Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 10 von 10 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Photoshop CC
Jean-Marie

Antworten: 4
Hits: 34.216
28.10.2014 14:28 Forum: Fotobearbëchtung


Metalbambi dat sin jo ganz interessant Norichten, ech sin do jidefalls interesseiert
Thema: digiwowo.com
Jean-Marie

Antworten: 11
Hits: 43.849
28.10.2014 14:26 Forum: Material


Ech hun och 2 Sachen do kaaf an hat och keen gut Gevill , mee vue que dass den Jong zu Letzebuerg setzt hun ech geduecht dann kennt een un hien falls eppes wie.
Ech hat dono just eng Klengekeet an do huet hien sech direkt bei mir zereck gemeld , also kann ech net meckeren.
Seng Wuer kent zimlech secher iwert den aalen Ostblock (ech denken Bulgarien) eran. Do huet Canon aner Preisser wei an Westeuropa an dofir kann hien esou interessant Preiser machen.
Thema: Servicewüst Lëtzebuerg
Jean-Marie

Antworten: 17
Hits: 50.025
11.08.2014 16:12 Forum: Material


Ech kommen nach emol ob dest Thema zereck.
Ech denken am meeschten Senn geif et machen wann en Mail mam Link vun deser Diskussioun ob info@photo-mirgain.lu gemach geif gin.
Ech well dat elo awer net selwer machen well et net mein Thema ass, awer nemmen esou besteht eng Chance, dass dei Leit matkreien wat hier potenziell Clienten sou vun hierem Service denken an eventuell eppes un hierer Maneier änneren.
Thema: Servicewüst Lëtzebuerg
Jean-Marie

Antworten: 17
Hits: 50.025
08.08.2014 16:38 Forum: Material


Fir esou Sachen wei dat hei ass den Photogen immens gut.
Et ass nemmen ze hoffen dass sou Diskussiounen och bis an Stadt kommen, et sin jo genuch potenziell Keefer hei um Site.
An wann dat betraffend Geschäft dat matkritt kennen se jo "fleit" eppes un hierem Style änneren wann sie net nemmen vun den Touristen wellen verdingen.
Thema: Deiw zu Remerschen um Weier
Jean-Marie

Antworten: 5
Hits: 27.946
RE: Deiw zu Remerschen um Weier 08.06.2014 20:27 Forum: Allgemeng OT


Ech hat haut een gut Gespreich mat der Police.
Sie hun anscheinend immens vill Misär mat Abrech ronderem den Weier ob sämtlechen Parkplatzen direkt ronderem den Weier an sie kreichen dat obwuel sie well mei Patroullen fueren net an den Greff.
Dei eenzeg Platz wou sie gemengt hun wou et e bessen manner Riskant wär ass am Duerf selwer ze parken , dann muss een halt e bessen mei treppelen.
Thema: Deiw zu Remerschen um Weier
Jean-Marie

Antworten: 5
Hits: 27.946
RE: Deiw zu Remerschen um Weier 06.06.2014 18:08 Forum: Allgemeng OT


Genau ob deem Parking ass et mir och geschitt.
Hat geduecht well do sou vill Traffic ass wär dat secher dat schingt dann awer net de Fall ze sin.
Also Kollegen neischt am Auto leien lossen !!!
Thema: Originaldatum
Jean-Marie

Antworten: 2
Hits: 41.062
06.06.2014 12:45 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Johny, ech hun gesin dat fonktioneiert elo richteg, merci
Thema: Deiw zu Remerschen um Weier
Jean-Marie

Antworten: 5
Hits: 27.946
RE: Deiw zu Remerschen um Weier 06.06.2014 10:18 Forum: Allgemeng OT


Ech hun elo well mat puer Leit geschwat dei mir ähnleches erzielt hun.
Wou waren dann dei 2 Abrech deis du elo erwähnt hues.
Wat ech elo geschter erzielt kritt hun ass um Parking bei der Kirch Nummeren Schelder geklaut gin fir gratis tanken ze goen an beim Restaurant ass och eng Fenster ageschloen gin.
Dat geseit jo wirklech no System aus an et wees een net mei wou en sein Auto soll parken :-(
Mein Auto geseit wirklech net aus wei dass do eppes ze klauen get.
Thema: Deiw zu Remerschen um Weier
Jean-Marie

Antworten: 5
Hits: 27.946
Deiw zu Remerschen um Weier 05.06.2014 12:21 Forum: Allgemeng OT


Obgepasst all dei zu Remerschen Fotoen machen gin.
Gescht ass an mein Auto agebrach gin wärend ech um Weier ennerwee war.
Absolut skrupelos Fenster ageschloen an dunn ausgeraumt.
Losst also neischt am Auto leien.
D'Idioten hun esouguer mein Brout, mein Hiem, meng Jacket etc matgoengeloss.
Thema: Originaldatum
Jean-Marie

Antworten: 2
Hits: 41.062
Originaldatum 02.06.2014 18:09 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech hun gemierkt dass wann ech eng Foto mat Exifs ob den PG setzen dass hien als Originaldatum net den Datum helt weini Foto gemeet gin ass mee weini se als lescht verschafft gin ass.
Dat heescht wann ech 2013 eng Foto machen se 2014 am PS verschaffen an se dann op PG setzen dann hellt hien automatesch den Datum wou ech se am PS verschafft hun.
Ass dat gewollt ?
Dest misst awer relativ einfach ze behiewen sin wann een dat Exif Feld "Date Time Original" oder "Date Time Digitized" benotzt an net den Datum wou PS oofspeichert.
BG
J-M
Zeige Beiträge 1 bis 10 von 10 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH