Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 23 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Kallibreierbaren Monitor
claudedh

Antworten: 32
Hits: 75.861
19.08.2010 17:17 Forum: Technik-Diskussiounen


X-Rite ass mol guer nët sou vill méi Deier ewéi Datacolor.
Den Eye-One Display 2 ass fir 201.25€ TTC ze kréien.
Den Pantone Huey Pro vir 129€ TTC (och vum X-Rite).
Wann ee lo eng solutioun sicht di souwuel vir de Schierm wéi och vir den Printer ass, dan ass den ColorMunki vir 375€ HTVA secher méi ze recommandéieren ewei den Spyder3 Studio vir 449€ HTVA.
Thema: sensor cleaning selwer man oder net an dan mat wat ?
claudedh

Antworten: 6
Hits: 30.104
19.08.2010 11:32 Forum: Technik-Diskussiounen


@gi87:
Um buedem vum Boitier ass eng kleng Straif mat Colle. Déi fängt de Steps op a fixéiert en. Dovir ass et wichteg d'Kamera ëmmer horizontal haalen wann den Autoclean leeft. Soss kann et firkommen dat de Steps op den verschloss fällt a kuerz duernoo rem um Capteur ass.
Thema: Kallibreierbaren Monitor
claudedh

Antworten: 32
Hits: 75.861
19.08.2010 10:35 Forum: Technik-Diskussiounen


@Laurent76:
z.b. Just de Shop gefällt mer nët Augenzwinkern . Mengen dat's de sou saachen och bei de Photogen.lu Partneren ze kaafe kriss.
Mat gratis Demo a beroodung.
Thema: Kallibreierbaren Monitor
claudedh

Antworten: 32
Hits: 75.861
19.08.2010 09:49 Forum: Technik-Diskussiounen


Prinzipiell, egal ob Mac oder Pc, sin d'Faarwen ëmmer falsch. Den normalen Computer ass nu eben éischter vir Spiller a Buros Applicatiounen ausgeluecht. Daat heesch vill ze hell an zevill kontrast asw...
Eng kleng Sonde, egal wéi eng Marque, geet masseg duer vir e Schierm ze kalibréieren an e Faarwprofil ze erstellen. Daat fonctionnéiert mat enger Sonde vu manner wéi 100€ graat esou gudd ewéi mat enger vun 500€.
Den Groussen ënnerscheed zum Laurent76 sengem system ass datt se moosen geet, an ee net no engem subjectiven empfannen sai Schierm astellt.
All di methoden wou een visuell astellt, egal ob Mac oder PC, kënnen nët korrekt sin wäll all Mensch d'Faarwen aaneschters gesait. Froo 10 Persounen vir de glaichen Schierm anzestellen, no den glaichen Kriterien, an du kriss 10 verschidden Resultater!
Vum Budget hier mussen 100€ och vir jiddereen dra sin. Et ass mol nët de Prais vun enger gudder Täsch.

Hei nach e Link mat de Basics iwwer Faarwmagaement:

http://www.adf.de/wiki/index.php/Hauptseite

Den Basis text ass zwar e bessi Aal, me un de Grondprinzipien huet naischt geännert.
Vill Spaas beim Liesen
Ciao
Thema: Kallibreierbaren Monitor
claudedh

Antworten: 32
Hits: 75.861
18.08.2010 15:22 Forum: Technik-Diskussiounen


@Laurent76:
Wann daat fonctionnéiere géiff, da géiff et Firmen ewéi Datacolor oder X-Rite guer nët gin!
Thema: Location
claudedh

Antworten: 3
Hits: 27.544
RE: Location 29.07.2010 09:21 Forum: Projet Virstellungen


Zu Haller richtung Osten, matzen an der Pampa steet eng Flott Ruin.
+49° 49' 2.88", +6° 18' 58.76" : Fir an de GPS ;-)
Thema: Hochzäit
claudedh

Antworten: 59
Hits: 112.493
15.04.2010 16:21 Forum: Projet Virstellungen


Back to Topic.

Diskutioun vu schwaartzaarbecht ass lass gaangen wëll Lait hei link'en gepost hun op HP vun Amateur-Fotografen déi ganz öffentleg reklamm maachen an hir servicer ubidden (suguer mat Präiss).

@arwa, Gaga, Xaph32: De Johny huet di Link'en gelöscht.
@Xaph32: wees lo beim beschte wëllen nët waat vervielfältegung mat enger nët déclaréierter Aarbecht vir déi ee Geld kritt (schwaarzaarbecht) ze din huet???
Thema: Hochzäit
claudedh

Antworten: 59
Hits: 112.493
15.04.2010 15:17 Forum: Projet Virstellungen


Wann een dan nach e bessi mei wait siche geet da fënnt een och nach eng définitioun waat "artistesch" photographie ass a waat nët. ( um site vum enregistrement ënnert dem Volet TVA )

Normaal Fotoen gin mat dem standart TVA Taux vun 15% facturéiert.
D'photographie artistique steet ënnert engem Taux réduit vu 6%.
An do défineiert d'gesetz waat eng artisteg foto ass:

photographies prises par l'artiste, tirées par lui ou sous son contrôle, signées et numérotées dans la limite de trente exemplaires, tous formats et supports confondus, à condition qu'elles dénotent de la part de leur auteur l'intention de réaliser une oeuvre qui a exclusivement une fonction artistique.
Sont notamment exclues les photographies d'identité, les photographies-portraits et les photographies prises à l'occasion de fêtes familiales ou d'autres manifestations

An eng Hochzaits-reportage, egal wéi gudd de Fotograf ass, fëllt nu mol nët an de volet "exclusivement artistique" mee et ass a blaiwt eng documentatioun vun engem événement.
Thema: Hochzäit
claudedh

Antworten: 59
Hits: 112.493
15.04.2010 15:07 Forum: Projet Virstellungen


A genau ënnert den Artikel 3 fällt ee fotograf deen eng hochzait, kommunioun, passbild, reportage asw mecht.
Also brauch een eng autorisation d'établissement.
Thema: Hochzäit
claudedh

Antworten: 59
Hits: 112.493
15.04.2010 14:40 Forum: Projet Virstellungen


Einfach mol d'gesetz iwert den droit d'établissement liesen ( vum 28.12.1988 )
@xaph32: Keng angscht, keng aktioun wëlles. Si just ageschriwwen vir ze "stänkeren" Augen rollen
Thema: Hochzäit
claudedh

Antworten: 59
Hits: 112.493
15.04.2010 14:12 Forum: Projet Virstellungen


Eng Hochzait, Kommioun, Portrait, Passfoto asw, déi am optraag vun engem Client gemeet get ass par définitioun KENG Artisteg Aktivitéit, mee ee service deen ugebuede gët. An dofir brauch een eng Autorisation de Commerce.

Wanns de loo eng Landschaft knipse gees an du verkeefs en Tirage op engem Konschthandwierkermaart oder iwert soss e wee dann ass daat ENG Artisteg Aktivitéit.

Déi 2 saachen muss ee ganz kloer trennen.

Wa lo verschidde Leit mengen si kënnten einfach esou hir servicer op enger HP ubidden da sin se menger meenung no am feeler wäll se ee bezueltenen service ubidden ouni déi neideg autorisatiounen ze hun.
Thema: Hochzäit
claudedh

Antworten: 59
Hits: 112.493
14.04.2010 15:03 Forum: Projet Virstellungen


Cool. Eng nei Plattform vun der ADEM hei??? verwirrt
Thema: Nikon Rabatt Aktion
claudedh

Antworten: 42
Hits: 106.587
12.03.2010 17:42 Forum: Misc


An iwwerthaapt. Mech geif ower lo wierkleg interesséieren ween den mmphotos an de shogun sin!!! verwirrt
Thema: Nikon Rabatt Aktion
claudedh

Antworten: 42
Hits: 106.587
12.03.2010 16:51 Forum: Misc


Photogen Partner aus dem Norden.

Just eng kleng remarque zu de mailen. Heiansdo kritt een 20 Praisufroen iwwert e-mail pro daag. Oft steet just mol e Numm dran a soss guer naischt. Wann ech dann de choix hun teschend am Buttik stoen a "réel" Client'en ze bedengen an ze berooden oder 2 Stonnen domadder ze verbrengen fir "virtuell" Client'en Praisser noozekukken, beim Fournisseur délai'en noozefroen asw, da stinn ech eierleg gesoot léiwer am Buttik.
Wann ech e Webshop hun dan ass daat eng aaner saach. Hun ech awer nët, a wëll ech och nët.
Also einfach laanschtgoen, oder e klengen tel. Da kritt een direkt eng perséinleg äntwert. An ech mengen daat ass jo de viirdeel vun engem "realen" Buttik.
Thema: Nikon Rabatt Aktion
claudedh

Antworten: 42
Hits: 106.587
12.03.2010 14:47 Forum: Misc


Sou dan leen ech och main Päfferkär dobei.

Gët et eng Reklamm Vu Nikon???
Jo. Se heecht 60 Jours Nikon. Se ass haut de 12/03/2010 ugelaaf an dauert 60 Deeg laang. De numm seet et jo.
Ob Nikon material vun 1500 bis 1999€ get et eng remise vun 150€. Vun 2000 bis 2499€ 200€remise asw

Virwaat steet naicht ob Nikon.de .com asw ???
Et ass eng aktioun vu Nikon BELUX.

Virwaat steet naischt op Nikon.be???
Daat hun ech mech haut och gefroot. Nikon Belux ass eben een organisatiounstalent ;-)
Waarden och nach ob Flyeren asw

Firwaat wees nët all Buttik bescheed??
1. Wäll net all geschäft hei a letzebuerg bei Nikon Belux akeeft
2. Wäll et nëmmen vir 2 categorien vu geschäfter zielt. ( Nikon Pro Dealer an Spécialiste Image). Also di Reklamm fënnt ee nët an enger grande surface zb
3. Wäll nët all Buttik automatesch do matmecht. Et huet e missen een extra'en Contract ennerschreiwen, an och e bessi Stock aleen.

Firwaat wees den Claudedh daat alles?
Wäll en selwer ee Fotosbuttik huet, an och bei där Aktioun matmescht.

Hoffen dat domadder all froen beäntwert sin, an dass Nikon BeLux geschwënn eng keier hiiren Site a Jour setzt.

Ciao
Claudedh
Thema: Defekt Canon Ixus
claudedh

Antworten: 7
Hits: 30.031
03.11.2009 09:12 Forum: Material


Salut, bei enger Ixus 75 kanns de mat +-125 rechnen.
Fir de prais kriss de bal eng nei
mfg
Claude
Thema: Defekt Canon Ixus
claudedh

Antworten: 7
Hits: 30.031
28.10.2009 16:41 Forum: Material


Wéi eng Ixus ass et? Canon huet fir di kleng Apparater forfait praisser.
Wanns de mer de model sees kan ech der de Reparaturprais gin.
mfg
Claude
Thema: Mobilen Fotospeicher - Jobo
claudedh

Antworten: 18
Hits: 39.559
RE: Mobilen Fotospeicher - Jobo 22.10.2009 17:52 Forum: Material


Fiirwaat emmer seng Suen an d'Ausland droen???
Hier Kukken http://www.jobo.com/web/Distributors-Europe.233.0.html
An et ass suguer en photogen.lu Partner!
mfg
Claude
Thema: Faarwen um Schirm an duerno um Pabeier.
claudedh

Antworten: 11
Hits: 35.844
08.10.2009 09:56 Forum: Technik-Diskussiounen


Den sRGB ass den Standart Faarwraum deen nativ vun all Software benotzt gëtt.
Also vir "amateur"-applicatiounen (zb: fotobuch-software, webgalerien, bestellsoftware fir foto'en) emmer d'Billers am sRGB loosen. Egal op's de e kalibreierten Schierm hues oder nët.

Souwisou kennen dei manste Lait wirkleg vun engem méi groussen Faarwraum wéi den sRGB profitéieren. Et get keen "amateur"-schierm deen e groussen Faarwraum iwerhaapt durstellen kann. Och nët d'schiermer vun Apple. Do muss e schons eng gamme méi heig goen an Professionnel Graphic Schiermer Huelen Zb: Lacie, Eizo, Nec..., an daat ab 1500€.

D'Laboen, egal ob Fuji, Agfa, Noritsu, ... benotzen den sRGB a kennen och net méi e groussen Faarwraum duestellen.
Déi meeschten Consumer Printer'en profitéieren och net vu méi Faarwinformatioun.

Also main Tip ass:
- Schierm mat enger Sonde Kalibréieren a Profiléieren
- All astellung am Fotoapparat, Software (photoshop, Lighroom,...) op sRGB loosen (an ob kee Fall domader spillegoen ausser et wees een genau waat e mescht!)

Wann een déi 2 saachen respectéiert huet een durnoo keng Surprise wann een seng Biller weider gëtt. (ausser de Labo baut mescht!)

Ciao
Thema: Faarwen um Schirm an duerno um Pabeier.
claudedh

Antworten: 11
Hits: 35.844
07.10.2009 11:18 Forum: Technik-Diskussiounen


Zali,
Eng aaner uersaach vir d'Faarwennerscheeder:
Deng Software vun de Fotobicher ennerstetz kee Faarwmanagement an deng Biller sin nët am sRGB!

Ob allefall sin suen vir eng Sonde nët zur Fenster rausgehait (och net bei engem Mac).

Froo mol einfach bei engem Photogen Partner noo. zb Fotocenter ;-)
Deen huet Sonden vun X-Rite an Datacolor op Stock , a kann der se och démonstréieren.

Ciao
Claude
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 23 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH