Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2066)


Geschrieben von gloda am 14.06.2016 um 19:54:

  Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen

Salut,
Ech géif mer gär e Wäitwénkelobjektiv fir Canon Vollformat ausléinen fir am August 2016 2 Woche mat an d'Vakanz ze huelen. Eppes méi wäites wéi 24mm wier ideal, awer et soll kee Fisheye sinn. Fir dee wou mer aushëlleft soll et natierlech net ëmsoss sinn, an dat gutt Stéck gëtt verséchert smile



Geschrieben von gogo am 15.06.2016 um 17:04:

  RE: Gesicht: Canon EF äitwenkel fir ze léinen

Du brauchs net weider ze sichen Canon EF 16-35 f4 IS USM :-)



Geschrieben von Johny am 16.06.2016 um 09:12:

 

Alternativ kann ech der och den 16-35 f/2.8 ubidden.

Lo hues de d'Qual der Wahl smile



Geschrieben von gloda am 17.06.2016 um 13:39:

 

Super, do sinn ech lo frou iwwer d'Hëllef déi ech gebuede kréien. Ech hu gekuckt wat déi zwee Objektiver weien, a well et just 20g Ënnerscheed sinn mellen ech mech da mol (op direktem Wee) beim Johny.



Geschrieben von Johny am 19.06.2016 um 14:53:

 

Den f/4 soll den Tester no déi besser Bildqualitéit liwweren, den f/2.8 huet natierlech de Virdeel vun der grousser Blend. Hänkt bëssen dovun of wat s de dermat maache wëlls smile



Geschrieben von ornitho am 20.06.2016 um 07:17:

 

Hat den 16-35 mm f2,8 an wor nie esou richteg begeschtert iwert seng Perfomence an de Randbereicher.... Den 16-35 mm f4 L IS Usm heut de virdeel vun da Stabilisatioun souwei dassen och nach Parafokal dobei ass, wat wieklech am Landschaften Fotografeieren menger Meenung no vill Sen mecht do ech zbsp oft mam Leiveview schaffen, kann ech Schärft 1 Mol festleen an dan de Zoomrank verstellen wei ech well ouni dass Schärft bougeiert....Vun da Optescher Perfomence ass den neien 16-35 wieklech e groussen Crack besser op da Offenblend an zumols an den Ecker...



Geschrieben von Johny am 21.06.2016 um 09:20:

 

Datt en dat kann mam Fokus wosst ech emol net, dat ass effektiv e grousse Virdeel.

An jo dat mam Randberäich stëmmt beim f/2.8, leider.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH