Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 29 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Wallpaper ?
Kilroy1313

Antworten: 3
Hits: 29.817
17.12.2011 19:43 Forum: Froen zu Photogen


Merci fir d'Info Johny !
Dat do fannen ech natierlech zimlech schued (z.B. wéinst ménger/eiser Aarbecht als Hobbyfotograf/en).
Däin Argument: (...) vu dass et eppes ass wat net direkt mat Fotografie ze dinn huet, (...) fannen ech diskutabel. Ech fannen ët nët déplacéiert "Wallpaperen" op engem Foto-Site ze hun, sondern gesin dat als en immensen Moyen vu Promotioun vu Foto'ën.
Ech wëll och nët mat Dir doriwwer diskutéieren, als Meeschter vum Site muss Du dat schons selwer décidéieren - kënnt nach derbäi datt's Du um Bilan gesäis, waat déi Hit'en vun de Wallpaperen Dir an dem Website abréngen. Däin Argument vun der z'investéierender Zäit ass natierlech dat am einfachsten verständlechst.
Ech bieden Dëch natierlech, dat do mam ewechhuelen vun de Wallpaperen evtl. nach eng Kéier z'iwwerdenken... !

Wann näischt méi hëlleft, bleiwt mir an den aaneren Wallpaper-Fournisseuren jhust nach d'Biller ëmzefunktionnéieren an erëm frësch op de Site als normal Biller eranzestellen !
Thema: Wallpaper ?
Kilroy1313

Antworten: 3
Hits: 29.817
Wallpaper ? 15.12.2011 19:30 Forum: Froen zu Photogen


Elo wollt ech emol esou routinesméisseg ewéi ëmmer no méngen/eisen Wallpaper'en kucken, wéi ët deenen esou geet.

Hun alles ofgesicht, fannen se nët méi !

Läit ët u ménge schwaachen Aën ?
Sëcher steet ët ganz grouss iergendzwousch, an ech hun ët also nët gesin,
besichen ech de Forum och nët grad dacks ... hun daat da wuel verpasst...?

Ët géing mech schons staark intresséieren (an natierlech och frëen ze wëssen) wou dann elo déi Wallpapere geland sin !

P.S.: Hun en Test mat engem vu ménge Wallpapere gemeet, deen ech op méngen e-maile verlinken; déi Foto gët dann och ugewisen ! Also ass se emol nach do !
Thema: Owesopnahmen ,wou sin gudd PLATZEN??? (Philharmonie,Coque,etc..)
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 31.453
RE: Owesopnahmen ,wou sin gudd PLATZEN??? (Philharmonie,Coque,etc..) 19.04.2010 23:11 Forum: Misc


Wann ech elo béis wéilt sin, géing ech jo soen: Wann een an engem Land lieft, daat een esouguer nach vun de Rénger vum Planéit Saturn aus nach kloer kann erkennen (Merci, EDF a Cattenom !), do sollt ët nët wierklech schwéier sin esou eng Plaz ze fannen, wou een Nuets ka Foto'ë maachen.
Ech sin elo awer nët béis, wëll dat beäntwert Dir jo nët Déng Fro. An och mir geschitt ët nach ëmmer vill ze dacks, datt ech einfach nët weess, wouhin ech elo soll fueren fir Foto'ën ze maachen.
Also: Besonnësch, wou ët elo owes manner kaal gët; einfach lassgoen, daat muss jo guer nët d'Staat an iwwerhaapt nët de Kierchbierg sin. Daat schwéierst ass heiansdo, sëch a Bewegung ze setzen. A wann ët dann eben nët direkt déi Draam-Foto derbäi erauskënnt, einfach nach eng Kéier probéieren.
Plaz wou ech drun denken: Autobunnsbrëcken un der Tréier Autobunn tëschent den 2 Tunnelen (Houwald an Cents).
Thema: GRATIS ;) texturen
Kilroy1313

Antworten: 4
Hits: 30.558
10.12.2009 23:48 Forum: Fotobearbëchtung


Merci ! Dat do gesäit gutt aus.
Elo kann ech jo eigentlech lass leen mat Strukturen, mat esou enger Base (LOL).
Hun nämlech bis elo nach näischt esou gemeet, obwuel ech d'Theorie dovunner eigentlech am Oweskurs geléiert hat... Dat steet nach op ménger "To Do"-Lëscht.
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
10.12.2009 21:43 Forum: Foto Forum


Super, déi Foto do !
Et geet dach näischt iwwert esou e friddenssteftende Message virun de Feierdeeg ! ;-)
Thema: Artikelen - bäi behalen oder net?
Kilroy1313

Antworten: 7
Hits: 45.581
08.12.2009 23:11 Forum: Emfroen


Ech sin emol derfier, dës Rubrik bäizebehalen, och wa méin éischten Artikel e liichten Oofschëppert gin ass. - Ech hun deen elo an de Forum gerëckelt ënner Off-Topic.
Ech muss da wuel nach eng Kéier driwwer schlofen, wat een do kéint als Artikel schreiwen...
Thema: Motivatioun fir Ufänger: Ët muss nët deier sin...
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 37.564
... 08.12.2009 23:07 Forum: Multimedia


Foto:
Thema: Motivatioun fir Ufänger: Ët muss nët deier sin...
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 37.564
Motivatioun fir Ufänger: Ët muss nët deier sin... 08.12.2009 23:05 Forum: Multimedia


... oder wéi ee mat engem Handy/klenge Fotoapparat och schéi Foto'ë mécht.

Dës Foto'ën sollen Ufänger uregen an och beweisen, datt ët nët nëmmen deen deieren
Fotoapparat ass, dee gutt Foto'ë mécht, mä datt d'A daat wichtegst Wierkzeug ass.

De Fotoapparat ass schons méi nëmmen en Accessoire, deen dem A vum Fotograféierenden
ët erméiglecht daat wat ët gesin huet ze materialiséieren an ët duerno och kënnen
ze weisen.

Wat ech hei wëll zum Ausdrock bréngen ass, datt een och mat manner finanzielle Moyen'ën
sech de Spaass um Knipsen nët doduerch soll verdiewen, datt ee mengt, ët misst een elo och
dee superdeieren Apparat do hunn, deen engem ët géing erméiglechen, fir grad esou schéi
Foto'ën kënnen ze maachen, ewéi déi, déi een dës läscht an dëser oder jener Fotoillustréierter
gesinn hat.

Besonnesch en Ufänger léisst sech heiansdo dovunner beandrocken, wann ee méi bekannte Profi
oder Amateur erëm esou eng super Foto gemeet huet. Ët ass seier eriwwer mat der Freed um Hobby,
wann een eng Fixette do drop mëcht amplaz ët einfach mat engem méi klengen Apparat ze probéieren.

Éischtens gesäit ee un esou enger Héichglanzfoto meeschtens nët wéivill Zäit dee Profi dann och
do gebraucht huet, fir séng Super-Foto ze maachen, well do geet ët meeschtens nët mat engem
schnellen "Ratsch-Klick" duer, sondern ët kënne schon ganz Deeg duerfir gebraucht gi sin. En
einfachen Amateur huet am Ufank awer nët ëmmer esou eng Engelsgedold, fir vläit nëmmen eng
eenzeg Foto ze maachen.

Ët ass natierlech évident, datt ee mat engem méi deiere Geschier och eng besser Kalitéit ka
produzéieren, och ass ët dacks esou, datt manner deier Apparaten e schlechteren Handling kënnen
hun an eben einfach nët esou eng héich Leeschtung kënnen erbréngen.

Fotograféieren soll ursprénglech haaptsächlech Spaass maachen, wouwéinst een, deen domadder
ufänkt fir d'éischt sollt versichen erauszefannen, waat en am léiwste wëllt fotograféieren, an
sech duerno eréischt dat passend Material eraussicht. Bis dohin kann ee roueg och mat engem
manner opwendegen Apparat, sief ët esouguer einfach séngem Handy Spaass um Knipsen hun an
éischt Erfarungen maachen.

Ët leiert een nët vill bäi wäerend däer Zäit, wou ee viru Vitrinen hin an hier leeft, de
Portmonni op an zou mécht a sëch schuddert wéinst deene ville Suen, déi een egal ewéi awer nët
onbedéngt muss hiergin, wann ee bis weess waat ee braucht an ët fäerdeg bréngt sech op eng
Saach ze limitéieren, déi een duerno dann och an de Grëff ka kréien.

Ët sollt ee sech vläit esou, oder esou änlech Fro'ë stelle, fir sëch nët herno mat engem Monster
vun Apparat ënnert dem Chrëschtbeemchen erëm ze fannen, deen esou eng dëck Bedienungsanleitung huet,
datt een no 3 Deeg schons 30 gro Hoer bäi krut.

P.S.: Méng Beispill-Foto'ë si mat engem Foto-Bearbechtungs-Programm verschafft gin !

PRO: Ët kann ee méi seier Erfarunge sammelen mat manner groussem Geld-Opwand.

CONTRA: Ët huet een evtl. e schlechteren Handling (bedienungsonfrëndlechen Apparat, wou ee muss
vill kniwwelen an sëch duerch Menüer duerch-schlängelen), wou een also och Gedold brauch, evtl.
riskéiert d'Flemm ze kréien, well dee Material nët daat mecht oder kann, waat ee wëllt...!
Beispillfoto'ën:
«Le Lac d'Ailette» mam Handy
Strong Sunrise
Thema: D'Kaz war fir d'Kaz
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 38.477
06.12.2009 22:48 Forum: Foto Forum


"Grausam Foto'ën", dat gefällt mer, da muss ech jo bal kucke goen - an da vläit och nach e bëssen béis lästeren (HI HI)... - dat wier ët.
Ech hun schons e Léierprozess bei Railpictures.net duerchgemeet, an do deet ët nach eng jet méi wéi, well déi e ganz héige Level a Saachen Zuch-Foto'ën hun. Da muss ee schons heiansdo e puer mol déif Loft huelen, fir en neien Ulaaf. Do krut ech esou 20% vu ménge Foto'ën ugeholl... do ass nët vill mat "grausam Foto'ën" jhust wann den Screener tranchéiert, daat fillt sëch nët ëmmer gut un. Mä ech hun awer do vill bäigeléiert a Richtung Perfektioun - mat Spaass um Fotograféieren huet dat schons manner ze din.
Thema: D'Kaz war fir d'Kaz
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 38.477
06.12.2009 17:46 Forum: Foto Forum


D'ass emol gutt ze wëssen firwat déi Foto do ët nët op Photogen gepackt huet.
Nodeems ech verschidden aner Foto'ën um Site gekuckt hat hat ech mer schons eng Chance ausgerechnet an ët eben ausräichend fonnt aus enger groer Foto eng lieweg Foto ze maachen.
Déi Foto ass en zimleche Schnappschoss gewiescht, hat och keng Zäit fir laang an d'Knéien ze goen, du wor d'Kaz och schons erëm fort, dat ganzt hat wierklech nët laang gedauert. - Ech hun ët z.B. nët gepackt d'Aen richteg drop ze kréien.

P.S.: ech fannen d'Foto ëmmer nach gutt ! Idem fir de Propriétaire vun der Kaz dee ganz zefridde war mat ménger Aarbecht...
Thema: D'Kaz war fir d'Kaz
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 38.477
05.12.2009 14:20 Forum: Foto Forum


Krut dat elo nët hin, also hei déi Foto fir Photogen:
Thema: D'Kaz war fir d'Kaz
Kilroy1313

Antworten: 9
Hits: 38.477
D'Kaz war fir d'Kaz 05.12.2009 14:14 Forum: Foto Forum


Hei um Forum steet, ët soll een eppes dra schreiwen, wann een nët sëcher wier, op een d'Foto géing gutt genug fannen fir op Photogen ze setzen, - a leider sin ech zimlech sëcher, datt méng Foto gutt ass, an ech wollt esouguer a Konkurrenz mam "JPS" sénger " Wëll Kaz" goen, mee méng war entweder nët rengrassësch oder kënschtlech genug oder weess der Guckuck, wat se nët huet - am Kommentar stung eppes vu kënschtlerech, duerfir weisen ech och hei am Unhang d'Originalfoto (zimlech gro) an déi nët ugehollen verschaffte Foto.

Géing mech iwwert e puer Meenonge freën, och wann ech se elo warscheinlech nëmmen doheem wäert ophänken, ech fannen se nun emol einfach saugutt.

P.S.: ët ass nët eis Hauskaz, duerfir kann ech se och nët a mäin Album pechen Freude

ORIGINAL-FOTO:
Thema: Fir Foto'en aus enger Serie z'ersetzen
Kilroy1313

Antworten: 2
Hits: 21.468
21.11.2009 19:05 Forum: Froen zu Photogen


Dat huet zimlech gutt geklappt. Hun déi zwou Foto'ën ersat. - Merci fir d'Hëllef !
Thema: Fir Foto'en aus enger Serie z'ersetzen
Kilroy1313

Antworten: 2
Hits: 21.468
Fir Foto'en aus enger Serie z'ersetzen 21.11.2009 18:47 Forum: Froen zu Photogen


Ech wollt Foto'en aus enger Serie (Cattenom "Electric Power Vision") opgrond vun de Kommentarer frësch eroplueden.
Ech hun awer nët fonnt, wou a wéi dat geet.
Hat ech do eppes iwwersin oder geet dat ganz einfach guer nët?
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
15.11.2009 23:04 Forum: Foto Forum


Ët ass och flott e bëssen positives zu ménger Foto ze liesen. Mat deem manner positiven kann ech och liewen, ech wollt jo schliesslech den "pro" an de "contra" kenneléieren.

Zum Wou: wéi och déi aaner Foto'en vun amerekaneschen Fliigeren: den 1. Juli 2006 zu Bitburg/Spangdahlem gemeet bei der Porte Ouverte vun der U.S. Airbase. - En herrlechen Dag, wou d'Sonn nëmmen esou rofgebruzelt hat.
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
Bass a blass erstaunt... 13.11.2009 22:26 Forum: Foto Forum


Elo huet méng (...)blöd kanoun (...)jo e puer herrlecher Lächer hei an de Site geschoss.
Kee Wonner bei ± 4.000 Schoss Uran-Kär-Munitioun/Minutt.
E klenge "lëschtegen" Detail vu "Risiken a Niewewirkungen" vu so engem "chirurgischen Instrument" wéi sou Apparater elo zënter dem Golf-Krich heeschen: do stung iergendwou ze liesen, datt d'Piloten, déi domadder an den Asaz gaange sin scheinbar eng gesond Dosis vu Gamma-Strahlen ofkruten (dito: Uran-Kären - déi stralen!) - si sollen dono besser ze fouss gaange sin... :-)
(Bitterblack Sarkasm - hihi). Oder: en 2-schneidegt Schwäert nennt een esou eppes.
N.B.: Dee Flieger do bleiwt awer ëmmer nach mäi Lieblings-Flieger !

Ech wollt jo jhust 1 Fro stellen, an nët de ganze Site a Fro stellen!
Meng Meenung: hei ass eng Rubrik Reportage, an do hätt esou eppes kéinten dra gepasst gehat ze hun, oder sou...
Ah, jo P.S.: Zunge raus vu datt haut jo de schlëmmen Freitag der 13. ass, hat ech zu allem Onglëck dach glatt vergiess um 15.30 Auer béis a rosen ze gin, - ma dajee alt, eng aner Kéier vläit - Buaahahaha großes Grinsen
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
12.11.2009 22:09 Forum: Foto Forum


Zitat:
Original von Kilroy1313
(...). - Also iwwermuer sou géint 15.30 Auer gin ech da mol e bësse béis,... oder sou!
Augen rollen

Nu, nu, mon cher Gaga, keng Panik w.e.gl.
Leider, leider kenns Du mech nach nët esou richteg. Ech kann Dir versecheren, datt déi heite Geschicht nëmmen hallëf esou wëll ass. - Dat mat dem Heuchler war och nët esou douteescht gemengt (mä den aarme Bambi ass nach ëmmer dout, snif :-( ).
Don't worry, be happy! Jo kloer sin ech éischter frou driwwer, datt's Du eppes geschriwwen hues. D'selwecht fir déi Leit, déi op déi Foto léiwer verzichte wëllen, soss hätt ech näischt hei an de Forum gesat. (Den Dokter sot: "D'Wouerecht jo,- mä nëmmen a klenge Quantitéiten!")
Ech sin elo weder béiss, nach soss eppes. (muer, geint 15.30 vläit... loosse mer kucken??).
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
11.11.2009 21:26 Forum: Foto Forum


Ech hun a méngem Agenda gekuckt: Iwwermuer hun ech Zäit, da regen ech mech mol kuerz op - awer nëmme ganz liicht, den Dokter sot, dat wier nët esou gutt.
Wouriwwer? Ma well elo kee méi vu ménger Kanoun schwetzt, ech hun esou e bëssen den Androck krut, wéi wann ech déi Foto da wuel besser soss enzwousch eroplueden.
Ech wollt do dach nëmmen déi verstoppten Erotik vun engem Mordinstrument weisen.
Elo huet sech erausgestallt datt ech emzingelt sin vu lauter Déieren- a Bambis-Mierder déi och nach heuchlen, si géinge Waffen langweileg fannen, mä nu je, che sera, sera, dann eben nët. - Also iwwermuer sou géint 15.30 Auer gin ech da mol e bësse béis,... oder sou!
Augen rollen
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
10.11.2009 22:32 Forum: Foto Forum


Du has mir dat schons explizéiert, ech kréien dat awer nët ronn, wann ech CTRL plus (op der 1 drëcken) spréngt mäin Tab ob en neien an méng Internet-Home-Startsäit geet op. Do ass wuel eppes beim Klavier nët super agestallt...? Ech kucke mir do d'Aën aus dem Kapp. Sin och kee Krack a Saachen Forums-Benutzung. Versiche mech jhust als "Happy User"...? Augen rollen
Thema: Elo gin ech erschoss... eng geféierlech Foto
Kilroy1313

Antworten: 49
Hits: 119.152
Oh, hei gët ee jo kritiséiert... 10.11.2009 22:12 Forum: Foto Forum


Zitat:
Original von Kilroy1313
Oh, hei gët gezweiwelt... Oh weh, oh weh! Dat hu mer awer guer nët gäer! Ech wollt awer elo keng Detailfoto'ë weisen... Ech wollt déi Schlappen-Touriste-Foto weisen... Augen rollen

... do muss ech da wuel mäin Dokter froen, op méng Gesondheet dat och verdréit...? großes Grinsen
Wat wollt ech soen? Natiirlech wor dat do nët mäin Eescht, dee läit nämlech an eisem Frigo. Dat wollt soen: Jo kloer hun ech och Detailfotoë gemeet, wollt awer haaptsächlech méng "Souvenirfoto" (wat ee sch...éint Wuert !) hei weisen. Oh, zut, elo hun ech awer keng wou ech selwer nieft der Kanoun stin... dat wier bestëmmt och schéi gin.
Ech probéieren hei verschidde vu méngen Aarbechten ze weisen, déi eng sëlleche Goût'en uspriechen - langweilen wëll ech no Méiglechkeet nët. fröhlich
Beispill: Spigelung op dem Munitiounsreservoir vun der Kanoun:
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 29 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH