Thema: Konscht an der Fotografie |
|
Ech war e puer Deeg nët hei an hun et elo eréischt gesin.
Op alle Fall och a groussartég Konscht an der Fotografie.
THX fir de Link!
|
|
Thema: Tim Walker |
|
Exzellent, Merci René fir den Tuyau!
|
|
Thema: Serieux oder net? |
|
Genau esou, gutt Äentwert!
De Präis den een aspuert bezillt een sinnbildléch geschwaat duerno duebel.
|
|
Thema: Wäitwénkel léinen! |
|
Salut Bob,
Ech kéint der méng 7D mam Sigma 10-20 mm (leider nëmme Blend 4-5,6) fir mar den Owend léinen, dat entsprécht engem 16-32 bei Vollformat.
Mar de Moien brauch ech e vläicht zu Mondorf.
So mir Bescheed, wann dat dir hëllefe kéint. Jean-Paul
|
|
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun |
|
02.08.2014 13:20 |
Forum: Misc |
Déi Fro stellt sech guer nët, wëlls dé wuel kaum an d'Ëffentlechkeet domadder gees.
Ech mengen haut och, datt dat villes iwwerbewert gëtt.
|
|
Thema: Ersatz fir EF-S 17-85 IS USM |
|
Mat dem bass d'op alle Fall gutt bedéngt, ech sin déck zefridden domadder (ech hat virdrun och den 17-85) an d'Blend 2,8 war mer schons oft vu Notzen; ech géif et nët méi hirgin.
|
|
Thema: Eisvogel |
|
16.10.2011 14:07 |
Forum: Misc |
Also ech hun en och nach nët gesin hei zu Lëtz. e schéngt awer virzekommen, wéi een an der Lëscht vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga liesen kann.
Dat géing mech och intresséieren, has du schons bei der LNVL nogefroot?
|
|
Thema: Capteur/ Sensor botzen |
|
Also ech hun de Sensor vu ménger aaler 350d wéinstens 6 x beim Frank am Geschäft Mirgain botze gelooss, an et war ëmmer "impecc". Kann ech nëmme recommandéieren.
|
|
Thema: Salon National de la FLPA |
|
Et hat kee reagéiert a no e puer Deeg hat mäin Text kee Sënn méi, dofir hun ech en durech e Punkt ersaat :-)
Ech hu mat gemacht Willy, du sécher och, oder? Da gesi mer eis de 14. beim Vernissage.
|
|
Thema: Waat ass mat menger Foto? |
|
Also den Titel vun däerer Galerie ass fir méng Begrëffer däitlech.
A wann ech dem Jeffrey säi Kommnetar liesen, passt se ganz kloer do dranner.
A wa se nët doranner stoung, wéi hien d'Foto erop gelueden huet, hätt en Admin him dat vläicht kéinten uroden an/oder korrigéieren.
An ech sin och der Meenung, datt esou eng Rubrik nët nëmmen intressant op PG, mee och wichtég ass.
A schlussendlech hun ech mer déi Galerie ugekuckt an doranner Saache fonnt déi (ok, elo grad subjektiv gesin) wäit manner intressant waren.
Dëse Kommentar soll keng Polemik sin, mee wëll jhust eng neutral Meenung sin; ech weess awer och, datt den Admin'en hiir Aarbécht keng einfach ass, an esou eppes mol anescht interpretéiert ka gin, z.B. wann dee Kommentarvum Jeffrey nët beim upload derbäi stoung.
|
|
|