Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Backup Fotoen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2080)


Geschrieben von Eric1989 am 28.10.2016 um 23:16:

  Backup Fotoen

Moien wei macht dir aeren Backup vun den Fotoen ?



Geschrieben von Metalbambi am 29.10.2016 um 00:50:

 

Ech hunn en System mat 2 externen Festplacken (WD MyBook 3 TB & 4 TB). Meng rezentsten Fotoen hunn ech um Laptop ob der interner Festplack, déi ginn - inkl. dem Lr-Catalog - regelméisseg ob eng extern gebackupped (mat Norton). Ob däerselwechter Festplack hunn ech och all mäin méi alt Geschir, wat dann nach eng Kéier ob déi 3t gebackupped gëtt. Sou hunn ech am Endeffekt alles eng Kéier op enger Festplack am Original an op enger anerer als Backup, wann eng den Geescht ob gëtt hunn ech also näischt verluer. Wann ech mäin ganzen Schreifdësch mat dem Laptop an den zwou Festplacken ëmgehaien dann sinn ech gevullt... smile



Geschrieben von Eric1989 am 29.10.2016 um 07:38:

 

Mes du dein backup dem joer no ?



Geschrieben von Metalbambi am 30.10.2016 um 10:32:

 

Verstinn deng Fro net ganz... Norton mëscht keng 1:1 Kopie wou's de normal dran browsen kanns, mee eng Art Database déi just iwwer Norton zougänglech ass. Meng Fotoen sinn thematesch sortéiert, ähnlech wéi hei an eiser Galerie.



Geschrieben von Eric1989 am 30.10.2016 um 19:48:

 

ok merci fir anwert



Geschrieben von wuff am 03.11.2016 um 19:19:

 

Ech hun se en Mol op engem HDD op méngem Computer, deen sech automatesch mat méngem One-Drive Cloud synchroniséiert. An nach en mol eng Copy op engem externen HDD deen bei méngen Elteren läit.
Do misst schon vill geschéien dass méng Fotoen all fort wieren.



Geschrieben von Eric_1989 am 25.12.2016 um 20:54:

 

weieng Mark hues du dann dei festplack ?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH