Thema: Invitatioun |
|
Hallo,
war de Weekend zoufälleg an der CC.
Hun mir dun och är Fotoen ugekuckt, an muss soen dass do ganz flott an gut Saachen dobäi waren.
|
|
Thema: Waat ass et nach Wert ? |
|
Hallo,
ech wollt mech vun memgem Equipment trennen.
Wou kann een nokucken waat daat ganzt nach Wert ass ?
Nee, ech well net nach Geld drun verdengen, mee well awer e fairen Präis drenner setzen.
Ass alles vun Canon:
40D, 10-22, 100mm Makro, 70-30 an e Sigma 17-70
En noname Batteriegreff an en 2. Akku
Funktionéiert nach alles ouni problemer
Merci
Steve
|
|
Thema: Foto Klau |
|
04.09.2014 11:45 |
Forum: Misc |
Mëtteg,
fannen sou eppes ni gutt.
Manu, eng Fro. Wann se Dech gefrot hätten, an Däin Numm drënner gesat hätten, wiers Du dann d'accord gewiescht ? Wann jo, dann sollen se dat änneren, ass dann eng gutt Reklamm fir Dech, oder ?
An lo eng fro fir mech: wat oder wien oder what ever ass déi "base de données Dialog" ????
|
|
Thema: PDF online oder download |
|
Hallo,
hei op deser Säit sin e puer pdf'en mat nach well flotten Fotoen....
Kann een online kucken oder als pdf eroflueden....
Vill Spass
KLICK MECH !
|
|
Thema: Mam Fotoaparat an den Muse |
|
Moien,
ech war mol sou frei, an hun einfach mol en mail un de Musée geschriwen.
Fro war op Foto erlaabt fir den privaten Gebrauch, natierlech OUNI Bletz an Stativ.
Hei ass d'Äntwert:
A verschidden Muséeën sin se méi streng wéi an anerer.
Prinzipiell ass et erlabt OUNI Bletz an ouni STATIV.
An der Villa Vauban ass et méi streng wéinst den internationalen Prêt'en déiën si kritt hun fir hiir 'Déierenausstllung'
Mä leider sin ganz vill Leit während der Nuit des Musées ënnerwee, dassen d'Gardien's méi oppassen mussen (zemols d'Iphone'sfotografen)
Vill Spass op der Nuit des Musées
|
|
Thema: Mam Fotoaparat an den Muse |
|
Salut, ech war lescht Joer op der Nuits des Musées, haat awer nemmen dei kleng Knips mat.
Hun vorsichtshalber emmer een virdrun gefroot, huet nie een nee gesott, just de Bletz war net erlaabt....
Am beschten mol per mail bei denen nofroen, net dass du mam ganzen Geschir do stees an erem emdréinen muss....
|
|
Thema: Drones |
|
07.10.2013 10:11 |
Forum: Misc |
@ Manu,
leider wees hien och neischt doriwer. Souwäit ech daat wees huet hien eng Autorisatioun ugefroot beim Fluchhafen oder esou ähnlech....
Du als passionéierten Spotter misst jo do eppes rausfannen, resp. genuch Leit do kennen :-)
|
|
Thema: Fotoapperat stellt nemi scharf |
|
Zitat: |
Original von xaph32
liveview ëmmer manuel, matt loupe 5x oder méi, soss ass et russecht roulette
ech hun na nie mam liveview + autofokus eng foto hikritt déi mengen usprëch gercht gët ausser vlait ab f8 wou een bal naischt méi falsch maan kann (zumindenst bei den waitwënkelen) |
@ xaph: et geet jo net em qualität vun der foto (oder awer dach) :-)
Vläit helleft et jo den Fehler ze fannen....et geet net d'art an weis eng Foto ze machen....net falsch verstoen
|
|
Thema: Fotoapperat stellt nemi scharf |
|
Gin Fotoen am Liew View scharf ? Klengt domm, mee hun schon matkritt, dass Fotoen dei am liew view gemach goufen scharf waren...
Hues du eng anner Lens fir ze testen ?
Huet sos emmer richteg scharf Fotoen gemach ?
|
|
|