Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 28 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »
Autor Beitrag
Thema: iPhone 4 - FAQ
tscjoki

Antworten: 40
Hits: 122.738
17.09.2010 09:50 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von mikE
Zitat:
Original von deBaemm
Jop hun en a si wonnerbar zefridden domat, nix deathgrip bei mir Augenzwinkern



mat oder ouni bumper? großes Grinsen

also bei geet mam deathgrip just 1 balken eweg. mat bumper guerkeen


Sorry...mee den Empfang vun deem GerÄt ass GRAUSAM
Hei am Land ass de Problem net weider do well hei eng relatif gudd Couverture ass. War awer elo am Vaucluse an de Bierger op enger Platz wou den Empfang ziemlech schlecht war.
Derbei war en aalen HTC HD an den IPhone 4
Niewenaaner um Desch leien ouni Hand ronderem : HTC 2 Balken..Iphone "Kein Netz"
Thema: Op Foto Opmierksam man
tscjoki

Antworten: 167
Hits: 644.175
25.10.2009 11:24 Forum: Foto Forum


Hei dann och emol eng Kéier 2 Steck vu mir :

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=40213

Bei der 2. Foto muss een onbedingt de Kommentar derbei liesen :

http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=37243

Merci fir all konstruktif Kritik :-)
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
13.07.2009 16:31 Forum: Multimedia


Dynafix ass e Reparaturcenter an Holland,deen enner aanerem och vun Nokia,SE,Samsung a nach vill aaner benotzt get.
Ech fir mein Deel si net ganz iwerzeecht vun hinnen well se ganz strickt schaffen,daat Wuert "Kulanz" net kennen a net am Senn vum Client schaffen.
Normal,well si stin net an direktem Clientkontakt !
Et leit also un dengem Provider deen an desem Fall dein Handy reparéiert u wien hien sech wänd,resp. wien Apple hinnen als offiziellen Reparaturcenter ugett.
Et ass selten esou dass e Gerät vum Hiersteller selwer reparéiert get.
Am Allgemengen sin Defekter un de Geräter a Kategorien opgedeelt..Level1 ass dann zb. just Software...asw...
Dovunner hängt et of,wou daat Gerät dann higeet...daat kann also enner Emstenn vun engem Provider hei am Land bei e Servicecenter hei am Land goen.
Dee scheckt et da weider bei Dynafix zb. an deen,je no Defekt, a Bulgarien bei den Hiersteller.
Soumadden ass et da kloer wouhier déi laang Waardezeiten bei de Reparaturen hierkommen :-/
Ennert dem Strech ass de Client emmer deen Dommen an zum Deel och déi Provider well deem Hänn och gebonnen sin an zweschen 2 Still setzt.

Waat elo de Preis ubelaang,do sin ech mer zimlech secher dass bei eis 200 Euro facturéiert gin ....wouhier Dynafix un dee Montant do kennt ass mir e Rätsel.
Ech ging mech wéi gesoot un Apple direkt wenden,déi kennen der och soen waat et genau kascht.
Thema: iPhone
tscjoki

Antworten: 384
Hits: 827.527
RE: Rass am iPhone 02.07.2009 15:56 Forum: Multimedia


Daat ass schwéier soen a kann net verallgemengert gin.
Apple huet hier Positioun zu deem Thema menges Wessens net geännert...awer et get natierlech emmer an enger éichter Phase vum Techniker vum SAV vun dem Provider wou's de e kaaft hues jugéiert,op dee Rass effektif e Serienfehler ass,oder mechanechem Ursprong duerch falsch Manipulatioun ass.
Mee ech denken schon dass daat vun Apple unerkannt get als e Serienfehler.
Zur Nout,wann déi Provider,resp. deem séi Servicecentre, net dru geet,e Bréif un Apple schreiwen a mat deem dohinner goen.
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
tscjoki

Antworten: 70
Hits: 150.413
18.06.2009 21:29 Forum: Multimedia


Déi Numm seet mer awer neicht ?!Hues du dann ereicht do ugefaang?
Ech si responsable fir den SAV vun den Téléboutiquen,daat heescht mir missten all Daag mateneen ze din hun... ;-)
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
tscjoki

Antworten: 70
Hits: 150.413
18.06.2009 21:27 Forum: Multimedia


Do leis de e besse falsch.... ;-)
Da bass de jo beim Max a beim Savio...enner anrem :-)
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
tscjoki

Antworten: 70
Hits: 150.413
18.06.2009 21:17 Forum: Multimedia


So elo net dass mir zesummen schaffen ????
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
tscjoki

Antworten: 70
Hits: 150.413
18.06.2009 18:32 Forum: Multimedia


De Provider huet villeicht schon eng Léisung,mee en huet eis se zumindest nach net offiziel matgedeelt.
Waat den Update ubelaangt,do ass de Provider net responsable derfir.
De Forfait gouf gemeet mat deenen zu deem Moment zur Verfügung stoenden Funktiounen déi Apple deemools haat.
Déi änneren jo och net.
Wa nei Funktiounen derbeikommen,kennen des ugepasst gin,waat awer net heescht dass de Provider sech do noom Releasedatum vun Apple muss upassen,resp. dass esouguer sämtlech Funktiounen Netzseiteg zur Verfügung stin.
Waat MMS'en ubelaangt,sou huet all normalen 5 Joer aalen Handy déi Funktioun a get do jo och verrechend...daat ass also och beim Iphone esou.
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
tscjoki

Antworten: 70
Hits: 150.413
18.06.2009 16:23 Forum: Multimedia


Jo,bestemmt liest en et nach ;-)

Ass zwar eichter de Post-Insider,mee egal.
Et ass am Moment nach ganz schwéier u genau Infoen ze kommen,well ech déi och vu Luxgsm kréien.Sie bestemmen alles waat Tarifstrukturen sin,mir kemmeren eis em Netz .

Secher ass op jidferfall dass et am Moment! am selwechten Forfait mat abegraff ass,well déi ganz Astellungen vum Handy jo nach déi selwecht sin (APN Server,etc)
Soumadden kenne mir jo am Moment keng Differenz machen op de Client mam Iphone oder mam Laptop surft.
Wann eng nei Preisstrukture kennt,da muss de Client jo op jidferfall e neien APN matgedeelt kréien,deen hien an deem Fall benotzt wou en iwer Laptop surft.

Op daat elo am selwechten Forfait mat dragehéiert oder net,doriwer kann een diskutéieren. Ennert dem Strech schon,mee et muss een awer bedenken dass beim Laptop ganz aaner Volumen wärten op de Netzbedreiwer zoukommen.
Daat "surfen" um klengen Ecran mecht net ganz vill Spass an ech fir mein Deel benotzen et weider net vill a nemmen a Noutfäll (Hun zwar keen Iphone,mee en HTC HD..)
Beim Laptop geseit daat awer scho ganz aanescht aus.

Mee wéi gesoot,am Moment wees ech selwer nach neicht genaues an ech mengen an dem Marketing vu Luxgsm sin se am Gaang sech doriwer de Kapp ze zerbriechen. Villeicht warden se och just of waat Konkurenz mecht :-)
Soubaal ech méi sollt wessen,wärt ech et selbstverständlech hei posten.
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
16.06.2009 15:44 Forum: Multimedia


Da ging et jo nach méi laang daueren :-)

Jo,ging ech an denger Plaatz och machen. Hier Politik ass bei groussen Defekter jo ganz flott,resp. esouguer fair bei Oxydatiounen (woubei si jo do och all Interet hun dem Client nees e Produkt ze verkaafen fir en domadden erem un hieren Istore ze bannen ... also schlau sin hier Marketingleit schon...)
Mee bei klengen Defaut'en wéi elo bei dengem ,do deet et scho richteg wéi.
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
16.06.2009 15:20 Forum: Multimedia


Reparaturdauer ass u sech net de Problem...au contraire..do ass Apple onschlagbar.
Si tauschen wéi gesoot just aus,daat heescht du hues en an 2-3 Deeg erem wann ech en bis hei hun.

Awer elo kennt et :
Setz dech léiwer!
Wéi ech firdru scho geschriwen hun,hu si just 2 Forfait'spreisser bei Reparaturen déi net enner Garantie faalen.
Daat heescht deng Reparatur kascht onoofhängeg dervun waat futti ass 200 Euro!
Apple !
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
RE: iPhone oofgesoff ... 16.06.2009 14:53 Forum: Multimedia


Jo,stemmt ;-)
Haat meng Mailen nach net ganz gelies :-)
Ursprünglech stung Q3 fir US dran,an Q4 fir Europa.
An der läschter Mail elo méi prezise 26 Juni.
Quellen hun ech keng speziell...setzen am SAV op der Post,deen awer mam Akaaf zesummen am selwechten Service gruppéiert ass ;-)
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
RE: iPhone oofgesoff ... 16.06.2009 14:35 Forum: Multimedia


Dee greissten Letz. Netzoperateur,net GSM-Operateur ;-)
Dee gehéiert eis zwar och,mee bon ;-)
Majo Q4 fir dest Joer ass en annoncéiert fir Europa...e genauen Datum hun ech nach net....
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
RE: iPhone oofgesoff ... 16.06.2009 09:44 Forum: Multimedia


Sou,hun elo nach eng zousetzlech Info fir dech.
Et ass esou dass de Preis vu Mobistar nach een aale Preis ass,deen Apple soss emmer firgeschriwen huet bei engem Austausch.
Apple mecht 2 Differenzen :
Geräter mat opteschem mechaneschem Defekt (auserneegebrach..Display,etc) an net optesch Defekter wéi zb. an dengem Fall Oxydatioun.
Daat eicht huet emmer 450-500 Euro kascht,je no 8 Gb oder 16 Gb,déi aaner 200 Euro.
Oxydatioun ass emmer zu déer 1. Kategorie gezielt gin,well daat Gerät jo och esougesin komplett futti ass.
Seit dem 1 Mai huet Apple awer hier Preisser adaptéiert well se ganz vill Plainten kruuten dass Geräter als Oxydéiert déclaréiert si gin well hier "Detektoren" daat ugewisen hun.
Et waren awer ganz vill Fäll wou just grad eng Dreps Reen zb. op deen Detector komm ass,wou daat Gerät selwer awer kee weideren Schued haat.
Dofir hun sie seit dem 1 Mai Kategorie Oxydatioun zu den net opteschen Defekter erofgesaat an sie froen nach just 200 Euro,onofhängesch op 8 oder 16 Gb.
Du kanns also roueg mat deem Argument bei Mobistar nohaaken,well daat gellt iwerall.

Desweideren just als Info...de Preis vun engem Neigerät ass em ca 50% gefall elo well dee neien Modell kennt ;-)
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
RE: iPhone oofgesoff ... 16.06.2009 08:35 Forum: Multimedia


Dann ass Mobistar zimlech deier ;-)
Mengen net dass mir 450 Euro froen fir e 16Gb,misst daat awer nofroen. Den 8 Gb ass op jidferfall genau 200 Euro

Et ass och egal op et knaschtegt Wasser oder kloeres war,Oxydatioun ass Oxydatioun.
Daat eenzegt waat eng Roll ka spillen ass Art vun der Flessegkeet...bei Ueleg zb hues de eventuell eng kleng Chance :-)
All déi aaner "Vodoo"-Rezepter kanns de vergiessen. Du kanns emol Chance hun dass en nach funktionnéiert,mee ass wéi gesoot alles eng Saach vun der Zeit.

Ob daat sech elo fir dech lount muss du selwer entscheeden.
Kanns och op dee neien Modell warden oder der den HTC HD kaafen,deen ass besser ;-) (Awer och nemmen wann e net an Waaser fällt :-) )
Thema: iPhone oofgesoff ...
tscjoki

Antworten: 19
Hits: 47.158
RE: iPhone oofgesoff ... 15.06.2009 12:52 Forum: Multimedia


Ofgesoffen Geräter gin net méi gefleckt.
Platine vun deenen Geräter ass oxydéiert an esouguer wann en nach sollt goen,ass et eng Fro vun der zeit bis déi éichten Defekter kommen,well daat emmer weider oxydéiert.
Am Prinzip ass daat Gerät just fir an Pubelle...esou leed et mer fir dech deet.
Bei ganz!!! liechter Oxydatioun(Schwees,e puer Reendrepsen) kanns de emol Chance hun dass ,je no Relatioun mam Reparaturcenter,daat Gerät nach un laafe bruecht get,awer dann ouni Garantie op "Folgeschäden"
Souweit zum Prinzip.
Lo awer d'Ausnahme :
Apple mecht keng Reparaturen.
Si tauschen just déi defekt Geräter aus an hun dofir ,onofhängeg vum Defekt,2 verschidden Preisser,je nodeem op et en 8 oder 16 Gb Gerät ass.
Dorenner faalen och Geräter mat Waaserschued.
En Austausch kascht 200 Euro (bei 8 Gb)..waat denken ech eng relatif fair Propose ass esougesin.
Wouhier ech daat wees...ganz einfach..schaffen am SAV vum greissten letz. Netzubidder ;-)
Wanns de en also hei kaaft hues,kréien ech en souwisou an Hand.
Thema: Foto.lu Printservice
tscjoki

Antworten: 55
Hits: 157.719
24.04.2009 11:54 Forum: Projet Virstellungen


Zitat:
Original von Shantideva
Also...
Ech sin amgangen meng nächsten Ausstellung virzebereeden. Dofir hun ech dann och een Test gemeet vun beiden Laboen déi hei ugeschwaat gin sin. Dat waren:

http://www.foto.lu

http://www.saal-digital.de

Bei beiden Servicer hun ech folgend Produkter bestallt:

1 X 30X45 chemesch entweckelt Foto

1 X 50X75 Poster Ausdrock matt

Als eischt zu denen chemesch entweckelten Fotoen:
Saal Digital schafft mat enger Agfa Minilab an et kann een d'Faarwprofiler erooflueden. Den Photoservice schafft mat Fuji Minilab. D'Agfa Minilab ennerstetzen Faarwprofiler and d'Fuji Minilab ennerstetzen keng. Dofir hun ech beim Photoservice präziséiert dass ech keng Autokorrektur op der chemesch entweckelter Photo wéilt. D'Foto soll esou gin wéi ech se verschafft hun an net nach durch irgendeng Korrektur verännert.
Beid Servicer bidden keng 100% 30X45 Formater awer beim Photoservice ass meng Foto genau op d'Blatt komm wéi ech se och um Bildschirm gesin. Beim Saal Digital ass op enger Seit d'Bild e bessi gecroppt (bal 1 cm!!!). Et gin Fotoen wou een daat net mierkt, awer bei menger Foto war den Cadrage pedantesch genau an dofir ass d'Bild net méi sou daat wat et war. Ech hun och beid Fotoen hei heem ennert Normliicht verglach an d'Qualitéit ass praktesch déi selwescht. D'Foto vun Saal-Digital ass e bessi méi donkel an méi kräfteg am Kontrast awer irgendwéi gefällt mir d'Aarbescht hei vum Photoservice e bessi besser. Et ass zwar een immensen Ennerscheed am Preis zwechend 1,79 € bei Saal-Digital an 5 € bei Photoservice.
Fazit: Ech wärt hëchtswahrscheinlech awer méi bezuelen beim Photoservice fir meng Ausstellung ze machen well ech net kann domat liewen dass mir 1 cm vun enger 30X45 Foto fehlt. Dobei kennt jo dass durch den Passe-Partout jo och nach eppes verluer geht. Awer ech well mir och keng Chance entgoen lossen just well sou een Detail net stemmt.

http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=28996

Elo zum Poster:
Hei ass déi Sach just emgedréint. Ech hat des Woch eng Bestellung fir een Poster kritt. Den hun ech dann och bei beiden Servicer machen geloss an do hun ech awer direkt gesin dass d'Qualitéit vum Poster bei Saal-Digital besser wier. Den Poster huet eng Foto vun den Heigiewen um Belval gewisen wou een Heiguewen am Virgrond ass, an deen aaneren am Niewel e bessi méi weit hannen. Bei der Foto vum Photoservice ass den Kontrast sou verstärkt gin dass d'Foto hieren Charme e bessi verluer huet. Durch d'Kontrastverstärkung ass den Niewel e bessi verluer gangen.

http://www.photogen.lu/index.php?page=photo&id=24248

Schlussfolgerung:
Fir Fotoen ass den Service vum Photoservice hei zu Lëtzebuerg den besseren an fir Posteren ass den Service vun Saal-Digital den besseren. Ech hoffen ech konnt verschidden Leit e bessi mat mengen Erfahrungen hellefen.


Merci fir deen interessanten Bericht.

Ech muss awer heizou och nach e klengen Päfferkär béiléen.

Bei Saal steht ganz kloer geschriwen dass de Pabeier op dee beliecht get Moosen 305x452 huet an dass hier Machinen eng Toleranz vun 3% hätten.
Dest ass iwerens bei Primphoto zu Esch ouni wellen een ze ernimmen genau selwecht (schaffen mengen ech och mat Agfaminilab)
Daat heescht du muss 3% (laut hierem SAV 2.6%) beirechnen an dann klappt daat einwandfrei am Prinzip.
Iwerpréifen kanns de daat och problemlos an hierem Programm wou's de genau Schnettlinien ugewisen kriss wéi Photo entweckelt get.
Thema: Foto.lu Printservice
tscjoki

Antworten: 55
Hits: 157.719
03.03.2009 08:43 Forum: Projet Virstellungen


Zitat:
Original von patrickr
War virun 2 Wochen um Site, fier ze kucken wat dat da kascht, hun awer keng Präisser fonnt. Hun dun eng "fiktiv" Bestellung opgin fier un d'Präisser ze kommen (hat vill Gedold, mee schons e Minuspunkt) an hu misse feststellen, dass et am Verglach zu aneren, déi och gudd Qualitéit liwweren, awer "gepeffert" as.


Preisser sti ganz ennen um Site,am klenggedrecken.
Daat ass effektif net ganz gudd gemeet,hun am Ufang och gesicht.
Thema: Foto.lu Printservice
tscjoki

Antworten: 55
Hits: 157.719
03.03.2009 08:39 Forum: Projet Virstellungen


Zitat:
Original von Kwitchibo
ech soen dozou das ech egal wei hei am Land eppes kaafen kann wann den Preis an Quali okay as an net an Ausland laafen ...

daat as een Problem fir Betrieber hei am Land...

mbG


Genau do fängt den éichten Punkt un...de Preis ass net ok wann ech 300-400% méi muss bezuelen fir déi selwecht Qualitéit oder Wuer.
Daat ass e Problem deen Betrieber hei am Land sech selwer zouschreiwen mussen,well se sech op Lorbeeren ausrouen,déi haut mat engem openen a firunallem vernetztene Maart net méi bestinn.
Selbstverständlech kaafen ech bei engem Betrieb hei am Land wann ech hei dee selwechten Service,Qualitéit an ongeféier dee selwechten Preis gebueden kréien.
Mee do si mer ganz oft weit dervun...leider.
Thema: Foto.lu Printservice
tscjoki

Antworten: 55
Hits: 157.719
02.03.2009 15:09 Forum: Projet Virstellungen


Neenee,ass alles chemesch entweckelt...bis 30x45. (1.79 Euro ! )
Alles waat driwer geet,ass gedreckt...daat ass kloer.(woubei's de 30x45 souwuehl geprint kriss bei hinnen wéi och chemesch entweckelt,daat ass dann déi klengsten Moos mengen ech)
An och do get et nees de Choix zweschen verschidden Pabeiersorten.
Mee och Preiser vun deenen normalen Greissten wéi 20x30 sin einfach super fir déi gebuerden Qualitéit.
Kuck einfach emol bei hinnen um Site...riets stin déi ganz Preiser vun de chemesch entweckelten Biller.

Ech gleewen der ouni Zweifel dass foto.lu och gudd a schnell schafft...den Dichter huet jo och e gudde Numm (huelen jo un dass et hien ass wann ech dein Text liesen ;-) )
Mee wéi gesoot,ech vermessen méi eng agressif Preispolitik(grad besonnech am Internet wou auslännesch Konkurenz awer och potentiel auslännesch Client'en sin),souwei e bessen méi e grousse Choix wéi daat waat all Labo hei standartméisseg hei huet.

Mee wéi gesoot,probéier et emol aus,si secher du bass iwerzeecht. ;-)
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 28 Treffern Seiten (2): [1] 2 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH