Thema: D700 Hemmung beim Ausléisen !! |
|
war däin Objektiv richteg drop, d.h. ass net bëssen Spill bei den Kontakter ? Dat spiers du wann d'Objektiv drop ass. Mä da stellt et och net richteg schaarf. Wackelen vum Bild am Sucher kennt vum ageschalten VR2 kommen.
|
|
Thema: Foto.lu Printservice |
|
Ech kennen den Jérôme schons ganz lang, schons wéi héin nach beim Aly Baltes am Buttek zu Dideleng geschafft huet. Fir mech war héin ëmmer korrekt, an géif mech wonneren wann héin sech op seng aal Deeg geà nnert hätt.
|
|
Thema: Online akaafen |
|
ech hun mir schons en nikon 16-85 an eng Lumix LX3 bei www.fotemia.de kaaft, huet alles geklappt, muss awer 10,-€ porto bezuelen....
|
|
Thema: Wou elo Material kafen ? |
|
ech soen iech merci fir d'äntwerten
d'objektiv hun ech elo, an wahrscheinlech brauchen ech an der nächster zeit naischt méi, mee kann een jo nie wëssen...
op jiddenfall wësst dir, dat mam saturn, ausser de promotiounen, och kee geschäft ze machen ass.....
|
|
Thema: Wou elo Material kafen ? |
|
Elo, wou mein Fotogeschäft zu Dideleng definitif zou gemach huet, ech war do iwer 30 Jor lang Client, vir d'éischt beim Baltes Aly, duerno beim Dichter, hat ech e Problem, wou ech géif meng Sachen an Zukunft kafen. Ech wollt mir elo den 16-85 vun Nikon kafen, an hat an den Zeitungen d'Praiser besse studéiert. De normale Prais war tëschent 550,- an 600,-€. Vue que dat den neien Saturn sou bellëg sollt sin, sie hassen schliesslech "deier", sin ech och dohin kucken gangen. Mee, oh Schreck, do leit dat Objektiv fir 736,-€ an der Vitrine. Iwer Internet hun ech dun "Fotemia" an Daitschland fond. Do war dat Objektiv fir 489,-€ annoncéiert. Ech hun do bestallt, an no enger Woche hat ech d'Objektiv am Grapp.
Den 16-85 mat UV-Filter vun B+W, mat Versandt fir 532,-€.
|
|
|