Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 502 Treffern Seiten (26): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Invitatioun
OK-Photography

Antworten: 2
Hits: 32.556
17.01.2018 21:55 Forum: Allgemeng OT


thanks man! Augenzwinkern

Ass emmer flott sou eng Ausstellung, emmerhin kommen sou dFotoen ennert d'Leit an dat ass eng gudd Saach!!
Thema: Fotostudio mieten DOKUMENTER
OK-Photography

Antworten: 3
Hits: 87.230
09.09.2017 20:55 Forum: Misc


ha! Genau soueppes hunn ech eng halef Stonn laang op google gesicht, sinn just op Affekote-büro-Saiten rauskomm wou een sou Dokumenter kaafen kann.....waren wuel dei falsch Stechwieder xD

Grandios, dann kann ech mech jo lo un d'Emtexte maachen - MERCI JIM!!! smile
Thema: Fotostudio mieten DOKUMENTER
OK-Photography

Antworten: 3
Hits: 87.230
Fotostudio mieten DOKUMENTER 05.09.2017 16:45 Forum: Misc


Heyo Knipserten (an och Models?)

so ech sinn op der Sich no DOKUMENTER, an zwar déi déi een "brauch" fir een Studio ze lounen respektiv ze verlounen.

Wier mega wann ech een Template vun sou engem rent-a-studio giff fannen, fir dass ech den kann emschreiwen an sou zesummensetzen dass en op meng Situatioun passt.

Vlait huet jo een nach eng Kopie vum läschten rental / oder et huet selwer een en Studio mat puer Dokuments vir Fotografen....wier top wann der mer do keint helefen! smile

(ass amfong wei een Model-release just dass Zeilen wei assurance etc. mat dran sinn, ech wees nik richteg wei ech mech beim formuléiren soll unleen, dofir sichen ech eben eppes wat well bessi virgeknaat ass...)
Thema: Leica R8
OK-Photography

Antworten: 2
Hits: 40.481
RE: Leica R8 27.09.2016 11:37 Forum: Misc


hellou

also ech hunn lo selwer keng Erfahrung mat souengem schicken Gerät - ma d'Basis vun der Fotografie ass dei nemlecht, an ech denken dass daat einfachst wuel ass engem aneren iwwert d'Scheller ze kucken. Dobai denken ech zBsp un eisen Meeting en Samsten an der Stadt - Photowalk. Wann een do seng Kamera an een Film matbrengt sollten secher puer Meenungen zesummen kommen wei een dann lo am Beschten domat schafft! Augenzwinkern

Praxis ass emmer nach daat flottst, sou iwwer Internet rauszefannen un weiengem Rad een muss dréien bis dass dFoto hell genuch ass, ass emmer komplizeiert (abstrakt) - an dem Senn....see you outside! smile
Thema: Serieux oder net?
OK-Photography

Antworten: 3
Hits: 30.182
10.07.2015 12:26 Forum: Material


hmm interessant mol eng Alternativ aus der Kategorie Preisdumping ze hunn! großes Grinsen

allerdings färten ech dass se net "ganz fair" ass: beim "qui sommes nous" steet ganz kloer: Purnima Digital est une équipe française établie à Hong Kong et Singapour, avec un relais en Europe depuis plus de 7 ans afin d'assurer un rapport qualité-prix performant et reconnu sur internet.

Domat steet (baal secher) fest dass d'Material vum ASIATECHEN Marchée kent, an domat kloer méi beleg ass (KENG TVA, steet och ennen) - allerdings get et een riesen Problem an dem Fall: wann eppes drun ass, flickt keen Canon-Reparatur-Center an EUROPA daat! si kucken dSeriennummer an paaken et mol net un wann et vir den Asiatechen Marché ass....
an dem Fall hues dann 2 Méiglechkeeten, entweder du probeiers eppes mat "Purnima" auszemaachen an et iwwert dei zrek ze schecken (get meiglecherweis komplizeiert / du muss dech komplett op hieren Service verlossen, kriss méiglecherweis keng Info'en mä just eng RECHNUNG gescheckt) oder du mess et op eegen Fauscht an schecks et an Asien (hmm...do brauchs de méiglecherweis een Iwwersetzen....ausser Googletranslate heleft der bei den Formulären etc. hihi)

Kuerz: interessant Praisser mä mengen net dass ech mech un soueppes giff runtrauen...wees net....den Risiko dass et den Site an 3 Méint net méi get an een dann mat senger chinesicher Kanoun do setzt ass mer warscheinlech ze grouss... Augenzwinkern


(Digiwowo bezidd sain Material -mengermeenung- no vum Osteuropäeschen Marché, wat keen Problem mat der Garantie ass an glaichzaiteg vir liicht méi niddreg Praisser suergt...)(Emmerhin hunn ech do well akaaf an an Reparatur gescheckt, war alles kp) Augenzwinkern
Thema: Vernisage
OK-Photography

Antworten: 2
Hits: 99.301
03.07.2015 23:44 Forum: Emfroen


Hellou

ech géiff mengen dass do just een der kann op deng Fro äntweren: d'GEMENG mat därs du schaffen wëlls! Augenzwinkern

Wanns de an dengem Gaart ausstells, ass et natierlech eppes anecht..... Augenzwinkern
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun
OK-Photography

Antworten: 49
Hits: 148.404
conferenz - droit d'auteurs 25.05.2015 14:40 Forum: Misc


den 15. Juni 2015 ass um 20:00 zu Walfer am CENTRE PRINCE HENRI eng kleng Virliesung zum thema "les droits d'auteur" (op Letz.)

(am Anhang den offiziellen "poster") Augenzwinkern



vir déi wou et interesséiert....ech kéint do wuel nemmen bailéiren...wees awer nach net op ech Zait hunn unglücklich
Thema: digiwowo.com
OK-Photography

Antworten: 11
Hits: 43.839
25.09.2014 22:29 Forum: Material


hmm also ech hunn bis lo main KOMPLETT Material do kaaft, einfach well d'Praisser interessant sinn an den Herr hannert dem Buttik ganz fein ass,

Problemer hat ech eng Kéier mat menger 50D, dei gouff awer problemlos repareiert, an dat iwwert een aneren Buttik wei Digiwowo. Op dat lo un gudden Connections luch oder einfach nemmen un enger korrekt identifizeierter Seriennummer, wees ech net. Hat deemools op allefall alles reibungslos geklappt.

Soss muss ech soen, hat ech nie Problemer mat mengem Material.

Et stemmt awer dass am Internet allerlee wüüüüst Gerüchter iwwert den DIGIWOWO kurseiren, vun dubiosen Failliten wou d'Lait hier Suen nie méi gesinn hunn bis zu privaten Affairen etc. alles derbai.
Fir mech as kloer dass en Praissdumping mecht an doduerch wuel net extra beléift ass, ech mengen awer dass zumindest direkt iwwert si ze fueren fir Garantiefäll keen Thema dierft sinn, emmerhin hien kennt sech mam Material aus, an sollt keen Problem domat hunn sech em een Ersatz/Reparatur ze kemmeren wann den Mirgain oder aner "offiziel Vertreter" Stunk maachen (wat se secherlech maachen, well déi éischt Fro EMMER ass "vous avez acheté chez nous?") Augenzwinkern

Mee wéi Ornitho seet, jidfreen muss sech do seng Meenung maachen Augenzwinkern
Thema: Fotografentreffen
OK-Photography

Antworten: 2
Hits: 42.932
12.06.2014 12:29 Forum: [Foto] Rendez-vous


Hellou fröhlich

super Iddi! wier effektiv interessant wann een sech eng Kéier géiff an Persoun gesinn, emmer besser wei sech am Internet hannert Avatar an Nickname ze verstoppen... Augenzwinkern


an dem Kontext organiseiren mir (photogen) grad een Ausfluch op Clervaux an d'Ausstellung FAMILY OF MAN, do keint een sech zum Beispill gesinn.

Soss ass awer virgesinn dass een an souengem Fall EINFACH een MEETING online setzt ( ->Neien Bäitrag -> Meeting androen) , mat engem Datum an enger Platz di dir gefällt, an déi fir d'Lait kéint interessant sinn, an dann kann jidfreen sech unmellen! Augenzwinkern

SUPER INITIATIV, sinn frou dass mol een Loscht an Iddi op een Meeting huet, fehlt mir perséinlech och (allerdings hunn ech wéinst der Uni am Ausland einfach ze wéineg Zait unglücklich )

go go go! smile
Thema: stock photography
OK-Photography

Antworten: 12
Hits: 51.028
02.06.2014 19:08 Forum: Misc


hmm hunn mer daat mol méi genau ugekuckt, an gesait effektiv ganz flott aus - deen eenzigen Problem: "Konschtfotoen" sinn fir mech duerchaus Saachen dei sou niewenbai geknipst guffen, do get et dann keen Model/Property-Release woumat d'Optioun weschfällt se als Stock zur Verfügung ze stellen.

Trotzdem flott gemaach....mengen ech wärt an Zukunft mol méi op dem Site ennerwee sinn...
thanks fir den Link!
Thema: stock photography
OK-Photography

Antworten: 12
Hits: 51.028
iStockphotography 02.06.2014 17:48 Forum: Misc




Hellou,

hunn mer virun enger Zaitschen och mol een Stock-photography-account zougeluecht, iwwert den ech puer Fotoen kucken ennert d'Lait ze brengen. Emmerhin hunn ech der genuch dei fir mech net vun "kënschtlerechem" Wert sinn, sou dass ech dei dann lo mol all dohinner setzen an kucken wat derbai rauskent....

-> OK-Photography

wat mech interesséiren giff: ass iergendeen aneren Photogen-User och op iStock ugemellt (ausser dem Gloda)? einfach fir bessi ze gesinn wat anerer sou roplueden, an vlaicht déi eng oder aner Friendrequest ze verschecken.... Augenzwinkern

an fir beim eigentlechen Thema hai ze bleiwen: huet een en aneren Site an der Lëscht, den en benotzt an empfehlen kéint?
Thema: Reparatur vun engem Ecran
OK-Photography

Antworten: 2
Hits: 25.697
02.02.2014 21:50 Forum: Allgemeng OT


"sur place natierlech" klengt iergendswei onrealistech wanns de mech frees...mengen grad an engem Land wei Letzebuerg kanns de "d'Reparatur-kultur" laaaang an verzweifelt sichen - mengen net dass de soueppes fens!! Augenzwinkern

Wat awer warscheinlech keint klappen wier ze kuken ops de daat Baudeel net ausgebaut kriss, an ze kuken op Konrad-electronik o.ä. net een Ersatz hunn. (Oder den Schaller um Lampertsbierg zBsp) Augenzwinkern
Thema: Op Foto Opmierksam man
OK-Photography

Antworten: 167
Hits: 641.015
24.01.2014 13:20 Forum: Foto Forum


Hmm haat mer iergendswei méi Feedback erwaard - sinn mer wierklech net secher bei dem Style Fotoen...
wier cool wann na engem eppes dozou giff anfalen! smile

https://www.photogen.lu/?page=view_photo&id=76440
Thema: Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread
OK-Photography

Antworten: 1.035
Hits: 2.622.778
24.01.2014 12:13 Forum: Allgemeng OT


ver-doom-t gudden Metal:

Ortega - The Serpent Stirs
http://ortegaband.bandcamp.com/album/the-serpent-stirs
Thema: Street photography slide night
OK-Photography

Antworten: 4
Hits: 34.702
09.12.2013 11:29 Forum: Allgemeng OT


Fannen daat een superinteressanten Projet, an ech wier wierklech gären op d'Presentatioun komm - allerdings ass mer eppes derzwescht komm wat ech net kont oofsoen...

Hoffen allerdings dass et net dei läschten Aktiviteit war, vun dohier haalen ech dSaach am Aan! fröhlich

Go go go! fröhlich
Thema: Concours
OK-Photography

Antworten: 12
Hits: 39.557
24.10.2013 13:34 Forum: Allgemeng OT


Hmm den aktuellen Concours leeft : https://www.photogen.lu/?page=contest_index, den Thema ass "Under Construction - gesicht get eng Foto vun engem Chantier" ... fir mech lo keen sou krass schwirigt Thema, an awer hunn reicht 5 Lait eppes ropgelueden.

Mir hunn, schon virun längerem, aus den Reegelen rausgeholl dass et eng aktuell Foto muss sinn, et geet also duer bessi duerch d'Archiv ze surfen an eppes ropzelueden.

Ze gewannen get et wei emmer een klengen Praiss bei foto.lu (Fotobuch bis Fotoprint).

Et giff mech freen vun iech ze heiren FIRWAAT sech scheinbar keen fir den Konkuer interesseiert? ass des Sectioun um Site einfach langweileg? oder lait et dorun dass schon jidfreen an d'Skiwakanz ass? oder wat ass lass? ;o)

EINFACH DROPLASSTIPPEN, et wier WICHTEG hai puer Meenungen ze héiren, vlaicht och fir an Zukunft daat besser ze maachen (watochemmer falsch ass...)
Thema: Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread
OK-Photography

Antworten: 1.035
Hits: 2.622.778
30.05.2013 01:02 Forum: Allgemeng OT


Ech lauschteren grad Lost in Kiev - http://lostinkiev.bandcamp.com/</a>

passend zu menger läschter Foto: Un concert


Hunn den Bassist (den vun den Fotoen) virun villen Jooren kennengeléiert an et ass saucool ze gesinn wei Projeten wuessen, Albumen opgeholl ginn, Tournéen organiséiert ginn (dei dann sugur bis op Letz/Belge kommen!) an Saachen eescht geholl ginn smile oofgesinn dovun dass Post-Rock genau menges ass, an d'Jongen wierklech fetzen! großes Grinsen

("They're coming" as ganz melodech...)
Thema: Waat ass hei lass ????
OK-Photography

Antworten: 11
Hits: 38.689
28.05.2013 15:00 Forum: Froen zu Photogen


Ech ennerschreiwen dem Johy seng äntwert:

Zitat:
PG gëtt et säit 2005 an ëmmer war et esou dass Leit komm sin a gaange sinn, dat ass och ganz normal. D'Grënn sinn oft verschidden (...) Dat ass awer net "schief" mä an enger online community ganz normal. Ech kann der sou direkt op manst 15 Leit opzielen wou et extrem schued ass dass net méi sou aktiv si wéi alt an de läschte Joren
Et as effektiv schued ze gesinn dass Saachen hai um Site emmer rem WAIT iwwer Fotografie rausginn, wubai et eigentlech déi ass, déi eis haihinner bruecht huet.d'Problemer vun enger Community am INTERNET sinn bekannt, et get ze wéineg perséinlechen Kontakt an geschriwwenen Text get séier falsch interpreteiert.Méi einfach wier et déi Energie an den Fortschrett vun der Fotografie (der eegener, an där vun aneren User) stiechen - daat ass emmerhin den primären Zweck vum Site.Fir all Formen vun Kritik, Diskussioun, Unreegungen an Iddien get et den Forum, oder, nach vill besser: eis Meetingen. Do kann een emmer nach am Beschten iwwert eppes schwetzen, an do huet bis lo och nach nie een gejaut "Ech sinn raus!" Augenzwinkern
Thema: check this out.
BlackPanther

Antworten: 219
Hits: 614.790
28.03.2013 10:54 Forum: Allgemeng OT


hehe hat den artikel och gelies...
ech kennen awer een den schon virun villen Jooren Objeten ganz no virun dLens gehaalen huet fir flouh Schieter an sou mat dop ze kreien an den Kadrage besser ze fellen.....as een gudden Trick!Augenzwinkern
(besonnech dobaussen huet een seier een Blat odersou font wou een virdrunstiechen kann...)

http://www.photogen.lu/?page=photo&id=44462&pagetype=user&user_id=94&oldpage=2
Thema: Zombie-Film
BlackPanther

Antworten: 3
Hits: 32.846
Zombie-Film 08.03.2013 18:02 Forum: Projet Virstellungen


Hai een Video den mir mat puer Koleegen (IndyFilmsLuxembourg ASBL) produzeiert hunn...
ech selwer war bei der Scene am Atelier un der Kamera (meng 7D mat engem 35mm 1.4 Sigma Objektiv drop)

http://vimeo.com/61248658

Giff mech freen puer Meenungen dozou ze héiren...et ass nawell een Koup Arbecht soueen Projet op dBeen ze stellen... smile
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 502 Treffern Seiten (26): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH