Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Neutral Density Filter (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2019)


Geschrieben von sheandhercamera am 30.08.2014 um 20:19:

  Neutral Density Filter

Hallo!

Nodeems ech daathei gesin hun wollt ech mer esou en Filter kaafen.
Ech mengen vun der Mark hier leeft et op B+W eraus awer ech sin mer nach net secher weieng Stärkt (ech wees net op een daat esou nennt ^^').
Am Moment stinn ech techent 64x an 1000x.

Kennt een vun iech sech domat besser aus? Ech wees nämlech net mat weiengem ech mei ufenken kann. Mier geet et haaptsächlech dorems Waasser an Wolleken sou verlaafen ze lossen an Mënschen verschwannen ze lossen.

Merci am Viraus fir all Äntfert smile



Geschrieben von Johny am 30.08.2014 um 21:41:

 

Heliopan Filtere si genee dat selwecht Glas wéi B+W, awer méi bëlleg smile

Ech schaffe scho laang mat ND Filter, an hat nach ëmmer dat stärkst wat ee sou krut, dat ass en 1000x, respektiv en ND 3,0. Domat kann ee schéi laang beliichten, an trotzdem muss ech, wann et hell ass, alt nach d'Blend kleng maache fir op déi Zäit ze kommen déi ech wëll, géif also nimools duergoen mat engem méi schwaachen.

Klengen Tipp wanns de souee keefs an herno Fotoe mëss: Schaarf stellen ass do bësse schwéier wells de duerch de Sucher quasi näischt gesäis, den AF mécht do guer näischt méi a manuelle Fokus ass och schwéier. D'Method déi ee soss ëmmer gesot krut mat Filter rofhuele, schaarf stellen, drop schrauwen an dann knipsen ass relativ nerveg - hei kënnt de Liveview extrem gutt! Mam Filter, Liveview aktivéieren, razoomen an dann manuell schaarf stellen: Klappt immens gutt a séier.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH