Thema: Schein Natur platz fir Komiounsfotoen |
|
hey Eric,
géi kuck der mol bei d'Randschelter Kapell den Environnement un, do léeft eng kleng Bach, eng Brëckelchen, ech fannen éen flotten klengen Eck, net ze rieseg, villeicht gefällt Dir daat jo :-)
Romy
|
|
Thema: Foto Klau |
|
an deenen conditiounen wou's du mattgemacht hues steet dach ne wirklech t
Und vor allem den Namen des Fotografen nicht vergessen.
Deen ass dann awer net mattgeholl ginn an déi ominös database, een Hummer ass daat. Do gesait een awer op wéi eng Manéier sech d'Presse ganz gënsteg sou Database ulee'en, an eben oft qualitativ héichwerteg Opnahmen.
Lamentabel sou eppes
An den Toun vis a vis vun Dir, een Hohn
wirklech armséileg sou eppes
icylady
|
|
Thema: Waat ass hei lass ???? |
|
et ass ëmmer schued wann Leit ginn, an daat och nach an der Roserei. Ech beobachten daat déi lescht Méint, (seit ech rem aktiv sinn well mir virdrun den Filter nii eng Chance ginn haat eng Foto ropzesetzen) als Fra an enger gemeschter Community.
Et ass wouer datt ab und zu haart matteneen emgang ginn get, ech schwätzen lo net vun den Ufänger, mee vun Leit déi gudd Foto'en maan an schons Referenzen sinn fir eis Ufänger. An mengen Aen ass et sou, wann een der selbstherrlech ausdeelt, dann muss een op der aaner Sait och können astiechen. Datt et sou geet oder souwait kënt, muss jo eigentlech guer net sinn, et misst dach och méiglech sinn ziviliséiert matt Respekt engem eng Kritik riwerzebrengen.
An wann een matt engem senger Foto naischt kann ufänken, dann léist een et sinn an kuckt déi next.
Et ass eng Freizeitbschäftigung déi souvill Freed mecht, do kann een dach dann och frendlech sinn, bleiwen an een aaneren deem daat och matt souvill Freed mecht, matt Respekt behandelen.
Ech behuelen mech eigentlech sou wéi wann ech deejenegen virum mir stoen hätt, an do mecht an seet een och net egal waat.
mbG Icylady
|
|
Thema: Foto Ausstellung |
|
jo stemmt, déi Serie vum J-C Berens haat mech och beandrockt,
|
|
Thema: Foto Ausstellung |
|
hey Gianni,
ech war de Metten bis kucken komm. Et waar flott deng Foto'en an och nach e puer anerer déi een vum Site kennt, an Natur ze gesinn an op sech wirken ze loossen.
Schued nemmen datt een ganzen Koup Foto'en schwéier ze kucken waren, well a) d'Belichtung net gudd war (mee dofir kann jo keen) an b) méi schlemm, Kadren een normalt Glas haaten, also net spigelfrei, sou datt sech d'Luchten, d'Foto'en vun vis a vis an du selwer virdrun alles dran gespigelt huet.
Et waren Foto'en vun all Genre do, an ganz speziell hun mir och nach déi Serie vun den Fussen gudd gefall, matt den informativen Texter dobai.
War trotzdem derwärt kucken ze kommen an sech Inspiratioun ze huelen.
schéinen Owend
icylady
|
|
Thema: Naturfotografie - Ausstellung |
|
Georges an Paul
Dir hutt eng ganz flott Ausstellung do op d'Been gestallt.
Et gesait een datt Dir mat Härz an Séil Naturfotograf sidd an et huet Freed gemacht är Opnahmen ze kucken an desen an deen Detail ze bestaunen.
Eng ganz Rei vun Foto'en brengen eng wonnerbar Stemmung riwer an ech kann mir virstellen wéi flottt, wéi Dir schons soot, et war déi Opnahmen erauszesichen an opzehänken.
Ech wënschen Iech datt nach vill Leit kucken ginn an Gefaalen drun fannen.
|
|
|