Thema: check this out. |
suraki
Antworten: |
219 |
Hits: |
627.580 |
|
|
Och, nëmme kucken ouni eppes ze maachen huet och séi Reiz Wéi soen se ëmmer " mach dich selten und beliebt " wat awer och erem net ëmmer klappt haha
|
|
Thema: Canon EF 70-200mm |
suraki
Antworten: |
6 |
Hits: |
29.702 |
|
|
schwéier der do ze äntwerten , den den IS II as top, besser wéi den einfachen 2.8 an zemools mat Konverter ... nach ëmmer Top
..... awer deier a virun allem schwéier !
ech selwer hunn mech fir den f4 awer mat Stabi (beim f4 wichteg) entscheed, bei Oppeblend top ... nach ëmmer e Referenzobjektiv, an liicht matzehuelen.
gehollef un ech der elo bestëmmt net ?
|
|
Thema: Waat ass hei lass ???? |
suraki
Antworten: |
11 |
Hits: |
39.756 |
|
|
Du hues vollkomme Recht Johny.
Ech muss en awer och soen, dat e Bestietnis nëmmen esoulaang gutt geet, ewéi Toleranz tëscht den zwou Säiten do ass. Fir déi Zwou ! Säiten gëllt, wann ee sech well erklären, muss dem aneren och nolauschteren ouni direkt aggressiv ze reagéieren ... et muss net ëmmer Alles op d'Woschuel geheit, an stur op enger Behaaptung festhalen ginn. Och an engem Forum, den jo eng Gesellschaft spigelt, geet et nëmmen mateneen fir eecht geholl ze ginn, an en eventuellt Ziel ze erreechen.
Fortschrëtt geet net iwwert Regelen déi nëmme "stur" agehale ginn ... dann ass menger Meenung no en Rëckgang a Siicht a net ze evitéieren.
Wann eng Koppel duerch net schwätzen an Sturheet net méi mateneen kann, dann ass just den Affekot de Gewënner, obschonns et wahrscheinlech ass dat déi Zwee duerno awer glécklech duerch d'Liewen ginn.
Ech weess awer och aus Erfahrung dat heiansdo esou eng kleng Paus kann guttgedoen.
Meng Gréiss un all Useren
edit: sorry icelady dat war iwwereneen gaangen
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
suraki
Antworten: |
72 |
Hits: |
142.733 |
|
|
e fäerdegt Resultat wär et gewiescht, wann all déi Leit déi sech ugemellt haten,
d'Bild och kritt hätten
... mä ech muss et net onbedéngt nach kréien
|
|
Thema: Canon eos 600D |
suraki
Antworten: |
1 |
Hits: |
19.523 |
|
|
vir deng 800 Euro kriss de schonn eng gutt Ausrüstung.
Canon oder Nikon, fir bei deenen zwou Haaptmarken ze bleiwen, ass einfach eng Liebhabergeschicht. Se kachen all mat Waasser an et kann sech keen erlaben, an der selwechter Präisklass, eppes unzebidden wat méi schlecht ewéi de Konkurrent ass.
Den Fotograf mëscht d'Foto, ... en den eng Sauschrëft huet, dem hëlleft och keng Füllfieder vun Montblanc
|
|
Thema: Refus |
suraki
Antworten: |
186 |
Hits: |
370.158 |
|
|
Ech muss gestoen, dat ech dat mat den dräi Mengt, den Aktivitéierungssystem ofschalten, nach net gelies hunn. Kennt dovunner dat ech nëmmen heiansdo hei am Forum matliesen.
Wann dat esou ass a probéiert gëtt, kann ech nëmmen gratuléieren dat der iwwert ären eegene Schied gespronge sidd. Ech selwer sinn iwwerzeegt dat dee Systhem do, des Säit, d'Fotografie an d'Useren hei wärt weiderbrengen. Sollt et awer, wat ech net gléewen, an d'Box goen, ... ass dat ganzt trotzdem positiv, well dann de ganze Photo-gen eng Erfahrung mäi reif ginn ass, a virun allem kee méi ka soen, der huet net emol probéiert.
Ech selwer an bestëmmt och vill anerer, sinn zouversiichtlech dat dat eng gutt an interessant Erfahrung gëtt.
vu menger Säit aus op alle Fall en decke Merci am viraus fir d'Initiativ et einfach emol ze probéieren
|
|
Thema: Refus |
suraki
Antworten: |
186 |
Hits: |
370.158 |
|
|
All Mensch hei op PG kennt wahrscheinlech meng Meenung, iwwert d'fraischalten, Jurien, Wochefotoen, Concouren asw ...fléicht well ech selwer dat ganzt schonn vun ënnen no uewen, an emgerdéint materlieft hunn.Et huet jo och kee wärt dat ech fir zecht ... hei soueren dat mer dat heiten an dat doten net gefëllt oder wat ech giff aneschters maachen.
An all Klipp, Federatiounen ,Organisatiounen, Verenegungen, an der Schoul, op der Schaff, an an an, .... an da gëtt et ereicht richteg Komplizéiert, spillt de Faktor Sympathie , Antipathie, Jalousie an esouweider och nach en gewëssen Deel mat. Ouni elo HEI engem eppes ze ënnerstellen oder virzewerfen, dat ass einfach esou iwwerall esou
Wien beuerteelt dat déi "bestëmmte" Foto X vum Auteur Y ënnert dem sengem Niveau leit ? Oder dat dat dote Bild Y , wat bei engem aneren X refuséiert ginn ass, bei dësem Auteur Z hei duerchgeet. Wahrscheinlech wärt dat Thema hei ni aus de Foren (allgemeng) erauskommen
an elo hat ech bal vergiess, ech weess net wien d'Bild http://fc-foto.de/28254660 net acceptéiert huet ... mä iwwert Den oder besser déi Zwee maachen ech mer nu wierklech Gedanken
En Portrait, Nuen, Déieren,Landschafts oder Streetfotograf muss kennen iwwert seng Spart erauskucken a fair bleiwen, och wann et sech "nëmmen" em eng Blimmchen handelt
|
|
Thema: Refus |
suraki
Antworten: |
186 |
Hits: |
370.158 |
|
|
ech wées et Johny ... haha "und immer wieder Grüsst das Murmeltier"
ech sinn nach ëmmer déif iwwerzeegt wat ech soen an dat et esou net richteg ass.
mer kommen hei, an an eisem nächste Liewen ni op eng gemeinsam Meenung
gutt loosse mer dat erëm eng Zäit mautschen, iergend eng Kéier quatsche mer op engem Dësch mat engem Béier driwwer
|
|
Thema: Refus |
suraki
Antworten: |
186 |
Hits: |
370.158 |
|
|
Johny,
ech mengen de Leit hei geet et ëichter em déi virgefäerdegt Sätz ewéi,
... et sollt ee sech Gedanken, vläicht matzen an d'Mëtt, immens oft fotograféiert asw
alles dat do geschriwwe gëtt , ass firgefà rdecht an seet u sech net vill aus an démotiweiert och nach de Gros vun de Fotografen déi hier Biller jo awer all gutt genuch fir ze posten fannen.
Fro mech elo net ewéi et besser soll mega ginn, ech weess et net. Ech weess och net wat erakënnt oder wat alles refuséiert gëtt. Och wees ech net weivill Aarbecht et wär op all refuséiert Bild anzegoen. Eppes weess ech awer sécher, misst en vir all refuséiert Bild Argumenter mat kapp a Fouss bréngen, ... giffen der manner refuséiert ginn.
Fléicht e bëssen ewéi an enger Jury , wou enn och mat de Sproch eraus muss
|
|
Thema: Meng (gruglech) Erfahrung mat Digitalwonderworld |
suraki
Antworten: |
9 |
Hits: |
35.144 |
|
|
virun engem hallwe Joer, ech kann elo nëmme vun dem Fall schwätzen, gouf mer an engem relativ seckem Toun do erklärt, dat Sie kee Geschäft oder Lager wären wou een eppes kéint siche goen ... verschécken giff eben 15.-Euro kaschten. Net dat mer déi Zomme ze vill gewiescht wär, ech sinn einfach gewinnt anstänneg fein a frëndlech zerwéiert ze ginn, a bezuelen dofir gären och emol e puer Sou méi.
A genau dofir kafen ech weiderhi meng Saachen hei am Süden vum Ländchen, wou sech de Verkeefer oder Gerant u mech erënnert a mech gutt a frëndlech zerwéiert.
edit: wann awer jiddereen den an engem onlineshop well bestellen, virtéicht emol dohinner telefonéiert an Froe stellt, kann ech awer och e "bësse" verstoen wann een emol um falsche Fous kann erwëscht ginn . D'ass also un jidderengem selwer Séi choix ze maachen.
|
|
|