deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
http://en.wikipedia.org/wiki/Chromatic_aberration
ech wëll näicht falsches behaapten dohiir loossen ech dech einfach emol liesen, resp. sin bestëmmt nach aaner Leit hei déi der gudd kënnen erklären vu wou et genee kënnt!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
23.01.2011 05:36 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Am Resuméë:
Chromatech Aberratioun ass en onvermeidlechen Effekt bei all Lëns (kuck eng Kéier duerch en Teleskop/Spektiv do ass et meeschtens nach vill méi schlëmm). En kennt dervun dat verschidden Wellelängten vum Liicht anescht vun der selwechter Lëns gebrach ginn, an dat gesäis de dann eben als CA well den Brennpunkt dann net méi genau um Sensor leit. Méi deier Lënsen sinn speziell beschicht vir dat ze ënnerdrécken, mee ganz lass gess de dem Buttek ni.
CA entsteet besonnesch stäerk un Kontrastkanten (Bam vrum wäissen Himmel). Den Blëtz huet also direkt näischt dermat ze dinn, mee wanns de d'Schieter domadder ophells, kriss de manner Kontrastkanten an eben och manner CA. Ass awer lo keng Léisung ëmmer ze blëtzen...
Am Lr kriss de se zimlech einfach wech, do gëtt et ënner Objektivkorrektur en speziellt Feld vir CA, do muss de dann en bëssen mat den Regleren spillen bis sou man wéi méiglech iwwreg bleift.
__________________ Anti-Signature
|
|
23.01.2011 11:06 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
Themenstarter
|
|
Merci deBaemm merci Metalbambi,
dat helleft mer schon fill wéider, ech hat schons iergendweih angscht dass eppes futti wier oder falsch agestallt etc...
Den Effekt war mier fierdrunner ni greisser opgefall gewierscht, ech probeiren do den Owend nach eng Kéier mam Lightroom.
|
|
23.01.2011 16:02 |
|
|
|