Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 8 von 8 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Foto.lu Printservice
rhconcept

Antworten: 55
Hits: 157.693
02.03.2009 14:08 Forum: Projet Virstellungen


Daat énzegt waat ech nach um Site vermëssen sin d'Versandkäschten. Wann déi o.k. sin, wéss ech wou ech an Zukunft meng Fotoen bestellen, well d'Präisser vun de Fotoen sin fir mech ganz o.k. a vu dass en och kann mat Paypal bezuelen ass och en Atout.
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren)
rhconcept

Antworten: 103
Hits: 181.700
12.02.2006 22:45 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


waat ech wollt soen ass, dass de niewend den fotoen déi am méschten gekukkt goufen oder denen déi déi bäschte bewertung vun de meberen kruuten eben déi häss déi de jury als top fotoen bewärt, da wir jidderengem iwerlos waat hien intresséiert. also keng mixtur tëschend dem voting vun de memberen an dem jury ma an dem menu just de choix vun den beschten fotoen vum jury.
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren)
rhconcept

Antworten: 103
Hits: 181.700
12.02.2006 09:44 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Fannen et wéi z.B. um site vun www.zyeuter.com gudd déi proposéieren e choix tëschend "les plus vues", "les plus vôtées", "les plus commentées" an dann eben "notre choix" daat héscht dem jury seng äuswiel.
Thema: Sensor Botzen
rhconcept

Antworten: 43
Hits: 104.228
30.01.2006 15:04 Forum: Foto-Techniken


kukken mol op ech d'rechnung nach fannen.
Thema: Sensor Botzen
rhconcept

Antworten: 43
Hits: 104.228
28.01.2006 10:31 Forum: Foto-Techniken


sorry dass ech elo réischt äntwerten, haat deng froo iwersinn. Ech hun iwert google eng firma an england fond, déi direktversand mëcht, kann der den numm lo awer nët méi soen, ech hun online bestallt, d'portokäschten waren ganz o.k., bezuelt mat visa-kaart an an enger woch war de pächelchen do.
Thema: Visagisten
rhconcept

Antworten: 3
Hits: 19.996
RE: Visagisten 23.01.2006 18:24 Forum: Misc


Stëmmt ganz sëcher ma wou sin se? Ech hun nach ként fond. Gudd ech wunnen ganz hei uewen an der "Brousse", an der Stadt ass et "villäicht" méi einfach. Ma et ass do ganz oft wéi mat de Modellen. Déi déi nach léieren an Idiien an Talent hun, verdingen sech an dàr zäit léiwer en zousätzlicht Täschegeld oder hun einfach keng Loscht ugedanzt ze kommen, wann de Fotograf Zäit an e Modell huet, fir e Shooting ze maachen.
De problem hu mir nët nëmmen hei, ma och am Äusland. Artis Belgique léisst de Problem z.B. sou dass e puer Fotografen zesummen e Fotoworkshop an engem Studio de Weekend maachen, an sech d'Käschten fir Model(en) a Visagist(in) deelen.

Firwaat nët mol ënnert den Annoncen no sou Fräiwëllegen sichen?
Thema: Modeling Agency
rhconcept

Antworten: 23
Hits: 54.244
e klengen Erfahrungsbericht zum Thema Model Agency 13.01.2006 20:41 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Wéi ech virun ca. 5 Joer endlech iwert Ebay bëlleg zu enger Studioblëtzanlag koum an nodeem ech mir fir unzefänken all néideg Accessoiren, wéi hannergrënn a.s.w. selwer gebastelt haat an déi éischt Afferen opgedriwen haat, déi berét waren ze poséieren, haat ech och schon de Gedanken sou eng Art Model Agency iwert Internet ze grënnen. An dene 5 joer hun ech och bis elo ungeféier 80 Médercher fond, déi Model stoungen, nom prinzip TFP (time for prints), lo am digitalen Zäitalter ass et dann TFCD. Ech hun hinen e klenge "Book" op mäi Site gesaat an haat och regelmässeg Ufroen, seriöser an leider och tonneweis där aanerer. Waat mech allerdings ganz oft frustréiert huet ass, dass bei intressanten Ufroën z.b. Moudefotoen fir den Télécran oder fir en Défilé, suguer e puer och finanziell intressant Ufroen z.B. fir en CD Cover den zu Paräis sollt gemaach gin, méschtens d'Médercher ze bequem waren fir sech ze déplacéieren, oder keng Loscht a keng Zäit haaten. Daat ass nun mol typesch fir Letzeburg. Wann ech do vergläichen, dass Médercher mam Zuch vu Bréissel bis op Libramont kommen, vun do äus mam Bus op Bastnëch wou ech se dann oofhuelen, obwuel et jo zu Bréissel masseg Fotofrafen gët, an daat nëmmen fir hiren égene Book ze vergréisseren dann ass daat schon é Beispill virwaat hei zu Lëtzeburg nët vill an dem Beräich leeft.
Virun e puer Joer gouf et mol e Versuch eng richteg model Agency hei opzemaachen "LookModels", ech war déi mol besichen, sie haaten jede Menge Medercher déi intresséiert waren an eng Sedcard oofgin hun, ma et war nët vu laanger Dauer. Waat lo de professionnele Secteur ugét, huelen ech un dass eis gutt Pub-Agenturen am Äusland rekrutéieren. Waat Fotografen an dem Beräich hei ugét, ass et haaptsächlech den Yves Korthum den an der "Beauty" a "Moude"-Branche vu sech schwätze mecht.

Waat intressant wir, a mir scho ganz laang virschwärmt wir innerhalb vun engem Forum oder enger ASBL sou eng Art Agency ze grënnen, fir Fotosamateuren, nom Beispill vun "Artis Belgique". Daat gët de Modellen vill méi Sëcherhét, dass se nët op sougenannten "Faux-tographen" erafaalen, an den fotografen d'Chance op déi Médercher hei zu Lëtzeburg kënnen zrëckzegräifen, déi Fréd um Poséieren an un der Fotografie am allgemengen hun. Ech hun an der Tëschenzäit an der belsch mat 3 Médercher geschafft, déi durch d'Poséieren, d'Fréd um Resultat an un der Studiotechnik an der Tëschenzäit d'Roll gewiesselt hun an lo hannert der Kamera stinn, an durch hir Erfahrungen als Modell genial Fotoen maachen.

Wann mol eppes an dem Sënn kéint hei entstoen, do wir ech gären derbäi.
Thema: Sensor Botzen
rhconcept

Antworten: 43
Hits: 104.228
Sensor botzen 12.01.2006 22:11 Forum: Foto-Techniken


Hun stonnelaang am Google no Siten gesicht an och e Riesekoup Bäitäg zu dem Thema am Netz fond. Hu mir dunn Eclipse Botzflëssigkét op Basis vu Methanol a Pec Pads an England bestallt, eng aal Kreditkaard op d'Breet vum Sensor geschnidden. Fir d'éischt émol mam Blossballeg d'Stëpskären eweggebloosen an duerno mat 2 Drëpsen Eclipse um Pad douce a regelmässig iwert de Sensor. Déi éischte Kéier haat ech e mulmigt Gefill am Moo, ma mat et absolut problemlos. ma oppassen dass genug am Accu ass, nët dass de Spigel iwert dem Botzen zrëckklappt.
Daat ass just en égenen Erfahrungsbericht. Also ouni irjendwelech Garantie.
Zeige Beiträge 1 bis 8 von 8 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH