Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 15 von 15 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Drock (Acrylglas)
Nemo

Antworten: 6
Hits: 34.745
19.04.2016 08:36 Forum: Allgemeng OT


Hello again ;-)

Nee daat brauchs de net onbedingt. Den ICC as hei lo éischter dofir geduet fir der ze weisen wéi däin Originalbild op deem engen oder aneren Support weart erauskommen.

Ech maachen et folgendermoossen (allerdings am Lightroom):

- ech huelen méng bearbescht Foto (Original), maachen se am Lightroom op an wielen dono den ICC Profil un.

- erstellen duerch d'Softproof Funktioun eng Kopie fir datt ech déi 2 (original an ICC Kopie) niewenteneen hun

- maachen déi néideg Correctiounen fir datt d'ICC Kopie dono ausgesäit wéi mäin Originalbild

- saven d'ICC Kopie mat den Modificatiounen als normalen sRGB

- et voilà :-)

A bis elo as wirklech alles sou zeréck komm wéi ech et um Schierm gesin hun. A wéi gesot, Qualitéit vun hieren Acrylbiller as 1A, virun allem wans de den Plexi vun 4mm an Plaatz vun 2mm hëlls Augenzwinkern
Thema: Drock (Acrylglas)
Nemo

Antworten: 6
Hits: 34.745
14.04.2016 11:38 Forum: Allgemeng OT


Deng Fro as zwar bessen hier, mee :

www.whitewall.de

Maachen do emmer en Print op echtem Fotopapeier ennert Acrylglas.

Bei Bestellungen fir méng (Ënnerwaasser)fotoen den Neck plus Ultra. Kascht natierlech och net näischt deemno wéi grouss, mee as definitiv all Cent weart.

Wichteg as et allerdings bei sou engem Support den richtegen ICC-Profil rofzelueden an domat d'Fotoen ze bearbeschten. Soss kriss de och bei Acrylglas deemno wéi en anert Resultat wéi op déngem Schierm (och wann en kalibréiert as). Augenzwinkern
Thema: Refus
Nemo

Antworten: 186
Hits: 367.394
10.05.2012 14:51 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Aaaaaaaaah waat as daat sou schéin! Endlech si mer rem um Thema :-))

Ech war fréier och mol eng Kéier en wëllen Instigateur vu sou enger Discussioun, dofir well ech hei méng Erfahrung mat eisen "Rebellen" ( :-P ) deelen.

Ech ka verstoen dass ganz oft et onfair schéngt, wann een der fester Meenung as dass manner gudd Fotoen wéi séng eegen ugeholl gin an déi eegen eben net. An ech wees vu waat ech schwetzen, well wee méng Gallerie gekuckt huet wees dass et bei mir secher net drun louch dass d'Motiv ze oft fotograféiert gouff :-)

Ka mech un een speziellen Fall erenneren wou ech virun Joeren voller Stoltz méng éischt Foto vun engem Delphin am fräien Waasser wollt hei um Site roplueden. Trei nom Motto : "Sou eppes huet hei na niiiiiiiiie een gesin" hun ech da voller Zouversicht mäin Bäitrag gepost. An zack, REFUSEIERT !! Bon hu mech jo da natierlech iwert sou eng Frechheet onmoosseg opgereegt (eben well ech och der Meenung war dass et sou eng 08/15 Erklärung fir den Refus war). Mee am Nachhinein, no puer Stonnen an deem engen oder aneren Béierchen, hun ech mer d'Foto nach eemol méi genau ugekuckt an et war MAT ABSTAND déi schlechst déi ech je gepost haat. Den WOW-Effekt vun sou engem exoteschen Motiv war eben net duergaang, well qualitativ gesin sou munches dru gefeelt huet. Wéi scho virdrun gesot, d'Foto war allerhechstens OK, mee méi eben net.

Ech hu mëttlerweil en eegent Verfahren fir ze decidéieren waat gewisen gëtt a waat net. Stelle mer einfach d'Fro : "Géiff ech dëss oder déi Foto a méng Stuff ophänken?". Alles waat kloer mat NEE beentwert gëtt fënnt de Wee bis op Photogen net. An zanter dass ech sou verfueren krut ech nie méi eng Foto refuséiert. :-D

Fannen et och an deem Sënn korrekt dass gekuckt gëtt wéi oft waat scho gepost gin as, well no der 3.875 ster Blumm déi z.B. ënnerhalb vun 3 Deeg ropgelueden gin as, verstin ech och dass beemol Schluss as. ;-)

Dofir, hätt deemols och nie geduet dass ech jeemols sou eppes géiff schreiwen, mee mat bessi Philosophie verkraaft een sou eng "Nidderlaag" relativ gudd ;-)
Thema: benotzen vun Photobeabeschtungs Programmer
Nemo

Antworten: 6
Hits: 30.556
17.06.2010 10:23 Forum: Fotobearbëchtung


Salut,

den Thread as schon e bessen hier, mee ech haat mer deemols dat heiten geholl (allerdings fir den PSE 7) an ech war ganz zefridden domadder.

http://www.amazon.de/Adobe-Photoshop-Ele...76762830&sr=1-1

As alles am Detail top erklärt, mat villen Fotoen an Illustratiounen. Du hues normalerweis souguer eng CD dobai wou verschidden Saachen a kuerzen Filmer praktesch Schratt fir Schratt erklärt gin. Augenzwinkern



Steve.
Thema: Eng Fro
Nemo

Antworten: 11
Hits: 33.593
16.06.2010 16:33 Forum: Allgemeng OT


Majo, de Refusator (mega deen Titel... großes Grinsen ) huet geschwat.

Du hues an puer Sätz d'Saach op de Punkt bruet an eng sachlëch Erklärung gin dei net ze mëssverstoen as. Sou ka jidfereen novollzeien weieng Critèren mussen erfëllt gin a wisou dei eng oder aner Foto refuseiert gëtt.

Genau dat war et wat ech duerch main Thread (--> Auswahlkriterien) wollt wessen.

An deem Senn, merci gesot Augenzwinkern
Thema: Eng Fro
Nemo

Antworten: 11
Hits: 33.593
RE: Eng Fro 16.06.2010 15:59 Forum: Allgemeng OT


Obwuel déng Foto, am Geigesaatz zu aneren, scharf as: Et as kee KAKA drop Pitschull.... großes Grinsen

Da wees d'et fir next Keier : einfach warden bis de Villi sain Kéipchen gedréckt huet an dann ausléisen.... Zunge raus

--> net béis huelen alleguerten, mee konnt mer et einfach net verknäifen..... großes Grinsen

Nee, mee lo mol seriö, et kënnt alt mol viir. Mee net dovunner ofhaalen loossen weiderhin gudd Biller ze machen. Haat och gemengt mech gecht driwer opzereegen, mee am Nachhinein (a wann ech gesinn wat fir eng Emeuten sou en Thread kann ausléisen) as et d'Saach net weart.

A wann ech awer eierlech sin, gëtt jo awer de Gros vun den Fotoen hei ugeholl a gewisen, deemno as bei 10 Fotoen een Schlag an d'Waasser duerchaus ze vertrieden ;-)
Thema: Auswahlkriterien.....
Nemo

Antworten: 16
Hits: 38.435
15.06.2010 15:40 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Naja wat och emmer

--> Schwamm driwer Augenzwinkern
Thema: Auswahlkriterien.....
Nemo

Antworten: 16
Hits: 38.435
15.06.2010 14:49 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Nee as jo OK...:-D

Ech mengen et as jo nach kee Meeschter vum Himmel gefall an et huet jo och net jidfereen d'ganz Grondlagen vun der perfekter Foto am Kapp an huet 17 Bicher doriwer geliess. Ech iwregens secher och net... Augenzwinkern

Fannen et egal wei scho gudd dass en Tri firgesin as vu Leit dei secher mei dovunner verstin wei ech oder soss irgendeen, mee da soll en och tatsächleg gemach GIN. Augen rollen

Mee quand-même, e Koup Schäiss ze fotographeieren, deen dann ugeholl gëtt, an stolz hei ze presenteieren fannen ech awer nach wie vor minabel... großes Grinsen
Thema: Auswahlkriterien.....
Nemo

Antworten: 16
Hits: 38.435
15.06.2010 11:36 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


As OK. Hun d'Threads fonnt...

Woubai ech zum Ofschloss der Meenung sin dass d'Admins sech an desem kloeren Fall definitiv an hierer Auswiel widersprach hun par rapport zu deem wat se virdun geschriwen hun. An sie si jo awer dei eenzeg dei de Pouvoir hun sou Discussiounen ze vermeiden andeems se dat applizeieren...

Mir Laien kennen d'Fotoen just kucken a bewearten an do as et normal dass irgendwann deen een oder aneren sech an sou engem Fall besse getreppelt fillt...

Mee ech weart et trotzdem iwerliewen keng Angscht Augenzwinkern
Thema: Auswahlkriterien.....
Nemo

Antworten: 16
Hits: 38.435
15.06.2010 11:20 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Geet jo net drems dass hei irgendeppes soll ausarten...

Mee ech fannen halt just dass wat fir den een gëllt och fir deen aneren soll gëllen. Net mei a net manner.

Et as mer secher net drems gaang hei wellen mat irgendengem ze streiden...
Thema: Auswahlkriterien.....
Nemo

Antworten: 16
Hits: 38.435
Auswahlkriterien..... 15.06.2010 11:14 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Hey Jungs und Mädels.

Ech hu just eng kleng Fro op weienger Basis dir de Choix maacht techt den Fotoen dei hei kennen gewisen gin oder net.

Ech krut eng Keier eng Foto refuseiert wou en Hai (wat jo en Motiv as wat een a fraier Natur jo net onbedingt all Daag gesait) drop ofgebild war. D'Argument fir den Refus war dass et net drems geet just en Hai ze weisen, mee dass et drems geet d'Foto artistesch ze gestalten an dass et em mei geet wei just em d'Knipsen (war lo dei resumeiert Versioun).

Lo gesin ech dann dass awer eng Foto akzepteiert gett dei "en substance" dann
Folgendes weist:

a) en gemuuchten Paack Zigaretten am Gulli

b) eng elegant Strull Schäiss

Also ech hu jo grondsätzlech mat kengem en Problem, an hun den Refus bei menger Foto deemols ouni Weideres ugeholl, mee dat do as awer dann eng Frechheet fir dei Leit dei sech dann aer Remarquen zu Hearz huelen an sech beméien zeigbar Fotoen erop ze lueden.

De plus, fannen ech dass dat net onbedingt zu der Kredibilitéit vun sou engem Site baidréit....



Nemo.
Thema: Flares beim Tokina 11-16 f 2.8
Nemo

Antworten: 11
Hits: 33.506
12.11.2009 10:38 Forum: Material


Hy,

Nee, weder nach....
Thema: Flares beim Tokina 11-16 f 2.8
Nemo

Antworten: 11
Hits: 33.506
12.11.2009 09:13 Forum: Material


Hallo alleguer a merci fir aer Entwerten.

Ech war gechter mol bis op de Belval besse knipsen an hei dann d'Resultat bei 80 % vu mengen Photoen...Ech verzweiflen sou lues... verwirrt

@Gaga : Ech gin der Recht wat Flares ugeet, artistesch gesin as et schon ganz OK, mee awer gewollt an a Grenzen. Dat hei as jo praktesch schon onbrauchbar....
Thema: Flares beim Tokina 11-16 f 2.8
Nemo

Antworten: 11
Hits: 33.506
Flares beim Tokina 11-16 f 2.8 10.11.2009 10:45 Forum: Material


Salut Alleguer !!

Ech hun e klengen Problem mat mengem neien UWW. An zwar hun ech, soubal e bessen Luucht vun der Sait oder même frontal an d'Bild schéngt, anormal Flares op mengen Fotoen. Dass et dozou ka kommen sin ech mer bewosst, mee ka vlait een mer soen (unhand vu mengen annexeierten Biller), op dat an deenen Aussmossen nach normal as oder et vlait irgend en Problem mat menger Lens gëtt.

Geiff se nemlech ganz ongear zeréck gin, well vun der Schärft hier as se definitiv TOP a net mat enger anerer ze verglaichen.

Merci am Viraus,
Thema: Ennerwaasser Fotoapparat
Nemo

Antworten: 6
Hits: 34.017
Ennerwaaser Fotoapparat 15.07.2009 12:50 Forum: Material


Hallo.

Endlech een Alliéierten hei um Site :-)

Hun alt e bessen Erfahrung an deem Beraich (weis de eventuell un deenen meechten Fotoen vu mir gesais). Eng Kompakt kamera as durchaus OK fir den Ufank. Ech hun genial Erfahrungen matOlympus gemach, dei fir praktesch all Apparat vun hierer Gamme dat passend Geheis hun.

Wichteg as et awer, je nodeem wats de vlait speider wells enner Waasser sou machen, dass de kucks op et vlait fir deen een oder aneren Modell Waitwénkeladapteren gett deis de un d'Geheis kanns druschrauwen. Wichteg beim Kaaf vum Apparat as och eng meiglechst kleng Ufanksbrennwait well eben enner Waasser nach eng Keier alles 1/3 mei grouss erschéngt wei et as. A fir dann en Manta ganz op d'Bild ze kreien gett da mei schwiereg.

Ech roden och emmer den Leit en externen Bletz nozekafen wann se bessen Erfahrungen gesammelt hun. Durch d'Liichtbriechung enner Waasser as eng extern Lichtquell onerlässleg well mat steigender Deift och d'Farwen lues a lues verschwannen an dann alles entweder greng oder blo as.

Hoffen ech konnt dir heimadder bessen op d'Spréng hellefen. Wanns de nach dei eng oder dei aner Fro hues kanns de gear nach bei mir nofroen. ;-)
Zeige Beiträge 1 bis 15 von 15 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH