Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » Kaddosiddien Wanter 2010 » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Kaddosiddien Wanter 2010  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Text Kaddosiddien Wanter 2010 Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo jo, déi Fotografen. Déi hätten sech kéinten méi e bëllegen Hobby sichen! Wann een deenen eng Freed mat engem Kaddo wëll maachen gëtt et direkt richteg deier. Oder? Ech hunn eng kleng Lëscht zesummegestallt mat Kaddosiddien fir Fotografen wou den Präis sech a Grenzen hält. All déi méi deier Akeef iwwerléisst een am beschten dem Fotograf oder der Fotografin selwer, dee weess am beschten wat mat senger Ausrüstung kompatibel ass.
Wann der net wësst wou een dat elo akafen kann, gëtt et nieft den üblechen Online-Adressen och eis Lëscht vun Fotogeschäfter an der Groussregioun.
Wann een wëll eng Iddi bäisetzen oder soen firwat den een oder aneren Artikel keng gutt Iddi ass, mellt iech zu Wuert!

Fir bluddeg Ufänger
Sou, deen oder dat wou der beschenke wëllt huet sech also grad eng Spigelreflex mat dem Kitobjektiv kaf? Hei sinn déi éischt essentiell Accessoiren.
-Fotosrucksak
Di Apparater sinn sensibel a wëlle gutt gepolstert sinn, zum aneren muss sech d'Material och bequem droe kënnen. Dir fannt kleng Fotorucksäck ab 50€.
-Ersatzbatterien
Fotoapparater brauche Stroum, soss huet et sech séier ausgeknipst. Den Präis hänkt je no Modell of, d'Moyenne ass denken ech 50€.
-Späicherkaarten
Déi sinn séier voll, also kann et ni schueden fir eng zousätzlech ze hunn. Oppassen dass se dat richtegt Format huet (zB CompactFlash vs SD,...). Hei och onbedéngt vun engem vertrauenswerten Händler kafen, vun den gudden Marken wéi SanDisk an Lexmark ginn et immens vill Fälschungen. Als Unhaltspunkt fir de Präis: eng 8GB CF Kaart vun SanDisk kascht 20-40€, jee no Vitesse.
-50mm 1.8 Objektiv
Eng super Brennwäit fir Portraiten ze maachen. Den 50mm f/1.8 kascht fir déi meescht Marken ëm 100€.
-LensPen
En klengen "Stëft" mat engem Pinsel déi eng Säit an engem Botzkapp déi aner Säit, fir Objektiver propper ze halen. 10€

Fir Outdoor an Wildlife Fotografen
-Ball Bungees
Dat sinn kleng elastesch Bänner mat Bullen drun. Domat kann een sou zimlech alles iwwerall festmaachen. 10 Stéck fir 6€ op eBay.
-ND Filter
Interessant fir d'Naturfotografen. Vläicht just ze empfielen als Kaddosiddi wann een selwer eppes dovun kennt, et muss een sech tëschent deenen fir virdrunner ze halen an deenen fir opzeschrauwen decidéieren, da muss een eng Stäerkt wielen an evtl och en Duerchmiesser. Ab 50€, kann awer vill méi deier ginn ke no System.
-Reflekter (5-in-1)
Fir all déi wou Leit ënner fräiem Himmel Fotograféieren. Déi 10€ wou een fir en 5-in-1 Reflekter ausgëtt kënnen e groussen Ënnerscheed fir d'Bildqualitéit maachen.
-1. Hëllef Pak
Ech weess net op all d'Fotografen sech esou oft wéi dinn ewéi ech, mä wann een duerch en Objektiv kuckt kann ee mol verpassen dass do een Fussball op een duerflitt, dass deen Bam awer net esou wäit ewech war wéi en am Sucher ausgesinn huet, etc. Minimum e Pak Plooschteren an eppes fir ze desinfizéieren sollt ëmmer dobäi sinn.
-Messer / Leatherman
Jiddereen deen an der Natur ënnerwee ass sollt ménger Meenung no en Täschemesser dobäi hunn. Pardon wann ech den Scout a mir eraushänke loossen smile A wann et nëmmen ass fir Plooschteren ze schneiden...
-GPS Dongle/Apparat
Fir déi wou queesch duerch de Bësch lafen, sou vun Moosskoup zu Mooskoup kann et alt emol virkommen dass een sech verleeft, do hëlleft dann en GPS Apparat. Et gëtt awer och kleng Dongles déi een bei verschiddene Marken (Sony, Nikon zB) un den Apparat uschléisst, sou dass d'GPS Donnéeën mat all Foto gespäichert ginn an een se dono op enger Kaart erëmfënnt. (Dat geet och mat der richteger Software an GPS Apparater déi zB kml Dateien exportéieren.)

Fir déi mat wackelegen Hänn an gebrachenem Réck
-Gorillapod
En Mini-Trépied, flexibel a liicht. Ech géif fir DSLR Benotzer näischt ënnerhalb vum Modell DSLR-Zoom empfielen. Ab 35€.
-Superclamp
Mat dëser "Zaang" kann een den Fotoapparat, den Blëtz oder soss allméiglech Saachen op verschiddenen Surfacen befestegen. Ab 20€.

Fir Liesraten
-The Best Camera (Chase Jarvis)
E Buch flott fir déi wou vill mat hirem Handy Fotoe maachen.
-The Hot Shoe Diaries (Joe McNally)
E Buch voll Anekdoten, Tipps an Tricken, haaptsächlech iwwer d'Blëtzfotografie.
-Light, Science & Magic
E Buch wou Blëtzfotografie bis an den klengsten Detail erklärt gëtt. Watt een Luucht besser versteet, wat een se besser notze kann.
-Objektiv-Taasen
Fir beim Liesen stylgerecht eng Taass Téi ze drénken kritt een op eBay Tasen déi ausgesinn wéi Objektiver. Ech hunn der bis elo vun Canon an Nikon gesinn. ~12€. (Iwwregens hunn ech méng an en Blummendëppen ëmfunktionéiert, also kann een dat och gutt als Dekoratiounsartikel benotzen.)

Fir Strobists
Ech ginn an dëser Kategorie net an den Detail. Wann der net wësst wat et ass losst der besser den Fotograf sech et selwer kafen.
-Rosco The Strobist Collection. 10€
-Prabelli (Shoot-Through, reflective oder convertible). ~50€. Recommandéiert: Westcott.
-Umbrella Swivel. ~25€. Recommandéiert: Manfrotto.
-Lightstand + coldshoe. 50€ + 5€. Recommandéiert: Manfrotto 005B Nano an Stroboframe.

Fir Fotografen mat engem Computer (also déi meescht)
-USB chargeur
Fotografen sinn oft Technik-Freaks an lafen mat deementspriechend villen Gadgeten doruechter. Déi wou vun engem USB Uschloss aus opgelueden ginn kann een och ënnerwee oplueden mat enger USB Batterie (zB iPhone, Headset). ~40€. Recommandéiert: Veho Pebble 5000mAH.
-Kaartelieser
Fir déi Fotografen wou sech nach ëmmer ploen hir Fotoen iwwer den USB Kabel vum Fotoapparat erofzelueden. Am beschten een sichen wou op d'mannst CF an SD Kaarten liesen kann.
-Externen HardDisk
Falls den Fotograf mengt seng digital Fotoen wieren sécher well se jo all um Laptop gespäichert sinn. Dann ass et héich un der Zäit fir en Backup ze maachen! 2TB fir 80€, 1TB fir 50€.

__________________
www.gloda.net
21.11.2010 17:09 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » Kaddosiddien Wanter 2010

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH