Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 92 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: NATO AWACS Training
GrAl

Antworten: 34
Hits: 95.324
17.09.2010 13:20 Forum: [Foto] Rendez-vous


Huet en eng Iddi wéini den Lande-a Start-zäitslot ass vun der Antonov ?
Thema: Landschaft an der Nuecht
GrAl

Antworten: 14
Hits: 40.209
RE: Landschaft an der Nuecht 30.03.2010 16:47 Forum: Foto Forum


EngTelecommande ass mol absolut onverzichtbar.

Net all Motiv egent sech fir interessant Nuetsopnamen. Bei zevill schwaarzen Plazen get d'Foto oninteressant. Besser du knips en gudd beliichtnen Détail ewéi daischer Panoramen.

Déi meescht Nuetsopnamen gin guer net Nuets gemet me an der bloer Stonn. Do hues de nach genuch Lut fir vill Détailer ze gesin an d'Luten an den Heiser an op den Stroossen sin schons un.
Thema: Teleobjektiv fir EOS 50D
GrAl

Antworten: 11
Hits: 33.540
RE: Teleobjektiv fir EOS 50D 30.03.2010 16:35 Forum: Material


Du bass de jo bewosst, datts de bei engem Budget vun 300eur ken 70-300 f/2.8 USM IS kriss.

Also dierfs de Kompromesser agoen:

- en f/2.8 ersetz de duerch en 4 - 5.6
- en Bildstabilisator ersetz de andeems de dech op kuerz Beliichtungszäiten beschränks.

Dann kanns de mat 300eur eppes kafen


Le 100 bis 150eur drop an du kanns der en Bildstabilistaor leeschten.
Dann proposéieren ech:

Sigma 70-300mm f/4-5.6 DG OS Canon AF
Canon EF 70-300mm f/4-5.6 IS USM

Iwert d'Kalitéit géif ech mer dann keng Gedanken man well méi Choix hues de net.
Thema: Weieen Computerbildschirm kaafen fir mat Fotoen ze schaffen?
GrAl

Antworten: 22
Hits: 64.672
10.02.2010 15:23 Forum: Material


Zitat:
Original von Johny
Zitat:


... ? d' iMAc'en sinn all blénkeg, schéine Widdersproch Augenzwinkern


Wisou Widdersproch? Ech roden just zu iergendengem matten Ecran, hun do naischt vun Mac gesot.
Thema: Weieen Computerbildschirm kaafen fir mat Fotoen ze schaffen?
GrAl

Antworten: 22
Hits: 64.672
10.02.2010 13:24 Forum: Material


Ech liesen aus dengem Kommentar eraus, datt den imac fir dech d'Léisung vun all Problem ass.
Bon, dat wëll ech elo hei net diskutéieren me an dem Fall kaf der iergenden Ecran well "schlecht" ass u sech ken méi, ass alles eng Saach vum Calibrage. Kuck just, datt den Ecran matt ass, net blenkeg.
Huel Biller mat an d'Geschäft wous de wes wéi se ausgesin oder sollen ausgesin an kuck der deng Biller op den Ecran'en un. Wann der en gefällt, dann kaf en.
Et brengt der näischt elo super Ecran ze kafen (ech gin dovunner aus, datts de keng 500eur wëlls ausgin fir en EIZO) fir den henno als zweten Ecran nierwt dem Mac ze benotzen.
Thema: 1. Slr
GrAl

Antworten: 19
Hits: 47.865
10.02.2010 09:25 Forum: Material


Gudde Choix.
Ech wenschen der dann vill Spaass domadder.
Thema: 1. Slr
GrAl

Antworten: 19
Hits: 47.865
04.02.2010 14:18 Forum: Material


Kaf d'Canon !

1. well jo en eng Decisioun huelen muss
2. wanns de henno net eens gess, ech als nikon-user d'schold op Canon schiben kann
3. well Canon méi belleg ass an du déi gespuerten Suen beim Objektiv dropléën kanns. (wat vill méi wichteg ass wéi den Boitier)
4. Wanns de wierklech mat engem FOTOaparat filmen wëlls, du bei Canon vläit besser opgehuewen bass
5. well Canon en BG als Optioun ubidd, Nikon net (wann dat dir wichteg ass mam klengen Fanger)
6. well egal wats de keefs, dem Noper seng Kiischten emmer besser schmaachen
Thema: Nikon Dxxxx???
GrAl

Antworten: 12
Hits: 35.356
30.11.2009 13:55 Forum: Material


Deng Marque läit fest an den Budget läit fest. Et kennt also just d'D90 a Fro.
Si ass am August 2008 erauskomm, du kanns also domadder rechnen, datt se eréischt Summer 2010 ersat get.
Thema: Hochzeitsfotoen !
GrAl

Antworten: 25
Hits: 81.463
16.09.2009 11:32 Forum: Foto-Techniken


hei kanns de der e puer Iddien erausschreiwen :

http://www.flickr.com/groups/400157@N20/pool/page1/

weis dengen Kollegen dëss Fotoen ower net, huel der just e puer Iddien eraus déis de op denger Location vläit kanns emsetzen.
Thema: Hochzeitsfotoen !
GrAl

Antworten: 25
Hits: 81.463
16.09.2009 11:14 Forum: Foto-Techniken


Ech hun mer mol deng Fotoen an der Galerie ugekuckt. Ech géif mol soen, du kinns dech roueg un Hochzäitsfotoen eruntrauen. Deng Bedenken datt hier Erwaardungen vläit net dengem Resultat entspriechen sin net onbedengt richteg. Et ass éischter esou, datt Deng egen Erwaardungen ze grouss sin.

Et sin deng Kollegen, si hun deng Fotoen bis elo jo emmer gesin an wann hinnen dat gudd genuch wor, dann géi an knipps !! Datts du ken Profi bass wessen se jo.

An wann dat dech nach emmer net iwerzegt, dann dat heiten:
Och si haten bei hierer éischterHochzäit kal Féiss :-)))

Mäin Tuyau ass just : Huel der genuch Zäit fir d'Fotoen.
Thema: Ennerwaasser Fotoapparat
GrAl

Antworten: 6
Hits: 33.844
24.07.2009 10:21 Forum: Material


Hei kanns de der en klengen Test vun compakten waasserdichten Aparater ukucken.
http://www.dpreview.com/reviews/Q209waterproofgroup/

Wanns de op der Plage wells Fotoen man an eventuell wells den Aparat mat an d'Waasser huelen oder wëlls schnorchelen goen ouni elo déif ze tauchen, dann ass wéi den Metalbambi schons gesot huet, en Compakten dat richtegt.
Wanns de ower ufängs gréisser Usprech ze stellen, dann kenns de net laanscht en Ennerwaassergeeais fir deng SLR, do huet den Nemo vollkommen recht.
Ech well dem Nemo säin Kommentar ower nach ergänzen mat der Bemierkung, datt enner Waasser alles anescht ass. Deng Knäppercher schengen enorm kleng an duerch den Briechungsindex vum Taucherbrell ass net alles sou einfach wéi et schengt.
Ech kann der elo ken Geheis rekommandéieren well meng Schnorchel-Erfarung schons 20 Joer hier ass an den marché vun den Geheiser geännert huet.
Wat ech ower nach wes, ass datt ech en aquamarine-Geheis hat an et enner Waasser enorm schwéier wor den Aparat an den Zoom ze bedengen. Den groussen Viirdel vum Aquamarine wor ower, wanns de den Fotoaparat lassgelos hues, dann ass et geschwommen, en Compakten get enner...
Du kriss ower och Geheiser (dat sin quasi Plastikstuten) fir en Compakten an dann schwammen déi och.

Béides, en waaasserdichten Compakten an en Ennerwaaassergeheis ass ower net grad belleg, iwerle der ower wats de brauchs.

An nach zum Schluss, wanns de an d'Waasser wors, wäsch den Fotoaparat herno mat kloerem Waasserof! !ganz wichteg! Besonnesch Salzwaasser ass agressiv an kann deng Dichtungen vum Fotoaparat ugraifen an hannerléist och Salzspueren wann en drechend déis de ni méi ewech kriss.
Thema: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60
GrAl

Antworten: 14
Hits: 36.442
12.06.2009 09:23 Forum: Technik-Diskussiounen


Dat ass zwar gelungen... vläit misst en effektiv mol drun denken, datt deng D60 en Defekt huet?
Hues de déi Fro schons un den Nikon-support gestallt?
Thema: Datei enthällt keine bilddaten Nikon D60
GrAl

Antworten: 14
Hits: 36.442
Keng Bilddateien 03.06.2009 09:21 Forum: Technik-Diskussiounen


Direkt eppes bäidroen zu dengem Problem kann ech elo net well ech den Problem nach ni hat.
Hun eng D80 an Kaarten vun Sandisk. Läschen man ech d'Kaarten emmer mat Format an der Kamera selwer an bis elo wor den Problem nach ni.
Iergendwou hat ech ower mol an engem Test gelies, datt verschidden "belleg-kaarten-hiersteller" zimmlech noléisseg sin bei der Hierstellung vum Chip an do daks Kaartenausfäll sin.
Ob dat elo domadder ze din huet wes ech net me viirstellen kinnt ech mer, datt den Aparat d'Foto net oder just felerhaft oofspaicheren kann wann en Kontakt op der Kaart misère mecht.
Thema: Kennt een Digitalwonderworld ?
GrAl

Antworten: 15
Hits: 38.880
bis elo alles tiptop 03.06.2009 09:08 Forum: Material


Ech hun och schons e puer Saachen do kaf, wor se schons dohinner sichen (just op rdv) an hun och schons liweren gelooss. Bis elo hat ech nach ken Schwiregketen mat hinnen an mam Gerry get en gudd eens. Souguer op e-mailen kritt en schëtzeg eng Äntwert. Och mam service après-vente wor ken Problem wéi mäin Blëtz emol futti wor.

Ech muss fairerweis ower och soen, datt ech an der Läscht emmer méi an der Stad an engem Fotosbuttik kaf hun well et ower méi praktesch ass fir eng Berodung an bei Problemer.
Thema: Studiomaterial
GrAl

Antworten: 8
Hits: 32.623
Studiomaterial 07.05.2009 09:16 Forum: Technik-Diskussiounen


Emmer méi hefeg gesäit en hei Studiofotoen oder och Fotoen déi mat Studiomaterial am Fraien gemet gi sin.
Ech géif et eng Diskussioun waert fannen wou jidferen säin Material viirstellt, wat déi eenzel Leit sou vun Material hun an wéi hier Erfarungen domadder sin?
Wat fir eng marque an Model benotzen se vun Blëtz, Softbox, Hannergrond... eben alles wat sou gebraucht get an virwat se sech grad fir dat Material entsched hun?
Thema: Weieen Photoappartat? :P
GrAl

Antworten: 12
Hits: 33.728
15.04.2009 10:21 Forum: Technik-Diskussiounen


An dengem Budget vun 400eur läit am Fong just d'Canon 1000D, déi ass mam kit.objektiv 18-55mmIS fir em 450eur ze kréien an et ass fir den Prais dat Bescht wats de kriss.
Thema: Gudd "weitwenkel" Objecktive
GrAl

Antworten: 15
Hits: 36.429
09.04.2009 11:15 Forum: Material


Wat wëlls de domadder man? WW oder Teleberaich, wat ass däin Budget?
Och géif ech mer mol Gedanken iwer Festbrennwäiten man.
Am WW sin ech mam Sigma 10-20mm ganz zefridden me ob en dat als usprochsvoll bezeechnen kann...
en Kolleg huet den Sigma 24mm 1.8 an ass domadder ganz zefridden.
Ech selwer sin vum Nikon 50mm 1.8 iwerzeecht (och wann et lauter Plastik ass)

Et kann en net einfach sou soen, kaf dëst oder dat ouni ze wëssen wats de ennert usprochsvoll verstes. Fir mech klengt usprochsvoll no deier smile
Thema: Gudd "weitwenkel" Objecktive
GrAl

Antworten: 15
Hits: 36.429
09.04.2009 10:18 Forum: Material


An dengem Profil schreiws de, datts de en Tamron 18-200 hues. Wanns de all deng Fotoen um Site mat dem Objektiv gemet hues froen ech mech wisou datts de en zwet "allround-objektiv" sichs?
Deng Fotoen deiten drop hin, datts de méi Usprech stells wéi déi, déi sou allround-Objektiver bidden kennen.
Thema: Gudd "weitwenkel" Objecktive
GrAl

Antworten: 15
Hits: 36.429
09.04.2009 09:49 Forum: Material


Wat fir eng Usprech stells de?
Méi ewéi Tester kucken kann ech och net. Ech sin souwuel mat mengen Sigma ewéi och mat mengen Nikon Objektiver zefridden, do huet jidefren seng Preferenzen.
Thema: Gudd "weitwenkel" Objecktive
GrAl

Antworten: 15
Hits: 36.429
09.04.2009 09:08 Forum: Material


Bon, ech kennen dat Objektiv zwar och net me wann soss ken eppes schreiwt, léën ech mäin Päfferkär alt bäi.
Ech hun bei www.kenrockwell.com gekuckt an den ass net begeeschtert vun dem Objektiv. Hien set, datt et en gudd Objektiv ass me déi optesch Leeschtung, set hen, ass net besser ewéi déi vum kit-objektiv 18-55mm. An dofir wir den 16-85 ze deier, an réit zum 18-200 well dat grad sou gudd ass an just eng Grimmel méi deier.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 92 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH