geschitt am Ufank. No 2, 3 Mol probéieren an och Uschléissen un de Mac wuar ech schon baal verzweifelt, bis ech gesinn hun, dass ënnen an der Këscht vum Adapter nach en zweeten Stromkabel luch. (Et geet een matt 3, an een matt 4 Bannekabelen. Deen, deen bei mir leeft, ass deen matt 4 Bannekabelen.) Wéi gesoot, op der Foto vum Guide huet et ausgesinn wéi de Kabel matt 3 Bannekabelen, an et stung och en néierens, dass 2 esou Kabelen an der Këscht luchen.

Wéi ech bis de richtege Kabel hat, ass deen aalen Harddisk zwar direkt ugelaaf, mä et huet mir näischt gedingt, well en hunk zu deem Moment um MAC, an deen huet nëmmen 2 USB-Uschlëss. Ech hätt der awer 3 gebraucht. (Den "Festplattenadapter" brauch schon alleng 2 USB-Uschlëss, an ech hätt nach en 3. gebraucht, fir den neien Back-up-Harddisk unzeschléissen.)

Also zerëck un den PC. Bon, aanescht wéi de MAC huet den PC awer gemengt, heen misst als éischt eemol eng "Konsistenz-Prüfung" vu mengem aalen Harddisk maachen. Déi Iwerpréifung huet irgendeppes tëscht 16 an 22 Stonnen gedauert. (Genau kann ech et nët soen, well dat Ganzt huet irjendeng Kéier an der Nuëcht opgehal.)

Duerno nach déi ganz Fichieren eriwerkopéieren (nach eemol en halwen Dag), et voilà! Le tour est joué! ;o)

Kann Dir soën, e groussen *UFFF* vu menger Säit, wéi ech dat Ganzt hannert mer haat! :o)

Nach eemol en dëcke MERCI un Dech.



Geschrieben von Cypress am 24.08.2013 um 15:17:

  RE: Daterettung ?

Salut Miau,

jo, "Microshop" hat ech och als Referenz fonnt, mä déi ganz Boîten ginn nët vill iwert sëch an hir "Geschäftspraktiken" präis. A verschidden Fäll fënd een mol keng légal Adress hei am Land, just e Postfach, fir d'Sachen eranzeschëcken.

Dat Ganzt huet mir e wéineg zweifelhaft erschëngt, an ech wuar frou, dass bei mir eng einfach aaner Léisung méijlech wuar. (Kuck meng Äntwert un de Loki.)

Merci awer och fir Deng Hëllef an deeër Saach! :o)



Geschrieben von Cypress am 24.08.2013 um 15:26:

 

Salut Johny,

Tjo, un sëch WUAR den Harddisk mäin Backup, well a lëschter Zäit mäin PC schon öfter Problemer gemeet huet. (Leeft nach ënner XP SP2).

Et konnt jo keen wëssen, dass deen (baal) nagelneien externen Harddisk nach virun mengem PC de Geescht opgët! ;o)

Un sëch ass eet och nëmmen opgefall, dass eppes mam Harddisk nët klappt, well den Disk vum PC bis uewen hin voll wuar, an ech hu missen Fotoen erausläschen, fir neier kënnen ze verschaffen. Et wuar awer also e wéineg manner schlëmm wéi een konnt mengen. Eenzelner, déi um externen Harddisk soss verluer gaange wiëren, haat ech entweder nach um PC, oder op den Compact Flash Kaarten. AWER eben nët méi all.

Dofir ass et gutt, dass dem Loki seng Solutioun geklappt huet.

Zur Sëcherheet hun ech elo alles op 2 neien externen Harddisks opgespäichert. ;o)

Soen Dir och nach eemol Merci fir Deng moralësch Ennerstëtzung! :o)



Geschrieben von Cypress am 24.08.2013 um 15:31:

 

Salut gogo,

Gottseidank hun ech keen neien Harddisk vum selwechten Typ misse kaafen. Haat zwar op eBay gekuckt, mä do wuar keen esou ze fannen. :o(

Wuar duerno op Amazon ënnerwee, an hätt en do och nei kënne kaafen, mä daat hätt mech dann tëscht 150 an 200 EUR kascht. Fir daat Ganzt dann duerno auserneen ze huëlen, wären daat vill Souen gewiëcht. :o((
(Mä ech hätt et natiirlech gemeet, fir erem un d'Foto'en ze kommen!)

Dofir wuar ech frou, dass dem Loki seng Léisung (kuck méi wäit uewen) esou einfach a bëlleg (matt nëmmen 15 EUR) geklappt huët.

Soën Dir awer och nach eemol MERCI fir Däin Support! :o)



Geschrieben von Johny am 24.08.2013 um 16:20:

 

Ma d'Haaptsaach ass dass et lo sou geklappt huet, an wéi de Loki eben scho sot: An deene meeschte Fäll ass et guer net sou schlëmm wéi een den éischte Moment mengt wann den Harddisk net méi erkannt gëtt.



Geschrieben von Loki am 26.08.2013 um 08:48:

  RE: Daterettung ?

Ah maja dann sin ech frou dass daat geklappt huet! smile Gesais de, sou Saachen sin meeschtens hallew sou wëll, an sou worst-case-scenarios mat futtissen Motoen kommen eischter selten fier.

Dann sin ech och frou dass ech mech mat der Diagnose net geiert haat an der net falsch Hoffnungen gemach haat Augenzwinkern

Cool Iddi vun der deng Prozedur an de Produit hei matzedeelen, ech si mer secher dat kënnt dem engem oder aaneren nach zur Hëllef am Laaf vun der Zait.

An lo husch husch Backups maachen Zunge raus


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH