Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 36 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Wäitwénkel fir Vollformat Canon 6D
Pit

Antworten: 6
Hits: 43.234
RE: Wäitwénkel fir Vollformat Canon 6D 20.11.2017 14:25 Forum: Allgemeng OT


Wat eng uerdentlech Foto ass, kann een an Bicher, Tutorials asw nokucken. Et gëtt eben, wéi iwwerall, e pur Basisregelen, déi een meeschtens anhalen soll. Ech schreiwen lo hei bestëmmt net, wat een iwwerall nokucken kann. :-) Den Eric_1989 ass en Paradebeispill doranner, dat hien alles freet, ëmmer vun villen eng uerdentlech Äntwert krut, an dann sech dovunner foutéiert huet, fir dann ze maachen, wat hien wollt. An einfachen Wierder: Do ass Hopp a Malz verluer.
Thema: Wäitwénkel fir Vollformat Canon 6D
Pit

Antworten: 6
Hits: 43.234
RE: Wäitwénkel fir Vollformat Canon 6D 15.11.2017 12:19 Forum: Allgemeng OT


Kuck mol, dass de pur uerdentlech Fotoen mëss, mat deem, wats de hues, et leit net un den Objektiver...an huel der dat, wat anerer dir virun laanger Zäit schonns gesot hunn zu Häerz. Mee du mëss jo, wats de wëlls, dann kaf och, wats de wëlls. Deng Fotoen ginn net besser, wann Objektiver méi deier ginn....
Thema: canon 24-105 L oder sigma 24-105
Pit

Antworten: 2
Hits: 31.846
RE: canon 24-105 L oder sigma 24-105 13.10.2016 22:42 Forum: Allgemeng OT


Wéi hei schons gesot, kënnt lo den Mark II vum Canon 24-105mm an der L Versioun eraus. Mee och den aktuellen 24-105 f4/L ass besser wéi den Sigma, jiddenfalls an verschiden Tester. Kuk hei:
http://www.traumflieger.de/objektivtest/...SM/overview.php
http://www.traumflieger.de/objektivtest/...05/overview.php
An wanns de net grad eng 5Ds oder 5DsR hues, geet Verioun 1 och duer. Un enger 50 Mega Pixel Kamera bréngt déi 1te Versioun vun Canon net déi optimal Leschtung, dofir ass och den Mark II entwéckelt ginn. Ech hun vill an lang mam 24-105 f4/L geschafft an war ëmmer zefridden.
Thema: Fotomaterial leasen
Pit

Antworten: 5
Hits: 50.828
RE: Fotomaterial leasen 25.06.2016 18:29 Forum: Material


Jo, dat denken ech och....
Ech hunn awer an Daitschland och en pur Siten fond, wou dat geet...
Thema: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen
Pit

Antworten: 11
Hits: 42.688
RE: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen 25.06.2016 15:40 Forum: Allgemeng OT


Fro ass natirlech och, wats de an Zukunft dan iwerhapt fotograféieren wells.
Den 24-105 ass och dann gudd, wanns de méi 'Erennerungsfotoen' machen wells, wanns de awer d'Fotoen wells machen, déi 'méi en héigen' Usproch sollen hunn, dann solls de och an Zukunft op éichter Héichwerteg Lënsen investéieren. Sou eng Lënsen sinn natirlech méi deier, mee déi keeft een normalerweis dann och nëmmen 1 mol.
Sou wéi ech dat verstan hunn, wëlls de jo och eng Kéier Biller ausstellen (du has mol eng Kéier sou eppes gefrot, wéi een dat machen kann), an deem Fall géing ech mer awer no an no eng Ausrüstung zouléen, déi dem och gerecht gët.
Hei mol eng Prppose, wéis de firgoen kanns, well dat kascht jo och alles Suen:
Den 70-200 L hues de schon, eng Superlëns, onbedëngt halen
- als nächst en 24-70 L zouleen, dann hues de schon vun 24-200 mm ganz vill Méigelechkeeten
- duerno kanns de jo méi an den Weitwénkel goen, zB. 16-35mm L
Méi speziell Objektiver nëmmen dann kafen, wann wirklech néideg. Domadder mengen ech zB Fëschaen (8-15mm), Superwaitwenke (11-24mm) oder Makro (100mm).
Mee ëmmer drun denken, dat sou 'L' Objektiver an d'Geld ginn, an sech Fro stellen, ob een dat eent oder anert wirklech brauch. Och um Gebrauchtmaart kann een do gudd Affairen machen.
Boitiéeen kanns de nach wiesselen, Objektiver passen och dann nach.
Verkafen géing ech mol:

Canon 17- 85 mm
Canon 18-55mm (kitobjektiv canon 350D)
Tamron 10- 24 mm
Tamron 18-270 mm

An dann en 24-70mm 2.8/L II uschafen. (Och sou eent fënns de als Occasioun, dat gudd an der Reih ass). An dann intensiv mol mat deenen 2 Objektiver schaffen.
Thema: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen
Pit

Antworten: 11
Hits: 42.688
RE: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen 24.06.2016 12:04 Forum: Allgemeng OT


Wéi wär et, wanns de zum 70-200 L nach en 24-70 L kafen géings, dann kéinst de déi aner verkafen...
Do sinn vill Sachen dobai, déi sech iwerschneiden. Also huel einfach mol den 70-200 L an den 17-85 mat, dann hues de alles dobai, wats de brauchs.
Thema: Fotomaterial leasen
Pit

Antworten: 5
Hits: 50.828
Fotomaterial leasen 23.06.2016 10:13 Forum: Material


Ech war elo an den USA, an do sinn ech op interessant Offeren gestouss. Do gëtt et Fotosgeschäfter, déi Material op den Dag, pur Deeg oder op d'Woch verléinen. An dat mol net all ze deier. Sou kann een z.B. en 11-24mm Canon L Objektiv fir zirka 30 Dollar/Dag lounen. Wann een bedenkt, dat sou eng Lëns bal 3000 Euro kascht, an déi mol ausprobéieren well, dann ass dat eng gutt Saach. Och wann een mol eppes well fotograféieren, wat net alldeeglech ass, an en speziellt Objektiv nëmmen 2 oder 3 Deeg brauch, ass dat flott, wann een dann net esou eng Lëns direkt kafen muss.

Weess een zoufälleg, ob et an Lëtzebuerg oder Ëmgéigend esou eng Méiglechkeet hei gëtt.

Wann net, wär et dann net vielleicht eng Iddi, sou eppes iwwert den Veräin ze organiséieren ? Dat wär och dann flott, wann een sech en Objektiv zouleeën well, sech awer net onbedéngt sécher ass, an dat virdrun kuerz testen wëllt. Natierlech misst een kucken, wéi een sou eppes dann organiséieren an versécheren muss. Et ass elo net esou, dat ech direkt eppes sichen, mee d'Iddi an sech fannen ech net sou schlecht
Thema: Occasioun Canon 5D mk 3 oder occasioun Canon 6D
Pit

Antworten: 10
Hits: 46.932
RE: Occasioun Canon 5D mk 3 oder occasioun Canon 6D 20.06.2016 10:30 Forum: Material


Jo, richteg, hunn och lo gesin, dat fir dest Joër keng aner Kamera méi bei Canon ugesot ass. Dann ass 6D fir 2017...
Thema: Occasioun Canon 5D mk 3 oder occasioun Canon 6D
Pit

Antworten: 10
Hits: 46.932
RE: Occasioun Canon 5D mk 3 oder occasioun Canon 6D 17.06.2016 23:57 Forum: Material


Ma et kënnt net nëmmen Mark 4 vun der 5D mee och Mark 2 vun der 6D eraus. Misst am Hierscht souweit sinn. Lount sech also se warden, dann spuert een nach eng Kéier. 5D mk3 ass op alle Fall en gudd Stéck iwert der 6D, mee et hängt och dovunner of, wats de ausginn wells. 6D ass jo och net esou deier wéi eng 5d mk3. Dat selwecht zeilt fir d'Objektiv. Do get et Versioun II schons méi lang. Déi ass zwar eng Gretz besser, mee och vill méi deier. Schlecht ass dat Objektiv net. Eng gudd Sait, wou een sech informéieren kann ass hei:
www.Traumflieger.de
Do ginn Canon Objektive beschriwen an getest.
Thema: Rummen am Lightroom 6
Pit

Antworten: 8
Hits: 108.369
Photogen 05.06.2016 17:02 Forum: Fotobearbëchtung


Salut Gunman,
tjo, wat soll een dozou soen...
Fotoen kréien nach am Duerchschnëtt 200 Klicken, jiddereen kann alles eroplueden, Foto vun der Woch sinn och heinsdo nëmmen 3-5 Fotoen do fir ze wielen, an zu gudder Lescht ass et wéis de schons bemierkt hues esou, dat keen sech weider fir d'Froen vun aneren Leit inetresséiert. Kennt och nach dobai, dat Neier, déi sech bei Photogen unmëllen, keng Kritiik unhuelen wëllen, well se hir Biller fir top halen. Dobai sollt een den een oder aneren Tipp jo schons mol unheulen, well och dat ass jo d'Ziel vun Photogen. Ech wees net wat, mee muss een awer feststellen, dat bei Photogen vill falsch gemach gouf, Resultat dovunner gesinn mer jo an ass net ze verstoppen. Ech sinn net am Comité an well och net do dran, mee irgendeppes misst geännert ginn, oder et muss een zefridden sinn, wéi et elo ass...

Pit
Thema: Rummen am Lightroom 6
Pit

Antworten: 8
Hits: 108.369
RE: Rummen am Lightroom 6 05.06.2016 16:51 Forum: Fotobearbëchtung


Salut,
also am LR ass dat net sou mat engem Klick ze machen, mee en klengen Tipp:
Lued der NIK Collection erof, déi ass jo elo gratis an kann am LR agebonnen ginn. Do hues du dann vill Méigelechkeeten, Rummen ze kréeieren.

MbG aus Kalifornien

Pit
Thema: Waat ass et nach Wert ?
Pit

Antworten: 2
Hits: 37.280
RE: Waat ass et nach Wert ? 21.04.2016 11:38 Forum: Material


Am beschten, du kuks mol, wat dat alles sou am ebay nach wert ass, méi kriss de och net. Gef dat Material do ann, a kuk, wat déi dofir kréien.
Dat ass op allefall eng gudd Richtlinn.
Thema: Objektiv Tamron oder Canon
Pit

Antworten: 4
Hits: 29.017
RE: Objektiv Tamron oder Canon 30.03.2016 15:34 Forum: Allgemeng OT


Eng 6D ass eng Vollformatkamera, däin Tamron 10-22 ass speziell gebaut fir Crop Kameraen. Däin 10-22 mat 1,6 ass ëmgerechent 16-35 mm. Ech géing an denger Platz en Objektiv kafen, wat fir Vollformat konzipéiert ginn ass. Kuck och, ob däin Tamron net just nemmen mat Crop Cameraen fontionéiert, dat kéint och sin, kennen dat Objektiv awer lo net, sou dass de dat kucken misst.
Thema: Erfahrung mat Fotoreesen?
Pit

Antworten: 2
Hits: 31.737
RE: Erfahrung mat Fotoreesen? 08.02.2016 10:24 Forum: [Foto] Rendez-vous


Salut,
ech hunn zwar selwer keng Erfahrungen gemach, mee wees awer vun engem, dat z.B. dei vum Pavel Kaplun ganz flott wären.
Kuk hei:
http://www.travelwithpavel.de/
Den Typ mecht och flott Videoen iwert seng Arbeschten an get gudd Tipps of. Kuk hei:
https://www.youtube.com/user/kaplunphoto/videos
MbG
Pit
Thema: K4 Foto
Pit

Antworten: 0
Hits: 23.797
K4 Foto 29.11.2015 09:52 Forum: Material


Moien gesot,
ech liebäugelen mat enger K4-Kamera, net nëmmen, well ech och heiansdo gären en Video maachen (do geet mer HD eigentlech duer), mee well een domadder och aus den eenzelnen Frames en 8-Mega Bild eraus kann huelen. Dat ass zwar, souwäit ech weess, dann 'nëmmen' am JPEG an net am RAW Format, mee et huet een dann jo immens Méiglechkeeten, fir 'Action' Fotoen ze kréien, déi een soss net sou einfach kritt, well een jo praktesch mat 25 Biller/Sec 'fotograféiert'. Ausserdeem muss een dann net, wann een eppes filmen well, parallel dozou fotograféieren. Huet schonns een Erfahrungen mat K4 Fotoen gemaach ?
Thema: 50MPix...ween brauch dat
Pit

Antworten: 2
Hits: 29.684
RE: 50MPix...ween brauch dat 21.07.2015 08:48 Forum: Material


Moien ornitho,
ech brauch och net wirklech sou eng Opléisung. Nodeeler vun denen héigen Opléisungen sinn mer och bekannt. Ech hoffen jo mol, dat déi Biller, déi een als 'Beispillbiller' eroflueden kann net verfàlscht goufen. Ech hunn just font, dat déi 'Alldaagsbiller' wirklech gudd sinn. (hunn se hei erofgelueden: http://www.photographyblog.com/previews/...eos_5ds_photos/ ) Ech warden eigentlech gespant op 5D Mark IV, oder wéi se dann och heescht. Ech hoffen just, dat se net higinn, an den Prais an déi selwecht Richtung wéi den vun der SDS setzen, well se dann en 4K Videomodus agebaut hunn. Eierlech gesot, sinn ech nach emmer der (aalmoudecher ?) Mehnung, dat en Videofilmer eng Videokamera brauch an en Photograph en Photoapparat. Ech schaafen meng 5D Mark II och net of, wann ech mer dann sollt nächst Joer eppes aneschters zouleen, dofir ass Kamera ze gudd an du kriss net genuch méi erem. (Ass wéi fréier mat den Computer, wann en neien erauskoum). Ech machen vill Fotoen fir Modellbauartikelen, an do kéim en 2ten Body schons gudd, deen dann um Stativ doheem bleiwen kann. 5D Mark III soll jo och nach an den Geschäfter bleiwen, vielleicht kann een dann och en 'Schnäppchen' machen...Ech sinn jiddefalls gespant, wat Canon eis do nach liweren wärt.
Thema: Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread
Pit

Antworten: 1.035
Hits: 2.620.898
Lauschtert da heiten 20.07.2015 20:44 Forum: Allgemeng OT


https://www.youtube.com/watch?v=eKvYDpmSX2Y
Thema: 50MPix...ween brauch dat
Pit

Antworten: 2
Hits: 29.684
50MPix...ween brauch dat 20.07.2015 20:22 Forum: Material


Moien gesoot,
et ass jo zenter kuerzer Zait vun Canon elo déi nei 5DS eraus (an och 5DSR). Déi hunn fantastesch 50MPix. Ech hunn mer selwer emmer gesot, ween brauch dat ? Ech selwer hunn 21MPix mat menger D5 Mark II an sinn zefridden. Ech hunn mer domadder schons pur Mol eppes bei Poster XXL op 180 x 60 cm vergréisseren gelooss, allerdengs muss ech direkt soen, dat et sech dobai em Hannergrenn gehandelt huet, wou et net drop ukennt, dat déi duerch an duerch scharf sinn. Trotzdem war ech positiv vum Resultat iwerrascht, well ech hat déi vun 'Knipsbiller' am JPEG gemach. Ech hun mer lo Beispillbiller vun der neier 5DS am RAW an 50 MPix erofgelueden an mol gekukt....An lo soen ech...wow. Ech geheien lo natirlech net mein Apparat eweg an muss eng 5DS kafen, mee ech hun mer schons iwerluescht, fir mer nächst Joer eppes neies unzeschafen. 5D Mark IV soll jo och nach kommen, anscheinend mat 28 MPix. Ech froen mech just, wann den Prais dann +-den selwechten wert sinn, wat dann géint 50 MPix schwätzt. Filmen well ech lo souwisou net groussarteg, mir ass et also egal op ech 4K Video hunn oder net.
Thema: Lightroom oder Camera RAW ?
Pit

Antworten: 5
Hits: 41.662
RE: Lightroom oder Camera RAW ? 15.07.2015 18:48 Forum: Fotobearbëchtung


Merci ornitho,
dat war mol eng gudd Erklärung. Lo wees ech dat och emol. Hunn mer déi neisten Versioun DPP vun Canon och erofgelueden, schéint och net schlecht ze sinn.
Dann get lo mol domadder besschen getest, an dann muss ech kuken, wat mer am beschten leit.
Thema: Lightroom oder Camera RAW ?
Pit

Antworten: 5
Hits: 41.662
Lightroom oder Camera RAW ? 15.07.2015 11:11 Forum: Fotobearbëchtung


Moien gesoot,
ech schaffen well nemmen nach am RAW Format, well een do wirklech méi aus engem Bild nach eraus huelen kann. Wann ech mer lo awer den Camera RAW am Photoshop ukuken, an deen mam Lightroom verglaichen, gesinn ech net direkt, firwat et den Lightroom get. Et ass praktesch dat selwecht oder hunn ech do eppes iwersin ?
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 36 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH