Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 99 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Nikon Capture NX-D ***GRATIS***
Nicon07

Antworten: 5
Hits: 38.876
RE: Nikon Capture NX-D ***GRATIS*** 16.09.2014 22:22 Forum: Technik-Diskussiounen


Datt se am NX-D d'u-point Technologie net mat iwwerholl hun, ass natiirléch blöd, mais ech ko mir virstellen, datt CaptureOne, déi dat jo am Fong erfonnt hun, Nikon dat net fir näischt gin hun, a wann den NX-D gratis ass (am Géigesaatz zum Capture-NX), da muss irgendwou gespuert gin. Ech ka méch awer och total iiren. Ech weess lo nët, ob de Capture-NX nach d'RAW-files vun der D810 liest, mais ech färten, déi vun der ganz neier D750, déi lo kënnt, liest e bestëmmt nët méi. Wann een de Capture-NX huet an den NX-D, da kann ee jo nach ëmmer séng Fotoen am NX-D ent-RAWën, an se dann als Tiff an den CNX exportéieren fir do lokal mat de u-points ze schaffen.

BG Nico
Thema: Foto Klau
Nicon07

Antworten: 18
Hits: 60.256
RE: Foto Klau 16.09.2014 22:12 Forum: Misc


Salut alleguerten!

Fir d'éischt sin ech mol frou, datt di Affär hei fir de Manu schliessléch dach positiv ausgaangen ass- An dach hannerléisst dat ee batteren Nogeschmaach.

Wann een elo an engem Concours matmécht, wou ee kloer am Virfeld gesot kritt: "All Fotoen, déi's du aschécks fir de Concours, gehéieren dir duerno net méi, mais eis a mir huelen eis d'Recht, se an eise Publicatiounen ze bréngen, wéi mir et fir gudd fannen", da weess ee jo Bescheed a wann een dann d'Fotoen awer aschéckt, dann huet ee jo säin Accord fir eng Veröffentléchung gin. Dat ass jo an dësem Fall aanescht gewiescht.
Sou laang ee Fotoen aschéckt, oder an engem Forum wi PG oder flickr asw... weist, wou lo näischt gewise gëtt, wat engem séng Perséinléchkeetsrechter oder aaneren hir Urheberrechter ugeet, ass et zwar fir de Fotograf eng Beleidegung an een Ugrëff op séng künstleresch Fräiheet a Werter, mais am Fong ass da keen Drëtte betraff. Domadder hun ech lo kengesfalls Fotoklau verharmlost oder verteidecht, net datt lo hei ee méch falsch versteet.
Mais wat ech wëll soen, ass, datt ech am @schluck séngem Fall de Problem vum Dateklau nach ee Krack driwwer gesi, well mir wëessen alleguerten, wéi Künstler mat veröffentléchte Fotoe vun hinnen, déi nët vun hinne genehmecht sin, ëmgin. An do stellen ech mir dann ee worst case fir, wou z.B de schluck (oder soss een) mat de Muséker laang an zéih verhandelt huet, fir dann eng festgeluechten Zuel vu Fotoen op engem vun hinnen akzeptéierte Site ze weisen, an da kënnt irgendeen, a klaut déi Fotoen do a veröffentlécht se irgendwou aanescht. D'Muséker gesin dat an dann ass d'Musék un fir de Fotograf, net fir den Déif, fir et mol salopp ze soen.
Mais dat ass leider de Risiko vun eiser moderner i-Net-Welt, wou quasi alles mat copy-paste an drag & drop méigléch ass, fir séch mat frieme Fiederen ze rëschten.

léif Gréiss,


Nico
Thema: NEF-Bearbeschtung / Programmtipp
Nicon07

Antworten: 1
Hits: 20.781
27.08.2012 16:59 Forum: Fotobearbëchtung


Salut,

Do kann ech dir hëllefen... Freude

Déi fir méch iwwerzeegenst Léisung ass den Nikon Capture NX2 ze kaafen, (ech schaffen och mat deem). En ass zwar och net der séierster een, awer méi séier wi de ViewNX, dee jo eigentléch, wéi den Numm et seet, ee Programm ass fir d'Fotoen ze kucken. Firwat deen? Ma ganz einfach: Deen iwwerhëllt den Nikon NEF, sou wéi däin Apparat d'Virverarbéchtung gemaach huet. Du hues also keng Verfälschung vun de Farwen. Du hues do, wéi bei de Programmer vun NikSoftware, och d'U-Point-Technologie, woumadders du kanns eenzel Beräicher a farwen selektiv an engem bestëmmete Bildberäich kanns verschaffen ouni de rescht mat ze beaflossen. Du kanns suguer mat Masken do schaffen. An du kriss eng Copie am .Tiff 16bit vun déngem NEF, deen s du all Moment neess kanns "op Null" setzen.

Et get dann awer och nach de CaptureOne, deen all RAW-Formater ganz natirléch entwéckelt.

Un drëtter Plaz géif ech och de Lightroom 4 recommandéieren, well deen eng zimmléch gudd Entrauschroutine huet an du kanns och do iwwert viragestallte Kamera an Objektivprofiller, d'Distortioun automatesch verbesseren. Eenzechen Nodeel a méngen Aen ass, deen, datt en d'farfprofiler vun der Kamera net iwwerhëllt an eng zimmléch neutral an hell Virentwécklung mécht, déi a verschiddene Fäll schwéier ze verbesseren ass. Mais et geet awer scho besser wi am LR2 an LR3.
Wanns du Photoshop hues, da kanns du och den CameraRAW benotzen.

Voilà! Ech hoffen, ech konnt dir weider hëllefen.


Nico
Thema: Konstruktiv Kritiken
Nicon07

Antworten: 29
Hits: 285.679
14.11.2011 19:24 Forum: Froen zu Photogen


Do hues du ganz recht, Oli, mäi Post vu virdru war eigentléch och net sou vill méng perséinléch Iwwerzeechung, mais éischter geduecht, fir dem Jade séng Iddi an ee Saatz ze setzen, well hatt jo selwer seet, hatt wier net zefridde mat sénger Versioun.

Ech sin nämléch och der Meenung, datt een durchaus séch an Brochdeeler vu Sekonnen op eng eng Situatioun astellen, respektiv, datt een op bestëmmte Plaaze schon als Fotograf genee séch ka virbreeden, ob dat wat kéint kommen. Mais eppes muss een awer och bedenken: Et mécht een dacks ganz vill Fotoen op enger plaz fir datt villäicht eng oder zwou dervunner wirkléch gegléckt sin. smile

Nico
Thema: Konstruktiv Kritiken
Nicon07

Antworten: 29
Hits: 285.679
14.11.2011 13:14 Forum: Froen zu Photogen


Wéi wier et mat:

Ierts du ee Kommentar zum Bildopbau a soss techneschen Detailer gëss, iwerlee dir, ob et dem Fotograf op der Plaz iwwerhaapt méigléch war, séch an aller Rou mam Bildopbau ze beschäftegen, oder huet e misse spontan reagéiere, fir eng eemolech Szen, déi sou vläicht ni méi ze realiséieren ass, fotografesch festzehalen.

Wat sot dir heizou?


Nico
Thema: Viirdeel oder keen Viirdeel ?
Nicon07

Antworten: 27
Hits: 93.615
06.10.2011 19:58 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Genau sou! Iwwregens printen ech och vil vu ménge Fotoen heiheem mat méngem Epson 3800 op deiere Pabeier, do iwwerleeën ech och laang, wéi ech de Workflow ugin a wéi ee Resultat ech fir den Outprint wëll hun. Dat drop lass balleren ass mir och schon opgefall, mais net nëmmen dat... Och Telezoomer a Kombinatioun mat héichopléisende Sensoren a Rauschënnerdréckung verleede munech Leit derzou, aus der Distanz "Noopnaamen" ze maachen. Et ass dach sou einfach, aus enger Foto, déi bal 4000 Pixel breed ass, een Ausschnët zu 800 px als ee Schoss vu matzendran ze verkaafen...

Sou, mais dat huet awer elo näischt mi mam eigentléche Sujet hei ze din, an dofir haalen ech och mat dëse Gedanken hei op.

Bis dann, Nico
Thema: Viirdeel oder keen Viirdeel ?
Nicon07

Antworten: 27
Hits: 93.615
06.10.2011 18:43 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Ouni lo op d'Quinteszenz vun desem Threat zréckzekommen, déi ass distilléiert an dowéisnt ausdiskutéiert. Mais dem Nagarjuna séng Remarque, déi ech ënnerschreiwen, huet a ménge Gedanken ee Querverweis ausgeléist: Ass net d'Fotografie do, wou mir se haut gesin a fannen mat deenen Egoen asw... net di logesch Konsequenz vun der digitaler Fotografie mat all hire Méigléchkeeten, déi et eis alleguerten erlaabt, 1. onendléch vill ze knipsen (farwéch 01 Bitfolge si bëllech a séier op eng Kaard geschriwen); 2. dat Geknips och nach ze manipuléieren (EBV, HDR, DRI, PSE a wéi déi magesch Helferlein nach all heeschen) an dowéinst eis dann (virwat net och vun Zäit zu Zäit zu recht mat Houfer) allegeruten zu Künstler mutéiere léisst, déi mir sou net wieren, wa mir nach missten 36-Biller-Filmer beliichten a fir deier Suen op Pabeier maache loossen an engem Minilab (oder fir déi, déi et kënnen selwer an enger Dunkelkammer beliichten)


Bis dann, Nico
Thema: Viirdeel oder keen Viirdeel ?
Nicon07

Antworten: 27
Hits: 93.615
06.10.2011 08:49 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Dat stëmmt, Xaph32. Dofir: Wéi wier et, wa mir géifen de Mentalitéitswandel sou huele, wéi en ass, amplaaz enger Welt nozetraueren, déi et sou ni gin ass...?

Den Steve Jobs, deem säi Wee lo hei op deser bloer Gromper zu Enn komm ass, sot mol, wann een dem Kommentator vum Radio haut de Moie gleewe kann, datt ee soll säi Wee goen, an net séch vun deenen aaneren hire Rotschléi a Besserwëssereien aschüchtere loossen. Wéi wäit sou eng Attitüd realistesch, mënschléch ëmsetzbar a gesellschaftléch verträgléch ass, dat sief dohi gestallt. Mais ee Kär Wouerecht ass awer dran. Dofir géif ech einfach mengen, hei, wéi iwerall, handelen d'Leit sou wi si et fir richteg fannen, an op där aanere Säit stin déi, di mengen, di éischt géifen alles falsch maachen... (dat ass elo mat ë bëssen Ironie an défaitissmus vun engem an der Midlifecrisis an dee berufléch mat Jugendléchen an Pubertéierenden ze din huet, gesot... Augenzwinkern ) An dem Sënn ass PG fir méch och a virun allem ee Site, wou ee séng Biller deenen aanere weist, well ee selwer iwwerzeecht ass, datt se derwärt sin, gewisen ze gin. Wat duerno domadder geschitt (Kommentarer, Wochefoto, Favorit, oder vergiess a verluer an der Wull vun den uploads), doropperen huet ee keen Afloss méi...

An hei op PG léiert ee wuel nach epees, och ouni, datt ee Kommentarer kritt, déi ee beléieren. Kucken an nomaachen: Dat war dach mol laang Joerhonnerten DÉI Method, fir ee grousse Meeschter ze gin. Wann een dann séng Viirbiller iwwertrëfft, dann huet ee "säin Ziel ereecht"... A mol éierléch: Huet een ëmmer eppes zu enger Foto, déi ee gesäit ze soen? A wa jo, muss een dat dann och ëmmer maachen?

Dofir: D'Fro nom Sënn vun der Wochefoto a vu Favoritismus a "Vetternwirtschaft" ass berechtegt, taucht och regelméiseg neess op, gëtt och regleméissech nees kontrovers diskutéiert fir ëmmer zum selwéchte Resultat ze kommen: an dat kennt jidereen, deen dat hei bis heihinner gelies huet....

An deem Sënn: Relax bleiwen a fläisseg fotograféieren, an d'Biller hei weisen! Si sin et derwärt gesin ze gin!

Nico
Thema: Viirdeel oder keen Viirdeel ?
Nicon07

Antworten: 27
Hits: 93.615
RE: Viirdeel oder keen Viirdeel ? 05.10.2011 13:52 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Et kann ee séch a 4 deelen, de Koppelabunz maachen an den Handstand op der décker Zéif vun der Fra hirem Fouss, et wärt, sou laang et Mënsche gin, net ouni "Vitamin B(ezéihung)" goen ... ni an néierens. A wéi wäit dat elo hei fir d'Wochefoto gëllt, doriwwer hun ech net ze befannen. Fakt ass, datt et hei op PG mol eng Galerie gouf, déi irgendwann ofgeschaaft gin ass an durch d'Wochefot ersat gouf, aus eben deene vun dir ugeschwatenen Ursaachen. Mais all Form vu Concours, vu Präisverdeelung oder soss Galerie ass per definitionem net objektiv an et fënnt ee bie all Decicioun ëmmer Leit, déi net d'accord sin. Ech géif mir dowéinst elo net zevill de Kapp zerbriechen, wéi di ongeschriwwe Regele vun der Wochefotowiel sin. Ech fannen et einfach mol eng gudd Saach, datt et d'WF gëtt, well, dat mengen ech mol, déi Fotoen hun dch awer eng gewësse Qualitéit, déi mécht, datt een op PG opmierksam gët. Freude

Bis dann, Nico
Thema: Wéini ass een en gudde Fotograf?
Nicon07

Antworten: 27
Hits: 78.618
16.07.2011 09:48 Forum: Foto Forum


Ech géing dat aanescht formuléieren: NET: Sief der bewosst, datts du SCHLECHT bass. Dat demotivéiert an du hues keng Loscht méi nach irgendwéi Fortschrëtter ze maachen. Mais, du muss au départ souvill Selbstwertgefill hun, datts du dir sees: Ech kann eppes, et ass zwar nach an de Kannerschung an ech muss nach vill bei aanere kucken an üben, awer no an no, lues a lues gin ech besser. Ech gi vläicht ni gudd, mais sou wéi an der Geschicht vum Achill an der Deckelsmouk kënns du ëmmer méi no un däin Ziel, och mam Risiko, et ni ganz ze ereechen. An dann: Wann ee bis selwer den Discernement huet, séng eege Kompetenzen realistesch anzeschätzen, da muss ee bescheide bleiwen. An duerno kënnen all di Gläichungen, déi hei viru mir opgestallt goufen, hir Wirkung weisen.

Ah jo! Fréier hun déi, di haut unerkannte Künstler sin, fir unzefänken, di grouss Meeschtere vun hirer Zäit kopéiert, fir séch duerno ze "affranchisséieren". Haut ass copy-paste jo manner gudd ugesin (mat Recht, wann een dat mécht zu séngem eegene Viirdell), mais et ass, géif ech mol soen, nach ëmmer net falsch, ee Meeschter nozemaachen. Wann ee bescheide bleift.

An drëttens: Et gëtt näischt Neies méi ënnert der Sonn, an dat net réischt zanter geschter. D'Motiver änneren, keen Zweifel, mais wéi een se künstleresch verwert a wéi d'Rezeptioun dervub ass, dat entsprécht an alle Generatiounen enger Zort Konsens, enger onbewosster kollektiver Ästhetik, déi net ee fir alle Mol gülteg ass. Dat erklärt och, firwat verschidde Künstler zu Liefzäiten durchgefall sin an haut als Referenz an der Konschtgeschicht zielen.

A+, Nico
Thema: Kompressioun
Nicon07

Antworten: 6
Hits: 33.437
RE: Kompressioun 30.04.2011 22:41 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech mengen, hie wëllt soen: Firwat kann ech net eng Foto mat 3000X2000 Px z.B. roplueden an d'Reduktioun op 1000X666 bei 700KB maximum (oder 400, wéi bei FC) geschitt automatesch bei PG.

Also: ech weess net, wéi et bei flickr ass, mais bei der fc war et bis viru kurzem sou, datt Fotoen, déi do automatesch kompriméiert goufen, och an der Qualitéit gelidden hun. Do gouff et dunn ee site, deen séch "mach mich passig de" genannt huet, wou een eng Routine geschriwwen hat, fir d'Fotoen an enger Rei vu Kompressiounsschrëtt op 400 Kb unzepassen, ouni Qualitéitsverloscht, mais nierdings kann een do souguer séng Originaler ofspäicheren zesummem mat der "klenger" Web-versioun. Awer ech gesin de Sënn an zweck fir PG net richteg an. Wat ass do de Problem fir net selwer Safe for web ze maachen an da séng Foto direkt "richteg" op PG ropzelueden. Et huet ee jo, je no programm, déi Méigléchkeet an den Astellungen festzeleen, datt een säi Fichier op max 400Kb limitéiere kann. Sou gesin ech di Saach an sou maachen ech et och.


Ee schéine Bonjour un iech all,

Nico
Thema: D60: "Auslöser erneut drücken" - futti??????
Nicon07

Antworten: 29
Hits: 73.658
11.01.2011 20:16 Forum: Technik-Diskussiounen


Also eng D7000 ass ob alle Fall mol dee beschten Nikon-Boîtier am DX-Format, deen s du am Moment kanns kréien. Ouni Zweifel: Wann s du wirkléch up to date wëlls sin, da kënns du do net derlaanscht. Außer, du wéis op FX ëmklammen, awer da bass du an enger ganz aanerer Präislaag. smile
Thema: D60: "Auslöser erneut drücken" - futti??????
Nicon07

Antworten: 29
Hits: 73.658
11.01.2011 18:04 Forum: Technik-Diskussiounen


Gudden Owend alleguer!


Ech hun elo grad méch durch eng Rei Nikon-Fore gegoogelt a sin dobäi op di onméigléchst Erklärunge gestouss zu deem Feeler. Mais op enger Plaz huet och ee geschriwwen, am Handbuch dun der D60 géif stoen, datt wann déi Feelermeldung ugewise gett, ee soll bei den Nikon -SAV goen. Also schingt dat ee Problem ze sin, dee scho bekannt ass, oder mat deem Nikon scho rechent. Ech hun och gelies, et soll een ee komplette Reset vum Apparat maachen. Mais dat géif ech awer elo mol si loossen, och wann de SAV dat selwécht hanneno mécht. Egal wéi: Fro ëmmer den Devis vun enger Reparatur. Meeschtens gëtt et op laang Siicht gekuckt, méi gënschteg, een update vun der Hardware (an dësem Fall eng D7000, déi och nach filme kann) ze maachen, wéi di aaner ze reparéieren. Mais dat muss jideree selwer fir séch an am Accord mat séngem "Finanzminister" décidéieren. Wéivill Ausléisungen huet déng D60? 500? 5000? 50 000? Dat ass mol di eng Saach. Di aaner: kriss du eng D7000 als Boîtier alleng, ouni Objektiver? Verkrafft däi Computer doheem mat sénge Späicherméigléchkeeten a séngem Prozesser ee Sensor vu 16 MPx mat deementspriechnd schwéiere Fichieren? Wéi ass dann d'Qualitéit vun de Fotoen, wann op sou engem héichopléisende Sensor "nëmmen" Objektiver fir déi méi aal Modeller vun 10 Mpx drop ass? Oder hues du schon deier F:2,8 Optike fir FX-Sensor? Alles Froen, déi ee muss op mannst séch stellen.

Ech wënschen dir vill Chance, datt séch de Problem léisst an datts du neess geschwë kanns Fotoe maachen.


Nico
Thema: lowepro slingshot an eng 5DMKII
Nicon07

Antworten: 4
Hits: 31.634
19.11.2010 12:03 Forum: Material


Woubäi de Fait, datt een am Stoen den Apparat grëffbereed huet, och net ëmmer vu Virdeel ass, well mam Batteriegrëff passt den Apparat awer ni sou ganz gudd an d'Fach vun där Säit aus, a virun allem wann een den Tele net drop huet, da passt e schlecht an di aaner Gefaacher dran.... unglücklich

Ech hun och een 2. Rucksaack vun Tarmac, deen de Prinzip vum Slingshot mat der "Säitenöffnung" an déi 2 Rimmer matenee verbënnt. Dat klappt och, och wann een de Rucksaak muss ausdoe, fir un den Apparat ze kommen.

Bis dann a schéi Gréiss,


Nico
Thema: lowepro slingshot an eng 5DMKII
Nicon07

Antworten: 4
Hits: 31.634
RE: lowepro slingshot an eng 5DMKII 18.11.2010 15:36 Forum: Material


Ech hun de Slingshot 300AW. An do geet eppes dran. Kuck mol hei! Mais deen ass dir vläicht ze grouss???






Do passt den D700 mat Batteriepack an dem 70-200VR dran & 16-35mm & 24-70mm & 60mm Macro & 5omm Normalobjektiv & 35mm & 8MM fisheye & Blëtz & AA-Batterie-Rack & Karten a Filteren .... an nach eng Schmier... Freude

Wéivill manner an dee Modell, wéi en dir vierschwieft, drapasst, kann ech elo net soen, mais et misst awer schon och eng 5D MkII passen. Mäi Vendeur deemols sot, Lowepro géif déi Rucksäck sou maachen, datt déck Apparater mat engem Telezoom an d'Haaptgefaach passe géifen. Dat ass jo hei manifestement de Fall.

Ech hoffen ech konnt dir heimadder hëllefen.


Nico
Thema: Nikkor 16-35 f/4
Nicon07

Antworten: 11
Hits: 35.049
28.02.2010 21:50 Forum: Material


Also! Bei mir ass et och esou, datt ech, obschon ech nach méng D80 hat, mir an engem Supermarché no bei der Stad, wou ee Fotobuttek ausverkaaft huet, den 28-70, f/2,8 kaaft hat (och wann de 24-70 schon deemols raus war), datt ech dat Objektiv dunn quasi ëmmer montéiert hat, dunn hun ech mir de 60mm Macro f/2,8 geleescht (fir den 90mm Tamron am Tirang ze vergiessen), nach ëmmer op der D80, well et deemols vun Nikon just den D3 als FX gouf. Ech wousst awer du schon, datt ech bei der éischter Geleeënheet mir ee fullframe géif kaafen, a wi dunn d'D700 do war, du war d'D80 direkt déclasséiert (sprich: mäi Jong huet se verierft kritt). An elo sin ech méi wi happy, datt ech dat deemols esou gemaach hun. Well ech hu mat deenen Objektiver suwuel mat der D80 wi elo och (a grad) mat der D700 echt knackeg Fotoe gemaach. Kee Verglach mat de Sigma an Tamron Fläschebiedem, déi ech nach hat. An deem Sënn géif ech elo keng DX-Optike méi kaafen, wann ech net wéilt am DX-Format bleiwen. Du muss einfach décidéieren, ob's du eng D300s (oder een Nofolleger dervun) wëlls, oder awer eng D700 aut simile. (Laut www.macandphotos.com soll de 4. März eppes Neies vun Nikon virgestallt gin, et weess een awer nach net sou richteg wat dat ass, villäicht eng DSLR am DX-Format ouni Sucher???? ) Wann s du déi Decisioun geholl hues, dann ass et mi einfach. Et sief dann, de Portemonnaie géif rouspetéieren. Well FX get net bëlleg. unglücklich

Ech hun op alle fall mol de 16-35mm bestallt. Wann ech en da mol bis hun, da kann ech jo een Erfahrungsbericht dervunner maachen.


Bis dann, Nico
Thema: Capture NX 2
Nicon07

Antworten: 9
Hits: 31.474
09.02.2010 10:47 Forum: Fotobearbëchtung


Dat ass eng gudd Iddi. Ech hu mir mol dat Kapitel iwwert Masken a selektiv Korrekturen ugekuckt. wann ech dat elo hei misst resüméieren, dat géif de Kader sprengen. An en plus hues du däin eegent Buch ëmmer grëffbered, wann's du mol st¨nterléch eppes dorauser brauchs..


:-)

Bonne lecture,


Nico
Thema: 1. Slr
Nicon07

Antworten: 19
Hits: 47.805
05.02.2010 15:48 Forum: Material


Lo hat ech desläscht hei een ellelaange Playdoyer fir ..... Canon geschriwwen (btw, ech sin ee 700% Nikonist!!!), dun ass deen an den "unendlichen Weiten" vum Intennetz verschwonn, resp. guer net aus méngem Compi raus gaangen. Lo, wou ech dat nacheemol wëll schreiwen, huet de gral alles, dat wat ech sot, op de Punkt bruecht. Dofir och vu ménger Säit de Rot: kaaf der d'Canon. An dann direkt een uerdentlecht Objektiv (ganz wichteg!!!) Freude

A fir de rescht! Vill Spaass a maach gudd Fotoen. Souwisou ass den Apparat à la Limite egal, wann's du net weess, wéi's du fotograféiere solls. Augenzwinkern
Thema: Capture NX 2
Nicon07

Antworten: 9
Hits: 31.474
04.02.2010 06:12 Forum: Fotobearbëchtung


Salut!

Ech hun elo grad d'Buch "Capture NX2 pour les photogrphes" vum Philippe Ricordel aus dem Regal geholl an ech leen et elo ënnert de Bildschiirm vum Computer. Wann elo WE gëtt, da kucken ech mol, ob ech eppes zu dénge Froen dra fannen. OK?!


Schéinen Daag nach!
Thema: Capture NX 2
Nicon07

Antworten: 9
Hits: 31.474
RE: Capture NX 2 03.02.2010 13:11 Forum: Fotobearbëchtung


Hun ech och nach net. Mais wi gesot: Ech huelen den NX2 just, fir méng .nef an 16 bit .tiff ze verwandelen, well ech fannen, datt de Camera RAW vun Adobe déi schéi Resultater vun der D700 durch séng Virentwécklung onwiderbréngléch futti mécht, an de CaptureOne 5, dee geet net op méngem G5 IBM-Prozessor Mac doheem. An ech hun zwar de CaptureOne 5 um MacBookPro, mais do muss ech dann ëmmer een exterenen HD dru maache, fir datt ech net den internen HD a kuurzer Zäit mat Fotoe blokéiert hun.

Wat mengs du elo genee mat HDR an desem Fall: een echten, aus 3 verschidde Fotoen, oder ee PseudoHDR, wous du mam CaptureNX2 eng Beliichtungsreih aus engem RAW méchs? Villäicht kann ech dir an desem Fall awer eng Aentwert gin.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 99 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH