Thema: Naturfotografie - Ausstellung |
|
Zitat: |
Original von JADE
kann een zu all Moment kommen oder gin ët do Ausstellungsöffnungszäiten ?
dir sidd bis Oktober do? ass daat richteg? |
D'Fotoën hänken am Restaurant vum Hotel an och an engem separaten Sall; vu que datt et en Hotel ass, kann een am Prinzip ëmmer do eran.
Am Beschten ass et awer fir d'Fotoën ze kucken, wa keng Léit am Restaurant sin.
Den Accès an de separaten Sall ass esou eng Saach - wann do grad iergendeng geschlossen Veranstaltung ass kann een natierlech nët do ran. Soss ass deen awer am Prinzip accessibel.
Do misst een dann am Beschten am Hotel selwër kuerz nofroën, op d'Ausstellung ganz accessibel ass de Moment wou e wëllt kucke goën.
D'Fotoën hänken am Prinzip bis den Oktober - dat ass laang, an et ka sin datt déi eng oder aner verkaaft an trotzdem direkt matgeholl gëtt. Dat decidéiert den Hotel sëlwer.
|
|
Thema: Naturfotografie - Ausstellung |
|
Mir si frou, e puer "PG"-ler op eisem Vernissage konnten ze begéinen a kennen ze léieren.
Villmols Merci fir d'Kommen - och un déi, déi "inkognito" eventuell do waren !
Natierlech duerf och elo nach den een oder aneren dohinner kucke goën, d'Fotoën hänken jo nach eng ganz Zäit laang do.
|
|
Thema: Foto verkaafen ? |
|
Elo haat ech mech schlecht ausgedréckt - ech haat eben just déi Fotoen do och fonnt op iStock, etc... an hu mech gefroot op daat dann elo illegal ass ?
Waat meng Foto uegeet, ass effektiv nët vill "Philharmonie" drop....
Merci !
|
|
Thema: Foto verkaafen ? |
|
@Nagarjuna an arwa:
Ech soën Iech zwee Merci fir är kompetent Äntwerten zu menger Fro.
De Sujet ass hei effektiv jo nët d'Philharmonie - allerdéngs gëtt dem arwa seng Remarque mir ze dénken; et gi vläicht anerer déi d'Philharmonie hei trotzdem als Sujet gesinn...an domat wiere mir jo dann ganz kloër am Problemfall vun de Rechter un der Publicatioun vum Gebei.
Zu dem Thema stellen ech mer dann d'Fro, wéi ee kann op den Stockphotography Säiten Fotoen vun eiser Philharmonie fannen - duerfen déi dann iwerhaapt do verkaaft gin , oder ass daat illegal ?
|
|
Thema: Foto verkaafen ? |
|
Salut,
Ech hun op engem internationalen Site déi hei Foto
http://www.photogen.lu/?page=photo&id=16...d=988&oldpage=1
gepost, an elo eng Ufro kritt vun enger (Consulting)-Firma déi se gären keeft fir op hierem Internetsite ze gebrauchen.
Huet do een Erfahrung mat Konditiounen, Oflaaf an eng Gréisstenuerdnung vu Präis deen een do ka froën, asw ?? Ech sin éierlech gesoot e bëssen iwwerfroot...an iwwerrascht daat iwerhaapt een déi wëllt kaafen
Merci am Viraus !
|
|
Thema: Raw-Entwecklung bei Canon |
|
Probéier mol den Lightroom3 - fir mech eng nei Referenz waat d"'Rausch-Behandlung" ugeet - an d'Objektivkorrektur geet och mat engem Klick (fir déi meescht Objektiver)
|
|
Thema: Concours |
galileo
Antworten: |
185 |
Hits: |
515.166 |
|
|
Zitat: |
Original von xaph32
jo, me wéi kréien ech dann lo main print? oder wen seet mer bescheed... vu dass et nach een organisatiounskonflikt gët, oder verstin ech lo rëm guer naischt?
;-) |
Also, virun enger Zäitchen war dat mol ganz einfach - schéck eng Foto iwer mail bei den Sponsor a schréiw dran datt's du e gratis Print zegutt hues wëlls du hei gewonnen hues.
2 Deeg waarden an un d'Mauer domat
Mee vläicht ass et jo elo anescht.....?
|
|
Thema: Canon EF 70-200mm f/2.8 L IS II USM (IQ) |
|
Ech sin (säit gëschter) Meeschter iwer daat gudd Stéck - an hun vläicht 20 Fotoen domat gemach - kann also nach nët vill driwwer verzielen. No der Päischtvakanz wees ech sécher méi - bis dohinner haat ech e puer Geleenheeten fir d'Blend 2.8 och bei wéineg Luucht ze testen.
Ech haat och nët d'Mk I, kann also nët vergläichen, mee ech mengen ganz dat hei ass eng super Lens
.
Den @arwa huet der jo e Link gin - ech mengen do ass alles gesoot.
|
|
Thema: Hochzäit |
galileo
Antworten: |
59 |
Hits: |
113.532 |
|
|
Zitat: |
Original von mmphotos
Wann een als Amateur Fotograf Fotoen ob Hochzeiten mecht an dofie Suen freet as daat Schwartzarbescht! |
Sécher sin ech do nët, mee ech huelen mol un datt wann Fotoen machen mat engem senger beruflecher Aktivitéit vereinbar ass, an et gëtt een säi Revenu dovun duerno op der Steiererklärung un, dann ass dat denken ech nët méi ënnert Schwarzarbecht ze klasséieren, wëll et eng artistesch Aktivitéit ass, oder awer dach ? - genauesou wéineg, wéi wann een als Musiker op enger Hochzäit Danzmusëk spillt oder soss an engem Orchester matspillt, an dofir e puer € kritt ?
edit: 13:41 -elo war de xaph32 mat senger ähnlecher Ausso e puer Minutten méi fréi....
|
|
Thema: Liichtstark Canon Objektiv 50mm F1.4 oder F1.8 |
|
Ech hun den 50/1.8 och mol eng Kéier kaaft, eben well en "baal näischt" kascht (<100 €).
Virdeeler: super kleng a liicht - passt baal an d'Boxentäsch, fir de Rescht:
Den Autofokus ass eng mëttelschweier Katastroph
, op alle Fall dann, wann e wees wéi déi "besser" Objektiver vu Canon esou sin. A grad bei wéineg Luucht ass daat e groussen Nodeel. D'Faarwen an de Kontrast fannen ech sin och nët den Hit. Bei mir läit et baal nëmmen am Schaaf.
Den 50/1.4 hun ech nach nët probéiert, mee et wärt dem 85/1.8, waat ech hun, ähnlech sin, waat den AF ugeet (den 85/1.8 ass iwregens e super Objektiv an fir dee Präis nëmmen ze recommandéieren).
Als evtl. Alternativ misst een dann awer elo och nach den EF-S60/2.8 Macro ernimmen; zwar nët 1.8 oder 1.4, mee trotzdem och als Portrait-Lens absolut ze gebrauchen, an als Macro esouwisou.
De Choix läit bei dir.
|
|
Thema: Ultrawäitwénkel |
|
Zitat: |
Original von ludiol
D'Fro déis du dir muss stellen ass brauchs de bei engem UWW wierklech 1:2.8. Ech mengen net. |
Dat hängt awer dovun of, wou a firwaat's du et brauchs. Et ass näischt anescht ewéi zB. eng 16mm/2.8 Festbrënnwäit (24mm op FF) fir dobannen - dat ass a verschiddene Fäll schon nëtzlech - mee natierlech nët dat eischt Asaatzgebidd, dat ass scho richteg.
Ech hun den Tokina 11-16/2.8 - am Prinzip sin ech zefridden domat; eppes vläicht just als Info: vun AF->MF geet mam "Focusséier-Rank", deen een no hannen muss zéien, an do verstëllt een sech dann rem de Focus: also mam AF scharfstëllen an dann op MF ëmschalten ass praktësch nët ze machen. Den AF ass och zimlech haart a lues (am Verglach zu Canon), mee dat spillt bei der Brënnwäit hei keng esou eng grouss Roll - t'ass jo keen Objektiv fir Action-Fotoen.
|
|
Thema: Canon 17-55mm 2.8 oder 24-105L 4.0 ?? |
|
Firun der Fro do stoung ech och - och fir op der 40D.
Direkt emol virewech: dat eenzegt richtegt an optimalt Objektiv fir all Fäll gëtt et nët, an iergendwou ass ëmmer e Kompromiss !!
Ech hu fir mech folgendermoossen decidéiert - mee dat heescht nët, datt nët eng aner Léisung och gudd oder bësser ass:
1. 24-105/4L
- ass um Crop sécher kee Wäitwenkel, mee verléiert awer duerch de Crop och seng kleng Nodeeler, wéi anschéinend "vill" Verzerrung bei 24mm an Vignetage.
Soss ass dat Objektiv fir mech richteg gudd - super schnellen a quasi lautlosen AF, konstant Blend (och wann "nëmmen" 4), richteg gudd am Kontrast an och an de Faarwen, a super an der Verarbechtung an immens agreabel ze benotzen.
Duerch den dach groussen Brennwäiteberäich ass et och immens flexibel anzesetzen.
2. Tokina 11-16/2.8 - wa scho Wäitwénkel, dann och richteg
wëll och 17mm ass um Crop nët ëmmer genuch WW, wann e wierklech WW brauch - mee dat hängt alles vum Gebrauch of. Daat ass natierlech an der Verarbechtung keng Canon-L-Quali - mee fir e SWW fir mech gudd genuch, an waat d'Bildqualitéit ugeet eigentlech och richteg gudd.
Ech si mat der Kombinatioun zefridden - och wann et mir heiandsdo u Liichtstärkt fir dobannen feelt...mee do mussen dann eben liichtstark Festbrennwäiten an den Asatz (oder an Zukunft eben nach méi heich ISO-Werter - an dann ass f4 duerchaus och brauchbar....).
Ech konnt den 17-55/2.8 an der Philharmonie bei zimlech wéineg Luucht testen - et ass bei 17mm@2.8 an den Ecker nët wirklech scharf...ech war do bëssen enttäuscht. Do ass de Virdeel vum 17mm an f2.8 dann rem nëmmen relativ; mee sécher soss eng super gudd Lens, och wann d'Verarbechtung an den AF nët deen vum 24-105 sin....
Just mäi klenge Beitrag zu denger Fro
|
|
Thema: Flares beim Tokina 11-16 f 2.8 |
|
Zitat: |
Original von gloda
Nö as normal. Du hues d'Sonn am Bild. |
Effektiv normal ! Zemool beim UWW. Hun och dat do Objektiv an deselwechte Flare ënnert esou Bedingungen....einfach anescht fotograféieren ass do d'Léisung.
|
|
Thema: UV-Filter |
|
Firwaat dann iwerhaapt esou e Filter un däin Objektiv schrauwen ??
Mat oder ouni Vergütung, et ass ëmmer eng zousätzlech Glas a Loftschicht, déi nëmmen deng Qualitéit kann manner gudd machen
Als "Schutz" geet d'Géigeliichtblend an 99,9% vun de Fäll duer - et sief du fotograféiers an engem Sandstuerm, oder an der 1. Rei beim Motocross
....me gudd - jidfereen mecht do wéi e wëllt.
Fir mech ass dat "an da brauch Der nach en UV-Filter" just Marketing.
|
|
Thema: Canon 50mm 1.8II |
|
Zitat: |
Original von Alko
fier iwert een chrestmaart (dei glaich kommen :-)) domat ze laafen get awer schons schwiireg!? |
Oh, daat hängt awer ganz dervun of, waat's du wëlls machen - ech kann der soën - den 85/1.8 ass wierklech lecker - an d'Oppeblënn a Kombinatioun mat Luuchten, daat mecht Spass a gëtt flott Detailer um Chrëschtmart
|
|
Thema: Canon 50mm 1.8II |
|
Ech hun dat och - allerdéngs nët oft am Gebrauch, well ech och nach den 60/2.8 (Makro) + 85/1.8 hun, déi allenzwee em Längten bësser sin, firun allem waat den Autofocus ugeet: do ass den 50/1.8 éischter lues an onpräzis.
Mee fir de Präis duerchaus brauchbar - do mechs de nët vill falsch.
|
|
Thema: Makroobjektiv fier Canon |
|
meng Makroën sin och all mam EF-S 60/2.8 gemach.....falls de dech nach Beispiller brauchs...luuss a meng Galerie eran
|
|
|