Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 140 Treffern Seiten (7): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Méi grouss Thumbs
VeloBen

Antworten: 30
Hits: 73.144
09.01.2013 15:42 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@ Johny

Mat den Detailer opp der eegener Usersait/gallerie aus- an ablenden klappt jo ganz gut gut mee ech kann net opp der Haaptsait vun photogen resp. an den Gallerien d'Detailer vun den Thumbs gesin. Ausser dem Numm vum Bild steet naischt anescht méi do. Daat kann ech och net an den Astellungen änneren. War daat esou gewollt?
Thema: Gorillapod
VeloBen

Antworten: 8
Hits: 33.347
26.11.2012 19:32 Forum: Material


Majo Merci un iech all fier aer Tipps ! Daat huet mer wierklech gehollef. Hun dann elo den Joy SLR Zoom kaaft. Deen soll bis zu 3 kg aushaalen.
Ass awer nach ganz handlech, liicht an stabil. Genau daat waat ech gesiicht hun.
Bon, een super groussen Tele waert ech zwar net drun haenken, mee au cas fier esou als Reessstativ ass en bestemmt 1A. Ech huelen souwiesou keng schwéier Zoomen mat opp Reesen. Standard 18-50, een Weitwenkel oder eng Festbrennweit 35mm dann hun ech alles un Objektiver.

Et wier nach den Modell Joby Focus gin. Deen packt bis 5kg. Mee ass dann awer schon méi grouss an net méi esou handlech.
Thema: Gorillapod
VeloBen

Antworten: 8
Hits: 33.347
15.11.2012 22:47 Forum: Material


Merci Metalbambi !

Daat hëlleft mer firun.

Hun mol och e bessi gegoogelt. Vill Lait soen déi vun Jobi als Marke wieren gutt an et soll een och mat Kugelkapp kaafen.
Thema: Gorillapod
VeloBen

Antworten: 8
Hits: 33.347
Gorillapod 14.11.2012 20:25 Forum: Material


Salut !

Bei Reesen an méi langen Touren hun ech net emmer Loscht mein vollwertigt Stativ matzeschleefen.

Als Alternativ ass mer den Gorillapod oppgefall.

Foe un iech :
- Ass daat eppes waat dir oft benotzt?
- Wann jo waat sin aer Erfahrungen?
- Waat fier eng Modeller sin do ze recommandéieren ?

Merci am fieraus fier aer Hëllef!
Thema: Refus
VeloBen

Antworten: 186
Hits: 360.759
21.06.2012 22:24 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ab wéini start dann déi 3-Méint Testperiode ?

Opp allen meng Glëckwensch zu deem Experiment, egal wéi elo d'Resultater ausfallen waerten.
Thema: en neit Objektiv & Stativ
VeloBen

Antworten: 5
Hits: 29.037
RE: en neit Objektiv & Stativ 12.04.2012 19:56 Forum: Technik-Diskussiounen


Salut Gwen!

Ech hun daat Sigma 17-50 Objektif. Ech haat fierdrun daat 18-105. Hun daat awer verschenkt.

Zum Sigma:
Et ass zwar net graad bëlleg mee sein Praiss wert fier mech. Et ass mein Allrounder. Blend 2.8 ass bei Portraiten eng flott Saach. Eng Festbrennweit ass do zwar an deem Punkt nach besser mee eben ageschraenkt am Zoomberaich.
Ab Blend 4 stellt se schin ordenrlech scharf. Se huet och een Verwackelmechanismus.

Eenzeg Nodeeler :
- As net fier Macro gemaach.
- Net graad esou gut verschafft wéi Nikon. Beim Schaarft stellen dréint den Baussenrang mat.
- Méi schwéier am Gewiicht wéi d'18-105 vun Nikon.

Als Alternativ get et vun Nikon och nach den 16-85. Daat huet den Fierdeel vum méi groussen Zoomberaich. Ass super verschafft; mescht besser Biller wéi den 18-105. Mee en huet keng duerchgehend Blend vun 2.8 wéi den Sigma.
Thema: Software fir en Hobby Fotograf
VeloBen

Antworten: 8
Hits: 29.306
27.02.2012 22:26 Forum: Fotobearbëchtung


Et haenkt ganz dovunner off waats de alles mat denger Software wëlls maachen.
Thema: Wanterbotz (Editing)
VeloBen

Antworten: 7
Hits: 42.974
31.12.2011 13:03 Forum: Foto Forum


Et ass deng Entscheedung.

Ech fannen et just schued.

Wann bei enger Foto 10 Lait schreiwen : "Ohh wéi schéin..blabla.."an bei enger anerer Foto just een eenzegen eng "deftig" awer detailléiert Kritik schreift. Wéi entscheeds de dann ?
Thema: Wanterbotz (Editing)
VeloBen

Antworten: 7
Hits: 42.974
30.12.2011 23:22 Forum: Foto Forum


Fannen daat awer keng gudd Idee ze sortéieren wou déi meescht/mannsten Public sech (net emmer objektif an wertvoll expriméiert).

Daat ass wéi wann een Arbiter am Foussballl just nom Gebirels vum Public no enger Actioun géiff entscheeden. Den Public huet lang net emmer Recht.

Ech war deng Biller nach virun Deeg (zoufälleg) kucken.

Loss d'Biller dran wéi se sin. Et ass och eng interessant Chronik wéiss du dech iwer Joeren weiderentweckelt hues. I like it !
Thema: Meng (gruglech) Erfahrung mat Digitalwonderworld
VeloBen

Antworten: 9
Hits: 34.480
25.12.2011 15:12 Forum: Material


Zu deem shop kann ech guer naischt soen. Et mescht awer esou wéi du et geschildert hues een ganz schlechten Androck.

Just zu Canon S100: Dier ass bewosst daat eng S100 opp ganz vill Siten nemmen fierbestellbar ass ?

Ausser vereenzelten Exemplairen déi mol oppgetaucht sin fier Testzwecker, ass déi baal net oppzedreiwen well duerch d'Flutkatasrophe an Thailand d'Produktioun vun Canon dohannen eréischt am Fréijoer nees ufânkt.
Thema: check this out.
VeloBen

Antworten: 219
Hits: 615.186
10.12.2011 16:03 Forum: Allgemeng OT


Awesome link Dr. Kim !
Thema: Sigma 8-16mm F4,5-5,6 DC HSM Objektiv für Nikon
VeloBen

Antworten: 0
Hits: 26.832
Sigma 8-16mm F4,5-5,6 DC HSM Objektiv für Nikon 06.12.2011 19:12 Forum: Material


Salut!

Huet schon een Erfahrungen mat dem Objektif "Sigma 8-16mm F4,5-5,6 DC HSM" gesammelt ?

http://www.sigmaphoto.com/shop/8-16mm-f45-56-dc-hsm-sigma
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
VeloBen

Antworten: 21
Hits: 61.732
04.12.2011 21:28 Forum: Material


Ech hun souguer 3 Akkuen (dovunner war een bei der Cam dobei). Sin Canon akkuen wierklech esou schlecht ?
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
VeloBen

Antworten: 21
Hits: 61.732
RE: Wou belleg Batteriegreff kaafen? 04.12.2011 21:21 Forum: Material


@ Loki.

Ass Affaire de goût an soll jidfereen fier sech entscheeden. Ech kann och nemmen just vun Nikon schwaetzen an do haat ech nach nach nie een Problem mat der Ergonomie. Ech maachen och keng 5 Stonnen Portraitsfotographie am Héichformat. Dofier kann ech opp deem Bearaich net matschwetzen.

Bei vill Gewicht (big Zoom bei Sportsfotoen) get meng Hand och onrouheg no enger Zeit. Daat ass keen Problem bei mir vun der Ergonomie mee einfach d'Gesamtgewicht ass ze schwéier. Daat zousätzlecht Gewicht vum Batteriegreff géiff fir mech den Effekt nach verstaerken. Ech hun een Eenbeenstativ daat hëlleft dann vill an et bleift een +/- wendig genuch. Wéi gesoet ech maachen elo net dermossen Héichformatbiller.

Bei Sportsfotoen opp Nikon (D300S) erhéicht sech d'cadence duerch den Batteriegreff erheblech. Eng D300S mescht dann locker 8pics/sekonne. Daat ass een reelen Fierdeel an bei verschidden Sportarten huet een vlait och keng Zeit den Akku ze wiesselen.

Mee am normalen Betrieb huet jo mengen ech all Fotograf sein "klengen" Rucksack dobei an een Akkuwiessel geet méi schnell wéi een Objektifwiessel.

Mam "PRO" faktor wollt ech just soen daat ech opp verschidden Sportevenementer selbsternannten "Profien" begéinen déi daat deiersten an gréissenméisseg decksten Profimaterial ronderem wuchten. Esou eng Vollformat Canon oder Nikon MAT fettem Batteriegreff mescht naatirlch opp all Mensch ronderem Androck. An dann get nach iwer aner Fotokollegen utt haart geblärrt se géifen an hirer Schossline stin oppwohl een locker 15 Meter seitlech steet.

Wann ech dann denen hir Fotoen opp Internet an an den Zeitungen gesin muss ech awer dann schon schmunzelen wéi armséileg, platt an onkreativ hir Biller sin. :-D
Wéi soet schon den Shakespeare : "Much ado about nothing". Een typescht letzebuergischt Phenomen... Decksten Auto, Schéinsten Haus, fettesten Batteriegreff. :-D

Ech schweifen off....

@ Tennes: villes ass exzellent erklärt gin vun mengen Fierriedener: à toi de décider.
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
VeloBen

Antworten: 21
Hits: 61.732
RE: Wou belleg Batteriegreff kaafen? 04.12.2011 09:39 Forum: Material


Ech hun 2 Ersaatzakuen an mech huet daat +/- 120 euro kaascht. An een akku bei mir packt locker iwer 1000 fotoen.

Bei Sportsfotoen mescht een Batteriegreff Sënn well dann am mode rafale d'cadence verbessertt get.

Mee bei normalen Fotoen? Do gesin ech keen groussen Fierdeel. Ech fannen mat Batterigreff gesin verschidden Apparater net méi handlech aus. Ok fier een Laien vun baussen gesait dann esou een imposanten Apparat schon méi no "pro" aus.

'D' Gewicht hëllt och zou mat 2 Akkuen am Betrieb. Ech verstin och net fierwaat een soll Fierdeeler am Héichformat hun. Déi meescht Kamaraen sin haut schon ergonomisch esou daat een iwerall mat den Fangeren gutt hinkéint.

Ech perséinlech géiff 300 Euro fier eidelel Grëff léiwer an nei Optiken investéieren.
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen?
VeloBen

Antworten: 21
Hits: 61.732
RE: Wou belleg Batteriegreff kaafen? 03.12.2011 12:53 Forum: Material


Fierwaat brauchs de deen Batteriegreff iwerhaapt ?
Thema: Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail !
VeloBen

Antworten: 14
Hits: 36.398
23.11.2011 19:59 Forum: Allgemeng OT


Haut eng nei SIM Kaart vun LUXGSM kritt. Endlech leeft nees alles wéi et soll sin. Aus dem deieren Ipod Touch 4S gouf een Iphone 4S

Just meng TWIN kaart gouf elo desaktivéiert. Daat geet laut LUXGSM Hotline net méi fier déi mat der "neier" SIM kaart gleichzeitig ze bedreiwen. Een Technicker (wéi esou oft déi lescht 2 Wochen) riift mech nach zereck.

Affaire à suivre...
Thema: Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail !
VeloBen

Antworten: 14
Hits: 36.398
20.11.2011 10:24 Forum: Allgemeng OT


Ech hun LUXGSM + Techniker schon puermol opp der Strëpp gehaat. Den Problem trett haaptsäcchlech bei den éischten 4S opp déi ausgeliefert goufen an dann bei verschiddenen Operateuren weltweit an och notamment LUXGSM.

Iphone 4S + IOS 5.0 gung genial 1 Woche lang ! Super Sproochqualitéit, séieren Internet,...

Ab der Versioun 5.0.1 dun nemmen Problemer.

Un der SIM kaart kann net leien well dié klappt an deen "aalen" iphonen ouni Problem. Eischter ass den Problem daat den Iphone 4S ab der Versioun 5.0.1. eng méi modern SIM Kaart brauch. Fierwaat och emmer... Ech froen mech just fierwaat et dann mat IOS 5.0 super gung an elo dann 5.0.1 an deem punkt zickeg ass. Eng Verschlimmbesserung ! Opp maanst hätt oder misst Apple doropper hinweisen ! Waat bis haut net dan Fall ass.

Affaire à suivre...

Opp allen Fall waert ech an Zukunft offwaarden bis ech een Update eranspillen an mech fiert éischt mol emlauschteren wéi d'Reaktiounen sin.
Thema: Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail !
VeloBen

Antworten: 14
Hits: 36.398
Iphone 4S + IOS 5.0.1 + LUXGSM = Fail ! 15.11.2011 20:03 Forum: Allgemeng OT


Saluti!

Lued iech nemmen net den neien IOS 5.0.1 eroof. Et get dann Mega réseau problemer.

Hun elo deen deiersten Ipod touch opp der Welt. Internet geet nach +\- . Mee ech muss den Iphone regelrecht zwengen fier daat een nees kann telefonéieren oder smsen schecken.

Appleforumen stin voll domadden. An Luxgsm wees bescheed mee elo direkt keng Léisung do.
Thema: Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread
VeloBen

Antworten: 1.035
Hits: 2.623.582
RE: Irma 12.11.2011 09:56 Forum: Allgemeng OT


Blood Ceremony - "Oliver Haddo"
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 140 Treffern Seiten (7): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH