Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2039)


Geschrieben von gogo am 03.06.2015 um 23:08:

  Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Hei en interessanten Fotosconcours den ech de Mëtten weidergescheckt kruut.

Et handelt sëch em en Fotosconcours den vun der SICONA an Zesummenaarbecht mat den „Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn“, dem „Musée national de l’histoire naturelle“ an der „Société des naturalistes luxembourgeois“ organiséiert gëtt. D'Thema vum Concours ass "Eis schéinste Blummewisen" an et ginn 4 Kategorien:

- Habitaten: Wisen an Weiden, Trockenrasen an Fiichtgebitter
- Fauna an Flora vun deenen Liewensraim
- Besonnesch Aarten (Spezialistenkategorie): Kammmolch, Gelbbauchunke, Wimperfledermaus, Baumpieper, Heidelerche und Gartenrotschwanz
- Jonk-Fotografen bis 12 Joer: Wiesen an Weiden, Trockenrasen an Fiichtgebitter an Déieren an Planzen

Déi beschten Fotoen ginn mat Präisser vun insgesamt tëschen 50 bis 250€ ausgezeechent ! Den Délai fir matzemaachen ass den 01.10.2015.



Ech wënschen vill Spass, gudd Luucht an virun allem gudd Fotoen smile



Geschrieben von Schluck am 04.06.2015 um 10:13:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Salut,

héi och nach méi détailléiert Infoën an d'Règlement vum Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen":

Concours Photo LIFE Grassland – Flyer
Concours Photo LIFE Grassland – Règlement

Léif Gréiss,

Schluck



Geschrieben von ornitho am 05.06.2015 um 07:23:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Salut Schluck, eng Fro, do steht nix mam Reccadrage vum Bild dran wat alabt ass an wat net ? Oder fällt dat ennert den Text : "addition ou suppression numériques des éléments" well wannste crops, also recadreiers gief en io och en Digitalen Deel vum Bild ewesch heulen...

MbG.

Gianni



Geschrieben von Schluck am 05.06.2015 um 07:58:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Salut Gianni,

cropen ass ëmmer erlaabt, mëttlerweil an all Concours. Wat's de nët dierfs ass Stempelen bzw. Saachen béifügen.

Léif Gréiss,

Schluck



Geschrieben von ornitho am 05.06.2015 um 10:02:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Merci vir Äntwert, Ech wor Emmer da Meenung dass en dierft an Concouren just 20% bis 30% ewesch Croppen vum Bild vir de Recadrage.. wosst net dass dat changeiert hat...... dat heescht e Sensorfleck an dem Fall dierft en och net ewesch stemplen oder ?



Geschrieben von Schluck am 08.06.2015 um 17:17:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Nee, dat ass nët méi sou an dat hänkt och souwisou vum Concours of. All Concours huet ëmmer säin egent Réglement. Een Sensorfléck dierfs de normalerwies och stëmpelen wëll dat ass jo keen Elément vum Bild.

Ët wonnert mech lo ee bëssen dass de mer déi do Fro lo héi nach eng Kéier stells wëll genau déi do Diskussioun haaten mer dach virun 2 Méint wéi mer eis zu Esch Gaalgebierg begéint hunn... ?!

Wat elo den Concours vun der SICONA unbelaangt kanns de dat gäer bei hinnen nofroen (TéL steet am Flyer) ... ech hunn dat Réglement nët geschriwwen och wann mir den Concours als LNF matorganiséieren.

Léif Gréiss,

Schluck



Geschrieben von ornitho am 08.06.2015 um 21:41:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Ah ok, gud ze wessen.. dann wees Ech elo bescheed.. Wans Du dat sees, da wert dat io weul och sou gewiecht sen , sen an da lescht extrems vergiesslech gin ( ass wieklech keen Witz ), mee elo wouste et sees , kennt et mir navel souleus nees zereck ..... gleew mir, wann Ech mech drun erennert hätt, hätt Ech net oneideg des Froh nach emol gestallt..

MbG.

Gianni



Geschrieben von Schluck am 07.07.2015 um 14:25:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Sou vergiesslech, an dat an dengem Alter, dann géif ech awer eng Kéier durno kcken lossen.



Geschrieben von ornitho am 07.07.2015 um 15:16:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Ma kuck Du no Dengen an Ech no mengen großes Grinsen



Geschrieben von Foto_by_eric am 07.07.2015 um 15:57:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

hallo kann jidderen mat machen ?



Geschrieben von Schluck am 07.07.2015 um 17:53:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Jo Eric,

den Concours ass fir jidddereen. Kuck och héi, héi fënns dei méi détailléiert Infoën an d'Règlement vum Fotosconcours:

Concours Photo LIFE Grassland – Flyer
Concours Photo LIFE Grassland – Règlement

Falls de nach froen hues kanns de dat gäer bei der SICONA nofroen (TéL steet am Flyer)

Léif Gréiss,

Schluck



Geschrieben von Schluck am 08.10.2015 um 09:32:

  RE: Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen"

Den Fotosconcours "Eis schéinste Blummewisen" leeft nach bis den 1.11.2015 an ët ginn nach vill Präisser ze verdeelen.

Héi och nach méi détailléiert Infoën an d'Règlement:

Concours Photo LIFE Grassland – Flyer
Concours Photo LIFE Grassland – Règlement

Léif Gréiss,

Schluck


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH