Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 17 von 17 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Refus
Geko

Antworten: 186
Hits: 366.243
07.05.2012 22:02 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech froe méch ëmmer, firwat ech nach ni eng Foto refuséiert krut. Dat wat de gogo schreiwt, kéint d'Erklärung sinn... großes Grinsen
Thema: Faarweblann
Geko

Antworten: 36
Hits: 76.336
13.06.2011 09:31 Forum: Fotobearbëchtung


Hmm.. 25 unglücklich

Ech brauch en neien iMac großes Grinsen
Thema: kameramodel sichen
Geko

Antworten: 5
Hits: 30.688
16.01.2011 17:12 Forum: Froen zu Photogen


Et gëtt och de site pixel-peeper.com, wou ee Fotoe ka sichen, déi mat engem bestëmmten Objektiv gemeet goufen, an dann och d'Sich kann agrenzen andeem een den Apparat, d'Blend, etc. ugëtt. Den Numm vum Site seet schon u wéi eng Clientèle e sich riicht :-) Vläicht hëlleft dat?
Thema: http://www.pixmania-pro.lu
Geko

Antworten: 23
Hits: 69.164
25.12.2010 20:16 Forum: Material


Ech hu mäi GF1 bei dene kaft, well en do däitlich méi blëllich war. Et huet awer réischt am 2. Ulaf geklappt, déi 1. Liwwerung war verluer gaang...

De Pak koum aus Frankräich an och wann een dohinner urifft, land een bei engem Call-Center a Frankräich.
Thema: Foto-Bewäertung
Geko

Antworten: 13
Hits: 36.079
29.08.2010 15:56 Forum: Allgemeng OT


Ech sin nach nët sou laang dobäi, dofir weess ech nët, firwat et ofgeschaft gouf, dat eng Bewertung just a Verbindung mat engem Kommentar méiglech ass. Dat géif ech eigentlich sënnvoll fannen.

Oder den Numm siichtber maachen, vun dem, deen d'Bewertung rausgin huet. Dat géif den aktuelle Problem vläicht och léisen ...
Thema: Cartier-Bresson Reportage
Geko

Antworten: 1
Hits: 27.387
RE: Cartier-Bresson Reportage 11.05.2010 09:48 Forum: Allgemeng OT


Merci. Ech fannen de Film interessant, mee leider vill ze kuurz.

A propos: Huet keen en Tipp fir e gudd Buch iwwert den "HCB" a séng Fotografie ?
Thema: Equipment
Geko

Antworten: 11
Hits: 36.614
31.03.2010 17:06 Forum: Material


Zum Rucksaack kann ech näischt bäisteieren.

Wat d'Objektiv betrëfft: Ech hun och eng 40D a sin mam Tokina 11-16mm ganz zefridden. Et péckt sech un wéi e Canon L a liwwert eng ganz gudd Bildqualitéit. A mat Blend 2,8 an 11mm kënnt ee schon zimmlich wäit ouni Stativ.Schwaachpunkten sin Flares wann e géint d'Sonn knipst an (laut Testberichter, ech hat domat bis elo nach kee Problem) CA.
Thema: Teleobjektiv fir EOS 50D
Geko

Antworten: 11
Hits: 33.623
31.03.2010 16:58 Forum: Material


Ech hat de 70-300er an hun e géint e 70-200 f4 IS getosch.

Um 70-300er steet zwar och USM, mee dat ass kee richtigen "Ring-USM", an dofir nët sou séier. Dat mierkt ee virun allem am AF-Servo-Modus, also wann d'Objektiv soll stännig de Focus upassen. Beim 70-200er geet dat fléissend, bal ouni dat een et mierkt, beim 70-300 méi stufeweis an mat vill Kaméidi. (Déi éischte Kéier hat ech gemengt, et wir iirgendeppes hänke bliwwen, sou rabbelt dat.)

Wat mech ausserdem um 70-300er gestéiert huet, war dat et dack nët do schaarf gestallt huet, wou ech dat erwaart hat (z.B. bei genz klenge Motiver), an dann ëmmer bis op onendlich a rëm zréck gefuer ass. Dat kann beim 70-200er natiirlich och viirkommen, mee et geet vill méi séier, zumols wou dat och nach e Schalter huet, fir de Fokuswee ze limitéieren.

Dann evitéieren ech perséinlich Objektiver, bei dene sich déi maximal Blend mat der Brennwäit verännert. Am AV bei Offenblend séier vun 70mm op 300mm ragezoomt, nët op d'Beliichtungszäit gekuckt, respektiv d'ISO ugepasst, a schon ass d'Foto verwackelt...

An, nët ze vergeessen, och wann d'Bildqualitéit vum 70-300er guer nët schlecht (fir de Präis souguer immens gudd) ass, et gesäit een den Ënnerscheed zum 70-200er däitlich.

Fazit: Wanns du wëlls bis ronn 1.000 € goen, géif ech onbedingt zum 70-200 f4 IS roden, wann nët, dann zum 70-300. De 70-200 ouni IS géif ech nët kafen, bei laange Brennwäiten fannen ech de Stabilisator onverzichtbar.
Thema: Fotobuch bei Apple bestellen
Geko

Antworten: 15
Hits: 40.976
24.03.2010 19:56 Forum: Misc


Merci fir den Tip.

Ech denken awer, wann ech bei Apple e Fotobuch mat hirem eegene Programm bestellen, da misst deen d'Biller och optimal preparéieren, ier se ropgeluede gin.

Ech hun mir dat mat dem Rauschen nach eng Kéier ugekuckt: Et sin effektiv e puer Fotoen dobäi, wou ech iwwert Levels an Highlights/Shadows, déi däischter Beräicher opgehellt hun. Um Ecran war dat während dem Verschaffen kaum siichtbar. Nodeem ech d'Buch lo hun, hun ech mir déi Fotoen mol mat 100% ugekuckt... Hmm, jo, lo gesin ech dann och, wou et hiirkënnt unglücklich

Ech si verwonnrt, dat dat am Drock souvill méi staark rauskënnt, mee ech verhale mir dat dann alt mol fir d'Zukunft.
Thema: Fotobuch bei Apple bestellen
Geko

Antworten: 15
Hits: 40.976
22.03.2010 11:14 Forum: Misc


Sou, hei sin ech rëm.

Also, fir de Fall dat et een interesséiert, ech hun d'Buch (XL, 52 Säiten) e Mëttwoch den Owend bestallt an de Moien (Méindig dono) ouni Problemer iwwer UPS kritt. Besser geet et nët. Ech hat méng Adress sou agin, dat ech hannert d'Uertschaft nach eng Kéier "LUXEMBOURG" geschriwwen hun, an als Land d'Belscht rausgesicht. D'Buch kënnt iwwrigens aus Tschechien.
Dat klappt also ouni Schwierigkeet.

D'Qualitéit ass OK, mee nët aussergewéinlich. Ech hun bis elo ëmmer d'Format "Lounge" vun Fotobuch.de geholl a sin vläicht bësse verwinnt. Op alle Fall ass d'Qualitéit vum Pabeier do vill besser.

Wat mech wonnert, dat ass, dat e puer Fotoen EXTREM verrauscht sin, wat um Ecran net siichtbar war. Déi eng oder aner Foto gouf méi hell gemeet, wouduerch bestëmmt och bësse Rauschen entstan ass. Mee um RAW am Aperture war awer näischt ze gesin. Ech huelen un, dat do am Export iirgendeppes schiif gaang ass...
Thema: Fotobuch bei Apple bestellen
Geko

Antworten: 15
Hits: 40.976
09.03.2010 11:20 Forum: Misc


Hui, hei war jo nach vill lass déi läscht Deeg! Merci fir d'Tips - vu Blurb hat ech nach ni eppes héieren, mee dat kléngt och interessant.

Ech hun bis lo just bei Fotobuch.de bestallt a war och u séch zefridden. Et ass just eben immens praktisch, d'Buch direkt am Aperture kënnen ze maachen. D'Exportéiere fällt weg, et kann een zu all Moment nach Upassunge maachen, etc.

De Week-End misst ech Zäit hun, d'Buch ze bestellen. Ech losse mech dann einfach mol iwwerraschen a melde mech nach eng Kéier, wann et do ass...
Thema: Fotobuch bei Apple bestellen
Geko

Antworten: 15
Hits: 40.976
01.03.2010 07:16 Forum: Misc


OK, ech probéieren dat dann mol sou.

Décke Merci !
Thema: Fotobuch bei Apple bestellen
Geko

Antworten: 15
Hits: 40.976
Fotobuch bei Apple bestellen 27.02.2010 09:02 Forum: Misc


Moien,

Ech hun säit kuurzem den Update vun Aperture 2 op 3 gemeet (nee, keng Performance-Problemer :-)) an wollt mol mat dem Programm engt Fotobuch maachen.

Lo ass Lëtzebuerg awer nët bei dene Länner, déi ee kann Auswielen fir d'Adress anzegin. Kennt vläicht een en Trick, wéi een dat awer ka maachen ? Respektiv, wann een en anert Land auswielt (z.B. Belsch oder Däitschland), kënnt dann jemols eppes hei un ?

Merci
Thema: Makroobjektiv fier Canon
Geko

Antworten: 29
Hits: 75.653
24.09.2009 17:53 Forum: Material


Ech froe mech, op dat mat der Fluchtdistanz net iwwerbewert gëtt. Ménger Erfahrung no reagéieren vill Insekten éichter op schnell an abrupt Bewegungen, wéi op d'Distanz.

Schéin lues a gläichméissig kënnt een hinnen dacks bis un d'Minimaldistanz vum Objektiv (bei méngem 100er Canon sin dat sou 20-30 cm ab der Frontlëns) op der Pelz.
Thema: Makroobjektiv fier Canon
Geko

Antworten: 29
Hits: 75.653
RE: Makroobjektiv fier Canon 10.09.2009 13:45 Forum: Material


Mir ass dat L och ze deier, leider... unglücklich

D'100er huet de Viirdeel, dat et en EF ass, also och op Vollformat passt. Dofir hun ech et deemols kaaft, amplaatz vum 60er. Dat obschon ech momentan absolut nët wëlles hun, op Vollformat ze wiesselen, mee wee weess schon, wat a 5 Joer ass...

Mat 500€ misst do am Fong och schon eppes ze maache sin...

D'60er kennen ech nët, mee et kritt jo och super Kritiken, sou dat's du domat bestëmmt och gudd ënnerwee bass. Egal wat et gëtt, vill Spaass domat !
Thema: Makroobjektiv fier Canon
Geko

Antworten: 29
Hits: 75.653
RE: Makroobjektiv fier Canon 09.09.2009 16:34 Forum: Material


Ech selwer hun d'EF 100 mm 1:2,8 USM vu Canon a sin total begeeschtert dovun.

Dat eenzigt, wat fehlt ass de Stabilisator. Mee demnächst kënnt jo och en 100mm Macro mat IS raus, leider als L an am 4-Stelligen Euro-Beräich.. :-(
Thema: Weieen Kugelkapp?
Geko

Antworten: 22
Hits: 61.627
13.07.2009 16:38 Forum: Material


Ech hun genee déi Kombinatioun, déi's du uschwätz, also Manfrotto 055XPRO mam 488RC2-Kapp a sin domat extrem zefridden. Ech benotzen d'Stativ meeschtens mat ménger Canon 40D mam EF-S 17-55 f2,8, wat jo schon nët liicht ass. E richtig schwéieren Tele hun ech awer leider nët.

Eng sonner Friktions-Astellung vermëssen ech zwar nët, mee et muss e schon oppassen, an d'Feststellschrauw nët ze séier lassdréienen, ouni d'Objektiv unzehalen.

Den eenzigen Nodeel ass fir méch d'Gewiicht vun dem ganzen. Fir kuurz Asätz ass dat kee Problem, me wann ech et géif méi dacks op laang Trëppeltiir mathuelen, misst ech mir eppes anischt kafen...
Zeige Beiträge 1 bis 17 von 17 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH