Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Erfahrung mat Fotoreesen? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2052)


Geschrieben von Sevyas am 04.02.2016 um 22:20:

Fragezeichen Erfahrung mat Fotoreesen?

Hallo alleguer

(Ech si mer net sëcher op dest de richtegen Ënnerforum fir dest Thema ass, mee ech hu kee méi passende Beräich fonnt ...)

Ech ging gär irgendwann an nächster Zäit un enger organiséierter Fotorees/Workshop deelhuelen, an am Internet fannen ech zwar sou munnech intressant klengend Angeboter, mee sou gudd wéi kee Feedback vu Leit déi mat waren (...ausser um Site vun den Anbieter selwer Augen rollen )
Wollt dofir mol froen ob ee vun iech mol bei engem Angebot vun www.artistravel.eu mat gemach huet a Feedback kéint ginn. Oder ob een e gudden Anbieter an deem Beräich wees ...

Merci am Viraus fir all Tipp



Geschrieben von Pit am 08.02.2016 um 10:24:

  RE: Erfahrung mat Fotoreesen?

Salut,
ech hunn zwar selwer keng Erfahrungen gemach, mee wees awer vun engem, dat z.B. dei vum Pavel Kaplun ganz flott wären.
Kuk hei:
http://www.travelwithpavel.de/
Den Typ mecht och flott Videoen iwert seng Arbeschten an get gudd Tipps of. Kuk hei:
https://www.youtube.com/user/kaplunphoto/videos
MbG
Pit



Geschrieben von Sevyas am 19.02.2016 um 12:22:

  RE: Erfahrung mat Fotoreesen?

Merci fir den Tipp. Ech hu mer eng ganz Reih vu senge Videoën ugekuckt a wärt bestëmmt och nach méi oft do rakucken, och wat d'Reesangebot ugeet.

Waat Fotoreesen ugeet hunn ech beschloss mer einfach selwer e Bild vunn artistravel.eu ze maachen an huelen (wann daat mat der Umeldung lo alles geklappt huet) an engem Mount un hirem Workshop zu Berlin deel. Wärt dann dono hei Feedback ginn wéi et mer gefall huet.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH