Cypress
Mitglied
Dabei seit: 06.08.2011
Beiträge: 27
|
|
Adapter CF / SDHC Kaarten? |
|
Salut,
A leschter Zäit fällt mir op, dass a ville Geschäfter de Rayon mat CF Kaarten ëmmer méi kleng gët, an deen vun den SDHC/MiniSDHC ëmmer méi grouss.
Elo hun ech geduecht, ech géif mir villäicht en Adapter kaafen, fir a menger 7D an Zukunft och matt SDHC Kaarten ze schaffen. (Hun nach eng kleng Coolpix, si wiren also egal wéi nët verluer.) Mä de frëndlechen Här aus dem S*turn huët mir dovun ofgerooden, well déi Technik matt den Adaptere iwerliëwt wir.
Geträi dem Motto "Deen verkeeft souwisou haut Fotoapparaten a muer Wäschmaschinen" sinn ech doropshin bei Am*zon kucken gaangen, mä do sinn d'Kritiken vun deenen Adapteren och nët grad berauschend.
Huet vläicht een vun Iech Erfahrungen matt esou engem Adapter gemaach? Oder wéi maacht Dir daat an Zukunft matt de Späicherkaarten fir Är 7D, 5D asw.?
Merci fir Äre Feedback.
Edit: Hät de Beitrag vläicht och ënner "Material" setzen kënnen...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Cypress am 06.08.2011 21:12.
|
|
06.08.2011 21:07 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Meng net dass CF sou séier verschwënnt. Géi eben an e Geschäft wou se CF Kaarte verkafen. Ech hu meng all online kaf, fir en Produit wéi eng CF Kaart brauch ech weder Berodung nach Service Après-vente. Den Adapter gëtt dech bestëmmt och nach méi deier wéi nei Kaarten.
__________________ www.gloda.net
|
|
06.08.2011 21:17 |
|
|
Cypress
Mitglied
Dabei seit: 06.08.2011
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von gloda
Den Adapter gëtt dech bestëmmt och nach méi deier wéi nei Kaarten. |
Esou deier sin déi meeschten Adapteren iwwerhaapt nët. Si leien esou em déi 20 Euro.
Ech färten éischter, dass domatt d' Schnellëgkeet bei Sportsfotoen erofgeschrauwt gët, an och vläicht d'Qualitéit beim Späicheren leiden kënnt.
|
|
06.08.2011 21:52 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
ech selwer hat mer esou e Adapter kaf, e loung em 20.-Euro. No den eichten Tester mat dräi verschidde Kaarten hunn ech en an d'Pubelle geheit, ëmmer erëm waren RAW_Biller dertëschent déi net gelies konnte ginn oder Sträifen haten.
Ob ech elo nëmme Päsch mat dem Adapter hat, ... ka sinn ?
|
|
07.08.2011 11:24 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@cypress fir manner Suen kanns de der eng 4GB 40MB/s CF Kaart vun SanDisk kafen. An dem suraki säin Argument ass souwisou méi wichteg wéi all Fro iwwert de Präis. Ech wëll net doheem um Computer gesinn dass déi Foto wou ech sou frou war se erwëscht ze hunn net gelies ka ginn.
__________________ www.gloda.net
|
|
07.08.2011 11:37 |
|
|
Cypress
Mitglied
Dabei seit: 06.08.2011
Beiträge: 27
Themenstarter
|
|
@ suraki an gloda
Hmm..wahrscheinlëch hut Där Recht. Wann d'Resultat herno näischt wert ass, sinn 20 Euro nach ze deier.
@ suraki
Nee, mengen nët, dass daat eppes mat Pesch ze dinn huet. Irgendwou an enger Rezessioun haat nach een daat dote Phänomen beschriwwen.
An en aanere Problem, deen emmer erem genannt gët, ass deen, dat verschidde Kaarten, obwuehl sie alleguerten "offiziell" CF-Gréisst hun, awer liicht méi dëck sinn, an dofir nët ëmmer an all Apparat passen.
Mengen, déi dooten Idi kann ech définitiv vergiëssen...
|
|
08.08.2011 19:27 |
|
|
|