kikipaerd
Grünschnabel
Dabei seit: 03.10.2010
Beiträge: 4
|
|
Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? |
|
Hey all zesummen
Ech hunn eng kleng Fro un dei, dei bessi mei fun Fotoapparaten kennen wei ech selwer... Ech wollt ma eng Spigelreflex-Kamera kaafen (d'ass meng Eischt, ech hunn fierdrun just mat enger klenger Sony bessi expérimenteiert) an ech kruut fun engem profesionnellen Fotograf d'Canon EOS 1000D an d'Nikon D3100 fiergeschloen. Si selwer ass der Meenung, datt Nikon fier een Ufänger besser wea... Mee ech wollt awer och nach d'Meenung vun aaneren Leit froen... An emplus ginn ech muer bei mäin Cousin, an deen seet mer, datt Canon besser ass, well heen selwer eng huet... An ech wollt mech einfach bessi emfroën.
Merci am fieraus fier är Rootschlei
MBG, kikipaerd
|
|
05.02.2011 19:29 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
RE: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? |
|
setz der e Budget, géi an en Geschäft dat déi béid huet, a kaf der dat wat der spontan am beschten gefëllt. Géif et en besseren oder eng méi interessanten , da wär et ze einfach.
Haut ka keen sech méi erlaben en Apparat op de Maart ze geheien dë manner kann oder net esou gutt ewéi séin Konkurrent ass
)
|
|
05.02.2011 20:12 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
RE: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? |
|
Gucks du hier:
Nikon D3100
und hier :
Canon EOS 1000D
Ech géiff perséinlech d' Nikon D3100 huelen well daat einfach een neien Model ass mat engem neien Chip ass vun Nikon.
D'Canon ass schon gut 2 joer um marché. Also éischter een Modell déi geschwenn waert ersaat gin.
|
|
06.02.2011 21:43 |
|
|
Zersch
Jungspund
Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10
|
|
RE: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? |
|
Salut ,
Also ech hun Nikon D3100 an sin ziemlech zefridden domadder , an dat an baal allen Beräicher. Eenzege Manko : Ech fannen quasi all Fotoen gin licht "iwerhellt" wanns de nemmen mat der Programmautomatik knips.Wourun dat läit kréien ech och nach eraus...
D'Eos 1000D huet e Kolleg vun mär an deen as och zefridden , ech haat emmer Nikon SR'en an nach ni e Problem.
Ech hoffen du mess däin Choix.
Salut
Serge
|
|
06.02.2011 22:33 |
|
|
alex
Jungspund
Dabei seit: 22.08.2008
Beiträge: 20
|
|
RE: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? |
|
Hallo,
Hängt effektiv wéi gesoot vum Budget oof.
D'1000D ass schon zimlech aal an preiswert ze kréien (ënnert 400 Euro mat engem 18-55mm), als Alternative dozou an méi no un der Nikon 3100 géif ech mir an denger Plaatz mol d'EOS 550D ukucken.
Interessant ass och wann dein Cousin Canon huet, kéinst de och mol bei him daat eent oder anert Objektiv léinen ;-)
Hoffen dir bëssen gehollef ze hun.
Wënschen gudd Liicht an schéin Fotoen
Alex
|
|
06.02.2011 23:21 |
|
|
alex
Jungspund
Dabei seit: 22.08.2008
Beiträge: 20
|
|
Den Gloda huet och lo an den Neiegkeeten geschriwen, kënnt geschwënn eng 1100D an eng 600D raus.
|
|
07.02.2011 10:57 |
|
|
kikipaerd
Grünschnabel
Dabei seit: 03.10.2010
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
RE: Canon EOS 1000D oder Nikon D3100? |
|
fier d'eischt mool: Merci un dei, dei ma lo schon geäntwert hunn, huet mech gefreet
@ VeoBen: eben grad mat sou Saachen kann ech (nach) net extreem vill ufänken, well ech eben net wieklech vill dofunn verstinn... ech hunn awer wëlles, dat ze änneren.
@ Alex: De Budjet soll bessi mei heich wei 500 Euro, awer och net mei wei 800 sinn... Mee dat as amfong geklärt, well d'Nikon kascht 600-700 Euro, mat Objektiv. Do drunner leit et also net. Ech gesin mein cousin ongefeier 2 mol am Joer, dofier wärt dat net sou intressant sin
Ech wärt mech awer och mool iwwert d'EOS 550D informeieren! Villmools merci
|
|
07.02.2011 22:37 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
en klengen Tipp, sou ganz ennert eis: du hues well Canon am Haus, 1 Boitier, 2 Objektiver....
och wann et denger Mam hier sin: wann schon Material do as, as et mei logech dorop ze bauen wei ganz enzuech anecht ze starten!
fir de rescht huet den Suraki et eigentlech schon gesoot:
Zitat: |
Haut ka keen sech méi erlaben en Apparat op de Maart ze geheien dë manner kann oder net esou gutt ewéi séin Konkurrent ass
|
du wärs NIE eng äntwert drop kreien op lo besser Canon oder besser Nikon, dei 2 sin fill ze no beineen fir an där do Richtung eppes soen ze kenen waat iwer PERSEINLECH MEENUNG rausgeet......
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
08.02.2011 00:51 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Gei eng Kéier an een Butteck an loss dech beroden an huel se mol an d'Hand.
Ech géiff och Wert léen an een ordentlech Objetkif ze investéieren. Kitobjektiver sin am Ufank ganz an der Reih, mee am meeschten Bilqualitéit mierks der herno net mat engem deieren Body mee mat Qualitéitsobjektiven. Als preislech Alternative get et dann och Sigma an Tamaron, déi puer interessant Lënsen am Programm hun.
|
|
08.02.2011 18:31 |
|
|
kikipaerd
Grünschnabel
Dabei seit: 03.10.2010
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
@Oli: ioo, amfong hues de schon recht... Meng Mamm huet fonnt, datt Canon amfong mei einfach ze bedingen wea wei Nikon, mee mea waren bei d'Fernande, an dat huet gesoot, datt eben Nikon besser wea, an lo wessen mea zwee net mei sou richteg wei an wat
@ VeloBen: Ioo, maan ech souwisou, ech muss just iegendswann eng keier Zäit fannen^^ An mat den Objektiven haat ech sowisou nach net wieklech eppes welles^^ well fier mech geet et och mool fier den Ufank duer, datt et schon een riiesen Qualiteitssprong as, vun deier wou ech lo hunn (vun 5 Megapixelen op ongefeier 13 MP, dat weart dann hoffentlech schon eppes ordentleches ginn
)
|
|
08.02.2011 22:41 |
|
|
Loki
Mitglied
Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28
|
|
Majo also ech schléisse mech deene meeschten hei un, an rooden dir och einfach mol an de Butték ze goen an di verschidden Cams an de Grapp ze huelen an ze probéieren. Loos der och net vun engem Vendeur erzielen Nikon oder Canon oder sou wieren besser vun Définitioun aus, daat ass wéi den Oli scho soot subjektiv.
Huel einfach am Beschten daat waat der am einfachsten am Grapp lait an wou dech méi uschwätzt vun der Bedienung hier. Z.b. kenns de gudd un den Ausléiser, kanns de se bequem an enger Hand haalen, a wanns de un de Knäppecher fummels, kënns de gudd drun? Daat sin sou Froen wou een sech ka stellen z.b. Waat ech och emmer wichteg fannen ass di heiten Combo un Ergonomie Tester (well daat sin di Funktiounen déis de wahrscheinlech am meeschten benotze wärs):
1) Uschalten (on/off switch)
2) Foto knipsen (shutter)
3) Foto kukken ('play' mode)
Wann d'Knäppecher logesch (fier dech) leien dann kriss de daat locker flockeg ouni dech ze ieren oder ze sichen hannereneen gemach. Probéier et einfach aus an huel waat där am Beschten lait
Em d'Objektiver giff ech mech och reischt këmmeren wanns de dech e bessen mam Kit-Objektiv ageschafft hues, da mecht et em sou mi Spaas wanns de 'upgrades'
Du kanns eis jo wanns de wells wësse loosse wi et gaangen ass
|
|
09.02.2011 10:17 |
|
|
|