Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Fotobearbëchtung (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=22)
--- Reflektiounen aus Vitrin eraus huelen. (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1974)


Geschrieben von obskur am 21.08.2013 um 21:07:

  Reflektiounen aus Vitrin eraus huelen.

Hun Fotoen gemach vun enger Vitrin, déi vill Reflektiounen stéieren mech (Autoen, Persounen a.s.w.) wéi kann ech déi Fotoen verschaffen , oder besser kann ech do mat engem Filter schaffen , wann ech se géing nei fotograféieren.?
Merci.
obskur



Geschrieben von micky-maus am 21.08.2013 um 21:21:

  RE: Reflektiounen aus Vitrin eraus huelen.

haloo ,
Hei gett ett eng einfach ann ganz gudd Leisung: Polfilter

Domat kritt een nöt nemmen Reflektiounen vunn Glas erausgeholl, awer den Himmel gett mei blo ann naast Graas nach mei greng.

Kuck och hei:
http://de.wikipedia.org/wiki/Polarisationsfilter



Geschrieben von Houll-art am 21.08.2013 um 21:33:

 

micky-maus huet Recht, e Polfilter hëlleft do. Mee net nëmmen do. Ech hun deen permanent drop wann ech dobaussen Fotoen maachen, wëll ech fannen dass fuerwen méi gesättegt ginn an méi Kontrast an d' Foto kënnt. Net ëmmer, mee deemno vun wou d' Sonn kënnt oder d'Liicht ass, ass den Ënnerscheed frappant.



Geschrieben von gogo am 21.08.2013 um 21:48:

 

Wéi MM scho soot du brauchs e Pol.

E gudde Pol gehéiert an all Rucksaak, nach besser wann en op der Lëns ass großes Grinsen

An jo déi sin däier awer hier Suen wärt.

Do gin et verschiddener, hues de e wäitwenkel dann muss de kucken een "slim" ze huelen, soss kriss de vignette dranner.

Präislech ass do alles derbäi, an waat den Duerchmësser mei grouss gëtt waat mi däier großes Grinsen

an onbedengt en Zirkular Pol huelen, mais ech mengen daat aanert gett et souwisou net, oder baal net.

Ech hat mol ëmmer Hoya, war ganz zefridden, mais muss mer lo och en näien kaafen well ech lo "leider" en näi Standard Objektiv hun (daat zum iwwerfloss och nach méi e groussen Diameter huet :-p)

Aaner Méiglechkeet:
Waart bis d'Earth Hour an dann lees de lass smile
http://worldwildlife.org/pages/earth-hour



Geschrieben von obskur am 22.08.2013 um 08:13:

 

E Grousse Merci un Iech, dat do as mir vill gehollef.



Geschrieben von obskur am 22.08.2013 um 08:19:

 

Villmols Merci un Iech, dat do as mir vill gehollef.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH