Thema: Backup Fotoen |
wuff
Antworten: |
6 |
Hits: |
35.622 |
|
|
Ech hun se en Mol op engem HDD op méngem Computer, deen sech automatesch mat méngem One-Drive Cloud synchroniséiert. An nach en mol eng Copy op engem externen HDD deen bei méngen Elteren läit.
Do misst schon vill geschéien dass méng Fotoen all fort wieren.
|
|
Thema: Teleobjektiv |
wuff
Antworten: |
4 |
Hits: |
25.364 |
|
|
Jo daat huet schon gutt gehollef fir Méng Décisioun. Well ech net onbedingt kléng fillercher domat well knippsen schéint mir daat 300er déi richteg Wahl ze sinn.
Ech hat och nachun den 400mm 4.0 geduercht awer daat as schon säit 2001 um Marché an get anscheinend och geschwënn ersaat. Auserdeem as d'Bildqualitéit nët esou gutt.
|
|
Thema: Teleobjektiv |
wuff
Antworten: |
4 |
Hits: |
25.364 |
|
|
Salut alleguer!
Ech hunn iwwert d'Unschaafung vun engem Teleobjektiv fir mäin Canon Apparat (Vollformat an 1,3 Crop) nogeduecht mat mindestens 300mm Brennwäit fir en puer Déieren knipsen ze kënnen.
Lo stellen sech fir mech awer folgend Froen.
1. Wéi ass et mat der Handhabung vun esou engem Objektiv? Ech wollt et haaptsächlech fräihänneg benotzen. Ass dat iwwerhaapt méiglech mat esou enger Brennwäit ouni ze verwackelen?an vum Gewiicht hier?
2. Zoom oder Fest Brennwäit? Zoom ass zwar méi flexibel awer net esou gutt vun der Bildqualitéit. Huet do een vun iech Erfahrungen Gesammelt?
3. Ass et sënnvoll en Telekonverter ze benotzen? Domadder wier ech en bëssen méi flexibel bei enger Festbrennwäit.
Merci fir ären Kommentar.
|
|
Thema: Fotorucksack fir Amerika |
wuff
Antworten: |
15 |
Hits: |
31.688 |
|
|
Salut!
Wann et nët onbedingt en Rucksaak muss sin, dann gin et do Pelicase'en.
Do krist de Modeller déi genau d'gréist vum Fluchgepäck hun. En Rucksaak kannst du dann
an déi normal Valis maachen.
|
|
Thema: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8??? |
wuff
Antworten: |
14 |
Hits: |
32.159 |
|
|
Ech soen mol Merci fir är Kommentaren.
Den Fait dass en Wäiwenkel op den Renner méi onschaarf gëtt ass mir bekannt mäes dat ass an mengem Fall net esou relevant well ech jo kéng Vollformat Kamera hunn.
Mol kucken op nach aner Usiichten gepost ginn.
Ech sinn nach ëmmer net richteg decidéiert. Hun mech mettlerweil och schon bei Zeiss mat manuellem Zoom emgekuckt. 18mm3.5 an 21mm2.8
Ech mengen daat gett net einfach
|
|
Thema: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8??? |
wuff
Antworten: |
14 |
Hits: |
32.159 |
|
|
Ech hun en aps-c an en aps-h Apparat . An ech géing et gär benotzen fir Landschaft an Indoor-Foroen ze maachen.
|
|
Thema: 24mm 1.4 oder 16-35mm 2.8??? |
wuff
Antworten: |
14 |
Hits: |
32.159 |
|
|
Salut alleguer!
Ech wollt mir demnächst en neit Objektiv zouleeën an weess awer net genau fir wat fir eent ech mech soll decidéieren. Entweder eng Festbrennwäit vun 24mm 1.4 oder en Wäitwénkelzoom 16-35mm 2.8.
Ech wollt mol vun Iech hei gewuer ginn wat an ären Aen d'vir an Nodeeler vun deenen zwou Varianten sinn, oder op en vun Iech Erfahrung mat dem engen oder aneren Objektiv huet?
Natierlech kënnt dir mir och Alternativen soen un déi ech villäicht nach net geduecht hunn.
|
|
Thema: Roulot'ographe Workshop |
wuff
Antworten: |
14 |
Hits: |
67.945 |
|
|
Salut!
Ech hun mech ungemellt an och bezuelt awer nach emmer keng Confirmatioun kritt dass ech ungeholl sin. Sinn ech dann elo deen zweeten deen sech ungemellt huet oder as bei der Iwwerweisung eppes schiif gelaaf?
|
|
Thema: Sichen Auto fir Hochzäit |
wuff
Antworten: |
11 |
Hits: |
41.856 |
|
|
Salut!
Mäin Papp huet esou en aalt Gefier an der Garage stoen allerdéngs keen Kabrio. Et as en Jaguar XK 150 aus den 60er Joeren. Du kanns deen jo mol Googelen, an wann's du interesséiert bass dann kann ech mol mat him schwätzen awer ech gleewen net dass dat en groussen Problem wäert sinn den Auto fir en Fotoshooting zur Verfügung gestallt ze kréien. Hien kennt och nach en puer aner Leit mat alen Autoen déi och schon op Hochzäiten derbäi waren.
|
|
Thema: Hochzäit |
wuff
Antworten: |
59 |
Hits: |
102.080 |
|
|
Deem Fotografmarco seng Homepage as wierklech den Hummer daat muss en gesinn hun
|
|
Thema: Canon Taass |
wuff
Antworten: |
16 |
Hits: |
35.906 |
|
|
Super cool!
Hun der direckt 3 bei Ebay bestallt. Den Versand as souguer gratis!!!
|
|
Thema: PS-Elements Workshop |
wuff
Antworten: |
21 |
Hits: |
68.822 |
|
|
Jo, esou en PSE Workshop wier mol interessant, fiir gewissen ze kréien waat een do alles kann eraus huelen.
Den PS an all sénge Varianten as mir en bessi ze oniwersiichtlech an et verléiert een sech gär an all deenen Menüpunkten mat deenen en als Ufänger souwisou näischt unzefänken wees.
|
|
Thema: Liichtstark Canon Objektiv 50mm F1.4 oder F1.8 |
wuff
Antworten: |
11 |
Hits: |
33.329 |
|
|
Salut!
Ech hun och sou en Jhugutsbecher vun 50mm 1.8. Daat ass nawell en feint Objektiv wann een heiansdo do bannen well Fotoen ouni Bletz maachen oder well mat der Schärftendéift experimentéieren an wéinst séngem geréngen Gewiicht an Gréisst kann een et emmer derbäi hun. Logesch as dass een fir deen Präis keen top Objektiv kritt mat allem waat technesch machbar as.
Ech benotzen mäin 50mm baal nie. Fir do bannen as et mir perséinlech schon eng ze laang Brennwäit fir do baussen ze kuertz.
Well's du welles hues méi an Richtung Portrait domat ze schaffen géing ech soen dass daat 85mm 1,8 daat richtegt kéint sin super Präis-Leeschtungs Verhältniss. Haat sou eent en Mol geléint kritt an war begeeschtert.
P.S. Ech verkaafen mäin 50mm 1,8 mat Filter fir 80€ wann's du Interesse hues.
|
|
|