Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 27 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Servicewüst Lëtzebuerg
Cypress

Antworten: 17
Hits: 50.277
07.08.2014 13:52 Forum: Material


Ginn Dir Recht, Johny.

Dat Meescht kaafen ech och online, bis op Klengegkeeten (neien Akku asw.), déi ech direkt muss (oder wëll ;o) hunn.

Grouss Ausnam: D'1DX hunn ech awer beim Mirgain kaaft, well ech mech éierlech gesoot net getraut hunn, esouvill Souen auszeginn, ouni direkt eppes an de Grapp ze kréien, sou wéi dat beim Internet de Fall gewiecht wiër. :-/
Thema: Servicewüst Lëtzebuerg
Cypress

Antworten: 17
Hits: 50.277
RE: Servicewüst Lëtzebuerg 06.08.2014 19:26 Forum: Material


Salut Gaga,

muss Dir Recht ginn; besonnësch sympathesch sinn se beim M&H wierklech nët ëmmer. (Hunn wuehl déi eng oder aaner Kéier all Mënsch vun deene schon eemol guttgelaunt erliewt, awer eben net duerchgehend. An dat ass schued, well esou behält ee kee Client!)

Allerdings wuar ech och schon bei der Konkurrenz géigeniwer op der Escher Strooss, an do haaten se d'Frendlechkeet och net grad matt Läffele gefriess.

Bleiwt nach de Fotograf zu Remëleng. Hunn zwar keng Erfahrung do, an et läit och net grad op mengem Wee, mä ech haat viru kuerzem e Bericht iwwert d'Véronique Kolber bei der RTL-Artbox gesinn an do huet mir den Här aus dem Buttéck immens sympathesch geschéngt. Problem ass, dass hie schon eeler ass an hien scho wollt ophaalen, an ech nët wees, op dat nachganz laang dauert.

Mä falls hien nach do ass, wärt ech als nächst do eemol laanscht kucke goen...
Thema: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ?
Cypress

Antworten: 6
Hits: 33.799
RE: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ? 06.08.2014 19:16 Forum: Material


Merci och fir Deng Äntwert, Schluck !

Schätzen, den 28-300 ass wierklech net esou daat. :-(

Wéi mechs Du et dann antëschent? Schaffs De matt 2 Boîtieren, esou wéi den Gianni et och virgeschloen huet? Oder hues Du en aanert "All-in-One"-Objektif fonnt?
Thema: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ?
Cypress

Antworten: 6
Hits: 33.799
RE: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ? 04.08.2014 16:57 Forum: Material


Salut Gianni,

Merci fir Däi Retour.

Effektif sinn d'Meenungen bspw. op Amazon och zweegedeelt. An déi Leit, déi sech géint den 28-300 ausschwätzen, brengen déi selwecht Argumenter vir a Punkto Bildqualitéit ewéi's Du.

Dat mam Schiebesystem wuar mir bewosst, mä ech haat bis well keng Erfahrung matt esou Objektiver, kann do also net mattschwätzen, wat Knascht an Handhabung betrëfft.

Deng Idi mam 100-400 ass leider net esou dat, wat ech mir virgestallt hunn. Am Teleberäich sinn ech fir meng Besoinsen am Fong mam 70-200 voll ofgedeckt. Mär ass et éischter drém gaangen, e "Kombi-Objektif" Wäitwénkel + Tele à Dispo ze hunn. An du sinn ech eben op den 28-300 gestouss. Mä vläicht gëtt et jo och ën annert ewéi den 28-300, wat déi 2 Beräicher (einegermoossen kompetent) ofdeckt (?)
Thema: stock photography
Cypress

Antworten: 12
Hits: 51.324
04.08.2014 16:47 Forum: Misc


Fir déi, déi et interesséiert - si nach op deen heite Link gestouss:

http://www.photoarchivenews.com/flickr-e...censing-market/
Thema: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ?
Cypress

Antworten: 6
Hits: 33.799
Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM - Yay or Nay ? 03.08.2014 23:00 Forum: Material


Hallo,

Ween huet Erfahrung matt deem Objektiv ?

Lount et, sech dat nach unzeschaffen, well et huet jo schon e puer Joer um Bockel?

Zur Erklärung; ech schaffen normalerweis matt 28-70 2,8 (I) an 70-200 2,8 (I), mä bei verschidden Events (am Dag) a bei Street-Fotoe wier et scho flott, net andauernd missten d'Objektiv ze wiesselen.

Also: Canon EF 28-300mm/1:3,5-5,6 L IS USM = eng gutt Wiël als "Immerdrauf" ?

Wat mengt Dir ?

Merci fir Äre Feedback.
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun
Cypress

Antworten: 49
Hits: 149.078
29.07.2014 18:40 Forum: Misc


Onofhängeg vun der ganzer Diskussioun hei ëm d'Copyright-Rechter: BRAVO fir déi doten Décision vun den indesche Responsablen !
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun
Cypress

Antworten: 49
Hits: 149.078
26.07.2014 16:38 Forum: Misc


Effektiv kann déi Diskussioun ganz schéi wäit goen, wéi Däi Beispill weist !

Op "green mode" fotograféieren ech zwar net méi, mä - wéi schon geschriwwen - och wann Alles am Viraus agestallt ass, hunn déi meeschte Leit nach ëmmer déi fâcheuse Tendenz, fir op d'mannst eemol am Rëng ze dréinen an den Ausschnëtt ze änneren, ier si ofdrécken. Soumatt sinn si / gi si theoretësch zum Deel och den "kreativen Artist".

Mol ofgesinn dovun, dass déi Leit, déi herno d'Foto kucken, soe wärten: "Dat kann net Deng Foto sinn, Du bass jo selwer matt drop." (Op d'Idi, dat eng Foto och kann matt Fernausléiser entstaane sinn, kënnt anscheinend och keen! )

Mengen, et bleiwt zum Schluss wierklech bei der Erkenntnis vum Marc...de beschten Affekot gewënnt. :-(
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun
Cypress

Antworten: 49
Hits: 149.078
24.07.2014 21:36 Forum: Misc


Merci fir Deng Äntwert, Marc.

Keng Angscht - et wuar eng reng theoretesch Fro zur Zäit.

Mä genau wei´s Du wuar ech och schon oft an esou Situatiounen. An och ouni Bletz dabäi ze hunn, an och, wann ech am Viraus alles agestallt hunn um Apparat, hunn d´Leit oft Tendenz, op d´mannst eemol um Zoom hin- an hierzedreinen, an domatt de Bildausschnett ze änneren, sou dass eben si selwer erem de "kreativen" Auteur vun der Foto ginn. Augenzwinkern

Elo geif ech jo soen, ech stelle mäin Numm am Fotoapparat an, fir dass en an den Exif-Dateien optaucht, - an dat wier dann d´Garantie fir de Copyright, mä ech wees net, ob Exif-Daten net och kenne manipuleiert ginn (?)

Dofir ass fir mech (zur Zäit) dei eenzeg Methode, fir ze "beweisen", dass de Copyright bei mir läit, andeems ech sämtlech Fotoen vir an no der bewosster Opnahm haalen, fir kennen opzeweisen, dass dei Foto eng Episode an enger geschlossener Fotostreck ass.

(PS: Sorry fir dei feelend Accenter am Text, mä meng Tastatur mengt, si misst haut Däitsch schreiwwen Augenzwinkern
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun
Cypress

Antworten: 49
Hits: 149.078
Copyright - Konferenz / Diskussioun 23.07.2014 06:30 Forum: Misc


Moien,

Hunn eng Fro zum Copyright, déi vläicht och schon hei am Forum gestallt gouf...

Wann ech en Event fotograféieren matt x Leit drop, an zum Schluss drécken ech engem Aneren den Apparat an de Grapp, fir selwer op enger Foto vum Event drop ze sinn, ween huet dann de Copyright fir des Foto?

Ech, well et mäin Apparat ass? Oder deen aaneren, deen ofgedréckt huet?
Thema: Reparatur vun engem Ecran
Cypress

Antworten: 2
Hits: 25.894
RE: Reparatur vun engem Ecran 09.02.2014 09:34 Forum: Allgemeng OT


Moien,

vläicht kann dat heite jo (an Zukunft) hëllefen...

http://www.wort.lu/de/view/repair-cafe-i...4b013b24c8ee295

MbG
Thema: Datesëcherung ?
Cypress

Antworten: 13
Hits: 36.644
Datesëcherung ? 24.08.2013 15:36 Forum: Misc


No mengem leschte Thread ("Daterettung") an dësem Forum, hei dann mol nach eemol eng Fro, déi drun uschléisst, interessenshalber.

Wéi macht Dir et dann all matt der Datensëcherung?

- 1 externen Harddisk an den Disk vum PC/MAC ?
- 2 extern Harddisken?
- Cloud?

a virun allem

- Halt Dir Är Fotoen ëmmer op den Späicherkaarten, oder gebraucht Dir déi ëmmer nei?

Merci fir Äre Feedback! :o)
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
24.08.2013 15:31 Forum: Misc


Salut gogo,

Gottseidank hun ech keen neien Harddisk vum selwechten Typ misse kaafen. Haat zwar op eBay gekuckt, mä do wuar keen esou ze fannen. :o(

Wuar duerno op Amazon ënnerwee, an hätt en do och nei kënne kaafen, mä daat hätt mech dann tëscht 150 an 200 EUR kascht. Fir daat Ganzt dann duerno auserneen ze huëlen, wären daat vill Souen gewiëcht. :o((
(Mä ech hätt et natiirlech gemeet, fir erem un d'Foto'en ze kommen!)

Dofir wuar ech frou, dass dem Loki seng Léisung (kuck méi wäit uewen) esou einfach a bëlleg (matt nëmmen 15 EUR) geklappt huët.

Soën Dir awer och nach eemol MERCI fir Däin Support! :o)
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
24.08.2013 15:26 Forum: Misc


Salut Johny,

Tjo, un sëch WUAR den Harddisk mäin Backup, well a lëschter Zäit mäin PC schon öfter Problemer gemeet huet. (Leeft nach ënner XP SP2).

Et konnt jo keen wëssen, dass deen (baal) nagelneien externen Harddisk nach virun mengem PC de Geescht opgët! ;o)

Un sëch ass eet och nëmmen opgefall, dass eppes mam Harddisk nët klappt, well den Disk vum PC bis uewen hin voll wuar, an ech hu missen Fotoen erausläschen, fir neier kënnen ze verschaffen. Et wuar awer also e wéineg manner schlëmm wéi een konnt mengen. Eenzelner, déi um externen Harddisk soss verluer gaange wiëren, haat ech entweder nach um PC, oder op den Compact Flash Kaarten. AWER eben nët méi all.

Dofir ass et gutt, dass dem Loki seng Solutioun geklappt huet.

Zur Sëcherheet hun ech elo alles op 2 neien externen Harddisks opgespäichert. ;o)

Soen Dir och nach eemol Merci fir Deng moralësch Ennerstëtzung! :o)
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
RE: Daterettung ? 24.08.2013 15:17 Forum: Misc


Salut Miau,

jo, "Microshop" hat ech och als Referenz fonnt, mä déi ganz Boîten ginn nët vill iwert sëch an hir "Geschäftspraktiken" präis. A verschidden Fäll fënd een mol keng légal Adress hei am Land, just e Postfach, fir d'Sachen eranzeschëcken.

Dat Ganzt huet mir e wéineg zweifelhaft erschëngt, an ech wuar frou, dass bei mir eng einfach aaner Léisung méijlech wuar. (Kuck meng Äntwert un de Loki.)

Merci awer och fir Deng Hëllef an deeër Saach! :o)
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
RE: Daterettung ? 24.08.2013 15:12 Forum: Misc


Salut Loki,

Huet e wéineg gedauert, bis ech äntwerte konnt, well ech deen IDE/SATA-Kabel mol als éischt hu missen am Ausland bestellen, an daat huet schon eng gutt 10 Deeg gedauert, an dann muss een och nach Zäit fannen, fir déi Saach do unzegoën. ;o)

Fir et direkt mol kuerz so maachen: ET HUET GEKLAPPT, an ech sinn doudglëcklëch doriwer!! *juhuu*

VILLMOLS MERCI, LOKI! :oD

An hei elo den Detail:

D'Ofschrauwe vun der Platine wuar wierklech kee Problem, an esouguer déi Plastikskëscht ronderem hun ech matt 2 Tournevissen auserneenkritt, ouni dass eppes opgebrach ass. ;o)

D'Uschléisse vum IDE/SATA Kabel wuar och onproblematësch, och wann d'Beschreiwungsheft, wat derbäi läit, absolut minimal ass (op den S/W Fotoen, déi dran ofgedruckt sinn, ass wierklech net vill ze erkennen). Fir déi, déi och eng Kéier an de Fall kommen: den Kabel wuar vun DIGITUS an huet mech 15 EUR kascht. (Einfach bei Amazon ënnert "Digitus USB 2.0 IDE und SATA Festplattenadapter" sichen.)

Ech hat den PC zwar ganz zougemeet an frësch démarréiert, wéi's Du soos, mä et ass näischt geschitt am Ufank. No 2, 3 Mol probéieren an och Uschléissen un de Mac wuar ech schon baal verzweifelt, bis ech gesinn hun, dass ënnen an der Këscht vum Adapter nach en zweeten Stromkabel luch. (Et geet een matt 3, an een matt 4 Bannekabelen. Deen, deen bei mir leeft, ass deen matt 4 Bannekabelen.) Wéi gesoot, op der Foto vum Guide huet et ausgesinn wéi de Kabel matt 3 Bannekabelen, an et stung och en néierens, dass 2 esou Kabelen an der Këscht luchen.

Wéi ech bis de richtege Kabel hat, ass deen aalen Harddisk zwar direkt ugelaaf, mä et huet mir näischt gedingt, well en hunk zu deem Moment um MAC, an deen huet nëmmen 2 USB-Uschlëss. Ech hätt der awer 3 gebraucht. (Den "Festplattenadapter" brauch schon alleng 2 USB-Uschlëss, an ech hätt nach en 3. gebraucht, fir den neien Back-up-Harddisk unzeschléissen.)

Also zerëck un den PC. Bon, aanescht wéi de MAC huet den PC awer gemengt, heen misst als éischt eemol eng "Konsistenz-Prüfung" vu mengem aalen Harddisk maachen. Déi Iwerpréifung huet irgendeppes tëscht 16 an 22 Stonnen gedauert. (Genau kann ech et nët soen, well dat Ganzt huet irjendeng Kéier an der Nuëcht opgehal.)

Duerno nach déi ganz Fichieren eriwerkopéieren (nach eemol en halwen Dag), et voilà! Le tour est joué! ;o)

Kann Dir soën, e groussen *UFFF* vu menger Säit, wéi ech dat Ganzt hannert mer haat! :o)

Nach eemol en dëcke MERCI un Dech.
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
RE: Daterettung ? 06.08.2013 18:22 Forum: Misc


*Update*

Hun an tëschent mat engem Kolleg geschwat, den Informatiker ass an esou extern Harddisken schon e puer mol "gerett" huet. Seng Meenung: an deene meeschte Fäll ass et e Problem mam Motor, an deen ass meeschtens mol nët futti, mä hänkt an engem "Loop" fest, deen verhënnert, dass dat Ganzt start. Heen probéiert en elo aanescht ze starten wéi iwert den Netzstecker.

Wann daat allerdings näischt dingt, soot heen, ass nët méi vill ze maachen, well d'Motoren neierdings "bannen" am Harddisk ënner Vakuum agebaut ginn. A fir esou een ze ersetzen, misst een d'Këscht opmachen, de Vakuum ass fort, an de geringste Stëpskär geet dann duer, fir dass d'Donneeën futsch sinn.

Ass dat och Deng Erfahrung?

Ech soll him den Harddisk mol d'nächst Woch mattbrëngen, fir dass heen op d'mannst probéiere kann, den Motor extern nei ze starten...
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
RE: Daterettung ? 06.08.2013 18:18 Forum: Misc


Salut,

Ma genau esou wéi's Du soos. Virun e puer Wochen nach ganz normal Fotoen ofgespäichert, duerno ofgeschloss, USB-an Netzstecker eraus, dat Ganzt stëps- a schockfräi verstaut.

Déi Kéier drop: näischt méi! Keng Liichtchen déi méi ugeet, gee Geräisch, dass de Motor uleeft, an natirlech och keng Meldung um PC, dass en externen USB ugeschloss gin ass.

Hun a tëschent schon eemol den Netzstecker getosch, och eng aaner Stëckdous probéiert, an esouguer den PC géint de Mac ersaat. Mä den Harddisc gët nach ëmmer kee "Pieps" vu sëch!
Thema: Daterettung ?
Cypress

Antworten: 15
Hits: 37.613
Daterettung ? 05.08.2013 18:20 Forum: Misc


Salut,

Huet een eng gutt Adress vun enger Firma fir Daterettung (Fotoen) hei zu Lëtzebuerg? Mäin externen Harddisk (Buffalo, 2 Terra, mat Netzstecker) réagéiert net méi.

Hun 2 Linken hei am Land fond: www.stellar.lu an www.microshop.lu, mä bei deenen 2 schéint et net esou ze sinn, dass een selwer do optauche soll, mä et soll een einfach den Harddisk per Post eraschëcken.

Huet een Erfahrung matt enger vun deene Firmaen oder matt enger aanerer?

Merci vir all Feedback.

PS: Jo, ech wees, et soll een alles duebbel ofsëcheren, mä ween denkt schon ëmmer dodrun?
Thema: Spot fier en autoshooting gesicht
Cypress

Antworten: 8
Hits: 29.734
RE: Spot fier en autoshooting gesicht 12.09.2012 22:48 Forum: Allgemeng OT


Salut,

Wann et e bessi eng méi "nobel" Ambiance soll sinn, kënnt Dir probéieren, fir am Schlass zu Ansebuerg ze photographéieren (um halwen Wee tëscht Koplescht an Tënten).

Hun nach nie selwer am Bannenhaff photographéiert. D'Schlass selwer ass privat, mä d'Gärt sinn (anscheinend) öffentlech zougänglech. (War bis elo 2x selwer do, an haat bis elo nach keng Problemer.)
Beim Bannenhaff sinn ech mir nët sëcher. Mä déi eng oder aaner Photo diërft nët stéieren, ging ech mengen....

Bonne chance.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 27 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH