Appletree
Grünschnabel
Dabei seit: 17.01.2010
Beiträge: 3
|
|
lumix TZ5 mecht just nach 2,3 meg grouss biller |
|
Moien alleguer,
ech hun seit 3 Joer dei genial kleng Panasonic Lumix DMC TZ5, dei emmer exzellent gaangen as. Lo awer hat ech schon 3 Mol hannerteneen de Problem, dass se trotz Settings op 9 Milliounen Pixelen an feinster Opleisung mer just Fotoern vun 2, 3 mega mecht. Ech sin de Menu 100 x duerchgaangen an fannen neischt wat sech soss nach astellen geng loossen. jpeg mat nemmen 2,3 mega as natiirlech net super, et pixelt natiirlech immens schnell wann een se e bessen mei grouss kuckt. Aaner Fotoen dei ech domat gemaach hun hun all em dei 5,6 mega. Um Panasonic Site as de Support ziemlech kümmerlech, an ech fannen och neischt doriwwer am netz. Vlait huet jo hei een en Tip fir mech...?
Merci!
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Appletree am 05.07.2010 01:13.
|
|
04.06.2010 09:40 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
2,3 an 5,6... sinn dat d'Megabyte déi s de eraus kriss oder Megapixel?
__________________ www.gloda.net
|
|
04.06.2010 12:27 |
|
|
Appletree
Grünschnabel
Dabei seit: 17.01.2010
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
dat sin an desem Fall emmer megabite. Dat Bizzart un der Saach as dass all dei Fotoen dei ech bis elo gemaach hun domat all 5,6 megabite hune an op emol hun se ugefaang ze varieieren, waren mol 2, mol 3,2. mol 3,5...bei genaudeselwechten settings, och ISO etc....mecht irgendwei alles kee Senn
|
|
04.06.2010 12:37 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hätt gesot et ass ëmgedréint. Dass souvill Fotoen genau déi selwecht Gréisst hunn ass aussergewéinlech. D'Gréisst an Megabyte vun enger Foto hänkt deelweis vum Contenu of. Eng Foto vun enger uniformer Uewerfläch brauch manner Plaatz wéi eng Foto vun eppes wou vill kleng Detailer dran sinn. Kann et net sinn dass déi Fotoen wou méi kleng sinn einfach manner Detailer dran hunn?
__________________ www.gloda.net
|
|
04.06.2010 12:53 |
|
|
Appletree
Grünschnabel
Dabei seit: 17.01.2010
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
Hallo Gloda,
also wat ,fannen ech, kee Senn mecht as eng 9 Megapixel Foto mat 2 megabite Inhalt. Dei Fotoen sin vu Vir eran einfach net ze gebrauchen well si einfach immens pixelen an schon bei 30x40 net mei ze kucken sin.. ech weess net op vlait irgenden Fehler am Algorithmus as den d'Biller jo direkt an jpeg emrechent ma zB hun ech Makrofotoen, emol en Heesprenger an emol en Käfer op enger Blum. den Heesprenger a mat 5,6 mega superscharf, och grouss um Schirm gekuckt, an defineiert, an den käfer guet 2,3 mega an as sou gutt wei onbrauchbar. Neierdengs mecht en et och bei Landschaftsopnahmen , dei dann och onbrauchbar sin. Wisou den Ennerscheed am Filesize sou krass as well mer net aliichten, well esouvill manner Detailer an Faarwen sin net um Bild, au contraire. Leider huet d'TZ5 keng RAW Funktioun.
|
|
05.06.2010 16:29 |
|
|
|