Charles_Betz
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 2
|
|
Hochzäitsfotoen zu Klierf |
|
Kennt zoufällegerweis een sech e besselchen besser zu Klierf aus? Mir wëllen do e puer Hochzäitsfotoen schéissen, an et gin jo secherlech e puer vlott Ecken do (Abbaye etc) mee vue datt ech do net esou kënneg sin froen ech gären em Är Hëllef. Merci am Viraus
|
|
09.06.2013 12:02 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
ech sin keen Fotograf, ech sin just een groussen Fan vun Hochzäitsfotoen (nët déi klassesch ...) an daat schon méi lang, an dofir géing ech dir soen:
- du muss nët onbedéngt een speziellen lieu huelen --> heiansdo geet ganz "banalt Gréngs" oder een Wee oder eng Mauer duer, oder 2 Still, oder den Buedem oder een Café, etc etc ... daat gesäis du dann deemno waats du "bei Hand hues"
waat ech wëll soen ass, den Highlight sollt am Fong d'Koppel an den Daag sin, dh eng Ambiance, an nët onbedéngt den "lieu" selwe r(obwuel deen och heinasdo matt dozou dréit), soss hëllt deen e beemol d'Iwerhand, oder den Risk dovunner besteet (an dann gin ët éischter "Turistenfotoen", fannen ech)
(ass elo komplizéiert ausgedréckt, awer ech verstin mech ;-) )
- géi einfach selwer am viraus dohinner an mach dir een Bild vun der Ëmgéigend
géi nët ze lang virdrun, soss kann ët deemno wéi ganz aanescht do ausgesin (zB ënnerscheeder an der Luucht)
géi matt eventuell dengem Assistent dohinner, resp matt der Koppel (fiwaat nët an engems een engagement shooting machen, je no Wonsch an Finanzen vun der Koppel ;-) )
schwätz matt hinnen, waat sie wêllen, mach hinnen Proposen (am viraus) wann sie keng Ideen hun
esou gesin ech ët, als eent waat och emol eng Kéier eng Braut war, an ganz verschassen Fotoen gemach kritt huet, obwuel ech villes vun Unfank un refuséiert hun, an déi Banane ët awer gemach huet !! (hien wär jo deen matt Experienz, soot hien duerno!)... an dorunner kann een näischt méi änneren dann ... daat ass jo den Misère ... daat huet mech bis haut traumatiséiert, dach, dach :-)
mee, ët sin vill méi kompetent Leit hei déi dir kënnen Tipps gin
waat dréit dann elo zur Ambiance zou? ...
majo d'Koppel selwer schon emol, dass sie spontan sin, an nët poséieren (an och wann sie ët machen, sollt ët nët visibel sin, verstees du?)
dann d'Luucht
dann den Cadrage (nët ëmmer alles ganz, komplett weisen/kinppsen, mee Details, Ausschnëtter)
dann ...
dann ...
dann ...
dann den Fotograf deen d'Koppel à l'aise setzt, nët andauernd dirigéiert an unstellt hei an do ze poséieren
mee, je m'égare ... daat war guer nët deng Fro :-)
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 10.06.2013 01:22.
|
|
10.06.2013 01:15 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
an, Charles_Betz?
ça va bien?
oder wéi?
hues du dech éierens zu Kläreff verluer?
|
|
17.06.2013 21:54 |
|
|
Charles_Betz
Grünschnabel
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 2
Themenstarter
|
|
Nee nee, merci fir deng Äntwert.
|
|
18.06.2013 16:41 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
ah? ok.
an? konnst du eppes domadden unfänken?
wéi bass du dann virgangen? hues du soss nach Tipps kritt, déis du villäicht wëlls mattdeelen?
ët wier flott wanns du deng Erfahrungen géings austauschen, wann ët bis laanscht ass.
oder wéi gesäis du daat?
also ech wier ganz dorun interesséiert, och wann ech keen Fotograf sin ... wéi schon geschriwwen, = een Lieblingsthema vun mir etc etc
|
|
18.06.2013 19:21 |
|
|
|