n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
|
|
Also, et as lo des öfteren gesoot gin, dass een sech en Kalibreierspann soll kaafen.
Hun ma daat lo mol bei Spyder ugekuckt, mais sin eirewei net ganz schlaud draus gin, weieng dass ech do brauch, get dei Elite, Pro an Enthusiast oder sou.
Oder gin et nach weider alternativen?
|
|
13.02.2010 19:52 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hun lo eng Spyder 3 Express. Ech hun se awer nach net getest. Wann ech dozou kommen schreiwen ech vläit en Artikel driwwer.
Eng Alternativ déi mer direkt afällt as den Huey Pro.
__________________ www.gloda.net
|
|
14.02.2010 11:20 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech hun beid (Spyder Pro an Spyder Express). Mat der Express kann een just een Bildschirm profiléieren. Wanns du 2 Bildschirmer hues, dann hues du besser d'Pro ze kaafen. Un sech ass bei allen Modeler d'Hardware déi selwescht. Awer si hun ennerteneen Softwarelimitatiounen. Ech hat net genau genuch gekuckt wou ech mir d'Express kaaf hat an hun mir do nodréiglech d'Pro kaaf an sin och ganz zefridden domat.
|
|
14.02.2010 11:40 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
mais daat heescht ech kann dSoftware nemmen jeweils ob engem pc uwenden?
oder kann ech elo hin goen, mein bildschirm doheem vum desktop kalibreiren, an deen hei vum laptop?
|
|
14.02.2010 12:56 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Du kanns d'Software méi oft installéieren. Daat ass keen Problem. Ech benotzen se och op der Aarbescht an um Laptop mam Express. An den Pro hun ech op der Statioun wéinst denen 2 Bildschirmer. Eigentlech hätt ech den Pro och op denen 3 Computeren kennen installéieren.
|
|
14.02.2010 15:48 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
daat heescht fier den Bildschirm an faarwen, kontrast, saturation anzestellen, geet dExpress duer?
|
|
14.02.2010 18:56 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Jo, selbstverständlech. D'Express geht duer wanns du just een Bildschirm um Computer hues. Awer déi Aparater sin just geduecht fir d'Faarwen (an de Weissoofgleich) ze profiléieren. Wanns du een Kontrast oder Hellegkeetsregeler un dengem Bildschirm hues, dann muss du daat als eischt astellen unhand vun enger Skala wéi se och ganz ennen op der Haaptseit vun PG ass (EDIT: Sorry ech hun grad gesin dass déi Skala net méi do ass, dann kuck op http://www.luxurbex.com ganz ennen). Daat ass den Ennerscheed zweschend Kalibréieren an Profiléieren. Als eischt Kalibréiert een sein Bildschirm mat den Regeler an dann Profiléiert een fir dass d'Faarwen optimal duergestallt gin.
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 14.02.2010 19:57.
|
|
14.02.2010 19:51 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
okay merci
|
|
15.02.2010 01:24 |
|
|
|