AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
|
|
Moien alleguer,
Ech sinn op der sich no engem Reisestativ. Et soll am beschten kompakt an awer grouss sinn, liicht an awer stabil, eben alles! :-) Also et soll idealerweis eng 5dmk3 mam 70-200 IS II an 600ex-rt packen, dat ass jo schonn net méi déi liichtesten Kombinatioun (3kg). Mee an éischter Linn wärt ech et tëschent 17 an 105mm benotzen (op VV) fir laangzaitbeliichtungen ze maachen (Owes resp. mat 1000X ND-Filter). Ajo Budget soll net iwwer 400euro goen.
Ech sinn mol op folgend Stativer opmierksam ginn:
- Giottos Vitruvian GTVGRN8255 mat MH5400-652(Kugelkapp) (zesummen 332 euro) : Zesummegeklappt kennt et op 40 cm, ass 1.38kg schwéier an et dreit 6kg.
- Giottos Vitruvian GTVGRN8265 mat MH5501-652 (Kugelkapp) (zesummen 395 euro) : Zesummegeklappt kennt et op 40,3 cm, ass 1.72kg schwéier an et dreit 9kg.
- Giottos Vitruvian GTVGRN8225 an MH5310-630 (Kugelkapp) (zesummen 383 euro): Zesummegeklappt kennt et op 32.9 cm, ass 0.95kg schwéier an et dreit 4kg.
--> Déi dräi Stativer kennen och als Einbeinstativ ëmgebaut ginn.
- Benro Travel Angel II (370 euro) : Zesummegeklappt kennt et op 40 cm, ass 1.49kg schwéier an et dréit 9kg. Et gëtt och mat Kugelkapp ausgeliwwert an kann och als Einbeinstativ ëmgebaut ginn.
Ech giff mech freeën, wann een Erfahrung mat engem vun dësen Stativer huet resp. eppes zu den Marken goen kann. Falls nach een een anert spuert Stativ kennt, dat dësen änelt wier ech frou.
Merci fir är hëllef!
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von AlKo am 21.05.2013 16:07.
|
|
21.05.2013 15:39 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Also ech sin keen Expert a keen deen t'Sortimenter vun allen Produit'en auswenneg leiert, mais am Fong as et esou:
- liicht a kleng = praktesch
- massif a schweier = mei Standfest
Waat en netzlechen Tool as, as e Kroop ennert dem Statif fier zb dein Fotokuerf drunzehänken. Duerch daat Gewicht kriss de dann mei Standfestegkeet, bei Wand awer och gären Verwackelungen.
Ech wor och lidderech an wollt epes klenges liichtes, an ech soen der, du bereits et duerno.
Wanns de wierklech keen Stativ welsl schleefen op mei laangen Touren, dann hues de ememr iergendwou eng Mauer, e Schëld oder iergendepes wous de dech kanns steipen oder den Apparat dropsetzen. Fier laang Beliichtungen kenns de net lanscht en anstännegt Stativ.
Als kleng Hellef as en GorillaPOD eng gut Sach, mais en ersetzt t'Stativ net.
http://joby.com/gorillapod
MbG
|
|
24.05.2013 13:15 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
Also eicht mol Merci fir deng hëllef. Also ech hunn heiheem eent richtegt grousst, stabilt an schwéiert Stativ mä den Problem bäi deem ass, dass dat ëmmer "hei heem" ass! :-)
An éischter Linn ass dat nei Stativ geduecht, fir mech op enger Rees duerch Amerika ze begleeden. Ech denken, also sou hunn ech mol gelies, dass des Stativer (wann een se net komplett bis uewen auszitt, awer ganz ok sollen sinn. Den gréissten deel vun den Fotoen wäerten souwisou mat der 5d ouni Batteriegreff an mam 17-40 gemaach ginn. Do hält dech Gewiicht an grenzen.
Ech hoffen ech gesinn dat net falsch!
|
|
26.05.2013 15:42 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
Also dat doten ass eppes, wat ech bis elo nach guer net kannt hunn an klengt och interessant. Et ass zwar net direkt dat wat ech sichen, mä ech wärt mir déi Saach mol méi genau ukucken! Merci!
|
|
29.05.2013 11:11 |
|
|
|