Thema: Akzenter |
|
Kann weg. een mir soen ewei een Akzenter kann schreiwen, mam Iphone oder Ipad zB. ? oder ? ?
Merci am viraus
|
|
Thema: 5d Mk3 Praisentwecklung |
|
Also ech bewonneren déi Leit, déi et färdeg brengen ze warden bis de Preis méi interessant get. Ech packen mech do net, an ech fréen mech och fier esou fréi ewéi méglech mat dem neien Geschier laszeléen. Ech fannen all Dag wo een kann dovun profitéeren as och Geld wert. An et berouegt meng Nerven, weil deen Stress deen ech hät mam warden, net ze bezouelen. Awer all Geck as anescht. Jiddenfalls profitéier vun der Fierfreed, MK 3 as einfach nemmem Genial.
|
|
Thema: Kritik: Phototalk-Videoowend |
|
Ech war och do, an ech hun deen Owend an och deen Film ganz gudd font. Ze spéit wor et mir net, sin pensionéiert an muss muerens net um 5h eraus.
Ech fannen dem Marc an och denen aneren Memberen hieren Asatz an eisem Club fier emmer erem een flotten Fototalk ze machen mat emmer erem neien Ideen ganz besonnech lobenswert.
Wat mir och hei immens gefällt as déi Méiglechkeet mat aneren Memberen ze quatchen an op verschidden Froen eng Entwert ze kréien.
|
|
Thema: Reportage iwert Urbex |
|
Flotten an interessanten Reportage. Ech kann gudd verstoen fierwat et dech emmer erem dohinner zit, dat as eng immens Location.
|
|
Thema: Saachen déi een net zu engem Fotograf seet |
Knipser
Antworten: |
47 |
Hits: |
118.110 |
|
|
Ech war emol, dat muss esou em déi 1972 gewiecht sen mat enger Frendin durch d' Petrusdall getreppelt, ech hat meng Canon FTB mat engem200mm Canon oder Vivitar 70-200 Objectiv dobei. Nodem ech eng Foto gemeht hat sot hat durf ech eng kéier dodurch kucken ? Nodem hat dann derdurch gekuckt hat krut ech de Photoapparat erem mam Kommentar : immens, do geseit een jo alles méi noh an soguer farweg ! an hat war net blond.
|
|
Thema: Gleitsichtbrell |
|
17.10.2009 19:17 |
Forum: Misc |
Ech hun den Schirm och schon an all héicht an op all Distanz probéiert, et as ewéi den Chrirtian74 gesot huet durch deen schmuelen Bereich an der Iwergangszone net méiglech den Focus op enger méi groesser Oberfläsch ze hun. Nierft deenen Vierdeeler vun esou engem Progressivbrell as dat do eben den Nodeel. Elo get esou een spéziellen " Monitorbrell " bestallt, dann wärt ech denen aneren hier Fehler nach besser gesin, an meng awer eléicht wann een mech drop hingewisen huet :-)...merci fier dein Komment.
|
|
Thema: Gleitsichtbrell |
|
Ech soen dir villmols merci, du konns mer ganz vill hellefen, lo wees ech emol dass et net as dass mein Brell net gudd as, ech wollt halt vermeiden mat 2 Breller ze hantéieren, well net nemmen dohem ma och ennerwe mam Laptop muss ech eben dann deen 2ten Brell dobei hun mat all deem gedezems wo dat mat sech brengt. Ma ech wärt mir awer elo een extrabrell mat menger stärkt machen loossen fier op den Schirm ze kucken.
|
|
Thema: Gleitsichtbrell |
|
Salut, ech wees net op dest hei hin passt, ma villeicht huet oder hat een fun ierch ähnlech Problemer, ech hun seit den Metteg een Brell mat "gleitsicht" also keen bifocus ma esou een gleitenden Focus vun noh bis weit. Ech hat bis elo esou een Liesbrell vun 8 Euro mat deem ech super eens gin sin fier op dem Bildschierm ze kucken. Mein neien Breel as super fier weit, geht och gudd fier Fotoen ze machen,also duerch den Sucher ze kucken,liesen as och ok. Ma wann ech domat op den Monitor kucken géif ech en am léifsten an den Eck geheien ! Ech muss dauernd den Kap bewegen an gesin emmer nemmen een Deel vum Schierm scharf wat z.B. bei enger Landschafsfoto irgentwei net klappt. As et dass ech mech muss un dat Dengen gewinnen oder as dat einfach neicht fier op den Monitor ze kucken. Wier froue wann dir mir är Erfahrungen mat esou engem Deel géift schreiwen...merci am viraus.
|
|
Thema: CANON-Reparatur |
|
Dat do as emol eng Information déi mech berouegt, ech hun den Service Gott sei dank nach net gebraucht, sinn awer froue ze wessen dass dat esou gudd klappt.
|
|
Thema: Visite Arcelor-Mittal |
|
Freht mech wann et iech gefall huet. An et war och ganz interessant iech perséinlech kennen ze léeren an ech hoffen dass mer eis nach emol op Fototour begéinen.
PS ech sin nei hei um Forum an ech struewelen fier eraus ze fannen fier individuel jidferengem ze entwerten, ma meng Entwert kennt emmer ennen drenner. ?!
|
|
Thema: Visite Arcelor-Mittal |
|
Ech hun haut vun 14 h30 bis 17 h, eng Visite op Arcelor Mittal Esch-Belval organiséiert. Stohlwierk an déi 2 Walzwierker missten fonktionéieren. Ech wees dass dat elo e bessi kurzfristeg as, ma et sin nach 2 Platzen frei, an wann nach een interesséiert as kann en sech jo hei mellen oder mir eng PN machen.
Net méi mellen oder PN en, ech sin haut net méi online.
|
|
Thema: T-shirt |
|
Ech hun der nach e pur fond, : Kondensorlinsen - Okular - Zoom - Brennweite - Abbildungsfehler - Spiegel - spärische Aberration - Auflösung - Optik - elektromagnetisches Spektrum - Infrarotlicht - ultraviolettes Licht - mikro - makro - Brechzahl - snelliussche Brechungsgesetz - transparent - opak - conkav - parallax - convex - partielle reflexion - paraxiale optik - interferenz - Beugung - Polarisation - graufilter - UV Filter - remission - Photoreztoren...... huel der wats de kanns gebrauchen, ech hoffen et as eppes brauchbares dobei. Gudd Iddi hues de do fier en T-shirt.
|
|
Thema: Iislekk Meeting |
|
Kann ech net 100% secher soen well ech nach net wees wéini ech plenneren, hängt vun e puer Onbekannter of. Ma ech probéieren mein bescht dobei ze sin.
|
|
Thema: Iislekk Meeting |
|
hey, treppelen grillen an Fotoen machen, dat klengt super, wann ech zu Land sin sin ech op allefall dobei, ech fréen mech schon fier der e pur vun iech kennen ze léieren... gudd iddi !
|
|
|