Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 24 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!
Quaffit

Antworten: 94
Hits: 149.527
Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! 10.04.2011 21:19 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Heimat as dann Photogen fir mech gestuewen, well wann ech esou idiotesch Begrënnunge kréien dass meng Foto net ugeholl gouf well ech mit angeblech net genuch Gedanke gemaat soll hun waat ech hätt kéinte besser maan, da platzt mir ganz einfach de Colis!

Wouhier wellt den bornéierten Mensch den sech déi Aussô erlabt wëssen waat a mengem Kapp virgeet wann ech eng Foto maan? Ech haat mir erlaabt zwou Fotoen anzestellen, déi ech mam iPhone an enger immens beléiwtener App gemaat hun. Déi wou interesséiert sin, können se hei kucken: http://gallery.me.com/quaffit#100299

Waat hätt ech do kéinte besser maan??? Lo so mol een mir wéi en seng DSLR an där Héicht iwert dem Buedem dann besser positionéiere kann wéi ech mäin Handy an der Hand! Schreiwe kann een mir op FaceBook oder quaffit@gmail.com well hei sin ech ab a kommen net méi erem!

Et sin iweregens déi zwou éischt Fotoen de Moment am Album, mam Titel "The Beauty of the Dandelion"...

Ech hun es einfach saat wann ech ausserdem liesen dass muench Leit aneren direkt dohinner balleren hier Foto wier onscharf obwouel se mol net richteg gekuckt haaten. Esou war et mir och gang, dofir haat ech déi Foto erem geläscht. All aneren Mensch den ech gefrot hun, soot mir sie war do scharf wou se scharf sollt sin.

Sorry, awer ech hun es genuch hei! Ech hun déck d'Gefill hei zielt een nemmen dann eppes wann een eng méigelechst deier Ausrüstung huet awer wann een eng Foto mat engem Handy mecht dann as een ennendurch. Dobäi kent et net op d'Geschier un sondern op den den domat schafft. Déi App déi ech benotzt hun - Hipstamatic - get mettlerweil och emmer méi vun professionellen Fotografen an Grafiker agesaat. Ech wetten wann ech meng Fotoen mat der DSLR gemaat hätt, wieren se ugeholl gin.

Et as schons en Aarmut wann ech Leit perséinlech kenneléieren déi hei op Photogen Fotoen agestallt hun an dann mat hierer deierer Nikon ugetrabt kommen an mir da soen wann se mäin Auto gesin, dann hätt ech jo och eppes fir unzegin, well ech jo keen esou en flappegen Fotoaparat hun.

Vive de Materialismus zu Luxusbuerg! Waat een Aarmut!

Adios Dir Materialisten!

PS: Meng Fotoen hun ech selwer geläscht. Ech bieden dorems dass och mäin Profil geläscht gëtt w.e.g. well do get et jo leider keng Option dass een den selwer läsche kann.
Thema: http://www.pixmania-pro.lu
Quaffit

Antworten: 23
Hits: 68.495
02.04.2011 00:58 Forum: Material


Zitat:
Original von Sicho
am Internet muss ech net fiir d'eischt bis an x Butteker rennen fiir ze fannen waat ech sichen (oder et souguer vläit guer net ze fannen ...) an kann gemittlech vun doheem aus shoppen.

Wieren d'Letzeboier Shops net sou blöd an geifen och mol online goen wier et jo och eng aaner Saach ...


mee se zeihen jo lues awer secher no. Mat Luxcaddy beispielsweis oder dne Auchan mat sengem Click & Drive ... hoffentlech kommen demnächst och "Technik"-Geschäfter hei am Land mol op den Triichter, dass een sech net mei fiir all Schissi deplacéieren well ... Benzin ass deier, den Auto souwisou, et soll een souwisou manner ronderemfueren, d'ass eh iwwerall Stau, et fennt een keng Parkplaatz an wann een dann endlech do ass fennt een raus, dass se guer net hun waat een well ... böh

haut haat ech mer z.B. am Auchan drei Videospiller kaaf ... awer och nemmen well ech graad souwisou am Auchan woor. Ansonsten gin ech lo net derhier an denken mer "ech well Spill XYZ kaafen" an gin dann mol an den Viaduc an dann an den Darty an an den Auchan asw. kucken wou et am bellegsten ass an huelen mer et dann mat ... nö, um Bureau gemittlech am Internet ronderemgeklickt, den Daag drop läit et an der Boite Augenzwinkern an meeschtens 10€ oder mei nach gespuert dobai ...

An last but not least: bei Amazon keeft een mei letzeboiesch wei een mengt Augenzwinkern

-> amazon.de ist der Handelsname für Amazon EU S.a.r.l., Amazon Services Europe S.a.r.l. und die Amazon Media EU S.a.r.l.. Diese Website (ausgenommen Marketplace) wird von der Amazon EU S.a.r.l., 5, Rue Plaetis - 2338 Luxemburg (Ust-ID: DE 814584193, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0101818 ) betrieben. Die Amazon.de Marketplace- und zShops-Plattform ebenso wie andere Angebote für Drittanbieter auf dieser Website werden von der Amazon Services Europe S.a.r.l, 5, Rue Plaetis, L-2338 Luxemburg (Ust.ID: LU 19647148, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0093815 ) betrieben. Der MP3 Music Service wird von der Amazon Media EU S.a.r.l., 5, Rue Plaetis, L-2338 Luxemburg (Ust.ID: LU 20944528, beim R.C.S. Luxemburg eingetragene Registernummer: B0112767) betrieben. Alle vorgenannten Gesellschaften werden gesetzlich vertreten durch Gregory Greeley.

dei Leit dei op 5 rue Plaetis schaffen mussen jo och hier Paye verdengen


Jo Amazon huet den Setz hei bei eis an sie verschecken trotzdem KENG Elektronik aus England oder Dàitschland bei eis - do kann een dann och soen wann se net endlech esou fotschrettlech gin dass se Letzebuerg als vollwertegt EU-Land akzeptéieren, een net méi do keet. Mir as daat einfach ze blöd. Well wéi ech schons soot, ech kruut deselwechten Hard Disk bei eis fir deselwechten Präis wéi bei Amazon.co.uk.

Ausserdem: Firwaat an der Géigend ronderem rennen wann et dach esou eppes wéi Telefon get? Ech hun mengem Meedchen lo en Fotoaparat kaaft. Ech haat bei HiFi a beim FotoTrade ugeruff fir d'Präisser an sin op béide Plaatzen frendlech servéiert gin. Dun hun ech bei Saturn ugeruff an krutt déi dämlech Äntwert dass sie keng Präisser dierften erausgin um Telefon. Dun hun ech där Schécks geäntwert dass se dann och mat mir keng Geschäfter wärte maan. Ech hun den Aparat dun bei HiFi zu Miersch kaaft well ech do ganz fein servéiert gin sin a well et net wäit vu mir doheem as.

Bei Amazon wier en net nemmen méi deier gewirscht sondern wann ech en Garantie-Problem hun hätt ech en gären direkt emgetosch a well net nach irgendwou aschécke mussen. Wa wann et Problemer gin hun ech léiwer hei een den ech direkt mam Hals kann huelen wéi een deen wäit ewech setzt vun hei.

Awer do muss jiddereen fir sech entscheeden waat en wellt großes Grinsen

Gast
Thema: http://www.pixmania-pro.lu
Quaffit

Antworten: 23
Hits: 68.495
30.03.2011 11:13 Forum: Material


Och wann des Diskussioun schons e bessen méi aal as wollt ech eppes dozou soen. Ech haat lo den Forum dursicht no Informatiounen wou een am bellechsten bei eis Material kaafe kann an dowéinst des Diskussioun font...

Ech froe mech Eent: Firwaat kaaft dir bei Amazon oder sos am Ausland, wou et dach meescht fir baal deselwechten Präis oder esouguer dacks méi bellech bei eis am Land ze kréien as? Eis Geschäftsleit wellen och liewen! Dofir kaafen ech wann et nemmen geet léiwer bei eise Leit - lo kann een natirlech domat kommen dass daat jo dann eh meescht Frontalier'en sin déi just hei schaffen an net hei wunnen, awer Tatsaach as dass och déi hei Steieren bezuelen an hei Geld ausgin, waat eisem Staat an domat eis all zedudd kent.

En einfacht Beispill: ech hun virun 2 Joer an enger Reklamm vun Amazon.co.uk gesin dass sie 2,5" Seagate Festplakken mat 500Gb fir nemmen 109€ verkaft hun. Ech hun dun mat preisvergleich.de gesicht an de bellechsten Präis an Däitschland mat 94 Euro font - mam Schécken op Letzebuerg wären et och iwert 100 Euro gin. Bei alternate.de, waat en wirklech gudd Geschäft mat guddem Service as, hätt esou eng Plakk 118€ kascht. Ech hun se hei am Land op der Areler Stross zu Stroossen beim BureauTic och fir 109€ kritt an se dun natirlech do kaaft.

Mam Fotomaterial as et natirlech ähnlech. Ech sichen de Moment no enger Einsteiger-DSLR fir mäin Meedchen an wärt se bei HiFi zu Miersch kaafen well se do de beschten Präis hun an och well ech do frëndlech servéiert gouf. Ech haat am Saturn ugeruff fir denen hieren Präis gewuer ze gin. Do haat ech fir d'éischt mol en amateurhaft Usoo déi wouel vun der Botzfra gemaat gin war, a wéi ech dun endlech en Mensch um Aparat haat, kruut ech gesoot dass sie keng Präisser per Telefon därfen erausgin. Dann därfen se hieren Kreemchen och haalen!

Denkt w.e.g. un eis Leit an eis Economie iert Dir am Ausland kaaft. Mir as Beroodung an gudden Service jidderfalls eppes wert.

Gast
Thema: Op Foto Opmierksam man
Quaffit

Antworten: 167
Hits: 641.014
18.03.2011 20:53 Forum: Foto Forum


Zitat:
Original von GarrySchroeder
http://photogen.lu/?page=view_photo&id=53865

Geif mech freen wann ech eng Kritik/Kommentar kint drop kreien , fir das ech mol verstinn firwat dest Foto keng Kommentarer kritt... merci am viraus smile


Ech wees lo net wou ech Dir soll äntweren, ob hei oder enner der Foto... Daat mat den Kommentaren as esou eng Saach. Ech mengen keen den hei ugemellt as kann sech déi Zäit huelen fir all Foto déi agestallt get ze kucken an dozou eppes ze schreiwen, dofir sin et der zevill an och net jiddereen as jo emmer online. Ech kucken zwar metllerweil méi oft bei Photogen eran wéi bei Facebook, an awer hun ech net déi Zäit op alles ze äntweren. Daat as mat Secherheet keng Ignoranz, weder vun mir nach vun aneren Leit. Et rutscht eben durch den Sifft.

Zu Denger Foto lo konkret.... (Ech hun mech entschloss Dir et ennert d'Foto selwer ze schreiwen).

Hth - hope that helps Freude

Gast
Thema: Dia Scannen
Quaffit

Antworten: 6
Hits: 29.419
RE: Dia Scannen 18.03.2011 16:19 Forum: Technik-Diskussiounen


Zitat:
Original von BerBe
Also ech hun och schon puer mol no esou engem Scanner gesicht, do kritt een der fir Negativer, Dia ( an verschidenen Greisten) an och normal Photoen, ... mee esou wei et bei den Tester ausgeseit ass et net unzeroden een ennert 100€ zekaafen !


Hmmm... a wann en der 300 kascht mecht sech daat dann awer séier bezuelt. Een Euro pro Dia, daat sin da jo nemmen 300 Dia'en. Da gin ech gären 100 Euro aus. Merci Augenzwinkern
Thema: Dia Scannen
Quaffit

Antworten: 6
Hits: 29.419
RE: Dia Scannen 18.03.2011 14:40 Forum: Technik-Diskussiounen


Ech haat lo kurz bei Fototrade 17 Dia'en scanne geloos an op CD brenne geloos, waat mech saat 1 Daler pro Dia kascht huet, plus d'CD etc, dun war ech op iwer 20 - mengen no bei 25 Daler. Daat as gehierlos! Ech benotzen um iPhone nawell gären déi Hipstamatic Retro Kamera an hun mol gefrot waat dann en Print vun enger Foto am Format 10x10cm kaschte géif, also 4"x4" - dofir wellen se esouguer 3 - jo DRÄI DALER vu mengen sauerverdéngten.... Fannen daat as Wucher! Aus der App eraus bestallt kritt een an dem Format 9 Biller fir nach net mol 5 USD.

Eng Fro waat den Discanner betrefft: kann een domat och Negativer scannen? Get et esou Aparater net a gudder Qualitéit? Ech hun nach en HP Scanjet mat Negativhalter am Deckel awer ech kruut et nie gebak do och en Positiv draus ze maan. Braucht een dofir vläit speziell Software? Ech haat mir geduecht fir mol rem voll retro mat S/W-Filmer Fotoen ze maachen a wollt léieren se selwer ze entwéckelen, an dann eventuell d'Negativer awer scannen anstatt alles direkt op Pabeier ze iwerdroen.

Gast großes Grinsen
Thema: Fehlend EXIF donnéen beim Upload
Quaffit

Antworten: 19
Hits: 38.327
10.03.2011 15:25 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@gloda - jo ech sin och elo eréischt op déi Saach mat den Exif komm well ech hun emmer geduecht dass ech jo un den Detailer gesäit déi een agin soll/kann wann een eng Foto astellt, wéi se gemaat gin as. Awer leider sin vill Leit déi sech déi Méih guer net maan do eppes anzegin, dann as et natirlech nëtzlech wann een d'Exif-Daten kann gesin. Ech wärt an Zukunft drop oppassen dass och meng Exif'en erhale bleiwen.
Thema: Fehlend EXIF donnéen beim Upload
Quaffit

Antworten: 19
Hits: 38.327
10.03.2011 13:21 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Original von Johny
Save for web am Photoshop hëllt Exifdaten sécher eraus, well save for web heescht eigentlech esou vill wéi: D' Dateigréisst esou vill wéi méiglech rofkréien fir dass d' Biller méi séier kënne geluede ginn. Dat ass kee Bug mee dat soll esou sinn, A wann se bei dir duerno dra sinn dann hues de entweder selwer eng Kéier eppes ëmgestalt, oder déi falsch Foto herno gecheckt no Exifdaten smile


Also nach eng Kéier nogekuckt - PS helt d'Exif an den Standart-Astellungen eraus, awer net méi wann een riets am Menü auswielt waat en eraushuelen resp draloosen soll. Wann een uklickt "Alles" bleiwen och all Daten erhalen. Ech hänken en Screenshot un mat dem markéierten Menü.

Fro: Sind 'Exif wichteg fir déi Fotoen déi een bei hei astellt? Wa jo loossen ech se an Zukunft dran.

Schéinen Dag nach großes Grinsen

Gast

PS: Hun den Screenshot leider mussen emt 50% verklengeren wéinst dem Limit vun 200kb.
Thema: Fehlend EXIF donnéen beim Upload
Quaffit

Antworten: 19
Hits: 38.327
10.03.2011 06:06 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Moien,

also ech hun do nie drop opgepasst an daat lo mol gekuckt - wann ech am CS5 en JPG mat "save for the web" ofspäicheren, bleiwen d'Exif erhalen. Ech benotzen awer oft fir Biller déi ech hei astellen den uralen Paintshop Pro 5.1 well den eng praktesch Fontioun huet fir schnell Rummen ze maachen, an do gin d'Exif beim Späichern net erhalen. Ech hun mir do awer nie Gedanken gemaat well déi Fotoen déi hei agestallt gin, eh kompriméiert mussen sin fir dass se manner wéi 700Kb hun. Dofir dréiht een jo Detailer iwert d'Beliichtung manuell an - oder "soll" een androen. JPGs kompriméieren ech nemmen fir de Gebrauch am Internet, sos nie.

Ech hun allerdéngs och emmer den aktuellsten Update vum CS5 installéiert. Vläit war an enger fréiherer Versioun jo en Bug dran?

Gast ;o)
Thema: check this out.
Quaffit

Antworten: 219
Hits: 614.789
07.03.2011 08:35 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von JADE
hey cool smile , wisou dann direkt esou (offended an ungräiflech) reagéieren?

ech soot jo, ech kann mech ieren ...
an anstatt direkt (nëmmen) "egal waat" ze äntwerten häss du mir jo kéinten an engems erklären wisou dass du fënns dass ech mech dann eventuell ieren fröhlich

ech haat dëss Rubrik (duerch alles daat waat haaptsächlech vum "Initiator" dr-kim-weis gepost gëtt) als een thread gesin wou éischter op méi exceptionnel rezent oder manner rezent Photokënschtler matt hieren Biller an Billersammlungen hingewisen gëtt, an nët op Material (well dofir gëtt ët jo een aaneren thread)

mee, wéi ech jo soot, ech kann mech jo och ieren,
well "check this out" kann jo och zB fir Material passen, ech hun mech fir meng Remarque ze machen eben (just) op daat baséiert waat virdrun hei gepost gin ass

ech hun eben font dass ët schued wier esou een "flotten" thread elo (ze riskéieren) matt Material Diskussioun opzefëllen

méi war ët nët cool


Hmmmm.... do sëtzen ech dann hei a wonnere mech, well ech hun mech dach vun Dir iwerhapt guer net ugegraff gefillt an wollt och Dech asolut NET ugräifen. Du solls net emmer all Wuert direkt als Ugrëff huelen sondern mol virun allem POSITIV denken großes Grinsen .
A wannste schons dauernd sees daste Dech ieren kanns.... Also ech gesin et emol esou, dass an d'Rubrik "check this out" durchaus och Material passt, wéi z.B. déi App déi ech empfouel hun, well et kann een jo domat kreativ sin.
Also denk drun, nach laang net jidereen as direkt Däin Feind! Dofir versich w.e.g. positiv ze denken! Ech wees aus eegener Erfahrung dass daat awer net emmer direkt opfällt an et as och mir schons geschitt, dass ech mech durch geschriwen Wierder ugegraff gefillt hun, obwouel et vun der anerer Säit guer net esou gemengt war. Ech diskutéieren jidderfalls ganz gären konstruktiv mat aneren, awer esou laang keen mech beleidegt an erofbotzt fillen ech mech och net ugegraff a bleiwen friedlech.

An aller Frendschaft also!

Gast Freude
Thema: check this out.
Quaffit

Antworten: 219
Hits: 614.789
07.03.2011 01:21 Forum: Allgemeng OT


Ech froe mech zwar echt wou an firwaat ech lo soll "off topic" geroden sin.... egall waat! Awer jidderengem senges... Nujee.... Happy Knipsing... wéi och emmer!
Thema: check this out.
Quaffit

Antworten: 219
Hits: 614.789
06.03.2011 23:09 Forum: Allgemeng OT


Hei en interessanten Link iwert d'Geschicht vun der original Hipstamatic Kamera: http://lifeinlofi.com/2010/01/07/qa-hips...golden-shutter/
Et as kee Wonner dass een keng fent déi een kaafe kann.... Awer dofir hun ech eng aner aal Kanner-Kamera eremfont déi ech mengem Meedchen 1996 an den USA kaaft haat... Esou lues kréien ech emmer méi Loscht drop selwer s/w Filmer ze entwéckelen. Mol kucken...

Happy Knipsing!

Gast ;-)
Thema: check this out.
Quaffit

Antworten: 219
Hits: 614.789
06.03.2011 16:20 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von VeloBen
Interessanten an kontroversen Artikel iwert den iphone an der Profifotographie:


http://www.spiegel.de/netzwelt/gadgets/0,1518,749171,00.html


Merci fir den Link! Ech hun mir déi Hipstamatic App kaaft an sin begeeschtert dovunner. D'Simulatioun vun denen aalen Filmer an Objektiver as genial.
Ech hun hei e puer Biller eropgelueden. déi ech mol schnell gemaat haat fir verschidden "Filmer" an "Objektiver" auszeprobéieren: http://gallery.me.com/quaffit#100283&bgcolor=black&view=grid
Et war gad keen anert Affer an der Géigend wéi mäin Meedchen waat eng Zeechnung gemaat haat, an eiser aaler Kaatz déi an der Kichen an der Sonn gepennt huet.

Ech sin iweregens och der Meenung dass et net op den Präis von der Ausrüstung ukent fir gudd Fotoen ze maan, sondern op de Mensch den seng Ausrüstung benotzt. En gudden Handwierker kann bekanntlech och mat schlechtem Geschier besser Arbecht maan wéi en schlechten Handwierker mat dem beschten Geschier. Oder?

Gast großes Grinsen
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Quaffit

Antworten: 85
Hits: 185.907
03.03.2011 12:41 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Original von xaph32
jo den photoshop...
en ass mega an och megageféierlëch.
well eppes hu mer hei nach nët gesot: den ps kann virun allem och aus enger gudder foto eng ganz schlecht maan ;-)

am eescht (an dann lossen ech et gutt sin), wéi jiddereen hun ech matt knipsen ugefaang an gemengt den ps mëcht de recht.

entre temps ass et sou dass ech komplett back to the roots sin an am léiren richteg ze photograféiren, an fir mëch nach vill méi an déi richtung ze zwëngen photograféiren ech haut och matt film (ech hun virdrun nie matt film geschafft), matt dem resultat, dass haut meng biller korrekt beliicht sin etc an zënterhier muss ech vill manner am lightroom korrigéiren...

et lount sëch also

(ech hoffen et passt nach iergentwéi zum Thema ;-) )


Do sin ech awer voll Denger Meenung! Mäin Wee war eben just dass ech mat Film ugefang hun, an besonnesch am Ufank vill Schrott produzéiert hun. Eréischt mat Digital as et séier anescht gin well ech do direkt gesin hun waat falsch war, an dun war et méi einfach ze korrigéieren. Ech huelen un daat war well engem am Digitalen d'Werter ugewisen gin, mat denen een beliicht haat, waat een jo längst rem vergies haat wann een entwéckelt Fotoen erem zeréck kruut. Ech sin elo och erem um Wee zeréck op analog, awer parallel zu digital, well béides huet säin Reiz. Zum Gléck haat ech meng aal EOS100 net verkaaft.

Jo et louhnt sech wirklech fröhlich

Gast
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Quaffit

Antworten: 85
Hits: 185.907
03.03.2011 10:43 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Original von Johny
De Problem ass net photoshop gebrauche fir Verbesserungen ze maachen, mee dass vill Leit denken dass se aus enger Foto, déi net gutt ass, mam PS eng gutt Foto kéinte maachen.

Et kann ee keng Foto am Photoshop zeechnen, och net theoretesch, well dann ass et der Definitioun no keng Fotografie méi Augenzwinkern


Fir hei drop zeréck ze kommen.... et kann een zwar d'Kompositoun vun enger Foto net mat PS verbesseren ausser et helt een se auserneen fir en digitalt Bild ze maachen, an dann as et jo keng Foto méih, awer et kann een dach awer:

1) Perspektiv korrigéieren (net emsos huet PS Profiles vir déi verschidden Objektiver)
2) den Bildausschnëtt verbesseren - waat immens vill kann un enger Foto änneren.
3) Faarwen korrigéieren
4) kleng Fehler ewechmaan wéi z.B. alles daat waat een ewech stempele kann
5) Proportiounen verbesseren - esouguer Topmodeler gin ge-shoppt fir besser auszegesin - z.B. Aan vergréissert.
6) fehlerhaft Beliichtung korrigéieren - net emsos erlabt PS Blendenkorrekturen vun +2 an -2. A wiem as et net schons geschitt, dass en den Aparat mol falsch agestallt haat? Fréiher hun mir am Geschäft ennerbeliichten Fotoen aussortéiert an se net geholl - haut kann een se meescht retten, wann se net grad total schwarz sin.

Et kann een natirlech dem Aparat verschiddenes iwerloossen awer dann stellt een en op Automatik an dofir brauch ech keng DSLR. Ech hun mir esou eng kaaft, well ech meng Fotoen selwer well erausschaffen.

Virun kurzem huet den WorldTraveler, een neien Member hei op photogen eng Foto vun engem Sonnenennergang agestallt an ech haat him do drop geäntwert dass ech an sengem Fall daat Stéck Palm uewen lénks am Bild ewech retouschéiert hätt. Ech hun him erklärt wéi daat geet an hien huet mir do drop geäntwert dass en awer net verstan huet waat ech gemengt hun. Ech hun mir dun erlabt seng Foto hei erofzelueden, se ze editéieren, an hun em se an denen verschiddenen Versiounen op mäin iDisk gesaat fir dass en gesäit waat ech gemengt haat. En war begeeschtert dovunner an huet mir direkt den Link op eng aner Foto gin, wou ech em och weidergehollef hun. D'Resultater kann jiddereen gären am Album vun mengem iDisk kucken: http://gallery.me.com/quaffit#100274

Ah jo: an waat soll "FaceBook-Niveau fir en Niveau sin? WIEN definéiert den? Ech kennen e puer Leit déi ganz ambitionéiert Hobby-Fotografen sin an och op FB hier Fotoen weisen. Ech maan daat och, an daat oft iert ech se hei op photogen iwerhapt astellen, fir mengen Frënn a Kollegen hier Meenung ze héieren iert ech se hei astellen. As daat dann och "just FaceBook-Niveau"? Fir mech as FB-Niveau déi typesch Tussi-Fotoen wou selbstverléiwten Hénger sech mat hierem iPhone virun de Spiggel stellen fir sech selwer ze knipsen, an esou Wierker hun ech zum Gléck nach net hei op photogen font. Awer do huet wouel jiddereen seng eege Meenung wéi en FB-Niveau definéiert.

Et as iwerhapt esou eng Saach... wéi définéiert een iwerhapt wéini eng Foto fehlerhaft as, a wéini nët? Fehlerhaft as se menger Meenung dach nemmen, wann vun vir eran festgeluecht gouf, waat fir engen Kriterien se entsprieche muss fir können ugeholl ze gin, wéi z.B. dass jiddereen sech un de gëllene Schnatt ze halen hätt a wien daat net mecht, dem seng Foto get net ugeholl. Wann awer déi Regelen zimlech lasch sin, kënt logescherweis och méi Material zesummen.
Ech sin allerdéngs der Meenung dass Regelen dofir do sin fir gebrach ze gin. Wa mir eng Foto gefällt, da gefällt se mir eben an et as mir puupegal ob se dann lo irgendwellechen Regelen entsprecht, oder net.

Leider hun ech geschter mussen schaffen dofir konnt ech net mat Iech all déck Bullen maachen. Awer vläit déi nächste Kéier Freude

Gast
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Quaffit

Antworten: 85
Hits: 185.907
02.03.2011 14:33 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech hun mir lo mol déi lescht Kommentaren all durchgelies awer leider keng Zäit méih fir vill ze äntweren well ech schaffe goe muss...
Ech well just zum Thema PhotoShop soen dass daat keng Erkenntnis vun mir as dass een aus enger schlechter Foto eng gudd ka maan, sondern vun sougenannten Experten - an daat sin jo dann wouel keng - déi an diversen Zäitschrëften schreiwen wou et emt Bildbearbechtung geet. Do hun ech mol gelies dass déi perfekt Foto eréischt am Computer entsteht, net am Aparat. A wann een déi professionell Plakater mat all dene flotten Modler drop gesäit, da wees een och dass déi ALL ausnahmslos mat PS verbessert goufen. Wann et also net richteg as, dass een aus enger schlechter Foto mat PS eng gudd Foto kann maachen, dann as et och net richteg dass een aus enger professionell gudder Foto eng besser ka maachen. Esou gesin echt daat.
Och wann een vill Talent an Erfahrung huet fir de richtegen Moment auszeléisen, mam richtegen Bildausschnëtt an der richteger Perspektiv kann een mat Software emmer nach eppes verbesseren. Oder nët? Bis elo hun ech just angefleeschten Anaolog-Fotografen héieren soen dass sie daat net gudd fannen mat Software eng gudd Foto aus enger schlechter ze maan well se der Meenung sin dass een jo dann net méi fotograféieren ze könne braucht.
Ech denken mol dass d'Wouerecht irgendwou an der Mëtt läid. Wann een guer näischt kann, kann een och mat Software keng Foto retten. A wann een vill kann, braucht een wouel net esou vill Software-Hëllef, oder awer et kann een aner Saachen aus senger gudder Foto maan.

Ah nach eppes: huet en Site wou sech Leit treffen déi sech iwert irgend en Sujet austauschen net automatesch eppes vun engem Sozialnetzwierk???Ech fannen dach! Haut get daat esou negativ duergestallt wéinst Facebook, awer och FB huet seng Virdeeler, esou wéi alles Vir- an Nodeeler huet. Ech kann mech nach un Zäiten erënneren, dun hun mir eis iwert Mailboxen ausgetauscht - daat war d'Urzäit vum Social Networking.

Des Diskussioun fannen ech ob jidderfall interessant.... ;-)
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Quaffit

Antworten: 85
Hits: 185.907
02.03.2011 07:23 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@Nagarjuna - ech sin do voll Denger Meenung. Wann een seng Fehler diskutéiere wellt, kann een seng refuséiert Foto jo och op iDisk oder Picasa setzen, an heim am Forum no Meenungen vun aneren froen andems een de Link post. Oder?
Daat mat der Kommunikatioun as esou eng Saach... Muench Leit fillen sech emmer direkt getrëppelt, egal wéivill Smilien een hannert en Text setzt, an egal waat een seet. An et as och mir schons virkomm, dass ech en geschriwend Wuert anescht verstan hun wéi et gemengt war. Dofir halen ech et och vir besser wann eben näischt vum Admin gesot get, dann seet en och näischt Falsches ;-).
Thema: Verbesserungsvirschlag
Quaffit

Antworten: 20
Hits: 59.764
RE: Annoncen 27.02.2011 23:59 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Gudd daste et sees... ech wollt en nämlech och schons virschloen, haat et awer rem irgendwéi verschlampt. Sin also voll Denger Meenung. Waat soen déi Aner?
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Quaffit

Antworten: 85
Hits: 185.907
27.02.2011 11:01 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Also ech fannen och net dass den Mossstaw fir d'Fotoen hei ze héich läid. Et as nun emol net esou einfach den Spagat ze maan tescht kënschtlerech héichwärtegen Fotoen an Allerweltsfotoen, well schliesslech soll den Site jo och eng Plattform sin, wou een sech austausche kann, folglech muss een och iwert schlecht Fotoen diskutéieren können, an daat geet am beschten wann een der Community se weist. Dofir dass net all Schrott erakent - well all Foto déi ugeholl get helt schliesslech Resourcen - muss et eben eng gewessen Grenz gin. Ech fannen déi Grenz net ze héich.

Secher zitt sech engem de Mô zeseummen wann een eng Foto verworf kritt déi een selwer gudd font huet, awer et sollt een dach och emmer kritesch mat sech selwer sin, an sech dann d'Fro stellen, waat net gudd drun as, an versichen daat ze verbesseren. Wann d'Foto net hei ugeholl gouf an een trotzdem onbedéngt Meenungen wessen wellt, kann een se jo och nach op eng privat Gallerie setzen, wéi iDisk oder Picasa, an hei am Forum no Meenungen froen. Oder?

Ausserdem gehéieren Digitalfotografie an digital Bildbearbechtung zesummen wéi de Gaul an de Souedel well aus enger schlechter Foto kann een mat Geschéck um Computer emmer nach eng gudd Foto maan. Daat as mir eréischt esou richteg bewosst gin, wéi ech virun enger Zäitchen emol gelies hun dass déi perfekt Foto net an der Camera, sondern um Computer entsteht. Ech kennen awer nach genuch Leit, déi digital fotograféieren, awer vun Bildbearbechtung näischt wëssen wëllen.

Desweideren sin ech der Meenung dass een sech nemmen dann weiderentwéckelen kann, wann een bereed as Kritik unzehuelen. Bis elo huet et mir vill bruecht mech hei registéiert ze hun, well ech kann eppes bäiléieren schons aleng wann ech aneren hier Aarbechten kucken.

Gast ;-)
Thema: Schutz
Quaffit

Antworten: 1
Hits: 22.312
RE: Schutz 21.02.2011 22:26 Forum: Material


Salut,

also et gin Schutzhüllen fir DSLR. Kuck mol bei www.possible.lu. Do haat ech mol eng gesin, déi zugläich och nach Tranung as.

En ganz einfachen Schutz den baal guer näisch kascht as eng grouss Gefréiertuut wouste fier dran en Lach schneits vun der Gréisst vum Objektivdeckel. Hannen léiste dann Tuut op fir durch den Sucher ze kucken. Ech benotzen esou eppes wann ech am Reen Fotoen maachen. Wann de Plastik de Reen ewec hale kann, da secher och en groussen Deel Stëps.

Hoffen ech konnt Dir hellefen

Gasto ;o)
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 24 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH