Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 17 von 17 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Fotokalener 2021
wuff

Antworten: 1
Hits: 60.556
Fotokalener 2021 01.11.2020 10:34 Forum: Projet Virstellungen


Bonjour alleguer,

Ech wollt hei op m?in Fotokalenner opmierksam maachen.
En huet als Thema 'D?i sch?insten Plaatzen vun L?tzebuerg' an as am A4 an A3 erh?ltlech zum Pr?is vun 20?/A4 resp. 35?/A3. Transport kascht 4? pro Bestellung.
Mat folgendem Link k?nnt dir ierch den Kalenner unkucken. https://www.facebook.com/mikeweiwers/posts/150556676753835

Ech maachen pro Kalenner en Don vun 3verwirrt A4)/5verwirrt A3) un https://www.kriibskrankkanner.lu/ domat maacht dir dann och gl?ichz?iteg eppes guddes mam Kaaf vum Kalenner.

Bestellen k?nnt dir mat enger Mail op mike@killer.lu
Thema: Backup Fotoen
wuff

Antworten: 6
Hits: 39.375
03.11.2016 19:19 Forum: Allgemeng OT


Ech hun se en Mol op engem HDD op méngem Computer, deen sech automatesch mat méngem One-Drive Cloud synchroniséiert. An nach en mol eng Copy op engem externen HDD deen bei méngen Elteren läit.
Do misst schon vill geschéien dass méng Fotoen all fort wieren.
Thema: Teleobjektiv
wuff

Antworten: 4
Hits: 27.789
RE: Teleobjektiv 17.04.2013 20:05 Forum: Material


Jo daat huet schon gutt gehollef fir Méng Décisioun. Well ech net onbedingt kléng fillercher domat well knippsen schéint mir daat 300er déi richteg Wahl ze sinn.
Ech hat och nachun den 400mm 4.0 geduercht awer daat as schon säit 2001 um Marché an get anscheinend och geschwënn ersaat. Auserdeem as d'Bildqualitéit nët esou gutt.
Thema: Teleobjektiv
wuff

Antworten: 4
Hits: 27.789
Teleobjektiv 06.04.2013 20:41 Forum: Material


Salut alleguer!

Ech hunn iwwert d'Unschaafung vun engem Teleobjektiv fir mäin Canon Apparat (Vollformat an 1,3 Crop) nogeduecht mat mindestens 300mm Brennwäit fir en puer Déieren knipsen ze kënnen.

Lo stellen sech fir mech awer folgend Froen.

1. Wéi ass et mat der Handhabung vun esou engem Objektiv? Ech wollt et haaptsächlech fräihänneg benotzen. Ass dat iwwerhaapt méiglech mat esou enger Brennwäit ouni ze verwackelen?an vum Gewiicht hier?

2. Zoom oder Fest Brennwäit? Zoom ass zwar méi flexibel awer net esou gutt vun der Bildqualitéit. Huet do een vun iech Erfahrungen Gesammelt?

3. Ass et sënnvoll en Telekonverter ze benotzen? Domadder wier ech en bëssen méi flexibel bei enger Festbrennwäit.

Merci fir ären Kommentar.
Thema: Workshop Concertsphotographie
wuff

Antworten: 18
Hits: 52.456
17.02.2013 12:37 Forum: [Foto] Rendez-vous


Jo et war en flotten Owend, an och en léierräichen, interessanten. Merci nach en Mol.
Thema: Workshop Concertsphotographie
wuff

Antworten: 18
Hits: 52.456
12.02.2013 18:01 Forum: [Foto] Rendez-vous


Ech wollt mol froen, wat fir eng Brennwäit ass do eigentlech sënnvoll fir mat ze bréngen?
Thema: Fotorucksack fir Amerika
wuff

Antworten: 15
Hits: 35.398
07.01.2013 09:45 Forum: Material


Salut!
Wann et nët onbedingt en Rucksaak muss sin, dann gin et do Pelicase'en.
Do krist de Modeller déi genau d'gréist vum Fluchgepäck hun. En Rucksaak kannst du dann
an déi normal Valis maachen.
Thema: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8???
wuff

Antworten: 14
Hits: 36.130
13.07.2012 18:26 Forum: Material


Ech soen mol Merci fir är Kommentaren.
Den Fait dass en Wäiwenkel op den Renner méi onschaarf gëtt ass mir bekannt mäes dat ass an mengem Fall net esou relevant well ech jo kéng Vollformat Kamera hunn.

Mol kucken op nach aner Usiichten gepost ginn.
Ech sinn nach ëmmer net richteg decidéiert. Hun mech mettlerweil och schon bei Zeiss mat manuellem Zoom emgekuckt. 18mm3.5 an 21mm2.8

Ech mengen daat gett net einfach verwirrt
Thema: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8???
wuff

Antworten: 14
Hits: 36.130
RE: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8??? 12.07.2012 07:56 Forum: Material


Ech hun en aps-c an en aps-h Apparat . An ech géing et gär benotzen fir Landschaft an Indoor-Foroen ze maachen.
Thema: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8???
wuff

Antworten: 14
Hits: 36.130
24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8??? 11.07.2012 21:22 Forum: Material


Salut alleguer!

Ech wollt mir demnächst en neit Objektiv zouleeën an weess awer net genau fir wat fir eent ech mech soll decidéieren. Entweder eng Festbrennwäit vun 24mm 1.4 oder en Wäitwénkelzoom 16-35mm 2.8.

Ech wollt mol vun Iech hei gewuer ginn wat an ären Aen d'vir an Nodeeler vun deenen zwou Varianten sinn, oder op en vun Iech Erfahrung mat dem engen oder aneren Objektiv huet?

Natierlech kënnt dir mir och Alternativen soen un déi ech villäicht nach net geduecht hunn.
Thema: Roulot'ographe Workshop
wuff

Antworten: 14
Hits: 74.506
10.05.2012 20:49 Forum: [Foto] Rendez-vous


Ok Merci
Thema: Roulot'ographe Workshop
wuff

Antworten: 14
Hits: 74.506
10.05.2012 19:29 Forum: [Foto] Rendez-vous


Salut!
Ech hun mech ungemellt an och bezuelt awer nach emmer keng Confirmatioun kritt dass ech ungeholl sin. Sinn ech dann elo deen zweeten deen sech ungemellt huet oder as bei der Iwwerweisung eppes schiif gelaaf?
Thema: Sichen Auto fir Hochzäit
wuff

Antworten: 11
Hits: 45.653
04.04.2011 21:05 Forum: Allgemeng OT


Salut!
Mäin Papp huet esou en aalt Gefier an der Garage stoen allerdéngs keen Kabrio. Et as en Jaguar XK 150 aus den 60er Joeren. Du kanns deen jo mol Googelen, an wann's du interesséiert bass dann kann ech mol mat him schwätzen awer ech gleewen net dass dat en groussen Problem wäert sinn den Auto fir en Fotoshooting zur Verfügung gestallt ze kréien. Hien kennt och nach en puer aner Leit mat alen Autoen déi och schon op Hochzäiten derbäi waren.
Thema: Hochzäit
wuff

Antworten: 59
Hits: 111.838
14.04.2010 16:37 Forum: Projet Virstellungen


Deem Fotografmarco seng Homepage as wierklech den Hummer daat muss en gesinn hun großes Grinsen großes Grinsen
Thema: Canon Taass
wuff

Antworten: 16
Hits: 39.979
RE: Canon 11.03.2010 15:15 Forum: Allgemeng OT


Super cool!
Hun der direckt 3 bei Ebay bestallt. Den Versand as souguer gratis!!!
Thema: PS-Elements Workshop
wuff

Antworten: 21
Hits: 73.955
RE: PS-Elements Workshop 21.02.2010 22:50 Forum: Emfroen


Jo, esou en PSE Workshop wier mol interessant, fiir gewissen ze kréien waat een do alles kann eraus huelen.
Den PS an all sénge Varianten as mir en bessi ze oniwersiichtlech an et verléiert een sech gär an all deenen Menüpunkten mat deenen en als Ufänger souwisou näischt unzefänken wees.
Thema: Liichtstark Canon Objektiv 50mm F1.4 oder F1.8
wuff

Antworten: 11
Hits: 36.792
RE: Liichtstark Canon Objektiv 50mm F1.4 oder F1.8 21.02.2010 22:37 Forum: Material


Salut!
Ech hun och sou en Jhugutsbecher vun 50mm 1.8. Daat ass nawell en feint Objektiv wann een heiansdo do bannen well Fotoen ouni Bletz maachen oder well mat der Schärftendéift experimentéieren an wéinst séngem geréngen Gewiicht an Gréisst kann een et emmer derbäi hun. Logesch as dass een fir deen Präis keen top Objektiv kritt mat allem waat technesch machbar as.

Ech benotzen mäin 50mm baal nie. Fir do bannen as et mir perséinlech schon eng ze laang Brennwäit fir do baussen ze kuertz.

Well's du welles hues méi an Richtung Portrait domat ze schaffen géing ech soen dass daat 85mm 1,8 daat richtegt kéint sin super Präis-Leeschtungs Verhältniss. Haat sou eent en Mol geléint kritt an war begeeschtert.

P.S. Ech verkaafen mäin 50mm 1,8 mat Filter fir 80€ wann's du Interesse hues.
Zeige Beiträge 1 bis 17 von 17 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH