Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 36 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
23.07.2012 10:16 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Hehe okay, ech hat lo geduecht ech hätt dat verpasst großes Grinsen
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
18.07.2012 10:05 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ola, so leeft dei Testphase schon wou et keng Refusen mei get??? Ech mierken elo net wirklech een ennerscheed vun der Qualitéit (an hun och eng zeitchen keng foto mei ropgelueden)?
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
29.06.2012 12:00 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


wei stells du der et dann fir wann een als Unfänger all Foto refuséiert kritt, well se net een top niveau huet? Ech mengen et geht jo och net dremms, dass den Niveau elo ganz erof geschrauwt gett fir dass all Foto zougelos gett?
Wei soll een dann den Feedback vun aneren User hei kréien? Ech mengen iergendwou muss den Kompromiss gemach gin. Kann een net soen mer huelen alles un well dann fälltzimlech secher den Niveau vum site hei. Get awer alles refuséiert, kommen net mei vill nei User bei.
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
29.06.2012 10:19 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Gaga, mengs du dann net, dass een Ennerscheed zweschen Unfänger an mei erfahrenen Photographen soll gemach gin? Dann huet een Unfänger jo guer keng Chance vir hei Rotschléi ze kréien wann all seng Fotoen refuséiert gin.
Grat dei erfahren Useren sollen jo denen neien hellefen, nee? Dat heescht natirlech net dass all schlecht Foto direkt soll ungeholl gin, mais dass een vlait awer net grat esou streng kuckt.
Ech denken am groussen an ganzen, waren dei Fotoen wou ech refuséiert krut gerechtfertegt.

Johny, vlait kann een jo och fir dei Testphase ouni Refus d'Zeitspann fir Fotoen eropzelueden vun 20 op 24 Stonnen erop hiewen, respektiv nemmen 1 statt 2 Fotoen ennerhalb vun 20 Stonnen. Et ass vlait net vill, mais et motivéiert d'Leit vlait zousätzlech nach eng Kéier fir hiren Choix ze iwerdenken bei den Fotoen wou sie erop lueden. Mais ech denken doriwwer ass bestemmt och an ärem Comité geschwat gin.
Thema: Foto vun der Woch
Zodiac

Antworten: 7
Hits: 34.108
27.06.2012 13:31 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Also ech stemmen regelmeisseg mat of fir d'Foto vun der Woch, an mär ass et am fong egal wen d'Foto gemach huet. Ech wielen dei wou mer am beschten gefällt. Dei meescht wou hei um Site sin, sin keng Juroren fir Fotosconcouren an wielen einfach dei wou hinen am beschten gefällt. Ech mengen, Useren kennen jo och all Foto wou an der Woch erop gelueden get virschloen fir d'Wochenofstemmung. Bal all Foto, well jo op Wonsch vun Verschiddenen Useren Méiglechkeet beigesat gouf fir seng Fotoen erauszehuelen aus der Wochenofstemmung.
Ech fannen den System wei en elo ass ganz gudd.
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
22.06.2012 10:48 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


okay, dat sinn gudd argumenter. Huet mech eben gewonnert, well jo awer och ganz flott Fotoen erauskommen wann een sain handwierkt richteg gudd versteht.
Thema: Phototalk - Iddien / Virschléih
Zodiac

Antworten: 7
Hits: 51.169
22.06.2012 10:46 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ach okay. et war halt eng idee. där sidd awer dann nach aalmoudesch wann där net wei facebook all gelöschten fotoen net nach iergendwou stockéiert muahaha...
Thema: Phototalk - Iddien / Virschléih
Zodiac

Antworten: 7
Hits: 51.169
22.06.2012 10:25 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


No der Diskussioun em d'REFUSen kennt der jo mol eng Kéier do eng "Best of" vun Refuséierten Fotoen maachen. Vlait verstin d'Leit ierch dann emol besser? Do kennt där jo dann och mei op eng Foto angoen.
Thema: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen
Zodiac

Antworten: 31
Hits: 76.264
22.06.2012 10:23 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Hat dat mol nach net gesin, der do hat der jo awer och keng Noriicht eraus gin Augenzwinkern Wat ass dann den nächsten Schratt? großes Grinsen
Thema: check this out.
Zodiac

Antworten: 219
Hits: 614.804
22.06.2012 10:21 Forum: Allgemeng OT


http://www.frankwarren.com/photos/david-...luxembourg.html
http://www.figosport.de/profiboxen/1848-...-boxlizenz.html
Keng besonneg Fotoen, mais war trotzdem iwerrascht dass dei et bis dohin gepackt hun.
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
22.06.2012 10:19 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Majo ech sin dann och emol gespaant wat an der Testphase hei esou eropgelueden get, an hoffen d'qualitéit vun der Sait hei leid net zevill drenner. Vlait wenschen d'Leit sech dono erem den aneren System zereck. Fannen et awer gudd dass der et probéiert. Mer gesin jo dann wat dobei eraus kennt.

Wat ech mech awer emmer gefrot hun, awer d'Fro nach nie hei gestallt hun ass, weisou hei d'Akt-Fotoen refuséiert gin?
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
15.06.2012 13:33 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@gi87: also dass ech och keen Frend sin vun virgefärdegten Sätz hun ech schon gesot. Kann annerseit och den Johny/Photogen verstoen, dass sie net op all Photo wou ofgelehnt get perséinlech kennen eng Kritik dozou schreiwen. Hun mer och e puer Gedanken gemach mais sin och op d'Léisung komm fir et besser ze machen.
Ech mengen d'Photoen wou een kann eroplueden sin jo schon op 2 Photoen an 20h limitéiert, esou dass den Photograph/User sech schon soll iwerleen wat hien erop lued. Et ass och an der Rei fir mech dass Photogen-Team dann nach eng Selektioun mecht. Den Site soll jo och qualitativ gudd Photoen weisen. Dovun ofgesin hun ech awer och schon mussen feststellen, dass dei verschidden Leit wou hei Photoen freischalten eng Photo ennerscheedlech bewereten, also dei eng sin mei streng dei aner manner. Ech hun awer emmer Gefil wei wann sie och emmer kucken wen Photo gemach huet, an kucken wat den Photograph drop huet, an op d'Photo wou eropgelueden get och sengem Niveau entsprecht. Mais wei ech nei hei um Site war an mol eng Photo ofgeleent krut war ech och emmer e bessen frustréiert, virun allem iwert eben dei standart Sätz, dei mer grat am Unfank net vill weider gehollef hun. Mat der Zeit an mer der Erfahrung wees een awer wat een hei erop kann lueden dass et ungeholl get.
An fir den Recht kann een Photo jo hei am Forum posten, do kritt een och vlait nach Kritiken, respektiv et kann een op den PHOTOTALK goen an seng Photoen do mat huelen.
Thema: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen
Zodiac

Antworten: 31
Hits: 76.264
12.06.2012 10:17 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech mengen dat wär jo dann demjéinegen seng Entscheedung net deelzehuelen un der Wochenofstemmung. Weisou soll een dei Funktioun also net maachen.
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
15.05.2012 07:36 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@ Sloopy, maach der nix draus, mengen dat ass villen Leit hei esou gangen am Unfank. Mat der Zeit geseis du dat mei Relax, an sehs der selwer dass sie Recht haten dei Foto ze refuséieren. Ech schwätzen aus Erfahrung. Augenzwinkern
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
14.05.2012 16:28 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@ Johny: Dass die Leit wou Photogen um Liewen haalen ass jo och ze verstoen. Ech mengen där macht iert bescht, mee et kann een net emmer Jidderengem et gerecht maachen. Ech engagéieren mech an engem aaneren Bereich weis du, och zum Deel bénévol, mee och do kréien ech oft gemeckerts an gin kritiséiert, well emmer een sech ongerecht behandelt fillt. Dei lescht woch kruten mer (also net ech perséinlech Augenzwinkern ) esouguer ganz vill an Press op den Deckel, an dat net nemmen hei zu Letzebuerg, mee och am Ausland hehe.
Fir op Phototalk zereck ze kommen, ech wollt dei lescht 2. eigentlech kommen, mee et war mer emmer epes dozweschen komm, esou dass ech net konnt iwer Fotoen diskutéieren, mee dass ech der hun mussen maachen Augenzwinkern Probéieren awer mol mein bescht fir eng kéier ze kommen.
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
09.05.2012 14:46 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@ pixelman: Wat den Gogo seht ass net falsch, du hues mat dengen Fotoen Messlatte extrem héich geluecht, dorunner bass du an desem Fall wuel och gemooss gin. ob dat elo gudd oder schlecht ass, dass bei enger Foto och gekuckt get wen se gemaach huet ass een anert thema.

@ TomEwert: ech fannen et gudd, dass Leit wou Fotoen refuséieren och am Forum vlait mei genau hier Grenn erklären weisou se eng Foto refuséiert hun!
Thema: Refus
Zodiac

Antworten: 186
Hits: 360.458
07.05.2012 13:23 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Iwer dei Standartsätz reegen ech mech perséinlech emmer mei op wei doriwer dass meng Foto refuséiert gouf. Well leider dat des öfteren net onbedingt weider helleft an der Zukunft et besser ze maachen. Ech verstin awer och, dass Photogen-team net all refuséiert Foto perséinlech kann kommentéieren. Vlait kriss du jo hei am Forum eng Äntwert dorop.

Ech perséinlech fannen Foto ganz okay.
Thema: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.
Zodiac

Antworten: 18
Hits: 43.107
09.03.2012 09:48 Forum: Foto-Techniken


@ Metalbambi: Dat ass elo eng gudd Fro, ech wees eierlech gesot net wei beim Judu belichtung muss sin. Beim Boxen stoussen ech mat standart Objektiver zwar zimlech un grenzen, muss oft Bildrauschen an kaaf huelen fir dass Foto e bessen scharf gett. Et muss een zimlech kuerz Belichtungszeiten huelen beim Boxen.
Thema: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.
Zodiac

Antworten: 18
Hits: 43.107
08.03.2012 20:17 Forum: Foto-Techniken


Ech hun mech alt mei am boxen probeiert. :-)
Thema: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.
Zodiac

Antworten: 18
Hits: 43.107
08.03.2012 14:35 Forum: Foto-Techniken


Dat heescht, du mess haaptsächlech dann Fotoen beim Judo oder wei?
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 36 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH