Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- People Workshop - Feedback (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2004)


Geschrieben von Metalbambi am 13.05.2014 um 01:06:

  People Workshop - Feedback

Salut dir Knipserten,
mier hunn lo d'läscht Joer 2 Workshopen iwwer People-Photography gemaach an et géif mech mol interesséieren op dat sou an däer Form eppes bréngt. Vu que dat ech net vill Feedback kritt hunn an leider och wéineg Fotoen vun den Participanten hei um Site gesinn hunn froen ech lo mol einfach eng Kéier no. Schreift also mol einfach äer Meenung an evtl. Kritiken/Verbesserungsvirschléi hei eran.

Ofgesinn dovunner géif ech iech gäer erënneren dat et net vill bréngt just op den Workshop ze kommen an dann keen Suivi ze erlaben. An engem Dag gëtt keen zum Meeschter, dofir wier et cool wann een ab und zu mol en Portrait o.Ä. vun iech géif gesinn deen dann och kritiséiert kéint ginn. Sou kéint dier déi Saachen déi der geléiert hutt verdéiwen an mier kéinten an Zukunft och méi spezifesch an ugepassten Workshoper organiséieren. Ofgesinn ass et ëmmer gutt Fotoen ze weisen. smile

Also lass, zielt eis eppes oder, nach besser, weist eis eppes!!!

bäschten Gréiss,
Bob



Geschrieben von gagapix am 13.05.2014 um 16:35:

  RE: People Workshop - Feedback

et wier cool gewiercht Photoshoot net einfach ze begruewen an hei t'Plattform och mat Modelen ze deelen.
Just sou nierwebai bemierkt.
Ech weillt och mol erem e Studio vu bannen gesin ...
An e Workshop wier och nët schlecht ...



Geschrieben von Johny am 13.05.2014 um 17:48:

 

Wéieng Modelen? op photoshoot waren nämlech och keng aktiv smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH