Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » Meng (gruglech) Erfahrung mat Digitalwonderworld » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Meng (gruglech) Erfahrung mat Digitalwonderworld  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
jekyll jekyll ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer

Meng (gruglech) Erfahrung mat Digitalwonderworld Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hi,

ech wollt hei kuerz meng Erfahrung mat engem Geschäft daat vill an franséichen Fotoszeitungen Reklamm mech mat iech deelen: Digiwowo.com, oder och nach Digitalwonderworld.de.

Kuerz Info: Deen Online-Shop ass zwar zu Waldbredimus installéiert, et handelt sech hei awer em en daitschen Shop.

Ech hun also firun e puer Deeg eng S100 bestallt.
Ech hun d'Option "Abholen zu üblichen Geschäftsöffnungszeiten" gewielt fir mer d'Versandkosten ze spueren.

Nodeems meng Kreditkoart eng Koppel Deeg um Status "CC check" stoën blouw, hun ech den Telefon an den Grapp geholl an ugeruff...daat hätt ech net solle maachen!

Opgehuewen huet den Patron selwer, en gewëssenen Här "Dokter" Gary, deen Daïtsch geschwaat huet.

Ech hun gesoot ech géing gären wëssen wéi dann hier Öffnungszeiten wieren, well ech main Päckchen gären géing siche goen. Onhéiflech ennerbrach gouf ech mol direkt beléiert dat deen Shop en "Versandhandel" wier, an wann all Mënsch géing mengen en misst seng Saachen op Waldbredimus siche goën, sie nach missten 30 Leit astellen (bei 30.000 Bestellungen all Dag!).

Ech wor bessi iwwerrascht daat ze héieren, well emmerhin hätt ech déi Optioun jo aktiv kënne op hierem Site auswielen... a prompt seet den Mann mer "ech sollt mol main Toun änneren, well schliesslech wier hien 2 Deeg viru Chrëschtdag eigentlech am Congé an hätt et am Fong net néideg fir mat mir ze diskutéieren"

Ah jo...OK. Ech soot "Pardon? Wéi schwätzt dier dann mat äre Klienten???" an dorops hin huet deen Här mer einfach den Telefon agehaangen. Peng! Färdeg.

OK OK...ech ruffen nach emol zereck, ech duecht mer "an deen huet meng Kreditkaartennummer...Oh Gott waat hun ech gemaat??".

Dun beim 2ten Versuch erklärt de "Mann" mer, dass de Fotoapparat guer net kéint geliwwert gin. Dorobber hun ech gemengt et wier vlait net schlecht gewiecht daat op der Websait unzegin, dann hätt ech se net eréischt bestallt. Hien soot mer dun "Das brauch ich nicht hinzuschreiben, ich sag's Ihnen ja jetzt am Telefon" (Denkt drun, nodeems ech ugeruff haat...!). "Wenn Sie nicht warten wollen können Sie die Bestellung ja per Mail stornieren!"

Daat hun ech dun och bestätegt. Ech haat dun en hallwen Saatz ugefaangen fir him an engem feinen Toun ze soen, dass ech daat en speziellen Emgang mat Klienten géing fannen, an lo root emol waat en gemaat huet, en huet mech einfach ennerbrach a gesoot hien hätt "Keine Lust mit Ihnen zu reden" an huet mer rem Peng agehaangen. Einfach Genial!

Der Vervollstännungen halwer: Ech hun per Mail oofbestallt, an daat gouf dann och prompt bestätegt, mat engem ganz frëndleche Mail (dee Mann wees dass en sech schrëftlech net derniewt dierf behuelen, e wëll jo keng Beweiser hannerloossen wéi an deser Affär:

Iwwregens ass net nëmmen meng Bestellung stornéiert, mee en huet och direkt main Account geläscht. Ech hun 3 Joër bei Amazon geschafft (do wor S100 net liwwerbar), an kann mech nemmen wonneren wéi et méiglech ass dass esou en Typ et och nëmmen hallefweegs packt sech mat sengem Geschäft esou laang schons iwwer Waasser ze haalen.

Hei nach e puer flott Momementer mat DigiWowo:
http://suzi9mm.blogspot.com/2006/05/bett...essage=14369168



Bon Schéin Feierdeeg, an nach vill Spaas beim Online-Shoppen.

Ären Jekyll.

Dieser Beitrag wurde 5 mal editiert, zum letzten Mal von jekyll am 23.12.2011 13:59.

23.12.2011 13:39 jekyll ist offline E-Mail an jekyll senden Beiträge von jekyll suchen Nehmen Sie jekyll in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zu deem shop kann ech guer naischt soen. Et mescht awer esou wéi du et geschildert hues een ganz schlechten Androck.

Just zu Canon S100: Dier ass bewosst daat eng S100 opp ganz vill Siten nemmen fierbestellbar ass ?

Ausser vereenzelten Exemplairen déi mol oppgetaucht sin fier Testzwecker, ass déi baal net oppzedreiwen well duerch d'Flutkatasrophe an Thailand d'Produktioun vun Canon dohannen eréischt am Fréijoer nees ufânkt.
25.12.2011 15:12 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
jekyll jekyll ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer

Themenstarter Thema begonnen von jekyll
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo dest ass mer wuel bewosst, mee nodeems ech se nach virun 1 Woch beim Hifi an der Vitrine gesin hun, an se bei Amazon bei drett Haendler fir mei deier ze kaafen ass, hun ech mer naischt derbai geduecht...
25.12.2011 18:51 jekyll ist offline E-Mail an jekyll senden Beiträge von jekyll suchen Nehmen Sie jekyll in Ihre Freundesliste auf
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Tja,
ech giff mengen daat do as een kloren fall vun ATTITUDE ^^

Ech hun mengt gesammten Fotomaterial vun DigiWoWo an sinn bis lo sou zefridden wei kaum bei engem aneren.
Den Garry as een frendlechen Mensch, den gudd Bescheed wees iwwert alles waat Logistik an Praiss vun Material ugeet.

Digiwowo as meng Praissreferenz an den Service as TOP!

wann een sech allerdings schlecht uleet, an dono klengt et, kann et schief goen - emmerhin sen mer all nemmen Menschen...Augenzwinkern

Sain "Buttik" as just eng address zu Letzebuerg, an mat him mecht een en rdv aus fir dMaterial sichen ze goen.
Daat as eng zimlech einfach saach well emmerhin huet en seng telefonsnummer ugin, an huet bei mir nach emmer gudd geklappt...


giff mengen mat bessen FRENDLECHKEET klappt all Transfer direkt besser.... smile


Geint Digiwowo as op allefall NAISCHT ze soen, ech kann der do op der Hand eng Dozen Client'en nennen bei denen alles 100% geklappt huet! Augenzwinkern

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
27.12.2011 00:24 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
JohnJ
Eroberer


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 54

Digiwowo Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Black Panther...

ech sin e bessi Iwwerrascht dass du der erlaabs direkt den Jeckyl ze veruerdeelen an ennerstells dass den Jeckyl net fendlech wuar.

Ech haat am November och eng eng relativ schlecht Erfahrung mat him gemeet, obwuehl ech gudden e Client bei him sin.

Heen huet mech um Telefon och belunn waat Liwwerzaiten ungeet,
ann daat geet menger Meenung no guer net.

Mä bon du wärts deng Grenn jo hunn dass du dech esou stuark fir heen mechs.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von JohnJ am 27.12.2011 11:12.

27.12.2011 11:11 JohnJ ist offline E-Mail an JohnJ senden Beiträge von JohnJ suchen Nehmen Sie JohnJ in Ihre Freundesliste auf
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hm...
ech soen jo net dass beim Internetversand net awer daat engt oder anert schief kann goen - mee ech wees aus perseinlecher Erfahrung dass et mat him ze klären as, an dass en effektiv Wärt op dInteraktioun mam Client leet...

Ech soen just dass wann een sech schlecht uleed, dei Saach schon mol kann bessi schief geroden...daat zielt bei all Verkeefer, an am Internet eben och. Augenzwinkern

Kann awer gudd sin dass sech och bei Digiwowo dSaachen entretemps geännert hun...meng läschten Bestellung as lo schon 1 Joer hier...

Als Grond fir hai ze widderspriechen hun ech amfong just: gudden Service (waat mech an puer Koleegen dei eben och do bestellen ugeet) an einfach dei beschten Praisser! fröhlich

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
27.12.2011 11:22 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech sinn zwar och der Meenung dass ee sou Problemer dieft geklärt kréien, MEE bei souengem Service muss awer de Client dee sinn den Recht huet, d.h. den Geschäftsmann däerf sech net zevill esou Saachen erlaben, och wann ee sécher gestresst ass während souenger Zäit.

Perséinlech hun ech do awer nach ni bestallt, kann also net vill soss soen.

__________________
404 - Not found
27.12.2011 12:01 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

virun engem hallwe Joer, ech kann elo nëmme vun dem Fall schwätzen, gouf mer an engem relativ seckem Toun do erklärt, dat Sie kee Geschäft oder Lager wären wou een eppes kéint siche goen ... verschécken giff eben 15.-Euro kaschten. Net dat mer déi Zomme ze vill gewiescht wär, ech sinn einfach gewinnt anstänneg fein a frëndlech zerwéiert ze ginn, a bezuelen dofir gären och emol e puer Sou méi.

A genau dofir kafen ech weiderhi meng Saachen hei am Süden vum Ländchen, wou sech de Verkeefer oder Gerant u mech erënnert a mech gutt a frëndlech zerwéiert. smile

edit: wann awer jiddereen den an engem onlineshop well bestellen, virtéicht emol dohinner telefonéiert an Froe stellt, kann ech awer och e "bësse" verstoen wann een emol um falsche Fous kann erwëscht ginn . D'ass also un jidderengem selwer Séi choix ze maachen.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 27.12.2011 17:55.

27.12.2011 16:59 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wann et keen Lager ass wous de deng saachen kanns sichen goen dann soll hien daat op senger HP änneren, ass jo einfach.
Wanns de dei optioun unbidds, dann wonner dech net wann 100 Leit unruffen fir hier saachen sichen ze kommen.
28.12.2011 15:31 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
jekyll jekyll ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer

Themenstarter Thema begonnen von jekyll
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Meng, iwwregens ëmmer frëndlech "Attitude" ass einfach: du häss gären meng Suen, dann erwaarden ech mer en Service ouni Problemer, an en Emgangstoun deen en minimum vu Respekt opweist. Een Geschäftsmann deen mer beim 1ten Saatz den Telefon anhänkt huet menger Meenung no en Problem mat senger "Attitude".

Waat hei net geklappt huet:
- No der Bestellung keng Bestätegung iwwert Liwwerzait
- Keng Reckmeldung während 2 Deeg
- Direkt mech ugeblafft daat hien en "Versandhandel" wier an een seng Saachen gefällegst net sollt siche goën, obwuel déi Optioun beim Akaafen besteet
- 2 x agehaangen...ech menge einfach agehaangen (hallo!) während ech probéiert hun erauszefannen waat mat menger Bestellung leeft (ech widderhuele mech, mee bon et ass déi éischte Kéier wou mer sou eppes passéiert ass)

Ech wees jo net waat Ech do alles falsch gemaat hun,...mee hu kee schlecht Gewëssen...wierklech net.
28.12.2011 19:11 jekyll ist offline E-Mail an jekyll senden Beiträge von jekyll suchen Nehmen Sie jekyll in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » Meng (gruglech) Erfahrung mat Digitalwonderworld

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH