Panther246
Grünschnabel
Dabei seit: 15.01.2010
Beiträge: 3
|
|
Austellung Option Photographie 2010 |
|
Datum: 02.07.2010 - 19:00
Ort: Athénée de Luxembourg - Aula, 24 bd Pierre Dupong, Luxembourg
OptionPhotographie Kolléisch 2009/2010
Gleich as et erem sou weit!
Den 2. Juli fennt den Vernissage vun eiser Photosaustellung statt. D‘Austellung besteet aus Arbechten di während denen 3 Trimesteren entstaan sin.
• Am 1. Trimester hun mir eis mat der „Photographie Argentique“ beschäftegt. Des Prozedure an daat spezifescht Verfahren rutschen emmer mei an d‘Vergiessen. Si gin duerch d‘“Photographie Digitale“ verdrängt. Trotzdem ass d‘“Photographie Argentique“ nach emmer mei spannend. Et wees een net direkt op d‘Photo eppes gin as, an wei se schlussendlech ausgesait an riwerkennt. Et kann een d‘Photo net direkt wei bei der Digitaler Technik ennersichen, an löschen wann se neicht gin as. Réicht beim Entwecklen an der Dunkelkammer fennt een raus op d‘Arbescht gelongen as, an op Photo daat as waat se soll sin.
D‘Entwecklen vun den Photoen an der Dunkelkammer as eng Konscht vir sech! Di ganz Prozedure fänkt un mat der Beliichtung vun den Photoen, an hällt reicht no puer chemeschen Reaktiounen op.
• Am 2. an am 3. Trimester stung d‘„Photographie Digitale“ an d‘Organisatioun vun der Austellung um Programm. Hei goufen di verschiddenst Projet‘en realiseiert, di awer alleguer op dem Haaptthema vir dest Joer baseiert hun, nämlech Thema „Green“.
Vue que dass dest Joer Thema „Green“ am Mettelpunkt steet, gett eis Austellung och dorop ausgebaut. Mir hun di ausgefaalenst Ideen zesummengedro, vir eis Austellung interessant an passend ze gestalten.
Loosst Ierch iwwerraschen, an kommt bis laangscht kucken. Um Vernissage vun der Austellung, deen den 2. Juli um 19:00 stattfennt, gett et een Patt zum Beschten. En plus hudd dir d‘Meiglegkeet eis Photoen ze kaafen, een Deel vum Erleis gett gespennt.
Mir freen eis iwwert jiddereen deen bis laangscht kennt.
Vir dei Leit, di net op den Vernissage kennen kommen, besteet nach Meiglechkeet, Meindes an Denstes (den 5. an 6. Juli) d‘Austellung ze besichen.
Wann nach weider Froen sin, dann zeckt net des ze stellen.
|
|