Michelle
Grünschnabel
Dabei seit: 22.03.2011
Beiträge: 8
|
|
Huet schonn een zu Lëtzebuerg (oder net ze wäit hannert der Grenz) Fotoen hannert Acrylglas drécken gelooss?
Ech hat der schonn mol zu Leipzeg (wou ech studéieren) drécken gelooss, an et géing lo gären een eng Foto bei mir kafen déi hanner Acrylglas gedréckt/gepecht soll sinn. An fir ze evitéieren dat ech se zu Leipzeg drécken loossen an dann xx Euro Versand dropleeën oder den sperregen Transport (ouni Auto) selwer iwwerhuelen, wollt ech mech mol emlauschteren op een eng Platz kennt an vläit schonn iergendwou positiv oder negativ Erfahrungen gemat huet.
Géing mech och interesséieren wann der sos eng Imprimerie (net online) recommandéieren wéilt.
Merci
|
|
04.03.2016 17:08 |
|
|
mischii
Jungspund
Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21
|
|
http://www.saal-digital.de/
Dat ass super Qualitéit, an déi kanns de Vertrauen hun
ech hu perséinlech do nëmme gut Erfahrunge gemaach
|
|
05.03.2016 16:07 |
|
|
Michelle
Grünschnabel
Dabei seit: 22.03.2011
Beiträge: 8
Themenstarter
|
|
Ech haat schonn mol eppes bei hinnen bestallt.
Si sinn ganz ok, d Präisser sinn natierlech gutt, awer si sinn net esou flexibel wéi eng richteg Dréckerei, wou een all Sondergréissten op den mm genau kritt. Och hat ech eng Kéier quadratesch Fotoen do drécken gelooss déi duerno awer net ganz quadratesch waren, wat net um Beschnëtt loung, well ech ouni Beschnëtt bestallt hat, well mer do ëmmer puer mm ze vill entfalen.
Den Service ass zwar tiptop, eng kéier waren Flecken um Pabeier deen iergendwéi beliicht ginn war an krut direkt en Gutschein fir déi nei ze bestellen.
Wann et kee Sonderwonsch ass an et net perfekt perfekt muss sinn, kann ech saal digital och recommandéieren, awer ech ginn trotzdem léiwer an en Buttek an schwätzen mat den Leit.
|
|
07.03.2016 10:17 |
|
|
Eric1989
Mitglied
Dabei seit: 13.03.2016
Beiträge: 25
|
|
Hallo ech lossen meng Leinwandbiller emmer bei meinfoto.de drecken ech bezuelen och 5€ versandt et dauert minimum 3 Deeg bis et verdeg ass
do kannste och ACRYLGLAS drecken loosen
MBG
Eric
|
|
13.03.2016 18:58 |
|
|
Michelle
Grünschnabel
Dabei seit: 22.03.2011
Beiträge: 8
Themenstarter
|
|
Merci Nemo ^^
Wann ech den ICC Profile rofgelueden an installéiert hunn, muss ech dann am Photoshop convert to profile maachen?
|
|
17.04.2016 00:43 |
|
|
|