Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 16 von 16 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Kaafberodung: Kompakten "Superzoom"
chrisykris

Antworten: 0
Hits: 18.263
Kaafberodung: Kompakten "Superzoom" 09.12.2013 11:54 Forum: Material


Hello léif Leit!

Ech wees, ech wees, eng kompakt Superzoom bitt nie eng Bildqualitéit, déi een an alle Beräicher zefridde stellt.
Mee dofir hunn ech jo meng 5D MkII mat déier ech ganz glécklech sinn.
Fir d'Rees, an déi spontan Schnappschëss, ass déi awer net déi komfortabelst Léisung, an dofir soll zur Ergänzung eng kompakt "Superzoom" an den Arsenal.
Wéi gesoot sinn ech en zefriddenen Canon-User, mee beim Liesen vu verschiddenen Tester am Internet, huet werder Canon, nach Nikon mech an deser Kategorie iwwerzeegen kënnen. Ech tendéieren do éischter zu Panasonic (TZ41), déi bal identesch mat der Leica V-Lux 40 ass, just am méi bëllegen, oder Sony (HX50). 300€ ass och de Präis den ech bereed wier auszeginn.

Ech wollt elo eben vun ierch wëssen, ob een vun ierch Erfahrungen mat enger ähnlecher Kamera konnt maachen, an/oder ob een mer kann en gudden Rood oder Tip ginn.

Villmols Merci am Viraus!

Fridden an Léift!
Chrisykris
Thema: Kann ee mer e Makro léinen w.e.g.? :)
chrisykris

Antworten: 0
Hits: 17.989
Kann ee mer e Makro léinen w.e.g.? :) 29.10.2013 10:50 Forum: Material


Schéine Gudde Moien!

Ech hunn d'Méiglechkeet en gudden Dia Duplikator geléint ze kréien, mat Hëllef vun dem ech verschiddenen Leit aus der Famill kéint en genialen, nostalgeschen Chrëschtkado kéint fabrizéieren. Ech bréicht awer dofir en Makro-Objektiv (min. 1:1) fir op meng Canon 5D Mark II.

Well ech awer guer keen Makro-Amateur sinn, bréicht ech dat Objektiv héchstens 2-3 Deeg.

Ass iergendeen vun ierch léiwe Leit bereet mir säin Makro (et muss och net den deiersten L-Modell sinn) fir 2-3 Deeg ze léinen, och gären géint eng Géigeleeschtung an mat Locatiounskontrakt smile

Léif Gréiss,
De Christophe
Thema: Foto.lu Printservice
chrisykris

Antworten: 55
Hits: 157.697
27.07.2013 11:12 Forum: Projet Virstellungen


www.whitewall.de
Ech hat nach swer keng Gelegenheet do ze bestellen, mee ech hunn d'Prints privat bei engem Koleeg gesinn an och zu Diddeléng am CDMH hunn se scho Prints do an Optrag ginn fir hier Ausstellungen. Super Qualitéit.
Et ass allerdings och net geschenkt!
Thema: Triggertrap
chrisykris

Antworten: 2
Hits: 49.579
RE: Triggertrap 19.12.2012 22:45 Forum: Multimedia


Ech hunn sou een säit e puer Wochen, hat awer nach leider keng Zäit en ze probéieren. Ech freeën mech dofir op d'Vakanz an den Alpen Augenzwinkern
Thema: Starlight - Timelapse Video
chrisykris

Antworten: 10
Hits: 37.764
RE: Starlight - Timelapse Video 27.11.2012 19:49 Forum: Multimedia


Ech fannen en ass der ganz gutt gelongen, d'Musék passt an ech si ganz gespaant op den nächsten!
Keep up the good work!
Thema: Photoshop Projet VI
chrisykris

Antworten: 72
Hits: 141.079
ok... 21.10.2012 21:40 Forum: Projet Virstellungen


...dat sinn natierlech Argumenter déi d'Saach ganz kloer maachen. Ech hat dat alles net mat a Betruecht geholl. Et léiert een all Dag bäi!
Merci dir 2!
Thema: Photoshop Projet VI
chrisykris

Antworten: 72
Hits: 141.079
En attendant... 21.10.2012 11:40 Forum: Projet Virstellungen


Während ech gespaant sinn wéi eng Wäschlénkt op d'Resultat, wollt ech éichtens emol soen, dass et mir immens vill Spaass gemaach huet an ech d'Iddee wierklech genial fannen an mer kéint virstellen méi oft un sou eppes ze fréckelen.
Zweetens, wollt ech nofroen, ob et e speziellen Sënn huet, dass mer eng psd-datei weiderreechen?
Ech hu mech nämlech gefroot, ob et net méi einfach wier, an och méi dem Geescht vun dem Ganzen entspriechend, wann mer eng jpg-Datei all Kéiers weider géingen reechen. Well et soll jo u sech net drëm goen, un déi eenzel Layer vum Virgänger spillen ze goen, mee eppes ganz neies mat eran ze bréngen!? Dat géing an engems d'Weiderreechen u sech och méi einfach maachen, well d'Gréisst vun der Datei em sou munches méi kleng wier.
Thema: Photoshop Projet VI
chrisykris

Antworten: 72
Hits: 141.079
08.10.2012 16:38 Forum: Projet Virstellungen


de mueren hunn ech et un den Paul-W weidergeschéckt, dierft also net méi allzelaang daueren.
Thema: Location-Map
chrisykris

Antworten: 12
Hits: 34.650
Super Iddi 06.10.2012 14:51 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Fannen ech och eng super Iddi!!
Thema: hyperfocal distance
chrisykris

Antworten: 5
Hits: 38.183
Och vläit interessant... 02.10.2012 18:35 Forum: Foto-Techniken


Ech wees net, ob dat do hëllft, mee ech sinn beim adorama youtube channel "abonnéiert" an hat dat do virun e puer Wochen gesinn:

http://www.youtube.com/watch?v=yqAXR94X0T8
Thema: Photoshop Projet VI
chrisykris

Antworten: 72
Hits: 141.079
23.09.2012 01:05 Forum: Projet Virstellungen


Ech sinn zwar e bluddegen Uffänger, mee ech fannen d'Iddi top, erënnert mech un d'Telefonspill wou ech e klengen Butz war smile

1. Metalbambi
2. GAGA
3. Alex
4. suraki
5. leheinen
6. chrisykris
Thema: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565
chrisykris

Antworten: 6
Hits: 30.561
RE: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 22.08.2012 16:44 Forum: Material


Also ech wëll dech wierklech net iwwerzeegen oder sou, ech proposéieren der just dir ee vu mengen Yongnuo ze léinen fir e puer Deeg. Vläit kenns du jo och een den dir en Nikon kann léinen an dann kanns de gutt vergläichen.
Ech hu meng zwee hei bestalt: http://stores.ebay.de/mekingequipment/yo...d=p4634.c0.m322
An hunn och schon aner Saachen do bestalt an war ëmmer zefridden.

Wat eben e Plus ass beim YN, falls de entfesselt wëls blëtzen, wann en der eemol fällt oder sou, kräichs de manner Suen no. An du kriss der eben 4 fir de Präis vun engem (reduzéierten) Nikon.

Mee bon, Nikon ass eben Nikon an dat bleift och esou smile
Thema: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565
chrisykris

Antworten: 6
Hits: 30.561
21.08.2012 20:38 Forum: Material


Hello MM!

Hei ass wahrscheinlech eng gutt Äntfert op deng Fro an, wéi ech mengen, gutt Argumenter fir géint de Mythos unzekämpfen, dass alles wat bëlleg ass automatesch schlecht ass (och wann et meeschtens wierklech esou ass, awer d'Ausnahmen bestätegen d'Reegel...)
http://www.youtube.com/watch?v=RtFX3vveKHA&feature=g-user-u

Ech hunn den 565 I (2 Stèck) an fir manuell ze blëtzen sinn se perfekt. Mee bon, meng Erfahrung soll der keng Referenz sinn, well ech hunn nach net vill Zäit gehaat mech eran ze schaffen.

Hoffen ech konnt der hëllefen.

LG
Christophe
Thema: fir iPhone User interessant
chrisykris

Antworten: 2
Hits: 24.926
fir iPhone User interessant 05.06.2012 20:35 Forum: Multimedia


Salut Community...

Ech hunn iwwer Twitter en interessanten Artikel op Petapixel font, den dovu schwätzt, wisou a wéi een seng "Locations" katalogiséieren kann, déi een dann einfach kann ofruffen wann een eppes fir e Shooting sicht.
An dem Artikel get och eng iPhone App virgestalt, déi engem dobäi hëlleft Locations ze katalogiséieren an mat aneren User aus der Emgéigend ze sharen.
D'App heescht LocalShoot. Leider get et hei fir Lëtzebuerg an Groussregioun nach keen Eintrag. Schued... Vläicht sinn der ënnert Ierch déi dat wéilten e bëssen opbauen. Ech wier dobäi...

Hei nach de Link zu der App:
http://shootlocalapp.com

An zum Artikel:
http://www.petapixel.com/2012/06/04/keep...-and-backdrops/

LG
Christophe
Thema: Speed Foto Concours
chrisykris

Antworten: 3
Hits: 32.980
16.04.2012 19:17 Forum: [Foto] Rendez-vous


Kléngt ganz interessant!
Bréicht een dann fir d'Léinen vun der Lomo näicht ze bezuelen? Vu wem kritt een déi dann?
Ech wier interesséiert, a gespaant méi Detailer gewuer ze ginn, falls et sech konkretiséiert.

MbG
Christophe smile
Thema: Fotocoursen
chrisykris

Antworten: 5
Hits: 30.162
Fotocoursen 21.11.2011 20:57 Forum: Allgemeng OT


Hola Community!!!

Ech sinn absolutten Amateur, mee en ambitionnéierten. Ech hunn nach en aneren, "Hobby" (méi am Beräich Equippesport) den relativ zäitopwendeg ass, mee bei dem ech an noer Zukunft Wëlles hunn d'Schong un den Nool ze hänken. Dann ass iergendwann Nowues geplangt a spéidstens dann wëll ech en gudden bis ganz gudden Amateur sinn smile
Literatur hunn ech schon genug verschlongen an ech mengen d'Basics kennen ech lo relativ all.
U wat et mer feelt ass un e bëssen besseren Objektiver an un engem Mentor den mer d'Praxis e bësse méi no ka bréngen.
Kënt dir mech u Leit verweisen, déi Coursen haalen? Vläicht e bëssen méi spezifescher, an net nëmmen d'Basics?

Merci alt fir är Hëllef!!!
Christophe
Zeige Beiträge 1 bis 16 von 16 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH