Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » Servicewüst Lëtzebuerg » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Servicewüst Lëtzebuerg  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Gaga
Jungspund


Dabei seit: 21.02.2014
Beiträge: 17

Servicewüst Lëtzebuerg Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sou, ech muss mengem Ierger e bëssen Loft machen.

(Falls of-topic wegl an dei richteg Kathegorie setzen Admins, merci)

Ech wor Gescht am Mirgain an hun en Nikkor 70-200 F2.8 Occasioun fier 1100€ do gesin, ech sichen schon lang eng gudd Occasioun well et sou zimlech dat bescht as wat Nikon an dem Segment huet.
(PS: hei klicken fier mein 70-300mm F4.5-5.6 ze kucken an ze kaafen!)
Haut de Mueren um 9:01 hun ech ugeruf ob et nach do as, well Gescht anscheinen en Här sollt lanscht kommen et kucken. T'Madame sot mer och, dat en iwert SIE verkaaf get, d.h. dir kennt mat Kart bezuellen... Also hun Sie en zereck geholl, an machen elo och eng Marche drop an hun Interêt drun, en lass ze gin... géiff een mengen!
Et wor nach do. (freu)
Ob eemol, no langen Recherchen am www iwer Prais etc ... as mer opgefall ... ma et as super bëlleg, wëll 1300-1500€ sin am www de Preis fier eng Occasioun (Nei elo : 1950€), an den VRI kritt een fier 1250€NEI... also dofier wier et ze deier !?! hmmm...
Bon, nach eng Keier ugeruff : "...as et VRI oder VRII ?"
"Ah Monsieur, et steht net drop präziseiert !" (un der Stëmm erkennen ech schon mein Lieblingsvendeur, Champion an der Incompétenz, den Hàr mam Accent an Brëll ! ^^)

Soit, um 12:30 dohin, kucken, neien VRII an der Vitrinne ... Occasioun ... schweier den !Ennerscheet ze gesin. Trotz dem Fait, dat "HIEN" hannert dem Comptoir steht, gin ech eran ..."... kommen t'Objektif kucken ..."
Den Här déplazeiert sech souguer bis bei t'Fenster... get mer t'Optik eraus an och direkt eng D7100 fir ze probeieren. (WOW)
Ech: "Jo, also as et elo VRI oder VRII ?"
V:"Kann ech ierch net soen Monsieur."
Ech: "Dir hud jo den VRII nei an der Fenster stoen... misst een mol kucken" (laafen tescht Comptoir an Vitrinne 3-4x hin an hier fier en Ënnerscheet ze gesin...
V:"Jo et gesait een keen Ënnerscheet" (kennt net op t'Idee, fier 1100€ evtl den neien erauszehuelen fier t'Sach ze klàren...) "Mais et as super an der Rei, wei nei, wierklech eng gut Lens... blabla...."
Ech: "Bon, ech geif en direkt huelen wann et en VRII as, wëll VRI kascht nei 1250€ um WWW!" (hei!)
V:"Ah jo, dann as en deier"
V:"Villeicht kann een dat bei Nikon iwert t'Seriennummer erausfannen"
Ech: "Jo egal, ech wëll wessen ob et VRI oder VRII as, soss huelen ech en nët."
ELO kennt et :

V: Hëllt eng Mirgain-Kärtchen, an schreift t'Seriennummer op ! "Hei, da kennt dier villeicht bei NIKON kucken goen ob der do erausfannt wat et as ...."

Ech:"Bon, et as en VRI, ech hun gesin en huet en aaneren Rank uewen an den VRII huet dei Knäpecher do net. Fier mech as t'Sach ok, ech huelen en nët... äddi an merci" unglücklich

Wei kann esou en K***** an engem Buttek schaffen? wei kann e Patron erlaaben, dat esou Vollpfosten seng Réputatioun zur Sau machen ????

Den selwechten Blanni hat mer jo schon gesoot dat haut keen Mensch mei Grofilteren keeft fier laang ze beliichten "Dat macht der Haut mat Photoshop op dem Computer M., Filteren sin iwerlierft..." (Da gei bei en Informatiker schaffen, net an en Photostudio... du Evolutiounsbrems !!!)

Incompétenz a vollen Zich, domm sabelen kann en, mei net. Wann een dann nach matkritt wat en den Autonormalclienten heiernsdo verziellt, kritt een gro Hoer.

Ech probeieren emmer am Geschäft ze kaafen, ech well kucken, upacken, beroden gin. Mais wann dat do t'Resultat as, da sollen se faillite goen an ech gin dann eben op t'Internet kaafen. Praiser sin sws net dei bescht beim Mirgain, mais wann een mol net am Stand as e MINIMUM ze machen fier engem Client 1100€ aus der Täsch ze zeien... dann din se mer net leet, dei Hännessen.

Sou, ech hun haut 1100€ gespuert... froen mech fierwaat mein Blutdrock awer nach op 180 as !

Ech roden ob jiddefall jidderengem hei, git net an den Buték, wann der net 100% wesst wat der wellt, an 100% secher sid wat der kritt.

Salut

Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 06.08.2014 13:48.

06.08.2014 13:40 Gaga ist offline E-Mail an Gaga senden Beiträge von Gaga suchen Nehmen Sie Gaga in Ihre Freundesliste auf
micky-maus
Jungspund


Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22

RE: Servicewüst Lëtzebuerg Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

DODO, muss een oppassen wie Fuuss. Kritt een keen gebrauchten VRII ennert 1450 Teuro, ann den VR ass em 950 Teuronen. Doweinst ginn ech Emmer ann Foren amm WWW kucken waat esou leeft weint Material, kritt een Emmer die beschten Infoen besonnech bei Occasiounen.

Ps.: Occasiounen, heinsto huet een och einfach Gleck. Haat mier firunn 2 joer eng sauber d90 mat Bateriegreff,2 Batterien, enger sd Kaart, Posch, Intervalometer ann den 18-105mm fier nemmen 500 Euroen kaaft. Heinto muss een och einfach Gleck hunn..... Woer enplus nach een feinen Mann daat, well krutt nach dono mei ewei eemol een Patt vunn him.... smile

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von micky-maus am 06.08.2014 16:36.

06.08.2014 16:36 micky-maus ist offline E-Mail an micky-maus senden Beiträge von micky-maus suchen Nehmen Sie micky-maus in Ihre Freundesliste auf
Gaga
Jungspund


Dabei seit: 21.02.2014
Beiträge: 17

Themenstarter Thema begonnen von Gaga
RE: Servicewüst Lëtzebuerg Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dann has de en Idiot fontn den net wousst wat sein Geschiir wert wor ...

Mais hei geht et mer einfach em t'Art a Weis wei mam Client emgaang get.

Den Preis an esou, as kloer dat ech ememr vergleichen, wei gesoot, hei wor t'Argument zb dat keng Posch derbai wor, an vu dat den Preis baal den Neipreis vum aalen Model wor, wier et eben meiglech gewiercht dat et en VRII wier ... mais bon, dat as net den Probleem. Einfach schon mol als Vendeur net ze wessen wat een verkeeft, an dann dem Client esou eng Propose ze machen weisst wei weineg professionaliteit et bei gewessen Leit get.
06.08.2014 16:55 Gaga ist offline E-Mail an Gaga senden Beiträge von Gaga suchen Nehmen Sie Gaga in Ihre Freundesliste auf
Cypress Cypress ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 06.08.2011
Beiträge: 27

RE: Servicewüst Lëtzebuerg Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Gaga,

muss Dir Recht ginn; besonnësch sympathesch sinn se beim M&H wierklech nët ëmmer. (Hunn wuehl déi eng oder aaner Kéier all Mënsch vun deene schon eemol guttgelaunt erliewt, awer eben net duerchgehend. An dat ass schued, well esou behält ee kee Client!)

Allerdings wuar ech och schon bei der Konkurrenz géigeniwer op der Escher Strooss, an do haaten se d'Frendlechkeet och net grad matt Läffele gefriess.

Bleiwt nach de Fotograf zu Remëleng. Hunn zwar keng Erfahrung do, an et läit och net grad op mengem Wee, mä ech haat viru kuerzem e Bericht iwwert d'Véronique Kolber bei der RTL-Artbox gesinn an do huet mir den Här aus dem Buttéck immens sympathesch geschéngt. Problem ass, dass hie schon eeler ass an hien scho wollt ophaalen, an ech nët wees, op dat nachganz laang dauert.

Mä falls hien nach do ass, wärt ech als nächst do eemol laanscht kucke goen...
06.08.2014 19:26 Cypress ist offline E-Mail an Cypress senden Beiträge von Cypress suchen Nehmen Sie Cypress in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dee service ass och genee de Grond wisou ech meng Saachen och quasi just nach online kafen. Et huet een einfach iergendwann keng Loscht méi Nerven drop ze maachen fir trotzdem lokal ze kafen, da si se, wéis de am fong och soos, selwer Schold wa se iergendwann faillite ginn.

__________________
404 - Not found
07.08.2014 09:57 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Cypress Cypress ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 06.08.2011
Beiträge: 27

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ginn Dir Recht, Johny.

Dat Meescht kaafen ech och online, bis op Klengegkeeten (neien Akku asw.), déi ech direkt muss (oder wëll ;o) hunn.

Grouss Ausnam: D'1DX hunn ech awer beim Mirgain kaaft, well ech mech éierlech gesoot net getraut hunn, esouvill Souen auszeginn, ouni direkt eppes an de Grapp ze kréien, sou wéi dat beim Internet de Fall gewiecht wiër. :-/
07.08.2014 13:52 Cypress ist offline E-Mail an Cypress senden Beiträge von Cypress suchen Nehmen Sie Cypress in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech sëtzen an den Buttek och ni méi ee Fouss eran. Ech hunn den Fehler gemaach an hat och bei hinnen een ganz deiert Objektiv kaaft wat ëmmer een Focusproblem hat. Vun hinnen sinn ech domat just vera...scht ginn, obwuel si et ouni Problem bis den 6. Dag hätten kënnen/missen zréck huelen hunn si dat net gemaach.

Duerno koumen 8 Méint Misär an Frust an ween mer herno gehollef huet fir dat an d'Réi ze kréien war den CK IMAGE zu Esch. Ech sinn elo zanter 4 Joer Client bei hinnen an ech sinn ëmmer zefridden. Och wann mol eppes an zwësch aneschters ee puer Euro méi Bëlleg ass kafen ech et nawell bei hinnen wëll den Service ass 1A.

Ech kann den CK IMAGE nëmmen jidderengem empfehlen an jiddereen den ech kennen schécken ech dohinner an et huet nach ni een mer gesot dass en vun hinnen enttäuscht ginn wier.

Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 07.08.2014 18:32.

07.08.2014 16:13 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Sirius
Mitglied


Dabei seit: 20.05.2010
Beiträge: 25

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Schluck
Ech kann den CK IMAGE nëmmen jidderengem empfehlen an jiddereen den ech kennen schécken ech dohinner an et huet nach ni een mer gesot dass en vun hinnen enttäuscht ginn wier.


Kann ech nemmen bestätegen.

An vum Präis hier sin dei och een guud Steck mei belleg wei den "Buttek aus der Stadt"
08.08.2014 10:17 Sirius ist offline E-Mail an Sirius senden Beiträge von Sirius suchen Nehmen Sie Sirius in Ihre Freundesliste auf
Jean-Marie
Jungspund


Dabei seit: 28.08.2013
Beiträge: 10

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fir esou Sachen wei dat hei ass den Photogen immens gut.
Et ass nemmen ze hoffen dass sou Diskussiounen och bis an Stadt kommen, et sin jo genuch potenziell Keefer hei um Site.
An wann dat betraffend Geschäft dat matkritt kennen se jo "fleit" eppes un hierem Style änneren wann sie net nemmen vun den Touristen wellen verdingen.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Jean-Marie am 08.08.2014 16:40.

08.08.2014 16:38 Jean-Marie ist offline E-Mail an Jean-Marie senden Beiträge von Jean-Marie suchen Nehmen Sie Jean-Marie in Ihre Freundesliste auf
Bubu
Jungspund


Dabei seit: 08.02.2009
Beiträge: 11

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech gin och net mei do ran. D'Fendlechkeet as och net dei allergreis an alles as Mescht ausser Nikon an Canon....Da froen ech mech weisou se Sigmaobjektiver verkafen.
An dann nach eng 5D III mat engem Sigmaobjektiv am Kit verkafen.
Do stellen ech mer da Froen an mengen net nemmen ech.
08.08.2014 17:01 Bubu ist offline E-Mail an Bubu senden Beiträge von Bubu suchen Nehmen Sie Bubu in Ihre Freundesliste auf
ornitho
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech kann den CK zu Esch och just Empfehlen, beim M&H an da Stadt sen Ech emol bei gelaaf mat enger 50D demols an bei dem zu Holleresch setzen ech keen Fouss mei eran..
Hun beim CK wiekleg eng Extrem heich Somme invessteiert, an Qualiteit ewei Service ass Top ! Kloer hat Ech och schon e Problem mat engem 600 mm, mee den CK heut mech do net hänken geloss, Leisungen sen Schlussendlech fonnt gin ! (den Buttek ass net schold drun wann et sech em en Konstruktionsfehler handelt... )

Dat ass och de Grond wisou Ech GEUR NAISCHT ONLINE kaafen ewei zbsp: bei Amazon oder CO, eichtens ass den Physikalechen Kontakt zweschen Mensch an Mensch net do, an 2tens kriste do oft Objektiver wou schon en anneren Probeiert hat an zereck geschekt heut weins denen berümten Back an Frontfokus-Geschichten, an dat dierft net sen!

Dann leiwer e Produit 10 oder 100 Euro mei deier bezoulen, wat bei denen Sommen Kouh och net mei Dëck mëscht zum schluss , an et krit en geholef wann e Problem do ass !

Bon, eng anner Sach wou Ech och jidereen hei drun well arenneren, wou vill Leit schlecht opheulen wat dat Thema berodung ungeht, E Geschäfft soll an därf net entscheeden wat Dir solt kaafen, well et sin da vill dei Ouni Plang an sou Geschefter eran laafen an sech dann awarden dei berümten Eierlegendevollmilchdsau matheem ze heulen, an dat ass falsch, dei Leit an denen Fotosbuteker sen Verkäfer an keng Fotografen, an dei hun do och just e bestemmten Erfahrungswert vun Apparaten an Objektiver.... Bei sou sachen muss en Selwer genau wesen wat en well, heut en jo meigleketen haut zu Dachs sech extrem Schlau ze liesen !

P.S: vir Canonnisten, bei Canon sin Praiser gefall, 70-200, 200-400 etc..

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von ornitho am 10.08.2014 11:41.

10.08.2014 11:39
Jean-Marie
Jungspund


Dabei seit: 28.08.2013
Beiträge: 10

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech kommen nach emol ob dest Thema zereck.
Ech denken am meeschten Senn geif et machen wann en Mail mam Link vun deser Diskussioun ob info@photo-mirgain.lu gemach geif gin.
Ech well dat elo awer net selwer machen well et net mein Thema ass, awer nemmen esou besteht eng Chance, dass dei Leit matkreien wat hier potenziell Clienten sou vun hierem Service denken an eventuell eppes un hierer Maneier änneren.
11.08.2014 16:12 Jean-Marie ist offline E-Mail an Jean-Marie senden Beiträge von Jean-Marie suchen Nehmen Sie Jean-Marie in Ihre Freundesliste auf
Gaga
Jungspund


Dabei seit: 21.02.2014
Beiträge: 17

Themenstarter Thema begonnen von Gaga
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et geht mer net drems dem Mirgain dat ze soen, deen mierkt et dorunner dat ech net mei dohinner gin.
Et geht mer drems den User hei ze soen wat se erwuart wann se dohinenr gin !
11.08.2014 17:17 Gaga ist offline E-Mail an Gaga senden Beiträge von Gaga suchen Nehmen Sie Gaga in Ihre Freundesliste auf
LeeLee
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Gäil. Nodeems ech +- 2007 fier d'éischt de Wee an dee Buttik fonnt hat, war dat och di läschte Kéier. Wéinst deem Komiker hannert dem Comptoir. Wéi kann esou e Buttik iwwerliewen? Gin et esou vill Leit op der Welt di sech wierklech Alles bidde loossen?
13.08.2014 11:43
Miau Miau ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 21.01.2009
Beiträge: 25

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech war neierdengs bei Photo Bintener op Wandhaf, huet prima geklappt an de Preis war och OK
13.08.2014 20:41 Miau ist offline E-Mail an Miau senden Beiträge von Miau suchen Nehmen Sie Miau in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hun elo just als Test eng Speicherkaart online bestallt an kruut direkt d'Aentfert, dass déi Speicherkaart net do wier, an ech mat enger lichter Verzögerung rechnen misst. Hun per Pay Pal bezuelt. Daat ass typesch ! Dovun stoung neischt um Site.
Wéi am Buttek, alles ugepriesen, an neischt do !!
Ech mengen et wor fier d'Lescht.
14.08.2014 13:42 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ornitho: Heibäi ass et jo eigentlech och guer net ëm Berodung gaang, just drëm dass de Verkeefer weess wat e verkeeft, an dat sollt e scho wëssen smile Fir d'Berodung hunn d'Leit besser z.B. hei am Forum nozefroe wéi viru kuerzem de Thread iwwert den den 28-300.

@gunman: Hei am Land huet se eng Hand voll Geschäfter déi a Fro kommen, online hues de de choix vun dausenden. Do ass et normal dass de der och fënns déi schlecht sinn, och do gëllt ëmmer nach dass ee sech virdru soll bëssen informéieren iwwert de shop wou ee bestellt, well online bestellen ass net gläich online bestellen. Ech hu selwer och schonn negativ Erfahrunge gemaach an sou Richtungen (Ech krut mol net gesot dass meng Wuer net op Lager wier mee no 2 Wochen ass d'Bestellung einfach stornéiert ginn vum Shop aus), awer et ass herno ëmmer alles riicht gaang sinn nach ni wierklech ugeschass ginn oder ähnlech.

__________________
404 - Not found
14.08.2014 13:48 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
LeeLee
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hat mech geierrt, ech war 2x an deem Buttik (et as awer nie zu engem Kaf komm). Mat 2007 lung ech richteg (Forum vergesst näischt):

https://photogen.lu/forum/thread.php?threadid=838

Leschteg. Ajo, hun di Stécker fier d'F100 dun beim Fränz an op Ebäh fonnt. Wat den OP betrefft. Et muss een dann eben heiansdo op d'Zänn bäissen, wann een erkennt, dass dat wat ee well, awer eng Mogelpackung as. Weidersichen.
15.08.2014 11:11
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » Servicewüst Lëtzebuerg

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH