tomsmith
Jungspund
Dabei seit: 25.07.2012
Beiträge: 18
|
|
Also wann een en bessi ahung vun pc asw huet, dann mierkt een shcnell dass dei fill leiwer mat 2^n zuelen schaffen.
dat erklärt och greissten vun fotoen op 64 px 256 px 1024 an eben 2048
dowengt fannne ech et bessi onsenneg dass mer et hei alles op 2000 skaleiren mussen xD .
Erfuerdert meih arbescht an spaicherplatz. try it out ^^
__________________
|
|
06.02.2013 10:35 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Méi Aarbecht fir op 2000 ze skaléieren wéi op 2048? Also dat muss de mer zwar erklären, brauchs de 5s fir eng 0 anzetippen an nemmen 1s fir eng 4 an eng 8 oder wéi?
Ech gesinn guer keen fest Argument an dengem Virschlag, sorry
Späicherplaz ass irrelevant vu dass d'Leit hier 2000px Versioun um Computer jo läsche kënnen nom Upload, an mir hun um Server genuch Plaz.
1024px kënnt dohier dass verschidde Leit d'Fotoen sou breet gemaach hunn fir 1024px breet Screens. An wisou soll dann alleng d'Breet eng Roll spillen, an net d'Héicht? Well mat der Héicht kennt een am 3:2 Format mat 2048 z.B. op 1365,33px.
An der Informatik gëtt vill mat 2^n Zuele geschafft well alles op de binäre System opbaut wou mat just 2 verschidden Valeur'en geschafft gëtt. Awer dat huet guer näischt ze dinn mat enger Fotogréisst
__________________ 404 - Not found
|
|
06.02.2013 12:40 |
|
|
luxiline
Grünschnabel
Dabei seit: 01.02.2013
Beiträge: 4
|
|
e bësse kann en dem Tom recht ginn.
Wann eng Photo souwisou an enger vun denen binär Gréissten ass, da kann en an de meeschten Software mat Prozenter schaffen z.B. 50 % fir vun 4096 op 2048.
Am PS ass et kee Problem fir 2000 anzeginn an déi aner Dimensioun proportionell ze loossen, mee an aneren Image Manager muss een déi 2. Dimensioun ausrechnen wann et net ee klassescht Format ass! Ass mir och lo réischt opgefall säit ech bei Photogen sinn
Vu mir aus kann et awer sou bleiwen.
|
|
06.02.2013 13:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Du muss dach net 2^n Zuelen hun fir kënnen mat % ze schaffen... Dovun ofgesinn: d'Fotoapparater produzéire sws och keng, also geet een ëmmer vun enger ganz anerer Zuel aus.
Däi Rechen-problem fir déi aner Dimensioun besteet dach och mat 2^n Zuelen, well ech si mer sécher du weess och net wat als Héicht rauskënnt bei enger 3:2 Foto wann een 2048 breet huet
Do géif et dann éischter hëllefen eppes wéi 3000px ze hunn.
Fir d'Foto ass am beschten wann een vum original format rofgeet op eng Gréisst wou een duerch eng ganz Zuel deele kann, well dann d'pixel kompriméirung méi optiméiert ass an z.b. manner Schärft verluer geet, mä vu dass een hei vun der Gréisst ausgeet déi den Apparat späichert, kënnt een do och ni op eng 2^n Zuel.
Wen mat enger anstänneger Software schafft fir seng Biller ze managen (Aperture, Lightroom z.B.) kann Presets definéiren wou een eng Kéier seng Gréissten agëtt an herno mat engem oder maximal 2 Klicks d'Foto färdeg exportéiert huet. Do muss ee sech guer net méi ëm Format an pixelen këmmeren.
__________________ 404 - Not found
|
|
06.02.2013 14:09 |
|
|
Digital-Art unregistriert
|
|
Do muss ech dem Johny awer och recht ginn. 2^n spillen an der Computer/Prozessortechnik (Memory,Adresséiererung, ...) eng Roll, awer mat enger Fotoopléisung gesinn ech do elo keen direkten zesummenhang.
|
|
06.02.2013 21:16 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also meng Kamera kann just 4288x2856, ass net wierklech eng 2er Potenz.
Wat sënn géif maachen wier d'max. Opléisung en Villfacht vun 800px ze maachen, dann géif den Browser d'normal Usiichten nämlech méi schäerf rofrechnen. Ech lueden meng Fotoen dofir nëmmen mat 1600px rop.
__________________ Anti-Signature
|
|
06.02.2013 21:56 |
|
|
tomsmith
Jungspund
Dabei seit: 25.07.2012
Beiträge: 18
Themenstarter
|
|
ech wees net wei et leeft,mais kann versecheren dass den pc en binairen system ass(0/1). an dat heescht2. ech leen meng hand and feier dofier
__________________
|
|
06.02.2013 22:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Do seet jo och keen eppes dergéint, awer dat huet ëmmer nach näischt mat der Pixelgréisst ze dinn. Beschreif mol richteg Argumenter an wéi de binäre System mat pixele soll verbonne sinn ...
OK, ech weess dass de net kanns well et geet net. Bei engem jpg gëtt e Bild ofgespäichert mat Faarwdefinitiounen pro Segment am Bild. Huet een z.B. eng grouss Fläch mat ähnlecher Faarw, sou ass dat een Segment an do gëtt net all pixel ofgespäichert, hei ass de Sënn vum jpg: Kompriméieren. Dës Segmenter kënnen extrem grouss sinn mee och ganz kleng bei detailräiche Fotoen. Du kanns also als jpg en Bild ofspäicheren vun enger Foto déi 600x400px ass an eng Kéier op 150KB kommen mee bei enger anerer Foto kanns de mat der selwechter Qualitéitsstuf op z.b. 400KB kommen, wann méi eenzel Segmenter mussen definéiert ginn. Dës Segmenter ginn agedeelt vun der Software an hun nëmmen eppes ze dinn mat den Informatiounen am Bild, näischt mat der Breet oder der Héicht. Natierlech, wat e Bild méi grouss ass, wat et méi Informatiounen ginn fir ze späicheren, awer alt erëm huet dëst näischt ze dinn op d'Foto elo 2048px breet ass oder 2047px. Mat derbäi gespäichert ginn dann och nach Exifdaten an aner Informatiounen, déi jo och mussen ëmgewandelt ginn a binäre Format fir um Harddisk ze leien.
Am binäre Format gi se dann op den Disk geschriwwen, mä wéivill Plaz et dann genee wechhëllt ass onméiglech virdrun ze kontrolléieren sou wéi s du et erkärt hues. Um Harddisk ginn d'informatiounen als Bytes (1 Byte = 8 bit) ofgespäichert. Pro neien Bit den muss gespäichert ginn muss e Byte "reservéiert" ginn, d.h. hei "verléiert" ee maximal 7 bit Späicherplaz. Dat ass quasi guer a glat näischt, vu dass et jo mol net 1 Byte ass
Dëst trëfft allerdings bei allem Ofspäicheren zou vun allen Zorten vun Daten.
@Metalbambi: De Browser rechent dat net rof, mä de PHP um Server
__________________ 404 - Not found
|
|
07.02.2013 00:11 |
|
|
|